BSc IBA parent flyer in Luxembourgish

Page 1

BSc

LUXEMBOURGISH LANGUAGE INFORMATION FOR PARENTS

INTERNATIONAL BUSINESS ADMINISTRATION BACHELOR YEAR 2013-2014


INTERNATIONAL BUSINESS ADMINISTRATION

2

INTERNATIONAL BUSINESS ADMINISTRATION

International Business Administration (IBA) ass en internationale Studium vun 3 Joer, accordéiert vum europäeschen Accreditatiouns System (EPAS), mam Ziel ambitionéiert Studente fir eng international Karriere an der Aarbechtswelt ze preparéieren. De Studium konzentréiert sech op Business a Management an engem internationale Kontext. Eis Studenten a Proffe si vun diversen Nationalitéiten a kulturellen Hannergrënn, a léiere vum éischten Dag vum Studium un a multikulturellen an internationalen Equippen ze schaffen. Duerch de Studium, hunn d’ Studenten d‘Méiglechkeet hier international Erfahrung z‘entwéckelen duerch, zum Beispill eng Bacheloraarbecht an enger ausläennescher Firma ze schreiwen, oder en Erasmus am Ausland ze man. D’ Universitéit vun Twente huet Kontakter an Akkorde mat Unie vun aller Welt, an ass ëmmer amgaangen nei Méiglechkeete fir Erasmus-Echangen opzebauen.


INTERNATIONAL BUSINESS ADMINISTRATION

3

International Business Administration hëllt eng multidisziplinär Approche bei fuerschende Firmen an hieren internationale Kontext un. Studente kënne Fäecher wéi Finanzen, Ressource humaines, Innovatioun Management, Akaf, Produktioun a Marketing kombinéieren.

Mir léieren eise Studenten eng Bréck zwësche verschidden Disziplinnen a Läenner, an zwëschen Theorie a Praktik opzebauen. Vum éischte Module un, huelen eis Studente Kontakter mat der Business Welt op a fäenken un hier eege Business-Fäegkeeten an enger fréiher Phase mat direkte Kontakter aus der Industrie ze developpéieren. Well eis Studenten sech am Detail mat verschidden Themen ausernee setzen, sammelen se ganz séier Erfahrung a kënne sech doduerch mat Experten a Leaderen aus der Industrie ënnerhalen. En plus gi fachlech Kenntnisser a Fäegkeeten, déi duerch eng Kombinatioun vun theoretesche Fäecher a praktesche Projeten entwéckelt ginn.

EDUKATIOUNS-MODELL Den IBA Programm offréiert pro Modul, eng Projet‘s baséiert Edukatioun. Dëse besteet aus 4 Moduler pro Joer déi op spezifesch Theme baséiert sinn. Eis Studente setzen sech am Detail mat veschiddenen Themen auserneen, a sammelen dobäi eng grouss Portioun Erfahrung a kënnen en Gespréich mat Experten aus der Branche ufäenken. Sie ginn trainéiert fir Problemen ze léisen, an se si fäeg hier eege perséinlech oder professionell Entwécklung als Organisateur, Fuerscher oder Designer nozegoen. Eist Ziel ass et Studenten ze trainéieren sou dat se kenne kreativ Innovateure ginn an di richteg Mëttelen hunn fir sozial relevant Problemer vun der Zukunft ze léisen.

MASTER STUDIUM Wann ee fäerdeg ass mam Studium, huet een e Bachelor of Science (BSc). Studente kënnen der Aarbechtswelt bäitrieden oder sech weider mat engem Master spezialiséieren. Eis Fakultéit offréiert verschiddn Master Programmer am Business Administration a Studenten kënne sech fir verschiddene Karrieren decidéieren, wei zum Beispill: Financial Management, Human Resource Management, Inoovation and Entrepreneurship, International Management, Service and Change Management an Informations Management.


