2 minute read

Habillement bei de Jugendpompjeeën

LA RELÈVE EST ASSURÉE

Dir als Pompjeeë sidd de wichtegste Pilier vum CGDIS. All Dag rett Dir Liewen a setzt Iech fir d’Sécherheet vun Äre Matmënschen an. Dësen Deel vum Magasinn ass dohier Iech, ob Jugend, operationelle Pompjee oder Veteran, dediéiert. Communauté

Jeffrey Weyer, Département pompiers volontaires CGDIS

Kleederstock säit Ufank 2021 vum CGDIS geréiert

Um Enn vum Joer 2020 sinn déi lescht Stocken un Uniforme fir Jugendpompjeeën vu Feelen an de Stock vum CGDIS integréiert ginn a soumat gëtt d’Verdeelung vun de Kleeder iwwer de zonale Stock garantéiert. Dëst war e gemeinsame Schrëtt vun der DML an dem JFA vun de „Lëtzebuerger Jugendpompjeeën“.

Dëse Stock geet aktuell net duer, fir all CIS mat neie Kleeder an kuerzer Zäit ze beliwweren, dofir si weider Commandë mat Ausliwwerung fir Enn vum Schouljoer ugeduecht.

Wéi leeft dat ganzt elo praktesch of:

De Chef d’unité jeunes pompiers schätzt wat hien u Quantitéit a

Gréisste fir seng Jugendpompjeeë brauch. Duerno fëllt hien de

Bestellformular aus, deen um

Dynaforms ze fannen ass.

No den 3 Ënnerschrëfte vum Chef d’unité, CIS Chef a Chef de zone gëtt d’Commande vum zonale Stock preparéiert.

Wann d’Jugendpompjeeën nach keng Uniformen hunn:

Deklaréiert är Besoinen iwwer de

Bestellformular um Dynaforms. Doduerch kënnen déi Responsabel vun de Stocke sech riichten an d’Beliwwerung vun de CIS’e ka méi konsequent an adequat duerchgefouert ginn.

Déi kierperlech Beschafenheet an de Wuesstem:

De Wuesstem bei de Kanner bréngt e méi en dackse

Kleederwiessel mat sech.

Dofir preparéiert den Zone Chef ee Surplus u Gezei, fir sou heefeg Commanden ze verhënneren.

Den Unitéitschef vun de Jugendpompjeeën zesumme mam Chef CIS si responsabel iwwer dës Kleeder an hir Verwaltung. Wann d’Kleeder net méi passen, ginn se iwwer de klenge lokale Stock am CIS gewiesselt. Am Fall wou se futti sinn kënnen d’Kleeder iwwer d’Formulairen um Dynaforms oder mëttels dem Stock aus de CIS’en ausgewiesselt ginn.

D’Formulairë fannt Dir op Dynaforms ënnert folgendem Link: https://dynaforms.cgdis.lu/ home/documents/forms/logistics

Dem Lio säi Quiz fir d’Jugendpompjeeën

Léif Kanner, léif Jugendpompjeeën, ech hu mech richteg gefreet wéi ech gesinn hu wéi vill Leit u mengem Quiz deel geholl hunn. No der viller Aarbecht beim Verbessere vun den Äntwerte konnt ech feststellen, dass déi éischt 3 relativ knapp beienee louchen, mee och alleguer déi aner super geschafft hunn. Jidder Jugendpompjee, dee mat gemaach huet, kritt och als Merci dofir e klenge Kaddo. Ech verspriechen Iech, dass dir mech an noer Zukunft vill méi oft wäert begéinen a kënnt Iech iwwer vill Iwweraschunge freeën. Bis dohinner bleift alleguer gesond a passt op Iech op. Äre Lio Liewensretter.

D’Gewënner vum Quiz sinn: 1. Monsieur Max Grün, CIS Kayl-Tétange 2. Monsieur Jos Cruchten, CIS Roeserbann 3. Monsieur Chris Schmit, CIS Ettelbruck

GRAND-DUCHÉ DU LUXEMBOURG

De Lio fiert mam RTW mat

De Lio Liewensretter ass ab dësem Summer bei all RTW Asaz dobäi. Besser gesot wäerten alleguer d’RTW’e vum Land ab dësem Summer mat Lio Liewensretter Petzien ekipéiert si, fir jonke Patienten, déi en Charge geholl ginn, esou een ze schenken an si esou ze berouegen.

This article is from: