De Panewippchen 1/2020

Page 1

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

N°130 1/2020

Et ass vill lass an der Natur am Fréijoer!

www.panda-club.lu MontagePW12020.indd 1

17/03/2020 09:12


News

Traus du dech… … denger Dreckskëscht op den Zant ze fillen? En Challenge fir deng ganz Famill

Neen, du muss dofir net am Dreck wullen! en (Plastik) Géi dem Offall op d’Spuer, wéi e richtegen Jugurtsdëppch Sch vun de P minkpad t tu ks ti s la P lastikssto Drecks-Detektiv: mat engem Offall-Logrinnen pp P Manda a b Buch. e ie r s el u N h uesschnap Koz Mandarinnesc pech ng tu … Zei al Iwwerleet Iech zesummen, wou der iwwerall n Nuddelen Karton vun de doheem eppes ewech geheit: Dreckskëscht, Kéis ch Plastik vum k Mëlle Sammelbac fir an de Recycling, Pabeierkuerf, Tuschfaarf, déi net Tetrapa n omate ngen échs T B rnischo Këscht fir an d’Superdreckskëscht, et o ge K e méi d n Glas vu ch Kompostkoup, Behälter fir Glas, Keller... egal … k Mëlle etrapa ljus T p wat, Haaptsaach fort domat! k Äp e c a p a r Tet Lee iwwerall dohin e klengen Ziedel mat … engem Bläistëft. verschenken? Schreift lo alleguerten 3 Deeg laang alles op - Sinn do Saachen op der wat dir ewech geheit. Lëscht, déi am Fong guer Lo brauchs de just nach un all déi Saachen ze net néideg sinn? - Fanne mer vläicht denken, déi s de baussent dem Haus ewech Alternativen geheis: an der Schoul, ënnerwee, bei der aus engem méi Bomi, an der Kantin… Maach och do eng ëmweltfrëndleche Lëscht! Vläicht maachen deng Geschwëster Material? an Elteren och hei mat? - Gëtt et Alternativen, déi No den 3 Deeg: Sammel all d’Lëschten a ee méi laang kann kuckt iech se zesummen un. Iwwerleet iech: notzen? - Wat geschitt mat deene Saachen, déi mer sou ewechgeheien? Bravo! Du bass um - „Trouvez l’intrus“: ass do eppes net am gudde Wee, fir eiser richtege Back gelant? Kënne mer vläicht Äerd eng grouss anescht/besser zortéieren? Laascht ofzehuelen! - Kënne mer verschidde Saache weider gebrauchen, anescht gebrauchen, tauschen, TEXT: CARMEN GREISEN

Fir matzesangen! Hei kanns du all déi flott Lidder lauschteren, déi säit dem Wanter 2015 am Panewippchen virgestallt gi sinn. Den Text mat den Noute kanns du dir erausdrécken. Vill Spaass beim Matsangen!

www.mimamu.lu/pw/ 2 I DE PANEWIPPCHEN 4/2016 MontagePW12020.indd 2

17/03/2020 09:12


PW 1/2020 Flott Bicher!

Op der Ëmweltkonferenz beroden d'Déiere sech, wéi se de Mënsche kloer maache kënnen, datt se besser op d'Ëmwelt sollen oppassen. Witzeg a cool gezeechent!

D'Liewe vun de Bommelen, herrlech léif illustréiert!

Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 1/2020 SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 EN NEIE LOOK FIR D'NATURSCHUTZGEBIDDER SÄIT 6 DE BOMMEL SÄIT 12 KNIWWEL Müslistécker baken SÄIT 13 FIR MATZESANGEN De Bommel SÄIT 14 AM ELLERGRONN SÄIT 19 2020 JOER VUN DER BIODIVERSITÉIT SÄIT 20 WIMMELBILD Déieren a Planzen am Fréijoer zu Lëtzebuerg SÄIT 22 D'FRÉIBLÉIER SÄIT 23 KNIWWELEN Stoftsäckelcher fir Uebst a Geméis bitzen SÄIT 24 MANNER OFFALL! SÄIT 31 KNIWWEL Wuesspabeier selwer man SÄIT 32 THEMEN AM 'NATUR MUSÉE' Evolutioun SÄIT 38 KNIWWEL Eeërschuelen upcyclen Impressum SÄIT 40 ‘natur musée’

- Wéivill Himmelsdéiercher hu sech hei verstoppt? 6 - Wéi eng Déiere passen net heihin? Elefant a Kakadu. - Wéi eng Bléie fléien d’Bommelen als éischt am Fréijoer un? Ieselsfouss a Weedemiissercher. - Wéi eng Blumm streckt fir d’éischt hir Bléien aus, souguer duerch de Schnéi? D'Schnéikläckelchen. - Wéi eng Déiere verbréngen de Wanter net bei eis? Schmuewel, Krukert an Dréischel.

Äntwerten op d'Froe vum Wimmelbild

I3 MontagePW12020.indd 3

17/03/2020 09:12


En neie L d'Naturschut Zu Lëtzebuerg ginn et haut schonns eng 60 ausgewisen Naturschutzgebidder. Dat si Wisen, Bëscher, Weieren a Landschaften, déi e besonnesch räiche Liewensraum fir Déieren a Planze sinn. Oft kann een hei nach Aarte

fannen, déi vum Ausstierwe bedreet sinn. Et ass also besonnesch wichteg, dës Plazen ze schützen. Fir datt d’Leit och erkennen, datt se an esou engem wichtege Biotop sinn, goufen elo nei Schëlder entworf, déi un den Haaptweeër

Wat bedeiten dann déi eenzel Symboler op dem neie Schëld?

Den ëmgekéierten Dräieck weist ons, änlech wéi beim Stroosseschëld, datt mir hei mussen anerer virloossen. An zwar huet hei d’Natur Virfaart a mir alleguerte mussen op si oppassen. D’Seechomes an de Far sollen ons drun erënneren, datt och déi kleng an onscheinbar Déieren a Planzen de Räichtum vun onser Natur ausmaachen.

4 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 4

17/03/2020 09:12


e Look fir hutzgebidder

Naturschutzgebidder

vum Naturschutzgebitt opgestallt geplangten ginn. Wann dir also beim Naturschutzgebidder Spadséiere goen op esou e gréngt Haalt Schëld stousst, da wësst dir datt dir Aen an Oueren hei op enger besonnescher Plaz op, et gëtt sécherlech sidd. esou munches z' entdecken! Déi kleng Symboler ënnen um Schëld weisen ons wat mir am Naturschutzgebitt dierfen a wat net. Beispill Naturschutzgebitt Schnellert: Op de Weeër bleiwen Vëlofueren a Reiden op de Weeër erlaabt

Muppen an der Léngt halen

Moto an Auto verbueden

Keng Planzen ofplécken an Déieren net stéieren oder fänken

Kee Feier ufänken

Kee Kaméidi maachen

Net campéieren

Keen Offall leie loossen Haalt iech w.e.g. un déi Reegelen; fir eis a fir de Bësch! Wëlls du méi iwwer déi 11 Naturbëscher hei zu Lëtzebuerg wëssen? Kuck am Panewippchen 4/2019, Säit 4-9. TEXT: MIKE HAGEN I

MontagePW12020.indd 5

5

17/03/2020 09:12


De Bommel

Erstaunlech Si hu kee Kalenner, mee d'Planzen an d'Déiere wëssen, wéini Fréijoer ass. Soubal den Ieselsfouss, d‘Weid an den Hieselter bléien, da kanns de opfälleg grouss, pelzeg, pummeleg an horeg Wëllbeie fléie gesinn: dat si Bommelkinniginnen.

