Panda News 3/2023 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

muv 81 . iluJ b i s d e 17. September fir Jonker vu 6-10 Joer www.panda-club.lu panda-club@mnhn.lu La traduction française du programme des activités se trouve sur kënnt 4x am Joer eraus Panda-News 3 2 0 2 3
2 6-8 Joer
Noumerlayen
Dëmpeldéieren Op der Pirsch
Vun Duess a Geess Op der Pirsch
Vun Duess a Geess
Supernuesen
Charly
Wiichtel Klitzekleng Bëschgeeschter & Co Supernuesen Baggerweieren Baggerweieren Bëschgeeschter & Co Flantermais Flantermais Déierenolympiad Panda Spezial Virwëlztut Panda Spezial Virwëlztut Panda Spezial Virwëlztut Panda Spezial Virwëlztut Panda Spezial Virwëlztut Déierenolympiad Familljen 9-10 Joer 6-10 Joer Redakter fir en hallwen Dag Schlofen a fuerschen an de Beem Kalenner 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 Juli August September
Natur Musée Fest
Dem
säi Wee

Natur Musée Fest

Sonndeg, de 17. September 2023

Den Datum vum Fest steet, also haalt Iech deen Nomëtteg fräi. Mir si frou, Iech fir e puer flott Stonnen am Gronn ze empfänken.

Bis dohi schéi Vakanz!

Weider Infoe fannt dir deemnächst op mnhn.lu gratis

3
Lëtzebuerg
Familljen

Lëtzebuerg

Supernuesen

Dënschdeg, den 1. August 2023

Freideg, den 11. August 2023

Wie richt am beschten? Wéi een Déier huet déi längsten Nues? Hues och du eng Supernues? Mat vill Spaass entdecke mir Déierenuesen a maache flott Spiller.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)

Anne-Marie Bis 5 Euro

4
6-8 Joer

De Wiichtel Klitzekleng

Dënschdeg, den 8. August 2023

De Wiichtel Klitzekleng feiert Gebuertsdag. Mir sinn agelueden, mee wou wunnt dee klenge Mann? Hien ass net gär eleng, mee wat

huele mir mat op seng Feier? Zesumme bereede mir eis vir op eng aussergewéinlech Gebuertsdagsfeier.

um 10.00 Auer

um P&R Kockelscheier

(zréck: 16.00 Auer)

Muriel Nossem

Kockelscheier 5
10 Euro 6-8 Joer

Bëschgeeschter a Co

Donneschdeg, den 10. August 2023

Dënschdeg, den 29. August 2023 Réiden

Entdeck déi zauberhaft Welt vun de Bëschgeeschter an hire Matbewunner.

um 14.30 Auer zu Réiden op der Atert (zréck:17.00 Auer)

Dominique Schauss

5 Euro

6
6-8 Joer

Dëmpeldéieren

Freideg, den 1. September 2023

Huelmes

Mir ginn an de Weier fëschen an ënnersichen d’Déiercher déi mir fannen.

um 14.30 Auer

op der Neimillen zu Huelmes

(zréck: 17.00 Auer)

Dominique Schauss

5 Euro

7
6-8 Joer

Schiltzbierg

Op der Pirsch

Méindeg, de 4. September 2023

Just ier d’Sonn opgeet schläiche mir duerch de Bësch an iwwer d’Gewan, fir déi nuetsaktiv Déieren um Heemwee ze begéinen.

um 5.30 Auer um Schiltzbierg

(zréck: 7.30 Auer)

Mike Hagen 5 Euro

8
6-8 Joer

Déierenolympiad

Dënschdeg, den 18. Juli 2023

Méindeg, den 31. Juli 2023

Stroossen

Komm mat op eis geckeg Déierenolympiad an entdeck vill verschidde Bëschdéieren.

Kanns du dech beweege wéi e Réi oder sprange wéi e Kaweechelchen?

Et sinn zwou verschidden Déierenolympiaden, du kanns eemol oder zweemol deelhuelen.

um 14.30 Auer zu Stroossen

(zréck: 17.00 Auer)

Anne-Marie Bis, Dominique Schauss

5 Euro

9
6-10 Joer

Ellergronn

Looss dech iwwerraschen!

Komm mat op eis Panda

Spezialdeeg an den

Ellergronn an entdeck all

Dag een aneren Atelier:

Fossilien & Mineralien

erfuerschen, um Feier

kachen, am Weier fëschen, Bëschspiller, Atelieren a villes méi erwaart dech.

Panda Spezialw

Méindeg, de 24. Juli 2023

Dënschdeg, de 25. Juli 2023

Mëttwoch, de 26. Juli 2023

Donneschdeg, de 27. Juli 2023

Freideg, den 28. Juli 2023

FËSCHEN AM WEIER

Anne-Marie Bis, Christiane

Flesch (Igel), Mike Hagen,

Katharina Kurt, Muriel

Nossem, Dominique Schauss

KACHEN UM FEIER

10
15 Euro 6-10 Joer

och: Virwëlztut

MINERALIEN A FOSSILIEN

SPILLEN AM BËSCH

all Dag um 8.15 Auer um P&R Howald

(zréck: 16.45 Auer)

Du kanns dech fir 1, 2, 3, 4, oder 5 Deeg umellen. All Dag erwaart dech eppes aneres.

11
6-10 Joer

Bech

De Bëschdéieren op der Spuer, Kannerrechter kenneléieren an der Bomi hir Wäschmaschinn erliewen, dat sinn e puer Statiounen, deene mir um Wee begéinen. Maach dech prett fir en ofwiesslungsräichen

Nomëtteg!

