Panewippchen 01/2021 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N°134 1/2021

www.panda-club.lu


News

Intressantes um Stärenhimmel vun Abrëll bis Juni 2021

Däischterten:

Den 10. Juni kënne mer an der Mëttesstonn eng partiell Sonnendäischtert beobachten. Et gëtt och nach de 26. Mee eng total Mounddäischtert, déi mir awer leider vu Lëtzebuerg aus net gesi kënnen.

Stäreschnäizen:

De 6. Mee ass den Héichponkt vun den Eta-Aquariden, engem Stäreschnäitzestroum.

Stärebiller:

Am Südhimmel kënne mir dës Stärebiller beobachten: Juni: Stärebild Skorpioun

Abrëll: Stärebild Léiw

TEXT: MIKE HAGEN

Mee: Stärebild Jongfra

E Marderhond zu Lëtzebuerg! Kuck Säit 15

Dem Meli säi Buchtip: Steine und Mineralien

entdecken, sammeln und bestimmen

Bass du e Mineraliesammler oder wëlls du ee ginn? Intresséiers du dech fir Steng a wëlls vill gewuer ginn? Da schléit d’Meli (kuck Säit 8) dir dëst flott Buch mat ville Fotoen a ganz vill Informatioun vir. Vum Devin Dennie am Dorling Kindersley Verlag.

2 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


PW 1/2021 D’Feldhong

ass de Vull vum Joer 2021

D’Feldhong (Perdix perdix) lieft an oppe Gras- a Feldlandschafte mat Hecken an ongeméite Ränner. Hatt fënnt do säin Iessen (Somen, Wëllkraider an Insekten), Plaze fir säin Nascht ze bauen a seng Kleng opzezéien an Deckung viru senge Feinden (Fuuss, Marder, Dachs, Gräifvullen a Kueben).

Am Joer 1960 gouf et ongeféier 6.150 Koppelen. An de leschte 60 Joer huet d’Feldhong awer vill gelidden duerch den Asaz vu Pestiziden an Insektiziden, wouduerch et näischt méi z’iesse fënnt, a well et keng Deckung méi fënnt duerch d’Verschwanne vun Hecken a Krautsträifen. Haut gëtt et just nach eng 30- 50 Koppelen. D’Feldhong steet zu Lëtzebuerg op l.: Feldhong, fr.: perdrix grise, e.: grey partridge der Lëscht vun de vum Ausstierwe bedroten Déieren. D’Feldhong ass a ganz Europa geschützt an däerf säit 1982 zu Lëtzebuerg net méi gejot ginn. Fir datt d’Feldhong iwwerlieft, gi plazeweis an de Felder a Wise Sträifen ugeluet, déi net ofgeméit ginn a wou Blummen a Kraider wuessen.

Unte r der Schir mher rscha ft

und nachhaltige Entwicklung des Ministeriums für Umwelt, Klima und Jugend & des Ministeriums für Bildung, Kinder

Ein e Akti on von:

TEXT: SYLVIE HAGEN, WËSSENSCHAFTLECHE ROT: CLAUDE HEIDT

Wat ass dran?

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 1/2021 Thema: SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 MINI(E)RALOGEN SÄIT 9 KACHEN Lecker Spiisser SÄIT 10 KNIWWELEN Zwou Waasserluppen SÄIT 11 KNIWWELEN E Kaleidoskop SÄIT 12 DEN HECKEFRÄSCH SÄIT 15 E MARDERHOND ZU LËTZEBUERG SÄIT 16 DE SATURN SÄIT 20 RÄTSELEN SÄIT 21 FIR MATZESANGEN Den Heckefräsch SÄIT 22 NATURSCHUTZ MAM BAGGER SÄIT 26 MAM MUSÉE AN D’NATUR SÄIT 28 VILLFÄLTEG BESTËBSER SÄIT 32 A WIEWESCH SÄIT 38 DE KLENGE WIEDERFUERSCHER SÄIT 40 Themen am ‘natur musée’ DEN UFANK VUN ALLEM SÄIT 46 KNIWWELEN Mir maachen Trottoirskräid Impressum SÄIT 48 ‘natur musée’ I3

Knack de Code: De Code ass 042 Rätselgeschicht: D’Lisa ass ze kleng. Hatt reecht nach net bis un de Knäppche fir den 12. Stack!

Opléisung Rätsel Säit


Min(i)eralogen an hir Sammlungen 4 jonk Sammler hate sech gemellt bei eiser ‘Maach-mat-Aktioun’ am leschte Panda-News. D’Muriel huet d’Interviewen online gefouert an hatt ass beandrockt vu souvill Begeeschterung!

De Simon Philippo, Mineralog am ‘natur musée’

4 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

Schonn als Kand hunn ech Mineralie gesammelt. Méi spéit war Geologie mäi léifstent Schoulfach. Op der Uni war mäin Zil eng Spezialisatioun an der Mineralogie. Mäi Beruff ass e perfekte Mix tëscht menger wëssenschaftlecher Aarbecht a menger Passioun fir d‘Mineralien. Als Kand hätt ech ni geduecht, datt dëst méiglech kéint ginn.


Den Tun, e virwëlzege Sammler Houfreg ass de 9 Joer jonke Bouf op alle Fall op seng Sammlung. Fossilien, Steng a Mineralie leie virun him um Dësch.

De verstengerte Mammutzant

Den Tun mat senger Sammlung De verstengerte Mammutzant huet dem Tun et ugedo. „Et géif ee bal mengen, en hätt Karies.“ A wéi ech wëll äntwerten, stoppt hie mech séier:

De Bernsteen

„Neen, dat war just e Witz, dat si Lächer am Steen. Beim Haifëschzant ass sécher keng Karies am Spill, well Haifësch hu lieweg Zännbiischten. Kleng Fësch knabberen hinnen d’Iessreschter vun den Zänn of.“

Merci Tun fir d’Info!

Am Bernsteen sinn e puer Insekten dran, vläit eng Harespel oder eng Bei oder en anert Insekt … e schéint Stéck an der Sammlung!

De jonke Sammler veréit mer awer, datt Schéinheet fir hien net wichteg wier. Vill méi wichteg wier, datt e Steen interessant ass: Wéi grouss ass en, wou kënnt en hir, huet en eng Geschicht?

De Lavasteen kënnt vu Lanzarote a wann ee ganz genee kuckt, entdeckt een och Mineralien dran. Beim Upaken erënnert den Tun sech ëmmer nees drun, datt dee Steen emol immens waarm war, ier en aus engem Vulkan erausgeflunn ass.

Dem Tun säi Jad

Mam eegene Fotoapapparat huet de Bouf fotograféiert. Esou gesi mir d’Stécker vun hirer interessantster Säit. Besonnesch faszinant fënnt den Tun, datt Moundsteng méi al si wéi d‘Steng op der Äerd! Ech froe mech, ob do net e jonken Astronom* eruwiisst?

An dann dee grousse Fossil vir op der Foto: eng Affär fir d’Paläontologen**. Well wat genee et ass, weess den Tun (nach) net.

*Wëssenschaftler, deen de Weltraum erfuerscht **Leit déi verstengert Iwwerreschter vun Déieren a Planzen ënnersichen! TEXT: MURIEL NOSSEM I

5


D’Pia, eng begeeschtert Sammlerin Virun 3 Joer huet alles ugefaang: Dem Pia säi Papp keeft dem deemools 4 Joer jonke Meedchen e Fossil op engem Maart. Dat war den Ustouss zu enger Steng- a Mineraliesammlung. Vun deem Dag un huet d’Pia sech d’Steng am Bësch méi genee ugekuckt. Wann een derbäi war, deen entweder duerch seng Gréisst, säin Ausgesinn oder seng Faarf opgefall ass, jo, dann ass deen an d’Jackettentäsch gewandert. Da mécht spadséiere goen duebel Spaass, a méi wéi eng Kéier war deen een oder anere Schatz derbäi. An esou huet d’Meedchen an der Tëschenzäit eng Sammlung doheem, wou all Stéck seng eege Geschicht huet.

D’Pia weist säi Pyrit

A wat liicht do bannenan?

Besonnesch ugedoen hunn dem Pia awer Steng, déi blénken, glitzeren a schimmeren. Da liichten d‘Kanneraen an d’Häerz gluckst mir, wann ech seng Freed spieren. E Liblingssteen?

„Neen, mee déi wäiss, déi si sou schéi wéi Diamanten!‟ „Kuck emol, dee Reebousteen! Ass deen net wonnerschéin?“

An och wann dee Reebousteen esou net an der Natur ze fannen ass, mee aus Calcit a Konschtharz besteet, sou ass dach e wéineg Hämatit a Coelestin dran, 2 Mineralien! D’Begeeschterung ass grouss, well : verréit hatt eis,

„Steng sinn eppes Extraes!“ „Se sinn all ënnerschiddlech an awer ALL schéin.” En Achat, geschlaff zu enger Scheif.

Nieft deene ville faarwege Mineralien weist d‘Pia mir awer och nach wonnerschéi Fossilien, Verstengerungen, an deenen och Mineralien dran ageschloss sinn. Besonnesch frou ass hatt, wann de Bopa mat him an en ale Steebroch geet, do hunn déi zwee scho sou munch Schätz entdeckt.

6 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


E Fuerscherteam De Charel an den Tristan hunn eng gemeinsam Stengsammlung. Jiddferee vun hinnen huet de Sak mat Eedelsteng a Fossilie wärend 2 Wochen doheem. Dann tausche si de Sak an der Schoul. Datt dat déi aner Kanner virwëlzeg mécht, ass dach kloer! Wéivill Begeeschterung do hannendru stécht, konnt ech an engem Gespréich mam Charel erkennen.

De Charel an den Tristan

Witzeg, heescht e Steen mat ville klenge schwaarze Flecken, besonnesch schéin ass e violetten Amethyst, eng Geode*. Beim Amethyst huet de Charel nogesicht, wat alles esou iwwer dat rosa Mineral erzielt gëtt. Hie verréit mir, datt d’Wuert Amethyst aus dem Griichesche kënnt an „unberauscht“ heescht. Wien esou e Steen bei sech huet, deen drénkt net zevill Alkohol. Ech froen de Charel, ob hie mengt, datt dat och klappt: ass seng prompt Äntwert.

Een nom aneren zitt hie Steen fir Steen eraus a weess ganz genee, firwat dësen oder dee Steen fir hie sou interessant ass. Wichteg Eegenaarte sinn d’Faarf an d’Faarwespill am Liicht. Besteet de Steen aus engem oder méi Mineralien? Si Fossilien dran? Ass e schwéier? Huet e Lächer? Ass e glat? Geet d’Liicht duerch? Wou kënnt de Steen hir?

„Neen, dat mengen ech éischter net!” Wann de Charel spadséiere geet, kuckt hie bewosst op de Buedem an huet esou schonn dat eent oder anert Stéck mat Heem an d’Sammlung geholl. Stolz erzielt de Charel, datt déi 2 Frënn mëttlerweil scho Steng vu Frënn geschenkt kréien. Sou wéi dee Lavasteen, deen d’Cynthia hinne vum Ätna aus Sizilien matbruecht huet! De Charel wëll Kach ginn an huet och schonn eng flott Iddi fir d’Dekoratioun.Verschidde Stécker gi vläicht ronderëm d’Dëscher ausgestallt. Sou gi Kachkonscht (mat Mineralsalzer) a Wëssenschaft (vun de Mineralien) wonnerbar matenee verbonnen. *E Steen mat engem Huelraum, deen deelweis oder ganz gefëllt ass mat Mineralien. TEXT: MURIEL NOSSEM I

7


D’Meli, en experimentéierfreedegt Meedchen 3 Bicher iwwer Mineralien huet d’Meli schonn an dacks kuckt hatt sech owes virum Aschlofen e puer Säite méi genee un. An d’Meli kennt seng Bicher, well reegelméisseg weist hatt mir d’Säit passend zu deem Steen, deen hatt grad an der Hand hält.

„Am schéinste sinn déi Steng, déi nach sou ausgesinn, wéi ee se an der Natur fënnt, ongeschlaff!‟

g

Quarz aus dem Meli senger Sammlun

Experimenter man ass eppes, wat d’Meli besonnesch gär mécht. Fir Chrëschtdag krut hatt eng Experimentéierkëscht geschenkt an hatt huet monter alles ausprobéiert. Et ass drëms gaang, selwer Kristaller ze ziichten. Dat war genee dat richtegt Geschenk! Houfreg weist hatt mir déi eenzel Stécker. Gutt geschafft, well et sinn alles Meeschterstécker!

ach Stengr,sdicéhi tngi mussen ënne

8 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021 I TEXT: MURIEL NOSSEM

D’Meli beim Bestëmme vu senge Steng Kristaller, wéi d‘Quarze gefalen dem Meedche besonnesch gutt. Noenaner weist hatt Eedelsteng an de Faarwe wäiss, giel, waassergréng, rosa, violett. Déi Steng ënnersicht hatt ëmmer nees: Wéi gesi si am Hellen aus, wéi an der Däischtert? Geet d’Liicht duerch? Da kontrolléiert déi jonk Fuerscherin Stécker ënner der Lupp, esou gesäit hatt eenzel Kristaller ganz genee. Wat eng Freed!

Wësst dir, wat e Glimmersteen ass? Abee, d’Meli huet esou e Steen, senger Meenung no ass do Pyrit, Kazegold dran. D’Klasséiere vu Steng ass eppes, wat d’Kand gär mécht. E bloe Steen aus der Sammlung kéint e Lapislazuli sinn: Hatt vergläicht säi Steen mat der Foto am Buch, leet en drop, kontrolléiert d’Faarf. Neen, eng sécher Bestëmmung ass esou leider net méiglech, seet d’Meedchen.

Hei ass scho bestëmmt ginn.