6 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 6

17/03/2020 09:13


Bommelkinnigin: E Bléck an d’Liewe vun enger

INTRESSANT

1

Eng jonk Bommelkinnigin schléift am Wanter an enger Äerdhiel.

7

2

Subal si spiert, datt Fréijoer ass, besicht d’Bommelkinnigin Bléien a frësst Nektar a Pollen. Lo ass si gestäerkt!

Am Hierscht stierft dat ganzt Vollek, och déi al Bommelkinnigin. D’Jongkinniginne sichen sech eng Plaz am Buedem fir ze iwwerwanteren.

6

D’Jongkinniginnen an d’Männercher fléien eraus, treffe sech mat Bommelen aus aneren Näschter a puere sech.

3

D’Jongkinnigin weess, datt et Zäit ass, eng gutt Plaz fir en Nascht ze sichen. Dacks wielt si e Mauslach a brummt esou haart, datt d’Mais fäerten a fräiwëlleg de Mausbau verloossen!

D’Kinnigin baut e klengt Dëppchen aus Wuess, dréit Pollen dran, leet déi éischt Eeër uewendrop an hält se waarm. En zweet Dëppchen aus Wuess fëllt si mat Nektar. Wann d’Larve bis aus den Eeër krauchen, fiddert si se mat Pollen an Nektar.

D’Larve spannen e Kokon an no e puer Woche schlüpfen erwuessen Aarbechterinnen. Elo bleift d’Kinnigin am Nascht a konzentréiert sech just op d’Eeër leeën. Am Summer kommen dann och Männercher a Jongkinniginnen op d’Welt.

5

TEXT: MURIEL NOSSEM I

MontagePW12020.indd 7

7

17/03/2020 09:13


Hunnegsak, Bommelbei, Brommert, Hommel, Beiekinnek, Ommel, Tompert, wëll Bei, Brommsak, Wisbei, … Am Buch vun de lëtzebuerger Déierennimm vum Henri Klees fënns du 67 ënnerschiddlech Nimm, déi am Land verdeelt gebraucht ginn.

Nennenswäert

De Bommel Eng echt Bei Si gehéieren zu der Famill vun den „Echten Bienen“ (Apidae) an zur Gattung Bombus.

Grandios

De Bommelfluch

Hir Flilleke si vill ze kleng am Verhältnis zu hirem décken, ronne Kierper fir kënnen ze fléien!

An awer kënne si fléien, dank: - hirer Muskulatur E Bommel beweegt seng Flilleke méi wéi 100 mol an der Sekonn an dat net just erop an erof, mee hien dréint d’Flilleken och kreesförmeg. En huet staark Muskelen, déi him dat erlaben. Esou entstinn tornadoaarteg Loftwirbelen un der Spëtzt vun de Flilleken, déi vill Loftvolumen a Beweegung setzen, et entsteet en Ënnerdrock an de Bommel flitt! - der Aerodynamik D’Flilleke bestinn aus engem extrem elastesche Material (Resilin). An der Mëtt vum Flillek huet de Bommel e Gelenk, dat him erlaabt de Flillek ze knécken. Dëst hëlleft him, säi Kieper mat manner Loftwidderstand, duerch d'Loft ze beweegen, dat nennt een aerodynamesch.

8 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 8

17/03/2020 09:13


Staark

E Bommel kann dat duebelt vun sengem Kierpergewicht droen!

E Bommel ka mat enger Spëtzegeschwindegkeet vun 20 km an der Stonn fléien.

Iwwerraschend

Ongewéinlech? Insektefuerscher hu Bommele beobacht, déi iwwer 5600 Meter héich geflu sinn.

Erstaunlech Richen deng Féiss? De Bommelen hir och! Wa Bommele sech op eng Planz setzen, dann hannerloosse si hire Foussgeroch. Sou mierke si wa si eng Bléi scho mol besicht hunn. Si erkennen och de frieme Foussgeroch vun enger anerer Bommel. Béid Kéiere wësse si, datt déi Bléi keen Nektar méi huet.

De Geroch spillt eng grouss Roll am Liewe vun engem Bommel: De Wee an hiert Nascht am Buedem fënnt hien, well shien den Doftspueren nogeet. Wann eng Wullmaus ze no kënnt, sprëtzt hien e sténkegt Sekreet, fir d'Maus (an aner Feinden) ze warnen. Männercher hunn e staarke Kierpergeroch, domat lackele si d’Weibercher un.

TEXT: MURIEL NOSSEM I

MontagePW12020.indd 9

9

17/03/2020 09:13


Et ass fir Insekten net einfach, fir un de Bléiestëbs vun Tomaten-, Auberginen- oder Grompereplanzen ze kommen, mee d’Bommelen hunn eng speziell Technik entwéckelt: Déi pummeleg Pelzbei bäisst sech fest un de Stëbsblieder vun der Bléi, aktivéiert hir Flugmuskelen ouni d’Flilleken ze beweegen an esou entsti Vibratiounen.

Groussaarteg A scho falen d’Pollekäre vun de Pollesäck vun der Planz erof op de Bommel. Déi schäert hien dann aus dem Pelz zesummen a lagert se un den hënneschte Been of. Et ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall! Och si musssen üben, üben, üben. Wat si et méi dacks man, wat si dës Technik besser beherrschen a méi Erfolleg hunn.

De Bommelen hir raffinéiert Rëseltechnik

E fi R k v d d m A N w S B b

10 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 10

17/03/2020 09:13


Wëssenswäert

Berüümt

Du hues dach sécher scho vum Insektestierwen héieren, ma kloer, och d’Bommelen hunn et schwéier z’iwwerliewen. Du weess elo scho vill iwwer déi faszinant Wëllbeien am décke Pelz, maach dech staark fir si a setz dech a fir hire Schutz. Vill flott Infoe wéi een eng Blummewiss uséit an hinnen domat en naturnoe Paradäis schaaft fënns du ënner:

Ee Gléck fir d’Bommelen, hire Rüssel ass ganz laang, si kommen un den Nektar vu ville Bléien a besonnesch un déi, wou aner Insekte wéinst dem méi kuerze Rüssel, passe mussen. A ville Bléie gëtt et wéineg Nektar, d’Drëps ka sou kleng si wéi de Punkt hannert dësem Saz. Si muss e puer Dausend onnerlech· b w r e em · in ·v Bléien an engem Dag ierk t d r enswäe n besichen. fe üf l rb ve

sse

nsw

un ä er t · s t a

en

unkuckenswä

ssa r te

g ta

·s

ea c ongewéinle

h

b ert ·

· fo rm idabe l

erüümt

gr ou

·o

waart

cke nd

nd ro

fra ppa

le ch · ta e rs

n er

·b

·

nt · i wwer rasc

he

nd

·

tr e ssa n

www.ounipestiziden.lu

sw

Léis e wéineg Zocker a woodlechem Waasser op an hal dem Déier e Läffel voll dohin. Du wärs gesinn, datt si en Deel vum Zockerwaasser mat hirem Rüssel opsuckelt an nei Energie huet. Du retts esou net just een eenzege Bommel, mee gläich e ganzt Vollek. Am Summer sinn dat tëschent 50 a 600 Déieren!

