Panda News 01/2021 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Panda- News

kënnt 4x am Joer eraus

r ëll

1

a .J

nu

021 2

a r b is d e n 18

b .A

19

www.panda-club.lu panda-club@mnhn.lu

vu m

La traduction française du programme des activités se trouve sur

fir Jonker vu 6-10 Joer


Kalenner 8-10 Joer 6-10 Joer Familljen 9-10 Joer 6-8 Joer

2

Januar

Februar

Mäerz

Abrëll

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31

1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30

Déierespuren Déierespuren

Ei! Gutt Mëllech!

Déierespuren

Déierespuren

De Klotermäerten De Klotermäerten

Nuetswanderung

Kloteren op de Beem Kloteren op de Beem

Kloteren op de Beem

Kloteren op de Beem

Stärenhimmel

Stärenhimmel

Aaschtbëseler Aaschtbëseler

Eedelsteng Seefen

Dachsbuerg

Eedelsteng Seefen

Schatzsich Mirador Schatzsich Mirador

Stercorarius Rätsel

Dachsbuerg

Stercorarius Rätsel

Kachen um Lagerfeier

Kachen um Lagerfeier

Schlammwiss

Um Bauerenhaff

Um Bauerenhaff

Um Bauerenhaff

Zwin


Dënschdeg, den 19. Januar 2021 Donneschdeg, den 21. Januar 2021

Eesebuer

6-8 Joer

Outdoor: Déierespuren Mir kucken ons un, wat fir Bewunner onse Bësch huet. Mir ginn op d’Sich no Déierespuren an entdecken, datt dës Spuren ons vill iwwer hir Liewensgewunnechte verroden.

um 14.30 Auer zu Eesebuer (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

5

Euro

3


6-8 Joer

Ei! Gutt Mëllech! Dënschdeg, de 26. Januar 2021

Manternach

Mir besichen de Bauerenhaff an entdecken, wéi e moderne Biobauerenhaff funktionéiert. Am Naturschutzzentrum versti mir, wéi mir d‘Natur schütze kënnen, wa mir bewosst iessen.

um 14.30 Auer zu Manternach (zréck: 17.00 Auer) Muriel Nossem Dominique Schauss

4

5

Euro


Dënschdeg, den 9. Februar 2021 Donneschdeg, den 11. Februar 2021

Allënster

6-8 Joer

De Klotermäerten Mir maachen ons op d’Sich no dësem wibblege Bëschbewunner, probéiere seng Häip ze fannen a kucken ons un, wat hien de ganzen Dag an de Bamkrounen dreift.

um 14.30 Auer zu Allënster (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

5


6-8 Joer

Nuetswanderung Dënschdeg, de 16. Februar 2021 Remerschen

Am Biodiversum kucke mir eis ëm an entdecken, wéi wichteg Vulleschutz ass. Wann et ufänkt däischter ze ginn, zéie mir lass mat eiser selwer gebasteltelter Lanter. Ob mir enger Eil hir Ae liichte gesinn?

um 16.00 Auer zu Remerschen (zréck: 19.00 Auer) Muriel Nossem

6

5

Euro


Dënschdeg, den 23. Februar 2021 Donneschdeg, de 25. Februar 2021 Stroossen

6-8 Joer

Outdoor: Kloteren op de Beem Mat e puer Seeler kënne mir ang Afebréck oder Klunschel zesummebauen. Mir probéieren, de Bësch aus verschiddene Perspektiven a Niveauen ze entdecken.

um 14.30 Auer zu Stroossen (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

5

Euro

7


6-8 Joer

Stärenhimmel beobachten Beidler

Mam Teleskop beobachten an erfuersche mir de Stärenhimmel.

um 18.00 Auer bei der Donatuskapell tëschent Beidler an Eschweiler (zréck: 20.00 Auer) Dominique Schauss, Euro 5 André Mousset

8

Samschdeg, de 6. Mäerz 2021


Dënschdeg, den 9. Mäerz 2021 Donneschdeg, den 11. Mäerz 2021

Schiltzbierg

6-8 Joer

Beim Aaschtbëseler Mir huelen de flénke Bambewunner méi genee ënner d’Lupp, sichen no senge Spuren am Bësch a bastelen en eenzegaartege «Kaweechelchersbuffet».

