Panda News 1/2022 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Panda- News kënnt 4x am Joer eraus

rël

l

022 2

1

n Ja

uar

b is d e n

12

.

Ab

.

11

www.panda-club.lu panda-club@mnhn.lu

vu m

La traduction française du programme des activités se trouve sur

fir Jonker vu 6-10 Joer


Kalenner Familljen 9-10 Joer 6-8 Joer

2

Januar 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

Bëschexpeditioun Bëschexpeditioun

Lost Ocean

Spuerejuegd

Lost Ocean

Spuerejuegd

Rätselgeschichten

Rätselgeschichten

Februar 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28

Gutt gemoschtert Gutt gemoschtert

Bëschkniwweler Bëschkniwweler

Dinowelt

Nuetsjeeër

Dinowelt

Nuetsjeeër

Fuesent am Bësch Fuesent am Bësch

Mäerz 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

Aktivitéit

Konschthandwierk an Natur

Hielebewunner Hielebewunner

Redakter fir en halwen Dag

Eeër

Eeër

Panewippchen Lidder

Panewippchen Lidder

Dikdikdak Dikdikdak

Abrëll 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30

Verréckte Bëschbunnen Verréckte Bëschbunnen

Um Bauerenhaff Um Bauerenhaff

En Dag op der Musel En Dag op der Musel


Dënschdeg, den 11. Januar 2022 Donneschdeg, den 13. Januar 2022

Medingen

6-8 Joer

Bëschexpeditioun Mir maache Spiller am Wanterbësch a sichen no Déierespuren.

um 14.30 Auer zu Medingen (zréck: 16.30 Auer) Christiane Flesch

5

Euro

3


6-8 Joer

Lost Ocean Dënschdeg, den 18. Januar 2022 Donneschdeg, den 20. Januar 2022

Lëtzebuerg

Mir entdecken déi nei Ausstellung «Lost Ocean» am ‘natur musée’ a baue selwer ee Mieresmonster.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

4

5

Euro


Dënschdeg, den 8. Februar 2022 Donneschdeg, den 10. Februar 2022

Esch-Uelzecht

6-8 Joer

Bëschkniwweler Mir maachen eng Entdeckungsrees duerch de Bësch am Ellergronn a bastele Fuesboke mat Naturmaterialien.

um 14.30 Auer zu Esch/Uelzecht (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

5

Euro

5


6-8 Joer

Dinowelt Dënschdeg, de 15. Februar 2021 Donneschdeg, de 17. Februar 2021

Lëtzebuerg

Mir entdecken dat geheimnisvollt Liewe vun de gréissten Echsen, déi jee op onsem Planéit gelieft hunn.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

6

5

Euro


Dënschdeg, den 22. Februar 2021 Donneschdeg, de 24. Februar 2021

Schiltzbierg

6-8 Joer

Fuesent am Bësch Et ass Fuesent, och am Bësch! Mir mëschen ons ënner déi verkleeten Déieren, Beem a Planzen a maache mat bei hire Fuesspiller.

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

7


6-8 Joer

Hielebewunner Dënschdeg, den 8. Mäerz 2022 Donneschdeg, den 10. Mäerz 2022

Schiltzbierg

An den Hielen a Splécke vum Sandsteen liewen eng sëllegen Déieren. Vu ganz butzeg bis ganz grouss. Mir kucken ons déi Kadetten emol vu méi no un.

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

8

5

Euro


Dënschdeg, den 29. Mäerz 2022 Donneschdeg, den 31. Mäerz 2022

Lëtzebuerg

6-8 Joer

Dikdikdak Mir maachen e spannende Quiz zum Thema Eeër, stelle selwer natierlech Faarwen hier a fierwen Eeër domat.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

5

Euro

9


6-8 Joer

Verréckte Bëschbunnen Mëttwoch, de 6. Abrëll 2022 Donneschdeg, de 7. Abrëll 2022

Schiltzbierg

Mat Hëllef vu Bengelen, Bamschuelen a Steng baue mir riseg laang Jickebunnen am Bësch.

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

10

5

Euro


Méindeg, den 11. Abrëll 2022 Dënschdeg, den 12. Abrëll 2022

Rollingen

Mir ginn op Besuch bei de Biobauer vum Kass-Haff, schaffen am Stall, fuere mam Trakter a villes méi. Mëttes grille mir zesummen.

6-10 Joer

Um Bauerenhaff

um 09.00 Auer um Kass-Haff (zréck: 15.00 Auer) Anne-Marie Bis, Christiane Flesch (Igel)

o

Eu 20 r

11


9-10 Joer

Spuerejuegd Dënschdeg, den 18. Januar 2022 Donneschdeg, den 20. Januar 2022

Schiltzbierg

Am Schwäibësch gouf eng aarteleg Trëttspuer fonnt. Mir maachen ons op d’Sich no deem rätselhaften Déier!