äe r t·

D'Musekstéck "Der Hummelflug" geschriwwe vum Rimsky Korsakov. D’Stéck ass méi wéi honnert Joer al, et ass en Deel aus enger Oper (d’Märche vum Zar Saltan). Hei den Deel aus der Geschicht, wou d’Musek dobäi passt: Eng Fee erfëllt dem Prënz Gwidon e Wonsch, verwandelt hien an e Bommel, fir datt hien onerkannt engem Schëff nofléie kann. Lauschter emol eran a kuck, wéi inspiréiert den C. Will war e kuerzen, awer flotte Film ze produzéieren. www.youtube.com/watch?v--5LGYGxtozgg

Wanns du eng jonk Kinniginn am Fréijoer um Buedem leie gesäis, kanns de hir hëllefen:

· ark erstau nle ch ·

TEXT: MURIEL NOSSEM I

MontagePW12020.indd 11

11

17/03/2020 09:13


Müslirëppen

erwee, üslirëppe fir ënn Maach selwer M uerch. heem tëschend o d r e d o , us Pa r an de an anz gutt, si séier g 1 he c a a hm sc /2 Taass Nëss, gehackt Si rgie. e En ir d n in g a ch déck Nëss, Hiesel-, Cashew-, einfach gemaa Afenëss, Mandelen, …

3 Banannen, zerdrätscht

/4 Taass Somen

1

Fluess (Lein), Hanf, …

2 Tase Flacken

Huewer, Spelz, Hiergem (Hirse), …

1-2 Iessläffelen 11/2 Tase Kären Sonneblummen, Kürbis, Pinien, …

de Schäffchen op 160° Ëmloft virhëtzen

gutt mëschen

1 Taass Dréchenuebst, gehackt, Äppel,

Korinthen, Gojibieren, Aprikosen, Figen, Dattelen, …

1 Péitche Salz

op e Blech mat Bakpabeier ongeféier 1cm déck drécken (mat enger Deegrull glat rullen)

ongeféier 20 Minutte baken, bis d’Ränner ufänke brong ze ginn

ofkille loossen an a Stécker schneiden 12 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 I TEXT: SYLVIE HAGEN MontagePW12020.indd 12

gutt agepaakt hale se sech ongeféier ee Mount am Frigo 17/03/2020 09:13

B


n

B

l e m ' li-Bomm m o

elen

ebst,

,

nge Versioun vum D'Musek an eng geso w.mimamu.lu/pw/ Lidd fënns du op ww

TEXT A MUSEK: JEAN PAUL MAJERUS I

MontagePW12020.indd 13

13

17/03/2020 09:13


Am Ellergronn Mir sinn zu Esch/Uelzecht, am Süde vu Lëtzebuerg, méi genee am Ellergronn.

E wonnerschéint Naturschutzgebitt mat enger besonnescher Vergangenheet!

Naturschutzzentrum Ellergronn L-4114 Esch-sur-Alzette Tel : 247 56 - 516 ellergronn@anf.etat.lu Méindes-Freides 8.00 bis 17.00 Auer

Hei ass ee vun de 5 Naturschutzzentre vun der Natur- a Bëschverwaltung. D’Géigend gëtt och nach Land vum roude Buedem genannt, Terre rouge, an dat aus guddem Grond. De Buedem ass liichtend rout !

14 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 14

17/03/2020 09:13


Wat ass dann hei sou besonnesch? Do wou haut Déieren, Planzen an de Mënsch sech wuel fillen an d’Rou an d'Fräiheet genéissen, ass 100 Joer laang Eisenerz ofgebaut ginn.

Hei dat, wat haut fir eis um Programm steet:

Den Ausstellungsraum Am Zentrum kucke mir eis déi typesch Planzen- an Déirewelt aus dem Ellergronn un. Dës Ausstellung gëtt an de nächste Joren erneiert an duerch eng fuschnei ersat:

De Mënsch an d' Natur Aha! dës Géigend schéngt eng intressant Geschicht ze hunn!

Fir méi gewuer ze ginn, hëllt eise Guide, de Gino Pasqualoni, eis mat an en ënnerierdeschen Tunnel, e weidere Raum vum Zentrum.

Op Fossiliesich Geologen hu Gestengsschichten ënnersicht, Reschter vu Mieresdéiere fonnt, den Alter vu Steen an Déier bestëmmt an haut wësse mir: De Buedem, op deem mir stinn, ass 172 Millioune Joer al! TEXT: MURIEL NOSSEM I

MontagePW12020.indd 15

15

17/03/2020 09:13


Minett: en neie Moment an der Geschicht vum Lëtzebuerger Land.

lëtzebuerger Eisenäe

rz

Virun 180 Joer hunn d'Leit an de Steng eppes fonnt, kuck mol genee, vläit erkenns du et och? Richteg, déi kleng däischter Kären, dat si kleng Kugelen, déi bis zu 30 Prozent Eisen enthalen, dofir heeschen dës Steng Eisenäerzer, oder Minett. De Süde vu Lëtzebuerg gouf dono och Minett genannt. An elo fänkt Zäit vum Äerzofbau un. Och hei am Ellergronn sinn Tunnellen, genannt Galerien oder Minièren, gegruewe ginn fir dës eisenhalteg Steng aus dem Bierg ze huelen.

En Abléck an d'Liewe vun engem Biergaarbechter Knachenaarbecht D’Biergaarbechter hunn ënnerierdesch geschafft an enger Galerie. Stéckeg a stëbseg war et, däischter a fiicht. Déck Gestengsbléck hu si mat einfachem Aarbechtsgeschier aus dem Bierg erausgeschlo, op Waggonen (Buggyen) opgelueden an aus der Gallerie erausgedréckt. Dës Steng sinn an d’Héichiewen op Esch gefouert ginn, op iwwer 1000 Grad erhëtzt ginn an d’Eisen ass flësseg ginn. Vun 1879 un konnt aus dem Eisen Stol produzéiert ginn an dëse Stol ass gebraucht ginn, fir Eisebunnsschinnen, Lokomotiven an Zich. Grouss Fabrike si gebaut ginn a Lëtzebuerg huet eng nei Zäit erlieft:

d'Industrialiséierung.

Leider kann een haut net méi an esou eng Minière eragoen, well et net sécher genuch ass. Mee och deemols hu Gefore gelauert, Galerie sinn zesummegebrach a Mënsche sinn ënner de Steng begruewe ginn. D’Biergaarbechter hu sech Schutz gefrot bei der helleger Barbara a si zu hirer Schutzpatrounin genannt. Haut nach gëtt de Bärbelendag de 4. Dezember gefeiert. Eng kleng Kapell erënnert dorun. Wann de Biergaarbechter ee Buggy voll belueden hat, huet hien en aus dem Stollen erausgedréckt bis op eng Wo. D’Aarbechter sinn op d‘Gewiicht bezuelt ginn: Méi Kiloen am Buggy huet geheescht: méi Sue verdéngt!

16 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 16

17/03/2020 09:13


Zäit fir d'Paus an deem däischteren Tunnel. De Sak mat hirem Iessen hunn d’Biergleit opgehaang, fir datt d’Raten et net friesse konnten. An awer hu si de Raten d’Kuuscht vum Brout leie gelooss. Dir frot iech firwat? Ma ganz einfach: d'Raten hunn e gutt Gespier a soubal d'Raten eraus gelaf sinn, wossten d'Biergleit, datt Gefor war. An dësem Deel vum Fuerscherzentrum ass esou en Tunnel nogebaut. Haut fillen d'Fliedermais sech wuel an den ale Galerien an hunn e séchert Doheem fonnt.

D'Enn vun der Grouwenaarbecht No 1973 gouf an der Minett keen Äerz méi ofgebaut, well Äerz mat duebel souvill Eisegehalt aus anere Länner importéiert gouf.

Am a ronderëm de Musée Flott, datt mir Handwierksgeschier, Kleeder, Schong, Luuchten a villes méi am klenge Musée kucke kënnen, sou erliewe mir e wéineg wéi haart dësen Aarbechter hiren Alldag war.

TEXT: MURIEL NOSSEM I

MontagePW12020.indd 17

17

17/03/2020 09:13


Vum Biergbau zum Naturschutzgebitt

Vun 1988 un ass dëst Gebitt als Naturschutzgebitt ausgewisen. D'Zäit vergeet a villes huet sech geännert an ännert sech nach ëmmer. Viru 50 Joer ass nach Eisenäerz ofgebaut ginn an haut fille sech Déieren a Planze wuel an de Weieren, op den Dréchewisen tëscht Elleren, Eschen a Bichen.

Mir haten zwar kee sou een haarden Dag wéi de Biergaarbechter, mee hongreg ware mir trotzdeem an hunn eist Iesse gegrillt. Merci Camille vun der Ekipp aus dem Ellergronn, fir d’Feier an d’Ënnerstëtzung!

Kuckt do, och de Science Mobil war déi Woch am Ellergronn. De Panewippchen seet Merci dem Delila, Jil, Shylene, Kelly, Cristiano, Jinpeng, Aline, Arian, Beatriz, Nair, Manuel, Fabio, Ines an hirem Schoulmeeschter Frédéric, Klass 4.2. vun Esch/Uelzecht, Schoul Brill. 18 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 I TEXT: MURIEL NOSSEM MontagePW12020.indd 18

17/03/2020 09:13


2020 Net nëmmen am tropesche Reebësch gëtt et eng Hellewull vu Planzen an Déieren – och an der Natur zu Lëtzebuerg wimmelt et

Joër vun der BIODIVERSITÉIT Biodiversitéit – wat ass dat?

nëmme vu Liewen.

Bio Diversitéit

E puer vun dëse Liewewiese wëlle mer der an dësem an an den nächste Panewippercher virstellen. Biodiversitéit gëtt et op 3 Niveauen:

* D'Villfalt vun de Liewensraim

= Villfalt vum Liewen

An enger Wiss wuessen aner Planze wéi an engem Bësch. Op engem Bam liewen aner Déiere wéi an engem Weier. An iwwerhaapt… eng Wiss ass net gläich eng Wiss! (kuck PW 2/2019 Poster)

* D'Villfalt vun den Aarten D’Wëllschwäin ass eng aner Aart wéi d’Mouk. Ouschterblumm, Guckucksblumm, Kleng Fräscheblumm: 3 Planzenaarten aus dem Fréijoersbësch. An iwwerhaapt… 72 verschidden Aarte vu Päerdsbier sinn zu Lëtzebuerg nogewise ginn!

Fettwiss

Dréchewiss

* D'genetesch Villfalt Deen ee Biergmolch ass vill méi knätsch orange um Bauch wéi deen aneren. Dat gefällt de Biergmolch-Weibercher vill besser. 2 Vioulen déi genee d’nämmlecht sinn!? Neen, déi riets gëtt e bësse besser mat der Dréchent eens. An iwwerhaapt… ob d'Faarf vum Kierper oder d'Resistenz géint Dréchent, alles steet an de Genen (ADN) déi typesch si fir all eenzelt Liewewiesen. Coming Next: (kuck PW 4/2017 S.25) - Biodiversitéit ass wäertvoll!

- Wéivill Aarte ginn et op der Welt?

Maach mat!

Hues de eng Bommel erbléckst, oder en Himmelsdéierchen? Och d’Guckucksblumm („Wise-Schlësselblumm“) an de Mäerzstär („Mäerzblimmchen“) kanns de mellen an der Datebank vum natur musée: https://data.mnhn.lu/maach_mat. Oder via smartphone mat der app iNaturalist.org (kuck PW 1/2019 S.3)

TEXT: CARMEN GREISEN I

MontagePW12020.indd 19

19

17/03/2020 09:13


chen

Ma r

nz

éitchen

Schnéi klä

gr

é

ckel

ng

kwa n é t S

gr

-Wéi een/eng Déier/Planz passt net heihin?

Mouk

Abrël

lsblumm

ker ise é K

Elef

an t

-Wéivill Himmelsdéiercher hu sech hei verstoppt?

Härgottsschéngchen

Ieselsfou

Dré isc he l

ss

r che é l h c s n Blan Mi

issercher v un

der Stackweed

20 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 20

17/03/2020 09:13


m g Fräscheblum

rzstär Mäe

Ka k

ommel

adu

Klen

B

ul Vio

Wëll sc

hwäin Frisc hling

K

umm

rokus

Ouschterb l

-Wéi eng Déiere verbréngen de Wanter net bei eis?

Biergmolch

Fauen-a

Guckucksblumm Hau ss ch m

-Wéi eng Bléie fléien d’Bommelen als éischt am Fréijoer un?

d

ls me m i H

rc h éie

Zitro une bla

Wëlle Knuewelek

Kruker

t

u

ew el

-Wéi eng Blumm streckt fir d’éischt hir Bléien aus, souguer duerch de Schnéi?

t

en

Äntwerten: Säit 3 ënnen MontagePW12020.indd 21

I 21

17/03/2020 09:13


2020

Joër vun der BIODIVERSITÉIT

Dës Kéier: Déi éischt Déieren a Planzen déi am Fréijoer hier Nues erausstrecken.

* D'Planzen,

Band

déi als éischt am Fréijoer hir Nues erausstrecken, heesche Fréibléier. Si bléien am Mäerz/Abrëll. Verschiddener, wéi d’Schnéikläckelchen, bléie schonn am Februar. D’Fréibléier musse sou fréi bléien, fir sou vill wéi méiglech Liicht anzefänken. Wann d’Beem bis Blieder hunn (am Mee), da kënnt net méi vill Luucht bei de Blummen um Buedem un. A Sonneliicht brauche se net nëmme fir ze bléien a Somen ze produzéieren, mä och fir Reserve fir dat Joer duerno unzeleën. Si mierken, datt et Zäit ass, fir auszeschéissen an ze bléien, wann d’Temperaturen dobausse klammen, d’Sonn méi hell schéngt an d’Deeg méi laang ginn. Si kënne sou fréi bléien, well si eng «Spënnchen» (Ausleefer, Knoll, Zwiwwel) hunn, voll gefëllt mat wichtegen Nierstoffer. Dës Reserven hu se schonn am Fréijoer vum Joer virdru gesammelt. E puer waarm Deeg ginn hinnen duer, fir Blieder a Bléien ze entwéckelen.

Ausleefer

Knoll

Zwiwwel

Méi iwwer d'Fréibléier am PW 1/2014 S14&15

Fréijoer

Summer

* D'Déieren

Genee dat sinn och d’Signaler fir d’Déierewelt: et fängt rëm u mat wibbelen, raschelen a päifen. Insekte schiele sech aus hirer Popp, de Kéiseker erwächt aus sengem Wanterschlof, d’Zuchvulle kommen zréck aus dem Süden, d’Lurche krauchen aus hirer Stopp. Jiddferee fënnt lo rëm an der Natur genuch ze friessen a si hunn all just nach eppes am Kapp: e Partner fannen a fir Nowuess suergen. An, spiers du och d’Fréijoer?

TEXT: MONIQUE KIRSCH

D'Nimm vun den Déieren a Planze vum Wimmelbild Déieren

Planzen

Bommel, Hummel, bourdon, bumblebee, Bombus Himmelsdéierchen, Marienkäfer, coccinelle, ladybird, Coccinella Biergmolch, Bergmolch, triton alpestre, alpine newt, Ichthyosaura alpestris Mouk, Erdkröte, crapaud commun, commun toad, Bufo bufo Kéiseker, Igel, hérisson, hedgehog, Erinaceus Frischling Wëllschwäin, Wildschwein, sanglier, wild boar, Sus scrofa Blannschlécher, Blindschleiche, orvet, deaf adder, Anguis fragilis Dréischel, Singdrossel, grive musicienne, song thrush, Turdus philomelos Hausschmuewel, Mehlschwalbe, hirondelle de fenêtre, house martin, Delichon urbicum Krukert, Kranich, grue cendrée, common crane, Grus grus Zitrouneblat, Zitronenfalter, citron, brimstone, Gonepteryx rhamni Fauen-a, Tagpfauenauge, paon-du-jour, european peacock, Aglais io gréng Sténkwanz, grüne Stinkwanze, punaise verte, green shield bug, Palomena prasina

Wëlle Knuewelek, Bärlauch, ail des ours, wild garlic, Allium ursinum Abrëllsblumm, Windröschen, anémone des bois, wood anemone, Anemone nemorosa Margréitchen, Gänseblümchen, pâquerette, daisy, Bellis perenni Härgottsschéngchen, Lerchensporn, corydale creuse, hollowroot, Corydalis cava Krokus, Krokus, crocus, crocus, Crocus vernus Schnéikläckelchen, Schneeglöckchen, perce-neige, snowdrop, Galanthus nivalis Ouschterblumm, Osterglocke/Märzbecher, narcisse jaune, wild daffodil, Narcissus pseudonarcissus Guckucksblumm, Echte (Wiesen)Schlüsselblume, primevère officinale, cowslip, Primula veris Kleng Fräscheblumm, Scharbockskraut, ficaire fausse-renoncule, pilewort, Ranunculus ficaria Mäerzstär, Blaustern, scille à deux feuilles, two-leaf squill, Scilla bifolia Ieselsfouss/Ieselshouf, Huflattich, tussilage, coltsfoot, Tussilago farfara Vioul, Veilchen, violette odorante, wood violet, Viola odorata Miissercher vun der Stack/Bëschweed, Kätzchen der Salweide, chatons du saule des chèvres, catkins of goat willow, Amentum Salix caprea

22 I DE PANEWIPPCHEN MontagePW12020.indd 22

17/03/2020 09:13

Du k dofir deng


Stoftsäckelcher

Stoft (Kotteng, Léngent, Tüll) Band, Flätsch, Kordel

Schneid e Stéck Stoft, gutt 2x sou laang a gutt emol sou breet wéi däi Säckelche soll ginn. Zwir

Lee de Stoft (mat der lénkser Säit no uewen) openeen.

Schéier Bitznol

Bitz de Stoft op den 2 laange Säiten zesummen. Emol dohin…

… an emol nees zréck. Maach den Zwir mat engem dueble Knuet fest. … an emol zréck. Looss e klengt Stéck op, do, wou d'Flätsch erauskuckt.

Du kanns d'Borden nach verbotzen, dofir bitz du nach emol laanscht deng Néit, wéi op der Foto.

Diebel de Bord 2x ëm. Lee e Band (méi wéi duebel sou laang wéi d'Breet vum Stoft) ënner de Bord. Bitz de Bord d'nämlecht wéi d'Säiten. Emol dohin… (Pass op, datt s de d'Band net mat ubitz!)

E KIRSCH

Lo ass däi Säckelche fäerdeg gebitzt. Du brauchs e just nach bannebaussen ze dréinen.

Maach den Zwir mat engem dueble Knuet fest.

Du kanns natierlech och deng Mamm, Bomi, … froen, fir der ze hëllefen, däi Säckelchen op der Bitzmaschin ze man. TEXT: SYLVIE HAGEN I

MontagePW12020.indd 23

23

17/03/2020 09:13


Manner Dreck! Einfach an den Drecksbac an da si mer eisen Offall lass!?

Sou einfach ass dat awer net! Du hues bestëmmt scho vun de risege Plastiksinselen um Mier héieren (kuck PW 2/2013, Säit 14&15). Bei eis geet vill Aarbecht, Energie a Suen drop, fir den Offall, dee mir maachen, anzesammelen, ze zortéieren, ze verbrennen, ze recycléieren oder ze déponéieren. Dofir musse mir elo ëmdenken a léieren, sou mann wéi méiglech Offall ze man. Lues a lues, mat klenge Schrëtt, déi einfach an eisem Alldag ze maache sinn. An dëser Pyramid fënns du 5 Etappen, déi der de Wee zu manner Offall weisen. Probéier et aus: Fänk uewen un, dat ass dee breetsten Deel vun der Pyramid an dee wichtegste Schrëtt.

Refuse

1

*

So Neen

Brauch ech dat?

2

Reduce

*

Huel manner

Brauch ech souvill dovun?

3

Reuse * Benotz erëm

Kann ech dat nach emol benotzen/flécken/ léinen/aus zweeter Hand kréien?

4

Recycle * Recycléier

Kann ech eppes anescht draus man?

5 Rest *

Gehei ewech

Ok, da muss et fort.

24 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 24

17/03/2020 09:13


1

Refuse * So Neen! Déi wichtegst Etapp an déi wichtegst Fro:

Brauch ech dat Do? Brauch ech dat Do wierklech?