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

9


6-8 Joer

Schatzsich am Mirador Dënschdeg, den 23. Mäerz 2021 Samschdeg, de 27. Mäerz 2021

Stengefort

Mir sinn haut am Naturschutzgebitt zu Stengefort ënnerwee. Eng abenteuerlech Aktivitéit fir sportlech, kreativ a geschécklech PandaClubKanner. Wa mir gutt zesummeschaffen, wäerte mir de Schatz scho fannen, oder?

um 14.30 Auer zu Stengefort (zréck: 17.30 Auer) Muriel Nossem

5

10

Euro


Dënschdeg, den 30. Mäerz 2021 Donneschdeg, den 1. Abrëll 2021

Schiltzbierg

6-8 Joer

D’Stercorarius-Rätsel Mir versichen dat uraalt Rätsel vum Stercorarius Déier ze léisen. Bass du e bëssi virwëlzeg a stéchs deng Nues gären a mysteriéis Saachen? Da sief dobäi bei onser Expeditioun!

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

11


6-8 Joer

Um Bauerenhaff Donneschdeg, de 15. Abrëll 2021 Freideg, de 16. Abrëll 2021

Schëtter

Mir ginn op Besuch bei de Bauer an de Stall a fidderen déi vill Déieren. Et gi vill Geschichten iwwer déi Déieren ze zielen. Looss dech iwwerraschen!

um 14.30 Auer zu Schëtter (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

o

Eu 15 r

12


8-10 Joer

Zwin

Ostende

vu Freideg, de 16. Abrëll 2021 bis Sonndeg, den 18. Abrëll 2021 Muschelen a Séistären op der Plage sichen, Bulliwullerten a Storchen am Naturschutzgebitt Zwin erfuerschen, Séihënn a Risekrabben am Sealife entdecken. Mir schlofen zu Ostende an der Jugendherberg.

Weider Informatioune kritt dir no der Umeldung. Sandrine Amann

ro

0E 19 u

13


9-10 Joer

Outdoor: Déierespuren Dënschdeg, den 2. Februar 2021 Donneschdeg, de 4. Februar 2021

Eesebuer

Mir kucken ons un, wat fir Bewunner onse Bësch huet. Mir ginn op d’Sich no Déierespuren an entdecken, datt dës Spuren ons vill iwwer hir Liewensgewunnechte verroden.

um 14.30 Auer zu Eesebuer (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

5

14

Euro


Dënschdeg, den 2. Mäerz 2021 Donneschdeg, de 4. Mäerz 2021 Stroossen

Mat e puer Seeler kënne mir ang Afebréck oder Klunschel zesummebauen. Mir probéieren, de Bësch aus verschiddene Perspektiven a Niveauen ze entdecken.

9-10 Joer

Outdoor: Kloteren op de Beem

um 14.30 Auer zu Stroossen (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

5

Euro

15


9-10 Joer

Stärenhimmel beobachten Beidler

Mam Teleskop beobachten an erfuersche mir de Stärenhimmel.

um 18.00 Auer bei der Donatuskapell tëschent Beidler an Eschweiler (zréck: 20.00 Auer) Dominique Schauss, Euro 5 André Mousset

16

Samschdeg, de 6. Mäerz 2021


Dënschdeg, de 16. Mäerz 2021 Donneschdeg, de 25. Mäerz 2021

Schiltzbierg

Mir ënnersichen en Dachsbau mat Mikro a Kamera a versichen, méi iwwer d’Liewe vun dësem Bëschbewunner erauszefannen.

9-10 Joer

Expeditioun Dachsbuerg

um 14.30 Auer um Schiltzbierg (zréck: 17.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

17


9-10 Joer

Eedelsteng Seefen Samschdeg, den 13. Mäerz 2021 Donneschdeg, den 18. Mäerz 2021

Lëtzebuerg

Mir entdecke Mineralien an Eedelsteng a maachen eis eegen Eedelsteng Seefen, fir mat heem ze huelen.

um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer) Dominique Schauss

18

5

Euro


Mëttwoch, de 7. Abrëll 2021 Donneschdeg, den 8. Abrëll 2021

Schiltzbierg

Mir kachen a brachen ons e puer Schneekegkeeten um Lagerfeier.

9-10 Joer

Outdoor: Kachen um Lagerfeier

um 11.00 Auer um Schiltzbierg (zréck: 14.00 Auer) Mike Hagen

5

Euro

19


9-10 Joer

An der Schlammwiss Dënschdeg, den 13. Abrëll 2021

Nidderaanwen

Haut gi mir op Villerchersbeobachtung. Mir entdecken en eenzegaartegt Naturreservat. De Jim Schmitz weist eis, wéi Vulle beréngt ginn. Eng wëssenschaftlech Aarbecht, déi eis vill wichteg Informatiounen iwwer eis Vullewelt gëtt.

um 14.30 Auer zu Nidderaanwen (zréck: 17.00 Auer) Muriel Nossem

20

5

Euro


Donneschdeg, de 15. Abrëll 2021 Freideg, de 16. Abrëll 2021

Schëtter

Mir ginn op Besuch bei de Bauer an de Stall a fidderen déi vill Déieren. Et gi vill Geschichten iwwer déi Déieren ze zielen. Looss dech iwwerraschen!

9-10 Joer

Um Bauerenhaff

um 14.30 Auer zu Schëtter (zréck: 17.00 Auer) Christiane Flesch (Igel)

o

Eu 15 r

21


Quiz

Opléisung Quiz 4/2020 Wéi een A passt bei wéi een Déier? Hei ass d’Léisung: De Gewënner vun dësem Quiz ass de

Philippe Dondlinger vun Dikrech.

Gecko

Fräsch Schlaang (Mamba)

Mir gratuléieren!

Eil

Kaz Krokodil

22

Geess

Hond


Dës Déieren oder Pilzen hunn e Mineral am Numm. Kanns du se richteg beienee setzen?

Quiz

Quiz 1/2021 Däin Numm: SCHWIEFEL

GOLD (GËLLE)

SËLWER

SMARAGD

__________________ Deng Adress: __________________ __________________ __________________ Schéck deng Äntwert un:

___________-MÉIW ___________-MÄNNCHEN

___________-KAPP ___________-EIDECHS

Panda-Club 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg panda-club@mnhn.lu

23


Maach mat!

Min(i)eralogen Hues du e wäertvolle Steen an denger Schatzkëscht leien oder vläicht esouguer eng Sammlung vu Mineralien an Eedelsteng? Hues du Loscht, deng Schätz op dem Site vum Panda Club ze weisen? Da fotograféier dech zesumme mat denger Gestengssammlung a schéck dës Biller un

panda-club@mnhn.lu

Mir freeën ons op deng Fotoen an deng Sammlung! Vill Spaass! De Panda Club 24


Maach mat!

opgepasst!

25


Team

äert Pandateam Mike Hagen Animatioun

Annemie Harras Animatioun

26

Dominique Schauss Animatioun

Christiane Flesch Animatioun


Muriel Nossem Animatioun

Animatioun

Tania Zinelli Sekretariat

Team

Sandrine Amann

Sabine Goerens Grafik

Sylvie Hagen Grafik

wënscht iech schéi Feierdeeg 27


Umeldung

Ech melle mech fir dës Aktivitéiten un: Numm:

........................................................................................................... ...........................................................................................................

Virnumm:

...........................................................................................................

Adress:

........................................................................................................... ........................................................................................................... ...........................................................................................................

LTel.:

........................................................................................................... Bemierkungen: ...................................................................................

Handy:

...........................................................................................................

Gebuertsdatum:

Imprimerie

moies

E-Mail: panda-club@mnhn.lu online: www.panda-club.lu/umeldung

e-mail:

Jong

Umeldung:

Info: 462233450

Meedchen

scan mech

online Umeldung a komplette Programm

Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzernumm op www.panda-club.lu/account kucken. Kontakt: Panda Club, 25 rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg Eis allgemeng Konditioune fënns du op www.panda-club.lu/conditions-generales/


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.