An hei e gutt Buch, wat d’Meli jiddferengem virschléit, dee sech fir Mineralien interesséiert. Kuck och op der Newssäit.


n

wäisse

frësch Kraider (Bratzelen, Péiterséileg, Koriander, Peffermënz, Cresson, …)

Kéis

3 Salz a Peff er

ele ff g e

släffe Ies schterle 2 I es Mo Hun slä n

e hëlz r isse Spi

Po

ulet

n schnitzele

Lecker Spiisser

Wäsch d’Pouletschnitzelen an tupp se mat Kichepabeier dréchen. Schneit d’Schnitzelen an ongeféier en halwen Zentimeter déck Scheiwen.

ng

scho

orni K k c é e St

Mësch de Moschter an den Hunneg mat Salz a Peffer a … Stiech d’Pouletstécker op d’Spiisser.

…pinsel d’Fleeschstécker domat ronderëm an.

Schiel d’Kornischong a schneit se a Wierfelen.

Maach eng Strutz Ueleg an enger Pan waarm a brot d’Spiisser ronderëm, ongeféier 4 Minutten.

Mësch de wäisse Kéis mat Salz, Peffer, de Stécker Konrnischong an de gewäschenen, geschniddene Kraider.

De Poulet schmaacht och gutt, wann e kal ass. Maach d’Zooss an e Glas, pak d’Spiisser a Schmierepabeier oder en Dëppchen an huel se mat op e Picknick an der Natur. TEXT: SYLVIE HAGEN I

9


Zwou Waassserluppen Aus enger Béchs maache mir eis eng ËnnerwaasserLupp.

Pass just op, datt kee Waasser uewen an deng Lupp schwappt. Dréck d’Lupp lues an d’Wasser. Doduerch bombéiert d’Folie sech wéi eng Lëns an du gesäis méi grouss. Bastel eng Kartrongslupp. Eng Drëps Waasser vergréissert och.

10 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


Kaleidoskop

Hal de Kaleidoskop an d’Luucht an dréin um Deckel. TEXT: SABINE GOERENS I

11


h, rainette äis ve r cher Laubfrosc te,

pe an

tre

e fr

og

Den Heckefräsch

12 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

op r u E

r Eu

o

rborea a a yl ,H


fräsch r e s s aa W

H

Bro

räsch F e ng

0

1

2

3

4

5

6

7

8

0

1

2

3

4

5

6

efräsch k c e

0

1

2

3

4

Den Heckefräsch ass dee klengste vun eise Fräschen. Leider gëtt et net méi vill Heckefräschen zu Lëtzebuerg.

D’Heckefräsche klotere gär op Straicher, Hecken a Beem, déi no bei engem Weier stinn. An de grénge Blieder kënne si sech gutt verstoppen.

Den Heckefräsch huet Saugnäpf un de Féiss. Domat bleift hie “pechen” a kann souguer un enger Fënsterscheif eropklammen! TEXT: GUY KERSCH I

13


Am Fréijoer quaken d’Männercher, fir Weibercher unzelackelen. Si hunn eng déck Loftblos um Hals. Domat kënne si méi haart ruffe wéi déi aner Fräschenaarten.

Eeër vum Heckefräsch (=Bruck) am Waasser

D’Heckefräsche mussen e Weier fannen, wou si hir Eeër kënnen ofleeën. Déi kleng Kauzekäpp entwéckle sech am Waasser.

ee Kauzekapp ee bal fäerdeg entwéckelten Heckefräsch 14 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021 I TEXT: GUY KERSCH


vun der Säit 2

E Marderhond zu Lëtzebuerg!

r 2021 gouf bei E Mëttwoch, den 3. Februa ht e Marderhond zu Beetebuerg fir d’alleréisc Lëtzebuerg nogewisen.

Ostasien. Tëschent De Marderhond kënnt aus ssland an an der 1929 an 1955 goufen a Ru nn ausgesat, fir Ukraine eng 9.000 Marderhë ze man. Vun do Juegd op säi schéine Pelz ch ganz séier no aus huet de Marderhond se gutt sinn, datt hie scho Westen ausgebreet. Et ka virkënnt. Hien ass awer vereenzelt zu Lëtzebuerg uf bis elo net entdeckt. ganz schei an diskret a go m Wäschbier. Hie De Marderhond gläicht de n den Hënn an ass gehéiert awer zur Famill vu uss. am nooste Famill mam Fu De Marderhond gouf aus Ostasien an Europa bruecht.

e ganz jonke Marderhond

Steckbréif

e jugendleche Marderhond

De Marderhond lieft a Bëscher mat dichtem Ënnerholz an huet gär, wann e Séi mat Schilf an der Géigend ass. ZZ Säi Kierper Z ass tëschent! 50 an 68 Zentimeter laang a säi Schwanz moosst 12 bis 18 ! ZZentimeter. ZZ

E weit 3 bis 7 Kilo.

Z ZZ

Z De Marderhond ka 6-8 Joer al ginn. ZZ

!

Z ZZ

!

!

Z Hie frësst virun allem Friichten ! ZZ an Nëss, an och mol Mais, Vigel, Fësch an Insekten. Am Fréijoer komme 6-8 Klenger an Z engem verloossenen Dachsoder ! ZZ Fuussebau op d’Welt.

De Marderhond ass ënnerwee, wann ZZ ! Z et däischter gëtt an an der Nuecht.

Z ZZ

!

Hien hält als Eenzegen aus der Famill vun! den Hënn eng Wanterrou, vum fréie Wanter bis an de Februar. De Marderhond muss sech an uecht huele virun dem Wollef, dem Luchs, dem Brongbier an dem Uhu. Hien ass ganz schei, geet awer op der Sich no Iesse bis an d’Stied. Eng Koppel Marderhënn bleift hiert Liewe laang zesummen. Hie kann net op Beem klammen, awer ganz gutt schwammen. Rekord: 19 Klenger sinn an engem Worf op d’Welt komm.

Marderhond, Marderhund, chien viverrin, raccoon dog, Nyctereutes procyonoides

TEXT: SYLVIE HAGEN I 15 WËSSENSCHAFTLECHE ROT: ANF XXX


V

en

us

Den Här vun De Saturn ass de 6. Planéit an onsem Sonnesystem an och fir de Stäereluussert nawell einfach u senge Réng ze erkennen. Donieft gëtt et awer nach esou munch Spannendes iwwer dësen Himmelskierper ze verzielen.

16 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


Hie gehéiert zu de 4 Gasplanéiten; dat sinn déi Planéiten aus onsem Sonnesystem déi aus verschidde Gase bestinn. Si hu keng Waasserstoff fest Uewerfläch, wou ee kéint drop landen Helium oder stoen. D’Astronome ginn awer dovunner aus, datt de Saturn e feste Kär huet. Ronderëm dëse Kär dréit sech mat engem Ammoniak Afenzant e Gemësch aus gréisstendeels Methan *Waasserstoff an **Helium, an deenen zwee „Mëffel-Gasen“ ***Ammoniak a ****Methan. Op der Uewerfläch bléist ee Wand mat bal Kär ongleeflechen 1800km/Stonn bei enger (Gestengs/Äis) Temperatur vu minus 139 Grad Celsius. Do kann ee sech schonns méi gemittlech Plaze virstellen.

Wa mir wéilten dohinner reesen, misste mir nawell genuch Zäit matbréngen. De Saturn läit tëschent 1,2 an 1,6 Milliarde Kilometer vun der Äerd ewech. Eb D’Raumsond Cassini, déi ë *Wa sse C 1997 an Amerika gestart **He assershimie: Aus lium, s toff, ** ass, huet 7 wéi hinne i cheem***Stéc zes mat Le kann e esch Ekstoff Joer gebraucht, a ** ummeb gosten en, e b lemen an fir de Planéit Ver **Meth auen. g, ane ëssi ter. versbindun an si c ***Am r Stoff mat de Réng ze chid gen. hee mon er m ia den en ESi gouf esch k erreechen. An lem en a ente us et war och dës zes r u geb mmeRaumsond, déi aut. de Fuerscher et erméiglecht huet, de Saturn méi genee ënner d’Lupp ze huelen.

D’Raumsond Cassini gëtt virun hirem Fluch an de Weltraum getest.

Wolleken aus Waasserstoff a Methan

n de Réng

TEXT: MIKE HAGEN I

17


Geheimnisvoll Réng Dës Foto vum Saturn senge Réng ass dem Raumschëff Voyager am August 1981 gelong. D’Voyager war dee Moment 4 Millioune Kilometer vum Saturn ewech.

Do wiere mol fir d’éischt déi geheimnisvoll Réng, déi de Planéit ëmkreesen. Dat sinn der net nëmmen e puer, mee eng helle Wull. D’Sond Cassini huet gewisen, datt ëm déi 100.000 Réng ronderëm de Saturn dréien. Well si awer alleguerte ganz no beieneen an op engem Plang leien, kënne mir der just e puer mam Teleskop auserneen halen.

Si bestinn aus Weltallmatière, dat heescht aus Stëbs, graffem Gestengs a risege Stécker Äis. An hir Dimensioune sinn iwwerwältegend. Dee baussechte Réng huet en Duerchmiesser vu bal enger Millioun Kilometer, awer se sinn alleguerten nëmmen e puer honnert Meter déck.

Eng sëllege Mounden

18 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

as m J

a he

M i

R

Ti ta

Nieft senge Réng ass de Saturn och fir seng jett Mounde bekannt, huet hien dach net manner wéi 82 bekannte Mounden a sécher och nach e puer onentdeckter. Déi bekanntsten heeschen Titan, Rhea, Mimas an Japetus. Den Titan ass schonns en zolitte Badetti. Mat engem Duerchmiesser vu méi wéi 5000 Kilometer ass hien souguer méi grouss wéi de Planéit Merkur.

a

tus e p

n


Den Titan

Fir dëse Ris ënner de Mounden ze erfuerschen, haten d’Wëssenschaftler der Raumsond Cassini eng kleng Schwëster mat an d’Gepäck ginn. D’Sond Huygens gouf 2005 vum Cassini lassgekoppelt an ass mat engem Fallschierm, duerch déck Wolleken erduerch op der Uewerfläch vum Mound Titan gelant. Datt et do iwwerhaapt Wolleke ginn, ass schonns zimmlech ongewéinlech. Normalerweis huet e Mound, sou wéi och onse Mound, eng ganz dënn oder guer keng Atmosphär.

E Modell vun der Sond Huygens aus dem Musée des Confluences zu Lyon

Ma déi Atmosphär um Titan ass nawell zimmlech ongemittlech. Hei hu mer ëm minus 180 Grad Celsius an d’Loft besteet zum gréissten Deel aus *****Stéckstoff. Aus de Wolleke reent et Methan, dee sech a risege Methanséien sammelt. Aus dem Titan senge Vulkaner spruddelt Ammoniak an Äis. Kee Wonner, datt d’Sond Huygens schonns no 70 Minutten ënner deene Konditiounen agefruer war. Mee mat all deenen Informatiounen, déi si an der kuerzer Zäit sammele konnt, huet si vill nei Erkenntnesser op d’Äerd geschéckt an d’Wëssenschaft domadder dach e gutt Stéck weiderbruecht.

De Saturn an de Jupiter no beieneen am Himmel (= Grouss Konjunktioun), den 31. Mee 2020

Dem Stuerm um Saturn an d’A gekuckt

D’Uewerfläch vum Saturn

Radaropnam vun 2006 vun de Methanséien op dem Titan senger Uewerfläch (D’Faarwe sinn net richteg)

Steckbréif Saturn Duerchmiesser Distanz zur Äerd Distanz zu der Sonn (Mëttel) Temperatur 1 Saturndag 1 Saturnjoer

114.632 Kilometer tëschent 1,2 an 1,6 Milliarde Kilometer 1,43 Milliarde Kilometer -139 Grad Celsius 10 Stonnen 47 Minutten 29 Äerdejoer an 166 Äerdendeeg

TEXT: MIKE HAGEN I

19


?

Knack de Code!

Mat 3 Ziffere kriss du d’Schlass op. Fënns du de Code eraus?

682

1. TIP 2. TIP

614 3. TIP

Eng vun den Zifferen ass richteg a steet op der richteger Plaz.

Eng vun den Zifferen ass richteg, steet awer op der falscher Plaz.

206

4. TIP 738

_? _? _?

5. TIP

Zwou vun den Ziffere si richteg, stinn awer allen zwou op der falscher Plaz. Keng vun den Zifferen ass richteg.

780

Eng vun den Zifferen ass richteg, steet awer op der falscher Plaz.

Rätselgeschicht D’Lisa wunnt am 12. Stack an engem Héichhaus. All Moies, wann hatt an d’Schoul geet, dréckt hatt am Lift de Knäppche fir de Rez-deChaussée. Wann hatt no der Schoul heem kënnt, dréckt hatt de Knäppchen, deen et op den 10. Stack bréngt a geet déi lescht 2 Stäck zu Fouss. Firwat mécht hatt dat? Hatt _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _ _! 20 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

D’Léisung fënns du op der Säit 3.


De klengen Heckefräsch

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw

TEXT A MUSEK: JEAN-PAUL MAJERUS I

21


Naturschutz mam Bagger Naturschutzgebidder am Minett: E puer einfach Reegelen D’Hënn tëscht dem 1. Mäerz an dem 30. September un der Léngt halen. Nëmmen op deenen extra ausgeschëlderte Weeër goen/lafen/Vëlo fueren. Keng Béchsen a Fläschen, kee Plastik an aneren Dreck leie loossen. Kee Lagerfeier, kee Camping a kee Kaméidi maachen.

22 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


Kaméidi um Lallengerbierg Ufank Dezember 2020 ass de Panewippchen um Lallengerbierg tëschent Schëffleng, Esch a Keel spadséiere gaangen. Scho vu wäitem huet hien e Bagger an eng Motorsee héiere schaffen.

BW R RR U

M Mee de Bagger hëlt jo d’Moos an d’Gras ganz ewech! An och nach de Buedem, bis op de plakege Fiels!