*

Vill Saache kréie mer, ouni datt mer et gefrot hunn oder wëllen:

*

Ech hat dat do net gefrot!

werfartikel:

ësseg Weg ch all iwwerfl

ieren o

Dozou gehé

"Nee soen" kann heiansdo schwéier sinn!

2

Reduce * Huel manner! Mir brauchen alleguer all Dag vill Saachen: Kleeder, Schong, Spillsaachen, Telleren, Schoulsaachen, Iessen…

Mee brauche mer sou vill vun allem? Weess de och heiansdo net, wa

*

*

Muss et da rëm en neien Handy/eng nei Playstation… sinn, deen ale geet dach nach?

Hues de net scho genuch Spillsaachen an deem Stil? Wäerts du se vill benotzen oder gefällt der just déi schéi faarweg Verpackung? Oder muss et DAT sinn, well och eng Frëndin dat huet?

*

+

Waasser

Ass et gutt, wa mer lo sou vill Wirschtercher iessen, oder hu mer se just kaaft, well se an der Reklamm sinn? Shampoing, Deo, Salef, Kraidermëschung, Pudding, … kann s de selwer maachen. Dat mécht Spaass an du weess, wat dran ass.

Iessen oder Ier der akafe gitt, ob iech virdrun, wat Kleeder, iwwerleet Pullover nëmmen, der braucht. Kaf de ierklech gefällt! wann en der och w wat der gefällt! Kaf awer net alles

= super . Botzmettel

Universal-Botzmëttel

*

wäissen Esseg

t fir een T-Shirt s de solls undoen?

TEXT: CARMEN GREISEN / SYLVIE HAGEN I

MontagePW12020.indd 25

25

17/03/2020 09:13


3

Reuse * Benotz erëm! Am Alldag ginn et ganz vill Saachen, déi nëmmen 1 Mol oder just ganz kuerz gebraucht ginn an duerno direkt ‚fléien‘. Geet et net och anescht? Benotz ëmmer rëm!

, fir deng Dreckskëscht Am einfachsten ass et scho (kuck S. 28). Wann s de n tze se ze e m gi Re op wëll, wéi ass dat, wat ech beim Akafen oppass: agepaakt? deen éischte Buttek zu Um Maart, am OUNI – er ackung – an an ëmm rp Ve ni ou nz ga g er Lëtzebu t s de archéë kriss du dat, wa , méi Butteker a Superm kal, stoffte Säckelchen Bo rf, ue sk af Ak in dä keefs, an déi s du vun doheem s! Këscht mat Deckel…, ërem gebrauche kann er m ëm an es hu t ch matbrue

*

PW

kuck och S.38 Verschiddenes kanns de vläicht anescht gebrauchen, wéi et geduecht ass? Beim „Up-cycling“ geet et drëm aus Notzlosem, Onerwënschten oder Offall eppes Neits, méi Wäertvolles, Nëtzleches oder Schéines ze maachen. (Deng Kreativitéit ass gefrot!) Iddie fënns du a Bicher an am Internet.

*

Lecker Kiewerleken

Benotz deng Saache sou laang wé i méiglech! Pass gutt op deng Saachen op, hal se an de r Rei. Dann halen d'Schung an d'Box, de Vëlo, d'Rollerblades, an d'Spillsaache vill méi laang.

.7 4/2010 S

*

Ech wëll Kiewerleke kafen, kee Plastik!

*

A wann dach mol eppes futti geet, da gëtt et nach en 'R': Repair/Reparéier, fléck, pech, bitz … Dat ass dacks guer net sou schwéier wéi s de mengs a mécht Spaass. Hëllef fënns du bei Famill oder Frënn, um Internet, am Repair Café oder beim Fachmann.

PW2/2016 S.11

PW4/2009 S.8

*

Kanns de awer lo wierklech näischt méi domadder ufänk verschenk oder en? Da tausch! Vläicht kanns de nach e n anere gléckle ch maachen! (Rega ler a Schief ausmëschten m écht fräi!)

, Velo… er, Spillsaachen, Apparaten Probéier selwer mol Kleed .) i kann ee vill Sue spueren bä (Do . n fe ka ze nd Ha Second

*

An iwwerhaapt: Muss du alles, wat s de heiansdo brauchs oder wëlls och selwer besëtzen? Vill Saache kanns de mat Famill, Frënn, oder Noperen deelen oder fir kuerz Zäit léinen.

26 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 26

17/03/2020 09:13


4

eke astik!

LASTIK

Recycle * Recycléier! Et gi Saachen déi s de net kanns vermeiden duerch "Nee soen" (1), oder "manner huelen" (2), an déi s de och net kanns weider gebrauchen (3). Dat ass eisen OFFALL, an dee solls de versichen ze recycléieren.

lien, z.B. Aus ville Materia astik, Glas, Karton, Pl verschidden Zorte … kënnen nei Pabeier, Metall, en. Dofir ass et Produkter entsto ege Bac n dee richt wichteg, alles a reck“ mussen eisen „D ze geheien, mir zortéieren.

GLAS

Aus dem Apelbatz an de Grompereschuele gëtt da wäertvollen Dünger oder Biogas.

Biooffall kënnt op de Kompost oder an déi 'gréng Dreckskëscht'.

ORGANESCHGLAS OFFÄLL

5

ELEKTRO-PABEIER SCHROTT

PABEIER

PLASTIK

ORGANESCH OFFÄLL

all Denk och un , déi Saachen n déi mussen a këscht: d’Superdrecks issen Elektronik, futt Handy…

PLASTIK

ORGANESCH OFFÄLL

ELEKTROSCHROTT

Rest * Gehei ewech! Sou, a wat no all deem nach Rescht bleift, kanns de mat guddem Gewëssen an d’Dreckskëscht

geheien!

on t den Drecksw All Woch kënn t; eise bei eis laansch tt verbrannt, fir Reschtoffall gë ze gewannen. Energie draus et verbrenne Just wat sech n léisst, land an , enger Deponie ! um Dreckstipp

D’Punkten (1), (2), (3) a (4) hëllefen der derbäi, datt dee Rescht ëmmer manner gëtt.

RESCHT TEXT: CARMEN GREISEN / SYLVIE HAGEN I

MontagePW12020.indd 27

27

17/03/2020 09:13


Setz deng Dreckskëscht op Régime! Méi wéi een Drëttel vun eisem Offall si Verpackungen!

emo r e i e b pa e ch i K

Ob aus Plastik, Pabeier, Kartrong, … si ginn opwenneg produzéiert a landen no (ganz) kuerzem Gebrauch an der Dreckskëscht. Et ginn och aner Saachen, déi nëmmen emol kënne genotzt ginn an da si se scho verbraucht. Et geet awer och anescht. Probéier mol fir deng Dreckskëscht op Regime ze setzen, dat ass guer net sou schwéier!

l anescht

Aus engem alen Handduch a flottem Stoft Véierecke schneiden. All Kéiers e Véiereck Eponge an e Véiereck Stoft openee bitzen, 2 Knicksen dru bitzen, unenee knicksen a rullen. Wäschen an erëm benotzen.