INTERNATIONAL BUSINESS ADMINISTRATION

4

ZOULOOSSUNG AN ASCHREIWUNG Eise Programm ass geduecht fir ambitionnéiert a motivéiert Studenten déi een Challenge an engem internationale Beräich sichen. Mir hunn e puer Zouloossungskritairen gesat fir dass d‘Studenten och de Profil vu Studenten déi mir sichen, erfëllen. Als éischt muss du e Lycee’s Diplom hunn dee par Rapport mat engem holläennesche Pre Universitéits Diplom vergläichbar ass. Mir verlaangen och excellent mathematesch Kompetenzen a gutt Kenntnisser ander englescher Sprooch. (Vir méi Informatiounen: http://goo.gl/vSMYV Wann ärt Kand dëss Zouloossungskritairen erfëllt, da kann hien oder hat sech fir onse Programm aschreiwen. Eisen Zouloossungsbureau ass méi wei frou Är Froen, déi dir iwwert de Programm an d‘Aschreiwung hutt, ze beäentweren. Admission and enrolment

OPSIICHT

ZUKUNFT Eis Studente ginn trainéiert Problemer ze analyséieren an entwéckele Léisunge fir eng Rei Organisatiounen déi am internationalen Ëmfeld täteg sinn. Hier Fäegkeete sinn immens wichteg am Geschäftsspektrum: Am Konsument oder Business to Business Produkter, Eenzelhandel, Energie, Consultant oder Recherche. Eis Absolvente sinn dacks als Manager am Beräich vu Finanzen, Marketing, Akaaf oder Ressource Humaine täteg. Puer vun eisen Akademiker sinn och als Consultanten täteg. Eis Studente kënne grouss professionell Netzwierker opbauen duerch Kontakter mat Firmen a well se duerch de Studium vill mat der internationaler Geschäeftscommunautéit ze dinn hunn. Dat erweidert natierlech hir Chancen an der Aarbechtswelt.

D’Universitéit vun Twente ass bekannt fir hier kleng Approche, di enk Zesummenaarbescht vun de Proffen a sénger oppener an informeller Kultur. Eis Studenten kréien während dem Programm eng intensiv Betreiung, net nëmme vun eise Beroder mee och vun Dozenten, Tutoren a Mentoren, déi sie bei alle Projete genee iwwerwaachen. Fir Aussetzer ze verhënneren, gëtt d ‘Universitéit um Enn vum éischte Joer eng Auswäertung vum Léierfortschrëtt. Dëss Auswäertung ass verbindlech. Wa festgestallt gëtt, dass ee Student net déi néideg ECTS huet, da mussen de Programm leider verloossen. Et ass kloer dass bei der Decisioun och perséinlech Ëmstäenn berücksichtegt ginn. Eist Zil ass et, de Studenten sou schnell wei méiglech no vir ze brénge mat hire Fäegkeeten. Mir man dat duerch Modul-Ausbildung, Wahlfächer, Evaluatioun vum Student an intensiver Opsiicht.


INTERNATIONAL BUSINESS ADMINISTRATION

EXCELLENCE D’Universitéit bidd talentéiert Studenten d‘Méiglechkeet un fir zousäetzlech Erausfuerderungen nieft dem normale Stonneplang duerch zousäetzlech Themen unzehuelen. Déi bescht 5 bis 10 % vun de Studente kënnen an onsen Éireprogramm zougelooss ginn.

WEIDER INFORMATIOUNEN

Dir wëllt wësse wou ee méi Informatioune kritt? Kuckt Iech wann ech gelift d’Tabell hei ënnen un. Opgepasst: dëss Informatioun ass nëmmen op Englesch ze kréien.

WANNS DE WËLLS MÉI IWWERT DE ‘BUSINESS’ AN ENGEM PRAKTESCHEN AN TECHNESCHE KONTEXT GEWUER GINN, DANN ASS DEN IBA PROGRAMM GENEE FIR DECH.

Den IBA Programm huet alles wat een vun engem Studium erwaarden kann. Professionalitéit, éischtklasseg Bildung an en multikulturellen Environnement. D’ Relatioun mat den Proffen an Verfügung vum Personal erlaben et den Studenten hier Fäegkeeten ze verbesseren an kreéiert domat eng perséinlech an frëndlech Atmosphäre op der Uni an an den Klassen. Wou ech deemools ugefaangen hat op der Universitéit Twente ze studéieren, war ech positive iwwerrascht, wei ech gesinn hunn dass d Studenten an d Proffen sech ënnerhalen wei wann se sech géingen säit Joeren kennen, wat een menger Meenung no net all ze oft ze gesinn kritt.

Oguz Ural

INFORMATION ON IBA PROGRAMME INFORMATION SESSIONS ALL UT PROGRAMMES ADMISSION AND ENROLMENT INFORMATION FOR INTERNATIONAL STUDENTS (ADMISSION, VISAS, HOUSING, SUPPORT) CONTACT HONOURS PROGRAMME


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.