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

12

5

Euro


Dënschdeg, de 25. Januar 2022 Donneschdeg, de 27. Januar 2022

Lëtzebuerg

9-10 Joer

Rätselgeschichten

Mir maache knëffeleg Gedoldspiller a Rätselen. Hei kanns du dech testen...

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

5

Euro

13


9-10 Joer

Gutt gemoschtert Dënschdeg, den 1. Februar 2022 Donneschdeg, den 3. Februar 2022

Lëtzebuerg

Mir besichen déi eelste Mille vu Lëtzebuerg an entdecken hir Geschicht. Wéi fonktionnéiert d’Millen a wéi gëtt Moschter gemaach? Jiddwereeen hëlt säi selwer gemaachte Moschter mat heem.

um 14.30 Auer beim „natur musée“ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Muriel Nossem

14

5

Euro


Mëttwoch, de 16. Februar 2022 Donneschdeg, de 17. Februar 2022

Schiltzbierg

Eng speziell Schatzsich an der Däischtert. Hues de Aen wéi eng Eil, da sief dobäi!

9-10 Joer

Nuetsjeeër

um 18.00 Auer um Schiltzbierg (zréck: 20.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

15


9-10 Joer

Konschthandwierk an Natur Donneschdeg, den 3. Mäerz 2022

Lëtzebuerg

Mir flechten e wonnerschéine Blummekuerf aus Weiden a Peddigrouer. An de Kuerf planze mir Fréijoersblummen a ganz geschwë kënne mir de Wëllbeien nokucken, wa si Nektar a Polle sammele kommen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ (zréck: 17.00 Auer) Muriel Nossem

16

5

Euro


Donneschdeg, den 10. Mäerz 2022

Lëtzebuerg

Zesumme gestalte mir eng Säit fir de Panewippchen. Looss denger Kreativitéit fräie Laf a schéck eis bei der Umeldung däi Liblingstheema eran. D’Panda Team sicht ee vun den agereechten Themen eraus, mat deem mir dann zesumme weiderschaffen.

9-10 Joer

Redakter fir en halwen Dag

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

5

Euro

17


9-10 Joer

Eeër Dënschdeg, de 15. Mäerz 2022 Donneschdeg, de 17. Mäerz 2022

Lëtzebuerg

Dech erwaart ee spannende Quiz, du stells selwer natierlech Faarwen hier a fierfs mat dësen Eeër.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Anne-Marie Bis

18

5

Euro


Dënschdeg, den 22. Mäerz 2022 Donneschdeg, de 24. Mäerz 2022

Lëtzebuerg

An all Ausgab vum Panewippchen ass e flott Lidd, extra fir de Panewippchen komponéiert. Héich Zäit, déi mol mat de Pandakanner anzeprouwen. Bass du mat derbäi?

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ (zréck: 17.00 Auer) Muriel Nossem

5

9-10 Joer

Panewippchen Lidder

Euro

19


9-10 Joer

En Dag op der Musel Dënschdeg, de 5. Abrëll 2022 Mëttwoch, de 6. Abrëll 2022

Schengen

Eng Schatzsich am Wéngert zu Bech-Klengmaacher, eng Visitt vum Spillsaache-Musée an e kreativen Atelier. Mir bitzen e Petzi a gi munches iwwer seng Geschicht gewuer.

um 10.00 Auer virum Possenhaus zu Schengen (zréck: 15.30 Auer) Muriel Nossem

20

5

Euro


Muriel Nossem Animatioun

Sylvie Hagen Mike Hagen Animatioun

Anne-Marie Bis

Team

äert Pandateam Animatioun

Grafik

Dominique Schauss Animatioun

Christiane Flesch Sabine Goerens

Animatioun

Grafik

21


Quiz

Opléisung Quiz 4/2021 Léisung: dës Bléi ass eng Lannebléi a passt deemno bei d’Lann. Ënner de ville richtegen Äntwerten hu mir ee Gewënner gezunn: et ass d’

Léila Kollwelter vu Schweebech.

Mir gratuléieren!

22

BUCH

LANN

EECH

WEED

PËPPEL


Wéi gesäit eng Schnéiflack ënner dem Mikroskop aus?

Quiz

Quiz 1/2022 Däin Numm: __________________ Deng Adress: __________________ __________________ __________________

Schéck deng Äntwert un: Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu

23


Umeldung

scan mech

Umeldung:

E-Mail: panda-club@mnhn.lu online: www.panda-club.lu/umeldung

online Umeldung a komplette Programm

Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzernumm op www.panda-club.lu/account kucken. Kontakt: Panda Club, 25 rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg Eis allgemeng Konditioune fënns du op www.panda-club.lu/conditions-generales/

hn.lu n m @ b lu c a d n pa Info: 462233-450 Gëff Member: Du bass intresséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den Naturwëssenschaften? Da gëff Member am Panda-Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen. Als Member kriss du regelméisseg onst Programmheft „Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit. D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen:

Panda-Club tel: 462233-450 panda-club@mnhn.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.