CGDIS_Magazine112_N°3

Page 66

LA RELÈVE EST ASSURÉE

Bau Dir däin eegenen Airbag En Airbag gëtt mat enger chemescher Reaktioun opgeblosen, déi ganz séier verleeft a bei där vill Gas entsteet– eng kleng Explosioun. Eng ähnlech chemesch Reaktioun ka jiddereen doheem selwer nomaachen.

Joseph Rodesch Médiateur scientifique, Fond National de la Recherche

Eng chemesch Reaktioun, bei där duerch Hëtzt e Gas entsteet, hues Du bestëmmt och scho mol doheem gemaach: nämlech da wanns De e Kuch mat Bakpolver gebak hues. De Bakpolver zersetzt sech beim Erhëtzen a „bléist“ de Kuch op. De Bakpolver zersetzt sech awer och duerch eng Reaktioun mat Esseg. Genee dës Reaktioun benotze mer fir eisen Airbag opzeblosen.

Am richtegen Airbag ass e Salz: den Natriumazid. Aus deem entsteet e Gas wann e waarm gëtt: de Stéckstoff (N2) an ausserdeem e bëssen Natriummetall. Aus 100 Gramm Salz entstinn a kierzester Zäit iwwer 50 Liter Gas an dëse bléist e Ballon, den Airbag, op.

66


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.