Dem Charly säi Wee

Donneschdeg, den 3. August 2023

um 10.00 Auer op der Becher Gare (zréck: 16.00 Auer)

Muriel Nossem

12
10 Euro 6-10 Joer

Baggerweieren

Donneschdeg, de 17. August 2023

Freideg, den 18. August 2023

Remerschen

Mir maachen en Naturrallye ronderëm d’Baggerweieren. Bréng eng Spektiv mat!

um 14.30 Auer

zu Remerschen

(zréck: 17.00 Auer)

Christiane Flesch (Igel) 5 Euro

13
6-10 Joer

Keespelt

Flantermais

Mëttwoch, den 30. August 2023

Donneschdeg, den 31. August 2023

Mir krauchen duerch d’Hiele vun de Mamerlayen an entdecken de Fliedermais hiert Wanterquartéier.

um 14.15 Auer

um Klaushaff bei Keespelt (zréck: 16.45 Auer)

Christiane Flesch (Igel) 5 Euro

14
6-10 Joer

Vun Duess a Geess

Donneschdeg, de 7. September 2023

Méindeg, den 11. September 2023

Rolleng

Mir gi bei de Biobauer op de Kasshaff, schaffen am Stall, fidderen Déieren a villes méi.

Déi aner Hallschent vum Dag verbrénge mir am Bësch.

um 9.15 Auer

zu Rolleng bei Miersch

(zréck: 16.00 Auer)

Christiane Flesch (Igel), Anne-Marie Bis 25 Euro

15
6-10 Joer

Redakter fir en hallwen Dag

Mëttwoch, den 19. Juli 2023

Lëtzebuerg

Zesumme gestalte mir eng Säit fir de Panewippchen.

Looss denger Kreativitéit fräie Laf a schéck eis bei der Umeldung däi

Liblingstheema eran.

D’Panda Team sicht ee vun den agereechten Themen eraus, mat deem mir dann zesumme weiderschaffen.

um 14.30 Auer am „natur musée“ am Gronn

(zréck: 17.00 Auer)

Anne-Marie Bis 5 Euro

16
9-10 Joer

Schlofen a fuerschen an de Beem

vu Mëttwochs den 9. bis Donneschdes den 10. August 2023

Hues du Loscht un engem Mini Fuerschungsprojet deelzehuelen? Mir huelen d’Liewensbedéngunge vun den Insekten an aneren

Déieren am Bësch ënner d’Lupp a mir schlofen owes an de Beem, an zwar 20 Meter iwwer dem Buedem an ofgesécherten

Hängematten. Et gëtt spannend!

um 15.00 Auer zu Hoen

(zréck: nächsten Dag 11.00 Auer)

Christiane Flesch (Igel), Annemie Harras 70 Euro

17
Hoen
9-10 Joer

Noumerlayen

Méindeg, de 4. September 2023

Noumer

Steng kënne net schwätzen, mee erzielen eis dach vill aus hirer Geschicht. Imposant Fielsen a Schluchten, Draachelay a Schlëff, sinn e puer Etappen op eiser Rees.

um 10.00 Auer um Camping Noumerlayen (zréck: 16.00 Auer)

Muriel Nossem, Dominique Schauss

18
9-10 Joer
10 Euro

Op der Pirsch

Freideg, den 8. September 2023

Schiltzbierg

Just ier d’Sonn opgeet schläiche mir duerch de Bësch an iwwer d’Gewan, fir déi nuetsaktiv Déieren um Heemwee ze begéinen.

um 5.30 Auer um Schiltzbierg

(zréck: 7.30 Auer)

19
9-10 Joer
Mike Hagen 5 Euro

Opléisung Quiz 2/2022

Steekauz Kiischteknäppchen

Léisung: op der Zeechnung gesäis de wat wéi ee Vull frësst.

Ënner de ville richtegen Äntwerten hu mir eng

Gewënnerin gezunn: et ass d’

Lyel Hever

vun Esch-Uelzecht.

Mir gratuléieren!

Neimäerder Äisvull Schmuewel

20
Quiz

Quiz Quiz 3/2022

Wéi een Numm passt bei wéi eng Lëtzebuerger

Orchideeëbléi?

Bommelen- Aperherhoerchidee

Gréngelzeg Kräizblumm

Breetbliederg Harespelhoerchidee

Mécken- Aperherhoerchidee

Däin Numm:

Deng Adress:

Schéck deng Äntwert un:

Panda-Club

25, rue Münster

L-2160 Lëtzebuerg

panda-club@mnhn.lu

21
_ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _
_ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _

äert Panda

22
Mike Hagen Animatioun Dominique Schauss Animatioun Muriel Nossem Animatioun Anne-Marie Bis Animatioun
Team
Annemie Harras Animatioun

team wënscht

23
Christiane Flesch Animatioun Sylvie Hagen Grafik Sabine Goerens Grafik
Team
Katharina Kurt Animatioun

Umeldung:

E-Mail: panda-club@mnhn.lu

online: www.panda-club.lu/umeldung

Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzernumm op www.panda-club.lu/account kucken.

Kontakt: Panda Club, 25 rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg

scan mech

online Umeldung a komplette Programm

Eis allgemeng Konditioune fënns du op www.panda-club.lu/conditions-generales/

panda-club@mnhn.lu

Info: 462233-450

Gëff Member:

Du bass intresséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den

Da gëff Member am Panda-Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen.

Als Member kriss du regelméisseg onst Programmheft „Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit.

D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen: Panda-Club tel: 462233-450

panda-club@mnhn.lu

panda-

club @

Umeldung
mnhn.lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.