Wat soll dee Kaméidi hei am Naturschutzgebitt?

O, do steet jo e Schëld niewent dem Wee! Aha, si schaffen hei fir d’Natur ze erhalen.

Moie Monsieur! Sidd dir de Chef hei?

A firwat maacht der dann hei d’Natur futti?

TEXT: GUY KERSCH I

23


er J 0 7 o 19

n… re

An den

Dréchewisen, en neie Liewensraum h a ut n . a

Wéi eng Liewewiese géifen hei ausstierwen, wann e Bësch géif entstoen?

24 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

* Minett ass Eisenäerz


E moeren, dréchenen a stengegen Ënnergrond

Firwat ginn dann e puer Wuerzelstäck, Bamstämm a Wuerzelkéip op der Plaz leie gelooss?

TEXT: GUY KERSCH I

25


1

#MamMuseeAnDNatur

Filmer op

nnt ee ganz De Mëschtkiewerlek fë nn een am dacks op de Weeër, wa gëtt och nach .E Bësch spadséiere geet t, well e ganz gären Päerdskrécher genann skacka) ronderëm a Päerdsäppel (Päerd e Galerie grueft, fir kraucht an ënner hinn Et ass e ganz schéine seng Eeër ofzeleeën. méi genee kuckt, Kiewerlek, wann een e schéi violett. Scann well säi Bauch blénkt zesumme mam Yana dëse QR-Code a sich a Lisa (11 Joer) no (9 Joer), Sara (6 Joer) Stengeforter Bësch. de Päerdskrécher am

PÄERDSKRÉCHER (1:54 min)

D’BLOMEES MAT HIRE KLENGEN (2:15 min)

D’Sara an d’Yana sen beobachten d’Blomee an der Vullekëscht an hirem Gaart. Viru g en kuerzem sinn déi kl n Blomeesen aus hire Eeër geschlüpft an éi d’Eltere sinn elo m déi wéi beschäftegt, fir ze vill hongreg Mailer i stoppen. Si fléien dé ganzen Zäit eran an e eraus, fir hire Kleng n. ge Fudder ze brén en, Dat sinn z. B. Insekt Spannen a Raupen. e Scann dëse QR-Cod an entdeck och du m d‘Blomees mat hire Nowuess. 26 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


Komm mat mam Musée an d’Natur! Kuck der dës flott Filmer un a léier verschidden interessant Déieren a Planze kennen! Méi an den nächste Panewippercher.

sa D’Yana, d’Sara an d’Li h ac nf ei weisen iech, wéi ee 6 verschidde Beem e an eise Bëscher erkenn kann. Scann dëse QR, Code a léier Bich, Eech a Bierk, Lann, Aaschtert . en m Käschtebam bestëm

BEEM EINFACH ERKENNEN (3:01 min)

STRAICH EINFACH ERKENNEN (3:27 min) D’Lisa an de Patrick, Biolog am ‘natur musée‘, erklären dir, wéi ee 7 heefeg Straich einfach bestëmme kann. Scann dëse QR-Code a léier Molbier, Hieselter, Wäissdar, Päerdsbier, Gënz, Heckerous a Wantergréng erkennen.

TEXT: PATRICK DELHALT I

27


vilfälteg

BESTË

en

änzch

chw uwes

lek

äiper

htelp Dësc

Bockk

Harespel

ierwer

Gold

méc

28 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

Klengt Nuetspohunnena

Seechomes

Da

k

lek

ek

schle

Sand


ËBSERWELT Entdecks du op der lénkser Säit... ... dat Déier, dat net zu der Famill vun den Insekten gehéiert?

Et ass de ............

An Europa gi ganz vill Planze vun Déiere bestëbst. Dës Déieren transportéieren de Bléiestëbs (de männlechen Deel vun der Planz) vun enger Bléi bei déi aner. Dat geschitt ongewollt, wa si Nektar suckele ginn oder Polle sammelen. Bei der nächster Bléi, déi si besichen, kënnt de Bléiestëbs op de weiblechen Deel vun der Planz an d'Bléi ass bestëbst a ka Som bilden.

Entdecks du op der lénkser Säit... D'Planzen, déi dës Déiere bestëbsen, hunn onopfälleg Faarwen, well et jo souwisou . . . . . . . . . ass. Mee d'Insekte fanne si ganz liicht, well si ganz staark r . . . . . !

... en Déier, dat nuets bestëbst? Et ass d’ K . . . . . . u . . . . . h . . . ena.

TEXT: MURIEL NOSSEM I

29


Bestëbser UEC Entdecks du op dëse Säiten... ... déi Déieren, déi fléie kënnen a wichteg Bestëbser sinn?

Fliedermais Eis heemesch Fliedermais joen Insekten, mee an den Trope liewe Fliedermausaarten (Fluchhënn), déi Nektar drénken a Friichte friessen. Et si F. . . . hënn

a ....m.v..... Kolibri a Co Blummevigel hunn eng extreem laang Zong mat där si de Nektar aus de Bléie wéi duerch e Schallimo eraussuckele kënnen. Si strecken hire laange Schniewel an d’Bléi, déi gespléckten Zong (geet séier op an of) zitt de Nektar ganz séier rop. De Bléiestëbs bleift un hirem Kapp hänken an deen huele si mat op déi nächst Bléi! 30 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


CHTER D'WELT Australien

Hunne (Tarsipes rogbeidler stratus)

Dës Beide ldéiere gin nuets vum n staarke Ge ro ch vu Bléien u gelackelt a strecken h ir spatz Sc hnuff an d'Bléien . Mat hirer Zong, déi wéi e Pins el ausgesäit, lecke si Bléiestë bs Nektar, me an e och Insekte sti nn um Menü.

cko

ge Tag

t hue t o n k e ec am e G auritius e g Ornuritius e ll w Ma faar t op d’Mar a Po d un , e t g r a klen ialiséie eft Nek déi gr e s , i Dë spez m. N ekten h sec keblum och Ins c Kla t hien sinn! s frës Blumm der Elefantespëtzmaus Südafrika

Dës kleng Elefantespëtzmaus gëtt vum Geroch vun der Malvenaart Cytinus visseri ugelackelt. D'Déierche leckt den Nektar, an de Polle bleift um Pelz hänken. Op der nächster Bléi fält de Pollen of.

Entdecks du op dëser Säit... ...Firwat spillen Insekten eng wichteg Roll an der Natur?

Well si Planze b . . . . . s . n, a F . . . . r fir aner Déiere sinn. TEXT: MURIEL NOSSEM I

31


Den Naturschutzzentrum

A Wiewesch

zu Manternach «A Wiewesch» ass zënter 2004 en Naturschutzzentrum vun der Naturverwaltung (ANF). Den Numm «A Wiewesch» verréit eis, datt an dësem Haus fréier Wiewer gelieft hunn. Dat sinn Handwierker, déi Fluess zu Léngent verschafft hunn. Dat heescht, si hunn aus Planze Stoft fir Kleeder fabrizéiert.