Ënnerwee Schmierekëscht, Bee-Wrap, Bocal

Plastiks Waasserfläsch Mëtsch an der Tiitchen

Bidon mat Krunne- waasser Aluminiums- pabeier, Klarsichtfolie

Coffeeto-go am Becher Aluminium- schuel mat Deckel, Fast-FoodOffall

Ecobox

Mëtsch an de Grapp huelen an iessen

eegene Becher dobäi hunn, deen ee spulle kann; sech Zäit huele fir e Kaffi aus der richteger Taass ze drénken

28 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 28

17/03/2020 09:13


Doheem

Shampoing am Stéck

Kichepabeier

Pabeierszerwéit

Aluminiumspabeier, Klarsichtfolie Schalimo aus Plastik Plastiks/pabeiers Becheren, Telleren a Läffelsgeschir fir ewech ze ge- heien

frësch gemuelene Kaffi Zeitung déi gelies ass, ale Poster, Kartrongskëscht schéi bemoolt, Duch fir ze gebrauchen, …

Deo am Glas

Zerwéit aus Stoft Kaffis- kapselen

Seef am Plastiksdëpp- chen

ale Pabeier, gebrauchten Envelopp, kleng Tafel mat Kräid Shampoing am Plastiks- dëppchen

Zännseef an der Plastiks- tube

Becheren, Telleren a Läffelsgeschir fir ze spullen

Spulllomp, Schwamp Akku fir opzelueden oder Netzstecker Tellerchen op eng Schossel leeën, Dëppche mat Deckel, Bocal

Deoroller oder Spray Kadospabeier Stéck Seef Batterien

Schalimo aus Edelstol, Glas, Bambus, …, aus dem Glas drénken Notizblock, Post-it, Printpabeier MontagePW12020.indd 29

fest Zännseef

TEXT: CARMEN GREISEN I

29

17/03/2020 09:13


Beim Akafen Tut aus engem Kleedergeschäft

Plastikstut fir anzekafen

stofte Säckelchen

Brouttut

am Lassenen

Jugurt am Glas

Akafskuerf, Valorlux-Tut, Stoftkuerf

Plastikstut fir Uebst a Geméis

kleng Portiounen, eenzel verpaakt

Nuddelen, Nëss, Kären an der Plastikstutl

einfach verpaakt oder am Lassenen

Nuddelen, Nëss, Kären am Lassenen Limonad an der Glasfläsch mat Pfand

virverpaakt

Limonad an der Béchs

schéine Stoftsäckelche fir op de Réck, Stoftkuerf Jugurt am Plastiksbecher

duebel/ onnéideg verpaakte Saachen

grouss Portiounen am Lassenen

stofte Säckelchen Hues DU nach eng Iddi?

30 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 I TEXT: CARMEN GREISEN MontagePW12020.indd 30

17/03/2020 09:13


Schneit aus Stoftreschter (Kotteng oder Léngent, onbedéngt Naturfaser!, déi gewäsch sinn, rechteckeg oder ronn Stécker.

Wuessdicher

Rapp Käerzere schter (aus Beiew uess) mat der Gemé is-/Kéisrapp.

e grousst Lee e Stéckt Stoft op ier a Stéck Schmierepabe driwwer. stree d’Wuessflacken eg i geschmeid (Fir datt d’Dicher mé Grimmel ginn, kanns du eng mëschen.) Kokosueleg drënner

Lo kanns du deng Schmier domat apaken oder d’Schossel mat den Iessreschter fir an de Frigo zoudecken. Du brauchs keng Plastiks- oder Alufolie méi.

Nom Gebrauch mat engem fiichten Duch ofwäschen. MontagePW12020.indd 31

Lee nach e Stéck Schmierepabeier driwwer a fuer sou laang mam waarme Streckeisen driwwer, bis de Wuess schmëlzt an de Stoft vollgesuckelt ass.

A schonns ass däi Wue ssduch fäerdeg!

TEXT: SYLVIE HAGEN I

31

17/03/2020 09:13


’:

Themen am neien ‘natur musée

Evolutioun

Dëse Stammbam vum Liewen ass staark vereinfacht. E weist bei den Déiere just e puer bekannt Gruppen, a geet net weider an op d’Bakterien, d’Planzen an d’Champignonen. 32 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 32

17/03/2020 09:13


, n? Wat ass d Evolutiou D’Evolutioun ass d’Entwécklung vum Liewen op der Äerd. Zënter Milliarde Jore si vill Milliounen nei Aarte vu Bakterien, Planzen, Déieren a Champignonen entstanen, anerer sinn ausgestuerwen. Dat alles geschitt och nach haut.

Wat ass eng Aart? Eng Aart ass eng Grupp vu Liewewiesen, déi zesumme fruchtbaren Nowuess kréie kënnen. Et gesäit een direkt, datt Bier a Wollef zwou verschidden Aarte sinn. Si kënnen zesumme keng Kanner kréien. D’Kand vun enger Päerds-Mamm an engem Iesels-Papp ass ee Mauldéier. Mauldéiere kënne keng Kanner kréien.

Iesel = Papp

Päerd = Mamm Päerd an Iesel gläiche sech. Et sinn awer zwou verschidden Aarten, well hiren Nowuess onfruchtbar ass.

Variatioun: all Liewewiesen ass eenzegaarteg.

Mauldéier = Kand

Mir Mënsche kënnen Dausende verschidde Gesiichter erkennen. Bei den Déiere gëtt et grad esou vill Variatioun (Ënnerscheeder) wéi bei de Mënschen. Mir misste schonn e puer Woche mat de Pinguine liewen, fir déi eenzel Déieren z’erkennen. Och tëschent Geschwëster (ausser bei eeneeëgen Zwillingen) gëtt et ëmmer Ënnerscheeder, och klenger déi een net gesäit. Dës Variatioun kënnt vun den Elteren. Si entsteet duerch Rekombinatioun, an heiansdo duerch Mutatioun. MontagePW12020.indd 33

TEXT: GUY KERSCH I

33

17/03/2020 09:13


Ennerscheeder duerch Bei dësen 2 DéierenRekombinatioun Eltere sinn Aen, Oueren, Bei der Fortplanzung ginn all déi verschidden Eegeschafte vun den Eltere nei matenee kombinéiert, an zoufälleg un d’Kanner verierft: mol vun der Mamm, mol vum Papp.

Been an Hals verschidden: entweder grouss oder kleng. Domat si 16 verschidde Kombinatioune méiglech, dat heescht 16 verschidde Kanner.

iww Dé

A Wierklechkeet ginn et bal onendlech vill Kombinatiounen. E Kierperdeel ka jo net nëmme grouss oder kleng sinn; et ginn immens vill Nuancen dotëschent: vu risegrouss iwwer “normal” bis butzeg kleng. An et gëtt nach zeg aner Kierperdeeler an Organer: Kapp, Gehir, Schwanz, Schanken, Gelenker, Muskelen, Mond, Zänn, Zong, Mo, Oderen, Longen, Liewer, Daarm, Haut, Hoer... Dobäi kommen nach déi ierflech Ënnerscheeder am Behuelen: virsiichteg, virwëlzeg, aggressiv, roueg, wibbeleg... Souguer wann d’Elteren e puer Millioune Kanner kéinte kréien, wieren déi all verschidden. 34 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 34

17/03/2020 09:13


Ennerscheeder duerch Mutatioun Heiansdo geschitt an der Mamm hiren Eezellen oder am Papp senge Somzellen e Feeler. Da gëtt eppes verierft, wat virdrun nach net an den Elteren hire Famillen do war. Meeschtens sinn esou Mutatiounen harmlos. Heiansdo si se schiedlech oder déidlech, a ganz rar souguer nëtzlech. Beispiller vun e puer Mutatiounen:

si se

e getëppelt Zebrakand, eng breet Margréitchen, eng plakeg Maus.

Natierlech Selektioun D’Déiere kréie vill méi Kanner, wéi der iwwerliewe kënnen. Dofir stierwe vill Déierekanner fréi – duerch Honger, Raubdéieren, Krankheet, extreemt Klima...

Et hänkt awer net vum Zoufall of, wie stierft a wien iwwerlieft. D’Déiere si jo all verschidden, an et iwwerliewe meeschtens déi, déi am beschten un hir Ëmwelt ugepasst sinn. Nëmme si kënne Kanner kréien, a si verierwen hir Upassungen un hir Kanner.

Déi wäiss Mais ginn éischter vum Fuuss entdeckt, a gefriess. Si sinn net sou gutt un hir Ëmwelt ugepasst wéi déi donkel. Et iwwerliewe méi donkel Mais, a si verierwen hire Kanner déi donkel Fuerf. No an no gëtt et ëmmer manner wäiss Mais, an ëmmer méi donkeler. TEXT: GUY KERSCH I

MontagePW12020.indd 35

35

17/03/2020 09:13


Nei Aarten entstinn.

inn ënke g bis op eng F r e u 1. E p h e Stuerm gedroen. duerc unnt Insel onbew

3. D’Fénke m Schniewel këam laange spatze Buedem no Wnne besser am ierm gruewen .

2. Et gëtt der mat “normalem” Schniewel (Quadrat), bei aneren ass en e bësse méi laang a spatz (lénks), oder e bësse méi kuerz an déck (riets).

cke kuerzen dé 4. Déi mamkënne besser Somkäre Schniewel knacken.

5. D’Fénke mam décke Schniewel friessen d’Kären, déi mam spatze Schniewel friessen d’Wierm.

am ne m äischt e e d n e n planz iewel oosse 6. Si l ale” Schn ck” Fénke déi “norm t. Déi “dé e fort, an Reschënnerene sech z” och. “spat

7. No an no entw éckelen déi “déck” Fénke se ch ëmmer méi zu Käre-Spezialisten, a Fénken zu Wuerm n déi “spatz” -Spezialisten.

36 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 36

17/03/2020 09:13


10. An de lesc it H onnertdause hte puer Zä r e g n Galapagos-In nd Joer sinn op de nz laa ck” an déi i a g o é 8. N n déi “d Aarten entsta selen 15 nei Fénkennet mé 9. Et sinn zw h c e e n s ou nei Aarten ent kën ” Fénke hire Liewensr nen, déi alleguer un n. e st a z ne z n n. aum ugepass t la a “sp t sinn. e fortp e n e t ma

Den engleschen Naturfuerscher Charles Darwin huet am Joer 1835 d’Galapagos-Inselen erfuerscht. No him sinn d’“Darwin-Fénke” benannt.

Op senger Rees a Südamerika huet den Darwin och Fossilie vu grousse Fauldéieren a Gürteldéiere fonnt. Si sinn ausgestuerwen. Méi kleng Fauldéieren a Gürteldéiere liewen haut nach a Südamerika – ee weideren Hiweis op d’Evolutioun.

Fauldéier Gürteldéier

TEXT: GUY KERSCH I

MontagePW12020.indd 37

37

17/03/2020 09:13


Eeër «upcyclen» Du brauchs : Eidel Eeërschuelen (vum Kuch baken oder Spigeleeër broden: net ewech geheien!) Cressonskären Buedem (aus dem Gaart) oder Kichepabeier a kleng Stécker geschnidden En eidelen Eeërkartong oder Eeërdëppercher

Neen, dat ass kee Schockela, mee Buedem!

Looss d’Eeër iwwer Nuecht ausdréchnen a schëtt e bësse Buedem an d’Eeër (oder schneit de Kichepabeier a kleng Stécker a lee se a Schichten an d’Eeër. Maach alles e bësse fiicht mat Waasser (e puer Drëpse vum Krunn oder aus engem Schniewelbecher, dat geet besser).

Stree Cressonskären an all Ee. No ongeféier fënnef Deeg schéissen d’Cressonshoer aus den Eeër eraus.

38 I DE PANEWIPPCHEN 1/2020 MontagePW12020.indd 38

17/03/2020 09:13


De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Dës Eeër kanns de och als Ouschterdekoratioun benotzen:

Redaktiounscomité: S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, F. Theisen. Texter: C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, M. Kirsch, J.-P. Majerus, M. Nossem. Grafik an Illustratioun: S. Goerens, MP. Goetzinger, L. Grosbusch, S. Hagen, M. Moritz.

as als kleng V

icht

si witzege Ge mat engem olt drop gemo

De Cresson ass natierlech och fir z’iessen: zum Beispill op der Schmier mat wäisse Kéis oder an der Zalot.

Fotoen: S2&3 Hannergrond: shutterstock, aner: mnhn S4&5 anf S6 shutterstock S7 Blummen: shutterstock S8 Bommel op gieler Blumm: Ivar Leidus, aner: shutterstock S9-11 shutterstock S12 mnhn S14&15 Fong: Centre Nature Ellergronn, roude Buedem: Zinneke, aner: mnhn S16&17 Foto Grouwenaarbechter: MNM Rëmeleng, aner: mnhn S18 Weier Ellergronn: Zinneke, aner: mnhn S19 Simone Schneider S22 mnhn S23 mnhn S24&25 Fong: shutterstock, aner: mnhn S26 mnhn S28-31 mnhn S32 fräi no shutterstock S33 Mauldéier: Adrian Michael, Päerd: JeanPaul Grandmont, aner: shutterstock S35 Margréitchen: Apdency, aner: shutterstock S37 Glyptodon: Arent, Risefauldéier: Ballista, aner: shutterstock S38&39 mnhn Pouster: shutterstock

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450 Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

p schëld fir o mat Numm terdësch den Ousch

TEXT: MONIQUE KIRSCH

MontagePW12020.indd 39

I 39 17/03/2020 09:14


11. Oktober 2019

Mittwoch - Sonntag | mercredi - dimanche : 10h00 - 18h00

- 7. Juni 2020

Dienstag | mardi : 10h00 - 20h00

natur musée

25, rue Münster L-2160 Luxembourg www.mnhn.lu

MontagePW12020.indd 40

Imprimerie

UX A E S I O ’ D S DRÔLE GEL Ö V E G Ä R SCH

17/03/2020 09:14


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.