2 minute read

Modifications budgétaires

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Sou lues kënnt d‘Enn vum Joer, d‘Adventszäit, déi méi roueg a besënnlich soll sinn. Budgetszäit, Ziler fir déi kommend Gemengejore festsetzen. Zäite vu „Wünsch dir was“ sinn och hei eriwwer, spueren a geziilt investéieren. Finanzkris, Zënspolitik, lnflatioun sinn och op eiser lëtzebuerger Insel ukoum. Ganz vill vun eis mierken a spieren et schonn. D‘Funktiounskäschte lafe fort. Déi vun eiser Regierung virgeschloe „simplification administrative“ dréit nit derzou bäi, fir bei all Klenschewiessel en deiere Bureau d‘Etude an d‘Boot mussen ze huelen, wat d‘Saach komplizéiert an deier mécht. Vill aner Dingschter sinn awer gratis, vun Transport, Iesse bis Kannerbetreiung, iergendee bezuelt et !!! Weess eis digital, mediegesteiert Handywelt nach wou d‘Geld hir kéint? No der angschtmaachender, iwwerdriwwener a geldverschléngender Coronapolitik, lo dee laang virprogramméierten Ukrainkrich. Mëttelalterlich, mat Waffe gefouert a Plaz am Dialog a Gespréich. Och duerch eis gespente Munitioun huet vläicht eng Mamm hiert Kand verluer. Eis Gedanken… Krich ass d‘Ursaach fir eis fossil Energiekris. Eis Politiker kucken no, wéi d‘Wirtschaft d‘Baach ageet, Betriber an Aarbichtsplaze verluer ginn, an eist Vollek ausblutt, haaptsächlich duerch déi nit gerechtfäerdigt deier Energiepräisser. Eng Frechheet, op de Schëllere vun de klénge Leit ausgedroen. Oder soll dat zur Ännerung vum Klima a Welterwiermung bäidroen? (fréier d‘Ozonlach oder sauere Reen asw) Erneierbar Elektroenergie gëtt als eenzigen Auswee genannt. Co2 neutral. Wou all dëse Stroum soll hierkommen ass nach ee kléngt Rätsel, nit ze schwätze vun der Akkuhierstellung. Déi fält jo nit ënnert eis Statistiken… Co2 neutral? Ee Wuert zu eise Liewensmëttel. Déi puer verbleiwend, eis ernärend an x mol kontrolléiert Bauerebetriber mussen hir Produktioune reduzéieren. Wéinst der Ëmwelt anscheinend. Trotz Bevëlkerungszouwuess. A wéi soll dat fonktionéieren ouni Hongersnout? Een Teller Euroe mécht kee sat, mee Co2 neutral. Wéi vill Vakanzefliger, Schnéikanounen oder honnerte Fligeren an Direktioun Ägypten op d’Weltklimakonferenz? Mat aller Sympathie fir Verännerungen ass dat nit bëssen ewéi Waasser priedigen a Wäin drénken? Ech huele mol un, dass jidderee weess, wat d‘Folge si, bei engem Aascht afschneiden, wou een drop sëtzt. Oder? Wäert jo awer nit alles schlecht sinn? Waarm Summeren an Onwieder sinn et nach ëmmer ginn, mol méi, mol manner. Eis „flasht“ einfach d‘Normalitéit. Zesumme mat Respekt an oppenen Aan souwéi klorem Méinscheverstand musse mer un all déi (vläicht) Problemer eru gouen. Och mol Saachen a Fro stellen, ouni ausgrenze vun Aaneschtdenkenden a Maachenden. Séier hat een “déjà vu“ eis erëm bal ageholl. D‘Fräiheet gëtt kee fräiwëllig op.

Advertisement

Esou elo genuch a Fro gestallt a gemeckert. Bleift trotzdeem gedanklich positiv fir all déi Verännerungen, a wat nach op eis zou kéint.

Ech wéinschen Iech schéi Feierdeeg an ee gutt neit Joer 2023.

Georges Weis, Rued Schäffen

This article is from: