Pirateweekend
vu Samschdeg, den 13. Mee 2023 bis Sonndeg, de 14. Mee 2023
Huelmes
Dëse Weekend si mir haaptsächlech ënnerwee am Bësch a sichen no deem berüümte Schatz vum schwaarze Mönch Eustachius.
Mat villen Naturspiller fanne mir vläicht eraus, wou e verstoppt ass.
um 11.00 Auer zu Huelmes
(zréck: Sonndeg um 16.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel)
Stroossen
Bëschbuedem
Dënschdeg, de 25. Abrëll 2023
Donneschdeg, de 27. Abrëll 2023
Zesummen erfuersche mir de Buedem a seng Bewunner am Bësch. Dono maache mir et den Déiere no an entdecken de Bësch buerféiss.
um 14.30 Auer zu Stroossen
(zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis
Katharina Kurt
5 Euro
E pickege Gesell
Donneschdeg, de 4. Mee 2023 Schiltzbierg
Si stinn u Bësch- a Wiseränner a wann ee se beréiert, da gëtt een nach eng Zäitchen u si erënnert. Si sinn awer och liewenswichteg
fir eng helle Wull Déieren. Mir erfuerschen deen Nomëtteg
d’Brennessel a kucken och, wat mir Guddes domadder kache kënnen.
um 14.30 Auer
um Schiltzbierg
(zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen
5 Euro
Guedber
Kriibsejuegd
Freideg, den 2. Juni 2023
Dënschdeg, de 6. Juni 2023
Mir fänke Kriibsen an engem Bëschweier bei Guedber a kucken ons déi Borschte mol vu ganz no un.
um 14.30 Auer zu Guedber
(zréck: 17.00 Auer)
Mike Hagen
5 Euro
Spannen(d) Geschichten
Dënschdeg, den 13. Juni 2023
Donneschdeg, de 15. Juni 2023
Mir ginn an de Bësch op Besuch bei eng Spannefamill. Si erzielen ons ganz spannend Geschichten aus hirem Liewen.
um 14.30 Auer um Waldhaff
(zréck: 17.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel) 5 Euro
Täuschend echt - Orchideeën
Dënschdeg, de 27. Juni 2023
Lëtzebuerg
Donneschdeg, den 29. Juni 2023
Mat vill Spaass a Spiller entdecke mir déi nei Ausstellung iwwer d’wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg am ‘natur musée’. Duerno
kniwwele mir eis eng Orchidee zesumme fir mat heemzehuelen.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn
(zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis 5 Euro
Naturdetektiven
Dënschdeg, de 4. Juli 2023
Donneschdeg, de 6. Juli 2023
Stroossen
An all Bësch ginn et vill Liewewiesen. Automatesch fënnt een och vill Spuere vun deene Wiesen. Ob kleng oder grouss, mir ënnersichen de Bësch mat der Lupp a fannen eraus, wien hei lieft.
um 14.30 Auer zu Stroossen
(zréck: 17.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel) 5 Euro
Iwwersiren
Waasser a Schlammwiss
Dënschdeg, de 16. Mee 2023
Dënschdeg, den 23. Mee 2023
Donneschdeg, de 25. Mee 2023
Dech erwaart e spannende Rallye! Mat der Lupp an der Spektiv entdecke mir d’Bewunner vun der Schlammwiss a baue selwer eng Kläranlag.
um 14.30 Auer
zu Iwwersiren (zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis, Christiane Flesch (Igel), Katharina Kurt, Dominique Schauss 5 Euro
Dem Charly säi Wee
Donneschdeg, den 13. Juli 2023
De Bëschdéieren op der Spuer, Kannerrechter kennenléieren an der Bomi
hir Wäschmaschinn erliewen, dat sinn e puer Statiounen, deene mir um Wee begéinen. Maach dech prett fir en ofwiesslungsräichen
Nomëtteg!
um 14.30 Auer
op der Becher Gare
(zréck: 17.00 Auer)
Muriel Nossem
Lëtzebuerg
Fläisseg wéi eng Wissbei
Donneschdeg, de 4. Mee 2023
Um Beiewee waarden Aufgaben drop geléist ze ginn. Spiller ronderëm d’Theema Beien, Insekten a Vilfalt bréngen eis méi no, wéi eng wichteg Roll d’Insekten am Naturkreeslaf spillen.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn (zréck: 17.00 Auer)
Muriel Nossem
5 Euro
Lou schläissen
Mëttwoch, den 31. Mee 2023
Komm mat op de Buerfelt! Entdeck d’’Louschläissen’ a wéi een aus wëlle Planzen an der Lou ka Faarf an Tënt hierstellen. Mëttes grille mir
beim Stauséi. Mir fuere mam Bus.
um 9.00 Auer um P&R Bouillon
(zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis
Kockelscheier
Kraiderkamellen
Donneschdeg, den 8. Juni 2023
Dënschdeg, den 13. Juni 2023
Mir distilléieren äthereschen
Ueleg aus Kraider a maachen
doraus Kamellen!
um 14.30 Auer
op der Kockelscheier
(zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis, Muriel Nossem, Dominique Schauss 5 Euro
Insekten
Donneschdeg, de 15. Juni 2023
Mat der digitaler Lupp kucke mir eis déi verschidden Insekte mol méi genee un. Dono bastele mir en Insektenhotel fir mat heemzehuelen.
um 14.30 Auer zu Crauthem
(zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis
Täuschend echt - Orchideeën
Dënschdeg, den 20. Juni 2023
Lëtzebuerg
Mat vill Spaass a Spiller entdecke mir déi nei Ausstellung iwwer d’wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg am ‘natur musée’. Duerno
kniwwele mir eis eng Orchidee zesumme fir mat Heem ze huelen.
um 14.30 Auer am ‘natur musée’ am Gronn
(zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis 5 Euro
Tatort Park Neumann
Donneschdeg, de 6. Juli 2023
Lëtzebuerg
Mir brauchen deng Hëllef! Kuriéises an Onerwaartes ass d’lescht Nuecht geschitt. Hëllef eis de Schëllegen ze fannen.
um 14.30 Auer
am Park Neumann
(zréck: 17.00 Auer)
Anne-Marie Bis, Muriel Nossem
5 Euro
Befort
Wolls du schonn ëmmer een Detektiv sinn a Geheimnisser léisen? Da komm mat op eisen Detektivcamp! Mir erfuerschen Hielen an hir Bewunner, léisen d’Geheimnis vun de kuschelegen Déieren a knacken d’Rätsele vun de Bëschgeeschter. Mir schlofen an der Jugendherberg zu Beefort.
Detektivcamp 2023
Vu Méindeg, de 7. August 2023 bis Mëttwoch, den 9. August
2023
Méindeg um 10.30 Auer zu Beefort (zréck: Mëttwoch um 14.00 Auer)
Anne-Marie Bis, Katharina Kurt 165 Euro
Iechternach
Op de Spuere vun Dinosaurier, Flugsaurier a Mieresmonster entdecke mir den Iechternacher Séi. Den zweeten Dag erfuersche mir
déi spannend Teufelsschlucht a besichen den Dinopark zu Iernzen. Mir schlofen zu Iechternach an der Jugendherberg.
Dinocamp 2023
vu Mëttwoch, de 16. August 2023 bis Freideg, den 18. August 2023
Mëttwoch um 10.30 Auer zu Iechternach
(zréck: Freideg um 14.00 Auer)
Anne-Marie Bis, Katharina Kurt
175 Euro
Ritterbuerg Huelmes 2023
Huelmes
Mir liewe wéi d’Ritter op enger Buerg, erliewe spannend Geschichten am Schlasstuerm an am Bësch. Mir maachen eng Nuetssortie, besichen d’Draachenhielen, gi fëschen an ëmpfänken de Kinnek. Geschlof gëtt an engem Schlass an z’iesse kréie mir an der Jugendherberg.
vu Méindeg, de 24. Juli 2023 bis Freideg, den 28. Juli 2023
Méindeg um 10.30 Auer um P&R Bouillon (zréck: Freideg um 15.00 Auer)
Christiane Flesch (Igel), Julie Schiel
300 Euro
Astronautecamp 2023
Huelmes
Hei kanns du alles léieren, wat en Astronaut kënne muss: Rakéite bauen, Stären a Stärebiller erkennen, Fuerschung an Experimenter maachen
a sech am Däischtere kënnen orientéieren. Fir
onsen Astronautentraining ofzeschléissen, fuere mir een Dag an den EuroSpaceCenter. Mir schlofen am Schlass zu Huelmes.
Méindeg um 11.00 Auer
zu Huelmes
(zréck: Freideg um 12:00 Auer)
Mike Hagen
300 Euro
vu Méindeg, den 31. Juli 2023 bis Freideg, de 4. August 2023
Opléisung Quiz 1/2023
Léisung:
Dëse Vugel gëtt op
Lëtzebuergesch Dëlpes genannt, op Däitsch heescht hien Tölpel.
Ënner de richtegen
Äntwerten hu mir ee
Gewënner gezunn: et ass de Mätt Wolsfeld
vun Iewerleng. Mir gratuléieren! Blofoussdëlpes
(Bass)Dëlpes
Quiz 2/2023
Wie frësst wat?
Däin Numm:
Deng Adress:
Schéck deng Äntwert un:
Panda-Club
25, rue Münster
L-2160 Lëtzebuerg
panda-club@mnhn.lu
Umeldung:
E-Mail: panda-club@mnhn.lu
online: www.panda-club.lu/umeldung
Du kriss deng Confirmatioun iwwer E-Mail. Du kanns deng Umeldung all Moment iwwer däi Benotzernumm op www.panda-club.lu/account kucken.
Kontakt: Panda Club, 25 rue Münster, L-2160 Lëtzebuerg
scan mech
online Umeldung a komplette Programm
Eis allgemeng Konditioune fënns du op www.panda-club.lu/conditions-generales/
panda-club@mnhn.lu
Info: 462233-450
Gëff Member:
Du bass intresséiert un Déieren, Planzen, der Emwëlt an den
Da gëff Member am Panda-Club a maach mat bei spannenden Aktivitéiten, coolen Experimenter a spektakuläre Campen.
Als Member kriss du reegelméisseg onst Programmheft
„Panda-News“ an ons Zeitung „De Panewippchen“ geschéckt. Hei fënns du eng helle Wull un interessanten Informatiounen iwwer ons Äerd an d’Liewen op onsem Planéit.
D’Memberschaft ass gratis. Fir weider informatiounen:
Panda-Club tel: 462233-450
panda-club@mnhn.lu