32 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

12, Syrdallstrooss L-6850 Manternach Tel : 247-56503 awiewesch@anf.etat.lu Méindes-Freides 8.00 bis 17.00 Auer Am Summer och de Weekend


Manternach,

e Baueren- a Wënzerduerf un der Sir Fréier stoungen 8 Millen un der Sir. Hir Waasserrieder goufe vun der Kraaft vum Floss ugedriwwen. Gemuel goufe virun allem Käre fir Brout ze baken. Eng Millen huet Holz zerklengert an eng aner huet al Kleeder a Lompen a kleng Fatzen zerrass. Domat gouf zu Manternach an der Pabeierfabrik Lamort héichwäertege Pabeier fir ganz Europa hiergestallt.

Naturschutz zu Manternach Zënter 2000 ass de Schluchtbësch* zu Manternach e geschützten Naturbësch. Hei däerf de Mënsch keen Holz méi eraushuelen, mee de Bësch däerf sech a Richtung Urbësch* entwéckelen.

Wat kann een an dëser Géigend Besonnesches entdecken? Eng enorm Vilfalt u Liewensraim: Héich Fielsen aus Muschelkallek mat Fossilie wéi Séililien an Ammoniten.

*Schluchtbësch, e Bësch, deen an engem géien Hang wiisst **Urbësch, e Bësch, dee net bewirtschaft gëtt an naturno wiisst.

Beem wéi Summerlann, Biergulm, Aaschtert, (Bergahorn) an Esch gi gutt eens mat der Fiichtegkeet, dem Schiet an den niddregen Temperaturen am Schluchtbësch. TEXT: MURIEL NOSSEM I

33


Am Fréijoer gesäit een eng seele Fréijoersplanz, d‘Mäerzblimmchen, Scilla bifolia.

Den Äisvillchen, deen un den Ufere vun der Sir eng ideal Plaz fënnt fir säin Nascht. Wéngerten an Dréchemaueren, eng Plaz déi Insekten an Eidechsen opsichen an déi Vigel notze fir ze bréien.

An d’ganzt Joer iwwer e besonnesche Far, d’Hirschzong, Asplenium scolopendrium.

D‘Sir, en turbulente Floss. D’Waasser gëtt opgewierbelt duerch déi vill Steng am Flossbett. Doduerch ass vill Sauerstoff am kale Waasser.

A Bongerten, Aubësch a Landwirtschaft.

Gestäerkt geet et elo viru bei de Mëllechroboter. An der Rei sti Kéi op hiren Tuer ze waarden, fir gestrach ze ginn. Si entscheede selwer, wéini et Zäit ass. De Roboter sträicht Dag an Nuecht. Alles leeft automatesch of, gesteiert vun engem Computer.

Stolz verréit den Alex eis, datt dës wonnerschéin an heemlech Waaasserbüffelen eréischt viru Kuerzem bei hien op den Haff komm sinn. Et sinn déi éischt, déi et zu Lëtzebuerg gëtt.

34 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

An e puer Woche kommen dës Büffele Sirdall stoen. Si friessen do déi Planze gutt schmaachen. Zil ass, déi Aartevillf do ass, ze erhalen an aner Planze wéi ze halen. Déieren a Planzen, déi op dë géifen hire Liewensraum soss verléier duerch Beweeden nennt een dat!


Kanner aus dem Panda Club op Besuch

um Bauerenhaff zu Manternach Wat eng Freed beim Biobauer Alex Mehlen! Hie seet: „Mir schaffe mat der Natur fir d’Natur.“

en a fiicht Wisen an de en of, déi hinnen extra falt u Planzen, déi elo i Schilf a Weide kleng ëse Fiichtwise liewen, ren. Naturschutz

Fidderen an heemelen, mir kréien es net genuch! Och de Kéi, de Källefcher an dem Stéier schéngt eise Besuch ze gefalen. Vun der éischter Minutt bis zur leschter beäntwert de Bauer Alex eis gedëlleg all Fro an zesummen entdecke mir en Deel aus dem Alldag vun engem Mëllechbauer.

Et gi vill schéi Spillplazen, mee am Hee spillen ass dach eppes Besonnesches. Mir genéissen et!

Lo ass awer Zäit fir eng Paus. Déi däerfe mir beim Feier man, dat den Alex extra fir eis ugefaang huet!

Äddi Alex a villmools Merci! TEXT: MURIEL NOSSEM I

35


Am Naturschutzzentrum D’Theema vun der Ausstellung ass: Naturschutz a Landwirtschaft. Hei ginn et vill flott Saachen ze entdecken. Mir stellen iech der e puer vir.

Landwirtschaft fréier an haut, Maschinnen an Handwierksgeschir vum Bauer sinn am ale Koustall ausgestallt.

Wéi fillt et sech un an der Piffkaul ze stoen?

Mir kafen nëmmen Uebst a Geméis an, dat an eise Géigende wiisst. Dëst ënnerstëtzt eis Baueren a Geméishändler a verhënnert laang Transporter aus Länner wäit ewech.

Wéivill Euro pro Joer ass d‘Bestëbsung wäert, déi d’Beie leeschten? 36 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


E Mëtteg mam Fierschter am Bësch De Luc Roeder, Fierschter vu Manternach, huet eis en Dag matgeholl an de Bësch op Lelleg. Do ware grad Bëschaarbechten amgaang. D’Roll vum Fierschter gesäit hien esou: „Fierschter, Naturschützer a Baueren hunn idealerweis dat selwecht Zil: De Luc Roeder kann net verstoen, datt Mënschen hire Knascht am Bësch zeréckloossen, dat mécht hie richteg rosen!

Amplaz d’Bamstämm mat grousse Maschinnen duerch de Bësch ze transportéieren, setzt de Fierschter, wann nëmme méiglech, op d’Kraaft vun de Päerd. Sou gëtt de Buedem net platt gedréckt, jonk Beem ginn net verletzt a kënne weiderwuessen.

Et war beandrockend, wéi d’Bëschaarbechter e kranke Bam gehaen hunn. TEXT: MURIEL NOSSEM I

37


De klenge WIEDER

REEN

1

.. Wells du, wei` e richtege Meteorolog, d’Wieder beobachten a moossen? ` Ma dat ass guer net sou schweier.

Nidderschlag

Den (Reen, Schnéi, Knëppelsteng, …) gëtt gemooss a Millimeter (mm). All Joer falen zu Lëtzebuerg* 831 mm am Duerchschnëtt.

Dat heescht: Wann de Reen vun engem ganze Joer géif mateneen eroffalen an net oflafen, da stéing d’Waasser bal 1 Meter héich!

n! e a r l F a len a f Et .. Et schett wei` aus Eemeren! 15

14

13 12 11 10 9 8 7 6 5 4 2 0 cm 1

3

15 14 13

12

11

10

9

8

7 6 5 4 2 0 cm 1

2 0 cm 1

38 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

Et pla..tscht!

Et fis emt! 3

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

0 cm 1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

Am August 2014 koumen an engem eenzegen Dag 200 mm Reen erof. Wat waren dat Iwwerschwemmungen! Dee leschte Summer dogéint war aussergewéinlech dréchen.

*Dës Donnéeë gëlle fir d’Meteosstatioun um Findel (www.meteolux.lu). Am Éislek fält an der Reegel méi Reen, an der Muselgéigend manner.


Rfuerscher Bau dir e Reemiesser:

2

den ieweschten Deel erofgeschnidden

eng Plastiksfläsch vun annerhallwem Liter mat riichtem Bord ënnen

12 11

10

15

Steng ënnendran, fir datt d’Fläsch net ëmfällt

9

8

7

15

6

14

5

13

4

12

3

11

2

10

0 cm 1

9

8

7

6

5 4 3 0 cm 1

2

0 cm 1

2

3

4

0 cm 1

6

2

7

3

8

4

9

5

10

6

11

7

12

8

13

9

14

10

11

12

13

13

14

14

15

15

3

5

1

5 14

15

13

14

12

13

11

12

10

11

9

10

8

9

7

8

6

7

5

6

4

5

3

4

2

3

0 cm 1

2

Waasser afëlle bis bei d’Null

0 cm 1

15 14 13 12 11 10 9 8 7 6 5 4 3 2 0 cm 1

0 cm 1

2

3

4

5

6

7

8

den ieweschten Deel als Triichter an den ënneschten Deel vun der Fläsch stiechen

15

9

10

11

12

13

14

15

Lineal festgepecht: d’Null ass do wou d‘Fläsch riicht ass

Wichteg ass et, datt s de däin Dëppen all Dag zur selwechter Zäit oflies a rëm eidel méchs, awer just bis bei d‘Null! Oder mooss mol, wéivill et an enger Woch reent!

0 cm 1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

0 cm 1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

4

de Reemiesser vum ‘natur muee’ ` TEXT: CARMEN GRIESEN I

39


Th ee m en am ‘n at ur m us ée ’:

Den Ufank vun alleM No 9,2 Milliarde Joer: De Sonnesystem an d’Äerd ëntstinn.

Bis 1 Milliard Joer nom Urknall:

er niv

nU

De

Urgalaxien an Urstären entstinn.

Wat ass en Atom:

su

Bis 300 000 Joer nom Urknall:

m de en

Aus Bausteng bilde sech Atomen*.

ha ec

ts us

Scan Mech

illt

ak of.

Bis 1 Sekonn nom Urknall:

Elementar Bausteng vun der Matière entstinn.

«Urknall» virun 13,8 Milliarde Joer

40 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


Den Urknall D’Wëssenschaftler huelen un, datt et viru ronn 13,8 Milliarde Joer eng onvirstellbar kolossal Explosioun gouf. Duerch dësen Urknall ass an engem klinzege Brochdeel vun enger Sekonn all d’Energie an all d’Matière entstanen, déi den Universum haut nach bilden. Den Universum Den Universum ass ALLES, wat et gëtt. Dozou war am Ufank onbeschreiflech kleng, gehéiere Liewewiesen, Planéiten, Stären, Galaxien, dicht a gliddeg. Zënterhier huet e sech immens ausgedeent an Liicht, a souguer d’Zäit. Éier den Universum entstanen ass, gouf et keng Zäit, kee Raum a keng Matière. Den ofgekillt. Universum huet kee feste Rand; en deent sech haut nach ëmmer weider aus a killt och weider of.

Den Universum

Galaxien Eng Galaxie ass eng riseg Usammlung vu Stären, Gas- a Stëbswolleken an donkeler Matière am Weltraum. An eiser Galaxie, der Mëllechstrooss, ginn et ronn 250 Milliarde Stären (!) – een dovun ass eis Sonn. An alleng an deem Deel vum Weltraum, dee mer beobachte kënnen, gëtt et eng Billioun Galaxien (dat sinn 1000 Milliarden)!

Dëst extreem vergréissert Bild vum Weltraumteleskop Hubble ass nëmmen ee ganz klengen Ausschnëtt vum Nuetshimmel, sou grouss wéi 1/150 vun der Moundscheif (= Punkt um lénke Rand vum Mound)

Dat do ass eng Galaxie

D’Andromeda-Galaxie ass eis Nopeschgalaxie

TEXT: GUY KERSCH I

41


:

Stäre si grouss gliddeg Himmelskierperen, déi vu sech selwer liichten. An dat, well bannen an de Stäre liicht Atomen zu schwéieren Atomen zesummegeschmolt ginn. Deen nooste Stär ass d’Sonn. Si gesäit vill méi grouss an hell aus wéi déi aner Stären, well se vill méi no bei eis ass.

StAren

Eise Sonnesystem

:

D’Sonn ass eise Stär: D’Äerd an déi 7 aner Planéiten dréinen all ronderëm d’Sonn. D’Planéite bilden zesumme mat der Sonn de Sonnesystem. D’Planéite liichte just, wann d’Sonn op se schéngt.

D’Venus ass méi no bei der Sonn wéi d’Äerd, an de Mars ass méi wäit ewech. Op der Venus ass d’Duerchschnëttstemperatur + 465 °C, an um Mars – 50 °C.

Eis Aerd

Vun der Sonn aus gesinn ass d’Aerd deen 3. Planéit.

Nëmmen op der Äerd sinn d’Temperaturen esou, datt Waasser flësseg ass – eng Virbedingung fir d’Liewen, sou wéi mir et kennen.

42 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021


n am Greisst vun der Son nEiten la P 8 n e ir h t a m h c Vergla -

Duerchmiesser Sonn Merkur Venus Äerd Mars Jupiter Saturn Uranus Neptun

1 393 000 km 4 880 km 12 194 km 12 735 km 6 712 km 143 000 km 120 000 km 51 000 km 49 500 km Sonn

D’Sonn ass bal 10 mol méi grouss wéi de Jupiter, an 109 mol méi grouss wéi d’Äerd. D’Sonn ass 700 mol méi schwéier wéi all d’Planéiten zesummen, an 330.000 mol méi schwéier wéi d’Äerd.

Stengplanéiten

Gasplanéiten Jupiter

Venus Merkur

Saturn

Uranus

Mars

Äerd

Neptun

Distanzen net am richtege Moossstaf!

TEXT: GUY KERSCH I

43


:

'

teschent Dei richteg Distanzen Sonn a Planeiten

'

Saturn

Jupiteior. km

~1433 Mio. km

~778 M

107-109 Mio

km

Venus

Äerd

Merkur

km 147-152 Mio.

46-70 Mio. km

Neptun

4995 Mio. km

Hei gesitt der d’Ëmlafbunne vun de Stengplanéite Merkur, Venus, Äerd a Mars. Dat sinn déi 4 Planéiten, déi am nooste bei der Sonn sinn. An dësem Moossstaf ass d’Sonn an der Mëtt net méi ze gesinn. D’Planéite gesäit ee scho guer net, well si sinn 10mol bis 300mol méi kleng wéi d’Sonn.

MaMrs io. km

207-250

Déi 4 grouss Planéite Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun si vill méi wäit ewech vun der Sonn. D’Säite vum Panewippche sinn ze kleng, fir d’Ëmlafbunne vum Uranus a vum Neptun an dësem Moossstaf duerzestellen.

Uranus

~2872 Mio. km

De Mound

Eise Mound ass knapps ¾ sou grouss wéi de Planéit Merkur. En dréint an engem Ofstand vun 384 000 km ronderëm d’Äerd. De Mound ass bis haut deen eenzegen Himmelskierper, op deem Mënsche gaange sinn (ausser der Äerd) – well en am nooste bei der Äerd ass. Warscheinlech ass de Mound viru ronn 4,5 Milliarde Joer entstanen, wéi een Himmelskierper sou grouss wéi de Planéit Mars an d’Äerd geknuppt ass. Dobäi gouf vill Matière an de Weltraum geschleidert, déi sech zum Mound geformt huet.

Eise Mound ass net deen eenzege Mound am Sonnesystem. De Jupiter huet 79 Mounden, déi bis haut entdeckt goufen, an de Saturn huet der souguer 82. Déi meescht Mounden hu manner wéi 10 km Duerchmiesser, mee de Jupitermound Ganymed an de Saturnmound Titan si méi grouss wéi de Planéit Merkur. Den Äerdmound ass dee fënneftgréisste Mound am Sonnesystem. De Jupitermound Ganymed 44 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021

De Saturnmound Titan


Wann Asteroiden zu Meteoritte ginn

Et gëtt ausser de Planéiten an de Mounden eng Onmass vu méi klengen Himmelskierperen am Sonnesystem. Si ginn Asteroide genannt. Wann een Asteroid op d’Äerd stierzt, schwätze mer vun engem Meteorit. All Joer falen Dausenden Tonne vu klenge Meteoritten op d’Äerd. Wann eemol méi een décken dobäi ass, gëtt et geféierlech. Viru ronn 50 000 Joer huet ee 45 Meter grousse Meteorit den 1,2 km grousse Barringer-Krater an d’Äerd geschloen. A viru 66 Millioune Joer huet ee Meteorit vun 12 km Duerchmiesser d’Dinosaurier a vill aner Liewewiesen ausgerott!

Den Asteroid 243 Ida

De Barringer-Krater an Arizona

eltraum Souveniren aus dem W Wann Asteroiden als Meteoritten op d’Äerd falen, brénge si sech selwer als Souvenir vun hirer Weltraumrees mat. Den ’natur musée’ huet eng Rei schéi Meteoritten aus der Dëse ganzer Welt ausgestallt. klenge Meteorit war eemol e Stéck vun der Mars-Uewerfläch. Duerch en Aschlag vun engem Himmelskierper gouf en an de Weltraum geschleidert an ass bis op d’Äerd geflunn! Dëse Stee-Meteorit ass speziell, well en zu ¾ komplett ass. Normalerweis zerbrieche se an der ÄerdAtmosphär an honnerte vu Stécker.

Dësen décken Eisen-NéckelMeteorit weit 7,5 kg an huet eng spektakulär Form. Seng Uewerfläch ass geschmolt wéi en duerch d’Äerdatmosphär ofgebremst ginn ass. TEXT: GUY KERSCH I

45


Toiletterulloen opschneiden,

banne mat Plastiksfolie akleeden

an zergrimmelen. Eeëschuele schwänken, dréchne loossen

E puer Drëpse Liewensmëttelfaarf drënner mëschen. Mat Waasser verréiere bis d’Kräidmass déckflësseg gëtt.

Mat engem Zoppeläffel an d’Forme fëllen a riicht dohi stellen, fir datt d’Kräid dréchne kann.

Himmel an Äerd Mol däi Spill op de Buedem: vun der Äerd bis an den Himmel. Puch e Steen op e Feld. Hops op engem Fouss bis an den Himmel an dono nees zréck an d’Hell, ouni op dat Feld ze hopsen, wou de Steen läit. Wanns du op e wäisse Stréch kënns, oder op d’Feld mam Steen, bass du dobaussen. Wann s du fäls oder däin zweete Fouss muss gebrauchen och. Den éischten, deen rëm zréck op der Äerd ass, huet gewonnen. 46 I DE PANEWIPPCHEN 1/2021 I TEXT: SABINE GOERENS


Mir maachen Trottoirskräid

De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum Redaktiounscomité:

C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Kirsch, F. Theisen.

Texter:

P. Delhalt, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, J.-P. Majerus, M. Nossem.

Grafik an Illustratioun:

a gutt zoupechen, fir datt déi flësseg Kräid net kann erauslafen. 1/3 zergrimmelt Eeërschuelen an 2/3 Maizena vermëschen.

No engem Dag kanns du den Toiletterullo lass maachen. Looss d’Kräid awer nach 1-2 Deeg un der Loft dréchnen.

A. FAber, S. Goerens, MP. Goetzinger, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen:

S2 Hannergrond: ©shutterstock, Marderhond: Pkuzynski S3 Feldhong Gras: Marek Szczepanek, Feldhong Schnéi: K.Pitk, Affiche Feldhong: Mariepol Goetzinger S4 Meli, Pia, Tun, mnhn S5 Tun S6 Pia S7 Charel an Tristan S8 Meli S9 mnhn S12&13 Saugnäpf: Fritz Geller-Grimm, aner: shutterstock S14 Hannergrond: Jarosław Szczepaniak, Loftblos: shutterstock, aner: Christian Fischer S15 Marderhond: Pkuzynski, 2 Marderhënn: Zefram, ganz ganz jonke Marderhond: 4028mdk09, jugendleche Marderhond: Martin E. Walder S16-18 NASA S19 Huygens: Ismoon, Methanséi an Stuerm: NASA, Uewerfläch: Kevin M. Gill, Konjunktioun: Arley Cruzper S22 Hannergrond: ANF, Logo: Human Made S23 Panneau ANF: mnhn, Bagger: Jan Herr, Selfie: Jan Herr S24 Selfie: Jan Herr, viru 70 Joer: shutterstock, Haut: mnhn, Léierchen: Patrick Lorgé, Orchidee: Jan Herr S25 Blolek, Feieromes, Bagger: Jan Herr, aner: mnhn S26&27 mnhn S28-31 shutterstock S32&33 Fluess: shutterstock, Manternach: Jwh, Fotoen Pabeierfabrik: industrie.lu, aner: mnhn S34 Mäerzblimmchen: shutterstock, Äisvull: Andy Morffew, Sir: anf, aner: mnhn S35 Alex Mehlen: BIOG, aner: mnhn S36&37 mnhn S39 mnhn S40 Hannergrond: shutterstock S41 Galaxien: NASA, Nuetshimmel: shutterstock, Andromeda: Adam Evans S42 Stäeren an Äerd: NASA, Weltkugel: shutterstock S44 Mound: Rami Ammoun, Ganymed: NASA, Titan: NASA S45 Ida: NASA, Meteorcrater: Shane Torgeson, aner: mnhn S46&47 Meedchen hopst: shutterstock, aner: mnhn Poster: S1 shutterstock, S2 Strooss: Jogi don, Gäng: SüdWest, Flilleken: Philipendula, aner: shutterstock

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450 Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

I 47



Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.