1 minute read

Bau Dir däin eegenen Airbag

En Airbag gëtt mat enger chemescher Reaktioun opgeblosen, déi ganz séier verleeft a bei där vill Gas entsteet– eng kleng Explosioun. Eng ähnlech chemesch Reaktioun ka jiddereen doheem selwer nomaachen.

Joseph Rodesch Médiateur scientifique, Fond National de la Recherche

Eng chemesch Reaktioun, bei där duerch Hëtzt e Gas entsteet, hues Du bestëmmt och scho mol doheem gemaach: nämlech da wanns De e Kuch mat Bakpolver gebak hues. De Bakpolver zersetzt sech beim Erhëtzen a „bléist“ de Kuch op. De Bakpolver zersetzt sech awer och duerch eng Reaktioun mat Esseg. Genee dës Reaktioun benotze mer fir eisen Airbag opzeblosen.

Am richtegen Airbag ass e Salz: den Natriumazid. Aus deem entsteet e Gas wann e waarm gëtt: de Stéckstoff (N2) an ausserdeem e bëssen Natriummetall. Aus 100 Gramm Salz entstinn a kierzester Zäit iwwer 50 Liter Gas an dëse bléist e Ballon, den Airbag, op.

DUERCHFÉIERUNG:

01. Fëll e Glas (200ml) Esseg an d’Fläsch an 2 Téiläffel (10g) Bakpolver an de Ballon. Zéi d’Ëffnung vum Ballon iwwert d’Ëffnung vun der Fläsch ouni datt de Bakpolver direkt dra fält. Kuck datt de Ballon gutt fest an dicht sëtzt.

MATERIAL

Eidel Fläsch

Loftballon

Esseg

Bakpolver (Natron,

Bicarbonate)

02. Da rësel de Bakpolver aus dem Ballon an den Esseg. Däin Airbag fëllt sech bannent e puer Sekonnen. Bei der Reaktioun zersetzt sech de Bakpolver am Esseg an et entsteet CO2 – also dee Gas dee mir och ausootmen. 03. Bei dëse Quantitéiten entstinn ongeféier 4 Liter Gas. Fir an e richtegen Airbag ass dës Reaktioun ze lues. D’Reaktioun am Airbag ass bal 1.000 mol méi séier, dofir knuppt en Airbag och.

Extensioun:

Wëlls de et och knuppe loossen?

Opgepasst:

Fro fir dëse Versuch en Erwuessenen, an benotz op kee Fall de Schraufstopp. Da kanns de amplaz vum Loftballon e Wäistopp an d’Fläsch drécken. Et verlaangt just e bësse Geschécklechkeet, fir de Bakpolver sou an der Fläsch ze placéieren, datt den Esseg net direkt mat em reagéiert. De Stopp flitt no e puer Sekonne mat engem haarde Knuppgeräisch fort. Ähnlech wéi de Stopp vun enger Schampesfläsch.

This article is from: