1 minute read

Approbation – crédit supplémentaire

Gemengerot Conseil communal

Séance publique du 22 juillet 2022

Advertisement

Présent(e)s : M. Schuh, bourgmestre, M. Rasqué et M. Weis, échevins ; M. Jans, M. Kolbet, M. Hilbert, M.Reiser, conseillers, Mme Lepage-Beltgens, conseillère ;

Mme Kaspar, secrétaire en remplacement à court terme ; art. 90 LC

Absent / excusé : M. Hilbert pour le vote sur l’ajout du 15 M. Kolbet et M.Reiser pour les points 6 et 7

Le conseil Communal décide :

01. Information sur le projet des logements abordables

Armand Schuh : Den 9. September 2021 hu mir an der Aarbechtssitzung iwwert de Projet logement à coûts abordables diskutéiert. D’Iddi fir de Projet unzegoe gouf de 24. Juni 2021 gebuer, wou mir eng Vidéo-Konferenz mat dem Ministère du Logement haten. Nodeems mir de 27. August 2021 am Gemengerot beschloss haten de Projet unzegoen, koumen eng ganz Rei u Froen op eis duer. Dës Froe waren notamment wéi et mam Gesteeungspräis ausgesäit, wéi et mam Subsid weidergeet, respektiv, wat um Gemengebockel géif hänke bleiwen an nit zulescht, wéi mir et an der Administratioun kéinte meeschteren. An der Tëschenzäit hu mir eis Rot bei MC Luxembourg gefrot, déi well vill Projeten an aner Gemenge mat “sozialem Wunningsbau” realiséiert hunn an domat déi néideg Erfarung u Bord hunn. Schliisslech geet et em ee Projet, deen nit op déi liicht Schëller ze huelen ass, et geet em vill Suen, déi iwwer eng laang Zäit Auswierkungen op eis Gemeng an hir Finanzen hunn oder hätten. Eigentlech hu mir zu kengem Moment um Projet selwer gezweifelt, mir wollte just ee Support fir eis ze hëllefen duerch d’Prozedure mam Ministère du Logement etc. ze kommen. Séier hu sech Problemer erausgestallt, a mir goufen eppes Bessere beléiert. Béid Zenarien, Location oder Vente mam Bail emphytéotique, hätten eis viru gréisser Problemer gestallt, wou mir vläicht nit méi richteg eraus koum wieren. Ech wëll awer versécheren, dass de Promoteur selwer nit dofir verantwortlech gemaach ka ginn, mir ware ganz einfach ze spéit un, de Projet hätt misse laang virun der Phase vum PAP diskutéiert ginn, wéi mir haut elo wëssen.

This article is from: