Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
N° 138 1/2022
www.panda-club.lu
News
Wëllplanzesom
Eng grasgréng Wiss? Wéi langweileg, net nëmme fir dech, mee virun allem fir d’Insektewelt! Am Shop vum ‘natur musée’ kriss du Päckelcher mat Som vun heemesche Wëllplanzen. Deen ass perfekt fir aus denger Wiss en Insekteparadäis ze man. Du kanns dëse Som an däi Gaart a Blummendëppen a –këschten um Balkon séinen, oder ganz einfach do, wou de Maulef de Buedem opgewullt huet. Kraz de Buedem gutt op, iers de séins, dréck de Som fest un an hal d’Plaz fiicht. Pass op, datt d’Gras ronderëm net ze héich gëtt, noutfalls schneit dat e wéineg. Du brauchs nach e wéineg Gedold, mee geschwë kanns du eng Vilfalt vun Insekten op denge Blumme ronderëm bësele gesinn, déi do Fudder fannen .
Bravo, esou hëllefs du e wäertvolle Liewensraum schafe fir Beien, Päiperleken, Harespelen a vill aner kleng Déieren. Wou et de Som nach gëtt, fënns du op https://sicona.lu/projekte/saatgut/ 2 I DE PANEWIPPCHEN 3/2021
TEXT: MURIEL NOSSEM, SYLVIE HAGEN
I3 Et si 26 Päiperleken. Et gëtt just 1 Klenge Fox an déi 2 Zitrouneblieder si genee d’selwecht. 1x 4x 2x 3x 2x 4x 2x 3x 2x 3x
Klenge Fochs, Kleiner Fuchs, petite tortue, small tortoiseshell, Aglais urticae Schmuebelschwanz, Schwalbenschwanz, machaon, swallowtail, Papilio machaon Keesermantel, Kaisermantel, tabac d’Espagne, silver-washed fritillary, Argynnis paphia Klengen Nackerpäiperlek, Kleiner Perlmuttfalter, petit nacré, queen of Spain fritillary, Issoria lathonia Zitrouneblat, Zitronenfalter, citron, common brimstone, Gonepteryx rhamni Schachbriet, Schachbrettfalter, demi-deuil, marbled white, Melanargia galathea C-Päiperlek, C-Falter, Robert-le-Diable, comma, Polygonia c-album Pohunnena, Tagpfauenauge, paon-du-jour, peacock, Inachis io Amirol, Admiral, vulcain, red admiral, Vanessa atalanta Dëschtelpäiperlek, Distelfalter, Belle-Dame, painted lady, Vanessa cardui
Opléisung Rätsel Säit 10:
De Vull vum Joer 2022 ass den Uhu. Wëlls du méi iwwer dës grouss Eil wëssen, kuck am Panewippchen 4/2021 op der Säit 3.
De Vull vum Joer 2022
SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 1/2022 SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 DEN HUNGA TONGA-HUNGA HA’APAI SÄIT 8 D’HIMMELSDÉIERCHEN SÄIT 10 RÄTSEL Sich d’Päiperleken SÄIT 11 FIR MATZESANGEN Der Uhu SÄIT 12 DE WIEDERFUERSCHER 5 Déieren als Meteorologen SÄIT 16 KNIWWELEN Schnellt Brout SÄIT 18 KEIMSPROSSEN A MIKROGRÉNGS SÄIT 22 LOOSS DECH NET TÄUSCHEN SÄIT 24 KNIWWELEN Naturfaarwen Eeër SÄIT 25 DE GOLDSCHAKAL SÄIT 26 INDIEN. TÜRKEI, LËTZEBUERG D’Tierkendauf SÄIT 30 DE JUPITER SÄIT 46 KNIWWELEN E Spuerentunnel fir Schléifer Impressum SÄIT 48 ‘natur musée’
Wat ass dran?
PW 1/2022
B
! M M U
De 15. Januar 2022 gouf et an der paradäisescher Inselwelt vum Pazifik nawell en décke Knuppert! De Vulkan Hunga Tonga Hunga Ha’apai ass an engem Siess explodéiert an huet fir en zolitten Äschereen an en décken Tsunami gesuergt. 4 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
Datt Vulkaner entstinn, huet mat dem Opbau vun onsem Planéit ze dinn. An der Mëtt vun der Äerdkugel hu mir e Kär, deen ëmginn ass vum Äerdmantel. Dësen ass aus mol festem, mol zéiflëssegem Gestengs, dem Magma. Dorop schwëmmt eng fest Äerdkuuscht. Déi ass awer net ganz, mee besteet aus enge sëllegen Deeler, de Kontinentalplacken. Déi beréieren a beweege sech konstant, well jo och d’Magma ënnendrënner ëmmer a Beweegung ass. Deet sech tëschent de Placken eng Spléck op, kann do Magma aus dem Äerdmantel un d’Uewerfläch gedréckt ginn – e Vulkan entsteet!
A wann dëst dann um Mieresbuedem geschitt, kréie mer en Ënnerwaasservulkan. Déi gliddeg Gestengsmass gëtt ënner héijem Drock aus der Spléck erausgehäit, kënnt mam äiskale Mierwaasser a Kontakt a gëtt gläich fest. Esou wiisst mat all Vulkanausbroch den Hiwwel vu kaler Lava, bis en dann eng Kéier no un d’Uewerfläch kënnt oder esouguer d’Nues aus dem Mier erausstreckt. Stëbs- a Gaswollek Spléck
duerch déi d’Mier an de Krater fléisst
Mierwaasser
Lava
Mierwaasser
Magmakummer P az
ifeschen Ozean
Hunga TongaHunga Ha’apai Australien
Äerdk uusc ht
t usch u k d Ä er Äerdmantel
Neuseeland
Den Hunga Tonga Hunga Ha’apai ass esou en Ënnerwaasservulkan, 1800 Meter héich an 20 Kilometer breet. Hien ass iwwer Joerdausende gewuess, huet iergendwann d’Mieresuewerfläch duerchbrach an ass esou zu enger Vulkaninsel ginn. Interessant ass, datt den déiwe Krater vun dësem Vulkan eng 200 Meter ënner dem Mieresspigel louch! TEXT: MIKE HAGEN I
5
An dëst ass warscheinlech och de Grond fir dee spektakuläre Poufert. Wéi am Krater e Rëss entstanen ass, huet d’Magma, ënner risegem Drock, de Wee no uewe gesicht, an huet fir d’éischt Gas an Äschen 30 Kilometer héich an den Himmel gespaut. Dunn ass, duerch eng helle Wull u Rëss a Splécken, déi sech an de Säitewänn
Esou grouss Explosioune vun Ënnerwaasservulkaner geschéien nëmmen, wann de Vulkan no un der Mieresuewerfläch ass. Si se nach méi déif am Mier, gläicht den héije Waasserdrock den Drock aus der Magmakummer vum Vulkan aus. D’Resultat ass do also nëmmen e „klenge“ Vulkanausbroch. 6 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
vum Vulkan duerch d’Erschütterung gebilt haten, Mierwaasser an de Krater gelaf. Wéi dëst do op déi gliddeg Lava getraff ass, ass d’Waasser boufdeg zu Damp ginn an huet esou déi riseg Vulkankopp Huddel a Fatz gerappt.
Nordamerika Japan
P az
ifeschen Ozean
Papua Neu Guinea Australien
Hunga TongaHunga Ha’apai
Neuseeland
Südamerika
Awer och en zolitten Tsunami gouf duerch dee Knuppert op d’Rees geschéckt. D’Wellen hu sech kreesfërmeg vum Vulkan fortbeweegt a sinn dausende Kilometer méi wäit, an Neiséiland, Japan, Südamerika a souguer an Alaska op d’Küst getraff. Et ass esou, wéi wa mir e Steen an d’Waasser geheien: Vun där Plaz, wou en ënnergeet, beweege sech kreesfërmeg Welle fort, bis se op d‘Uwänner treffen.
D’Äschwollek aus dem Weltall gesinn
Fir d’Leit, déi op den Insele ronderëm de Vulkan liewen, ass net nëmmen d’Zerstéierung duerch d’Flutwell e Problem, mee och déi vill Äschen, déi et gereent huet. Eng déck Kusch läit iwwer allem, d’Planzen erstécken drënner an d’Drénkwaasser ass doduercher verknascht.
Mat der Zäit awer, wäerten d’Äschen e wonnerbaren Dünger si fir déi nei Planzen an da wäert och Tonga, mat senge sëllegen Inselen, nees e Paradäis am Pazifik sinn. TEXT: MIKE HAGEN I
7
D’Himmelsdéierchen
Huhu! Wéi fënns de meng Mask?
D’„Oueren“ sinn awer just 2 wäiss Flecken op mengem Halsschëld. A meng richteg Ae si ganz baussen um Kapp.
D’Himmelsdéiercher si Kiewerleken. Si hu 6 Been, wéi all d’Insekten. De Siwepunkt, eist heefegst Himmelsdéierchen, ass bal 1 cm laang. 8 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
Halsschëld Kapp Aen
er, co f ä k n e Mari
ccin
ug , C b y lad , e ell
occinella
De Kiewerleken hir richteg Flilleke Souwuel d’Larve wéi och déi erwuessen
si meeschtens ënner den haarden Deckflilleken zesummegefaalt.
Am Fréijoer pueren d’Männercher an d’Weibercher sech.
Aus den Eeër klamme kleng Larven. Si friessen 1 bis 2 Méint laang Blatlais. Wann eng Larv grouss genuch ass, verpoppt se sech.
Himmelsdéiercher erniere sech vu Blatlais.
Dono leeën d’Weibercher e puer honnert Eeër ënner Blieder vu Planze mat ville Blatlais.
No enger Woch klëmmt en erwuessent Himmelsdéierchen aus der Popp. Am Ufank ass et nach hell; e puer Stonnen drop kritt et dann déi rout Faarf a Punkten.
TEXT: GUY KERSCH I
9
?
Sich d’Päiperleken Wéivill Päiperleke fléien hei?
__
Erkenns du se all a kenns du hir Nimm? Wéivill mol (_x) gëtt et déi verschidde Päiperleken? Fann déi zwee Päiperleken, déi genee d’selwecht sinn! Wéi ee Päiperlek gëtt et just 1 Mol?
chw _ _z:
_x
_x
ek : _l
__
k : _x
a: _
ä_ -P
_le
_
en
Kl e _
r m_
C
A
x
_ ht
x
_l :_
D_ sc
pä
__
_
Sch m_ eb els
__
Poh_ _
F_x: _x Scha_ _
n
b
l_
t: _x
_:
_ r_ _x
_lek: _x
_
: _x
__
_
_ t_ n a _m
Kle 10 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
ä_
Ke e
b une o _ _ i Z
n_ _ _ Nack
er
p
D’Léisung fënns du op der Säit 3.
ersioun gesonge V g n e n a k mu.lu/pw D’Muse u op mima d s n n fë d vum Lid
TEXT: TEXT: JEMPI LYNN DINGSBUMS BERCHEM I
11
De, klenge Wiederfu
Deieren als M E , Meteorolog, oder awer d’Persoun, , , .. dei d’Wieder op der Telee.. presenteiert, .. .. gett garen als Wiederfrasch bezeechent.
..
Amplaz e Frasch am Bokal, besser Beien am Stack! D’Hunnegbeie sinn nämlech ganz zouverlässeg, fir naasst a kaalt Wieder kuerzfristeg virauszesoen. Keelt a Reen hu si nämlech guer net gären a spieren et kommen.
Kommt huerteg eran, .. et gett Reen!
‘meteo‘ - Wieder ‘pathos‘ - spieren
12 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
Mee och ganz vill – besonnesch méi eeler oder krank - Mënsche si Meteopathen. Si ginn nervös a schlofe schlecht;
uerscher 5
Meteorologen Fréier hunn d’Leit .. gegleeft, den Heckefrasch géif gutt Wieder viraussoen, wann en d’Leeder eropklëmmt, a schlecht Wieder, wann en erofklëmmt. Dat ass natierlech net wouer!
Wat stëmmt ass, datt den Heckefräsch ganz gutt klamme kann, frou mat der Sonn ass, an dacks do sëtzt, wou en am einfachsten Insekte fënnt fir ze friessen. A seng Haut ass ganz empfindlech op Temperatur- a Fiichtegkeetsënnerscheeder.
Mee, ginn et dann , .. Deieren, dei de Mensche .. .. kennen hellefen d’Wieder virauszesoen? ,
Wann dem ..Mupp seng Wurscht net schmaacht, et geschwenn dobausse kraacht! Vläicht hutt dir och en Hond oder eng Kaz doheem, déi scho Stonne virun engem Donnerwieder näischt méi friessen, wéi opgezu ronderëm bëselen oder sech am Buedzëmmer am Wäschkuerf verkrauchen? Si spieren, datt de Loftdrock ofhëlt an hire Pelz gëtt elektrostatesch opgelueden. Da kréie si Angscht oder souguer Panik, scho laang ier d’Gegrommels am Himmel lass geet. si spieren an hire Gelenker, am Kapp, an de Been oder un ale Boboen, wann d’Wieder changéiert. Fro emol deng Grousselteren! TEXT: CARMEN GREISEN I
13
, . . Wann d’Schmuebelen deif fleien, da waerte mer Ree kreien! ,
Wa schéi Wieder ass, fléien d’Schmuebelen héich am Himmel. Do fanne si déi meeschte Mécken, déi se ganz geschéckerlech am Fléie fänken. Déi kleng Insekte ginn nämlech vu waarme Loftmassen héich an den Himmel gedroen, wann d’Sonn op de Buedem schéngt (kuck de Klenge Wiederfuerscher 2 am PW2/2021). ,
,
Awer, fir ze gesinn, datt et , schei Wieder ass, brauch ech dach keng Schmuebelen! Do kann ech dach einfach ,direkt kucken, ob d’Sonn schengt! Jo, mee wann de Loftdrock fält an d’Loft lues a lues méi fiicht gëtt, sou wéi dat virun enger Reeschauer geschitt, sinn d’Mécke méi séier op Zack ewéi s du, fir dat ze mierken. Si ginn dann net méi vun der waarmer Loft héich gedroen, hir Flilleke gi fiicht a schwéier: si fléie méi déif, an domat och d’Schmuebelen, déi sech dann ebe méi no beim Buedem de Bauch vollschloen.
,
..
Wann, d’Kei , op der Weed sech leeen .. an d’Gras, da gei seier heem, soss gess de gaer naass! Eng Kou läit iwwer d’Hallschecht vun hirem Liewen um Buedem. Eng Kou déi sech néierleet, wëllt also just vläicht a Rou idderzen („wiederkäuen“), ouni groussaarteg Wiederprophéit ze spillen! A well d’Kéi Häerdendéiere sinn, leeën hir Kolleginne sech donieft!
“
14 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
Kommt der Regen .. schrag von vorn, kriegt die Kuh ein nasses Horn“.
Wa mer siche ginn, fanne mer awer wuel eng Erklärung fir dës Beobachtungen. Wëssenschaftler hunn erausfonnt, datt Kéi bei waarmem Wieder am léifsten op de 4 Patte stinn. Da kënne se nämlech besser ofkillen, well de Wand ronderëm hire ganze Kierper bléist. Am Summer, virun enger Reeschauer, killt d’Loft of: d’Kéi kënne sech endlech gemittlech tesselen!
A wann de Wand bléist? Firwat stinn d’Kéi da mam Kapp géint d’Wandrichtung? Fir ze gesinn, wann e Raiber sech géint de Wand uschläicht? Oder einfach well se léiwer den Hënner vum Wand zerzaust kréien, wéi hir Frisur?
Vill Déiere si méi sensibel wéi mir Mënschen op déi kleng Ënnerscheeder an der Loft, déi e Wiederëmschwong ukënnegen. Mir brauche komplizéiert Apparater fir esou genee Miessungen. Fréier ware vill Leit nach méi ofhängeg vum Wieder, si haten awer oft keng meteorologesch Apparater oder Informatiounen. Duerch vill Beobachtung an Erfarung, déi se iwwer d’Joren op enger bestëmmter Plaz gesammelt hunn, hu si Reegelméissegkeeten a Musteren erkannt, déi hinne gehollef hunn, d’Wieder virauszesoen. Natierlech louche se net ëmmer richteg! Mee dat sinn dem
Meteorolog seng Previsiounen och net! Dës ‚Reegel‘ stëmmt awer sécher:
Wann ‘t sonndes reent a
' meindes och _ da reent et zwee
Deeg an der Woch!
TEXT: CARMEN GREISEN I
15
Schnellt Brout
Vollkarmiel, Fluesssom, Seesam, Sonneblummekä Hief a Salz an enger Schos mat den Hänn vermëschen
Du brauchiesl :
500 g Vollkarm (Leinsamen) om 50 g Fluesss 50 g Seesam lummekären 50 g Sonneb enhief 1 Pak Dréch 2 TL Salz Waasser ½ l wotlecht
Den Deeg an de kale Sch stellen. Dann de Schäffch op 200°C Uewer-Ënnerhë a 50 Minutte baken. Dono Schäffchen ausmaachen nach 15 Minutten dra stoe
Mmmh, loosst iech et schmaachen
😊
16 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
ären, ssel n.
häffche hen ëtzt astellen o de an d’Brout e loossen.
Waasser dobäi schëdden a mam Knietkrop vum Mixer mëschen.
Eng rechteckeg Form mat e bëssen Ueleg afetten an den Deeg dramaachen.
TEXT: ANNE-MARIE BIS I
17
Keimsprossen a Mikrogréngs Loscht op frësch a knackeg Vitaminbommen? Sprosse kanns du einfach doheem zillen, ouni Gaart, d’ganzt Joer iwwer.
.
Somkar
Eng Spross ass eng jonk Planz, déi aus engem Somkär gekeimt ass.
Blat
Spross
18 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
*Ballaststoffer an *Eewäisser: kuck PW4/2021 S.5. Vitalstoffer** sinn déi Närstoffer (kuck PW4/2021 S.7), déi eise Kierper brauch fir ze funktionnéieren.
Sprossen hu ganz vill Vitaminnen, Ballaststoffer*, Eewäisser* a Mineralstoffer (wéi Kalzium, Magnesium, Zénk an Eisen), vill méi wéi déi ausgewuesse Planzen. A well si réi giess ginn, gi bei der Zoubereedung och keng gesond Vitalstoffer** verluer.
Sprosse selwer zillen ass ganz einfach. Op den nächste Säite gesäis du, wéi et geet. Et kann ee praktesch all Geméis- a Kraidersom huelen. Am beschte Biosom.
Cresson Réidercher Brokkoli Kale Moschter Rucola Sojabounen Mungobounen Ierzen Lënsen Kicherierbessen Kee Som vun der Famill vun den Nachtschattengewächse benotzen, wéi Tomaten, Auberginen a Paprika!
Mmh, lecker!
Weess Huewer Wëllkar Quinoa Sonneblummen Rout Rommelen Alfalfa Bockshornkléi Sesam Fenchel Basilikum Peffermënz Koriander
Sprosse ginn ëmmer ganz frësch giess!
an der Z alot
p
er Schmier d p
o Z am Kéis, an der
op der Gro mper aw ou et dir sc hmaacht!
o
op Z r e an d
Dip,
oss
am
TEXT: SYLVIE HAGEN I
19
Keimsprossen
Dat sinn déi frësch gekeimte Somkäre vun enger Planz. Si gi ganz giess.
Spull e grousst Glas mat gliddegem Waasser. Maach 1-2 Iessläffele Somkären dran. Schëtt Waasser driwwer, bis d’Glas hallef voll ass. Lee e proppert Stéck GazeStofft driwwer a maach et mat engem Lastik fest. Looss de Som op enger waarmer Plaz iwwer Nuecht quellen, da schëtts de d’Waasser of. Stell dono d’Glas schif, bis all d’Waasser eraus ass. All Dag „spulls“ du lo 2-3 mol: Waasser an d’Glas, ausschëdden an ofdrëpse loossen.
No 3-7 Deeg, je no Zort Som, sinn deng Sprosse prett. Nach emol gutt an engem Sifft spullen, mat Kichepabeier dréchen tuppen a gudden Appetit!
20 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
Mikrogréngs oder Gréngsprossen
Dat sinn déi jonk, gekeimte Planze mat den éischte grénge Bliedercher. Hei ginn d’Stiller an d’Bliedercher giess. Probéier Cresson, e keimt schonn no engem Dag an du kanns d’Sprossen no e puer Deeg iessen.
R ucola
Maach Watt gutt naass, dréck se aus a lee se an eng Schossel, e Jugurtsdëppchen, e klengt Blummendëppen, … Stree d’Somkäre gläichméisseg a ganz no beieneen driwwer. Stell deng Sot op eng waarm an hell Plaz.
Cresson
.
d'Somkare keimen
Lo muss du just nach dofir suergen, datt et ni dréche gëtt. Dofir fläisseg nätzen, am beschte mat enger Sprutzfläsch.
déi éischt gring Blieder
a prett fir z'iessen! Wann d’Planze 4 - 5 Blieder hunn a 5-10 cm héich sinn, kanns du deng Gréngsprossen ofschneiden an iessen. Je no Zort kann dat 1 bis 3 Wochen daueren. TEXT: SYLVIE HAGEN I
21
Looss dech n Illusioune mam Professer Dr. IIlu Sioun
Kuck dir dës Biller un an dann iwwerlee:
Wat fir eng Faarf hunn d’Pupille vun den Aen? Rout? Blo? Giel? Gréng? ni vun der U n u io S lu Il iert sser Dr. presenté n e h De Profe c s u ten chnettä faszinan e g Loossde n e s ou vu dir hei zw lusiounen. Il
D’Faarf vun de Pupillen ass a Wierklechkeet gro!!!! Du gleefs mir et net? Da schneit déi 4 Aen eraus a lee se niewenteneen. Da gesäis du selwer … si sinn all d’selwecht gro …
Wat fir eng Faarf huet dem Jong säin T-Shirt? Lénks hellblo a riets donkelblo?
22 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
Deenen 2 Jongen hieren T-Shirt huet genee déi selwecht Faarf! Du gleefs mir et net? Da schneit déi 2 T-Shirten eraus, lee se niewenteneen an da gesäis du selwer … si sinn d’selwecht blo …
net täuschen! Atelier e b u T u Yo mam n lu Siou l I . r D Prof.
Dir hutt Kanner - sief et doheem, an der Schoul oder der Maison relais - an hutt Loscht vill flott Illusioune vum Professer Dr. Illu Sioun ze entdecken? Dann huelt zesumme mat de Kanner u sengem YouTube Workshop deel.
Wou? YouTube Kanal
vum ‘natur musée’
Zilpublikum: Kanner am Alter vun 9-12 begleet vun engem Erwuessenen
Dauer: +/- 45 Minutten Virbereedung:
SCAN MECH Shortlink: https://bit.ly/3DmwXNX
Fir am beschte vun der Aktivitéit mat de Kanner ze profitéieren, misst dir am Virfeld Material virbereeden. Fir eng Famill mat 2 Kanner braucht dir ongeféier 10 Minutte Virbereedungszäit a fir eng Grupp vun 20 Kanner ongeféier 45 Minutten. D’Uleedung zur SCAN MECH Virbereedung kënnt dir hei eroflueden: Shortlink: https://bit.ly/3xVIcMd
TEXT: PATRICK DELHALT, ALINE FISCHER
I 23
Du brauchs: réi Eeër, rout Rommelen, roude Kabes, Kurkuma, Waasser, Esseg, Dëppen, Ouerestäbchen.
Naturfaarweneeër
BLO FAARF: Kabes kleng schneiden an 250 gr mat 1 Liter Waasser 10 Minutte kachen.
ROUT/ROSA FAARF: 2 rout Rommele schielen a kleng schneiden. Rommele mat 1 Liter Waasser kachen, dono püréieren.
GIEL FAARF: 2 Iessläffele Kurkuma mat 1 Liter Waasser vermëschen an opkachen.
Dono e Schotz Esseg bei dat faarwegt Waasser maachen, d’Eeër fir 10 Minutte matkachen. Dann 1-3 Stonnen dra leie loossen. Een Ouerestäbchen an Esseg zappen, elo kanns du deng Eeër nach e bësse verschéineren.
roude Kabes
rout Kurkuma Rommel
Wousst du, datt op all Ee e Code dropsteet: z.B. 0-LU-012345. 0 ass d‘Haltungsform, dës ass duerch Zuele vun 0-3 gekennzeechent a bedeiten: 0= ökologesch Haltung/Bio, 1= Fräilandhaltung, 2= Buedemhaltung 3= Käfeghaltung. LU ass d‘Hierkonftsland an déi vill Zuelen hannendru ginn de Betrib un. Kuck dir och emol deng Eeër doheem un. 24 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022 I TEXT: ANNE-MARIE BIS
De Goldschakal zu Lëtzebuerg?
nach kee Goldschakal Bis elo gouf zu Lëtzebuerg bei eisen däitschen nogewisen. Hien ass awer nerwee an dofir ass et Noperen an an Holland ën ch och emol kéint op net onméiglech, datt e se Lëtzebuerg verieren.
déier a gehéiert zur De Goldschakal ass e Raub ass enk mat de Wëllef Famill vun den Hënn. Hien ng wéi e Wollef, awer Famill, mee hien ass méi kle méi grouss wéi e Fuuss. Bierger ass hien alt méi Säi Fell ass goldgiel, an de etsaktiven Eenzelgänger, gro gefierft. Hien ass en nu Ruddel. D’Goldschakalen seele lieft hien am grousse sech trei a liewen a klenge hunn e feste Partner, si si Familjeruddelen. Jonk Goldschakalen
D’Naturverwaltung huet eng flott Broschür iwwer de Goldschakal erausginn. (Si ka bestallt ginn um 24756652 oder erofgeluede ginn op emwelt.lu) D’Naturverwaltung an den ‘natur musée’ lueden an op en intressante Virtrag iwwer de Goldschakal.
Goldschakal
Steckbréif
Hie sträift nuets duerch säi fest Revéier a markéiert et mat sengem Urin. D’Revéier besteet aus oppene Landschaften, net gär leeftZ hien Z duerch Zdicht Bëscher. Z ! Z ! um Balkan an Z Et gëtt vill Goldschakalen en ass am Gaang sech ëmmer méi no Norden ze verbreeden. Mëttlerweil lieft hie ZZ ! Z schonn an Norditalien, Ungarn, Eisträich, Däitschland, Schwäiz, Holland; bis erop an Dänemark a Finnland ass hie scho gewandert. Säi Kierper ass 80-95 Zentimeter laang Z a 35-50 Zentimeter héich, de Schwanz ZZ ! Z moosst ZZ20-30 Zentimeter. E weit 8-10 Kilo.
Z ZZ
!
De Goldschakal kann 8- 14 Joer al ginn.
Hie schläicht sech geduckt u kleng Déieren erun, rennt da séier a spréngt mat engem kuerze Saz op seng Beute. Mat engem kräftege Bëss gëtt se doutgebass. Wann d‘Schakalen zu 2 oder méi zesummen op d’Juegd ginn, hu se vill méi Erfolleg. Si friessen awer och Insekten, Vullen a Fräschen.
!
Säi Feind ass de Wollef. D’Mamm sichtZ am Hierscht eng Hiel, wou Z ! ginn. Am Ufank si Z 6-9 kleng Welpe gebuer se blann, awer se hu schonn e Fell a se gi mat Mëllech geniert.
Goldschakal, Goldschakal, chacal doré, golden jackal, Canis aureus Z ! ZZ
TEXT: FRANÇOISE THEISEN I WËSSENSCHAFTLECHE ROT: LAURENT SCHLEY, ANF
25 S
Indien, Tierkei, Lë
Déi beige-gro Tierkendauf ass méi grouss wéi eng Märel, awer méi kleng wéi eng Kréi (Elster). Si ass ganz liicht um schwaarze Rank an der Akaul ze erkennen. 26 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
ëtzebuerg
1901-1932 Island
Finland Russland
Norwegen
Schweden Estland Lettland
Dänemark
Irland
Litauen Russland
Groussbritannien
Haut kanns du der Tierkendauf an de meeschten Uertschaften zu Lëtzebuerg begéinen.
Viru 60 Joer war dat awer nach ganz anescht, well zu där Zäit ass si eréischt an ons Géigenden agewandert. D’Tierkendauf kënnt eigentlech aus Indien an de Nopeschlänner. Vun do aus huet si sech no Weste bis an d’Tierkei ausgebreet.
Däitschland
Italien
Spuenien
Algerien
Virun 100 Joer ass si just a Griicheland an um Balkan virkomm. Méiglecherweis haten d’Tierke si mat an déi Géigende geholl, dofir ass si och Tierkendauf genannt ginn.
Éisträich
Schwäiz
Portugal
Maroc
Ukrain
Tschechesch Republik
Frankräich
Balearen
Belarus
Polen
Holland Belsch
Korsika Sardinien
Slovakei
Ungarn Slovenien Rumänien Kroatien BosnienHerzegovina Serbien MonteBulgarien negro Kossovo Mazedonien Albanien
Moldawien Georgien
Türkei
Griechenland Sizilien
Sirien
Tunesien
Zypern
Libanon
Sirien
Vum Balkan ass si duerno no Norden a Weste geflunn. 1957 sinn déi éischte Kéier Tierkendauwe beim Bréien zu Lëtzebuerg beobacht ginn (bei Beetebuerg an Esch-Uelzecht).
1956 Island
Finland Russland Norwegen
Schweden
Estland Lettland
Dänemark
Litauen Russland
Irland Groussbritannien
Belarus
Belsch
Däitschland
Frankräich Schwäiz
Portugal
Korsika
Spuenien Balearen
Polen
Holland
Ukrain Tschechesch Republik Slovakei Moldawien Éisträich Ungarn Slovenien Rumänien Kroatien BosnienHerzegovina Serbien Italien Bulgarien Montenegro Kossovo Mazedonien Albanien
Sardinien
Island Türkei
Griechenland Sirien
Sizilien Maroc
Algerien
Tunesien
Haut
Georgien
Zypern
Libanon
Finland
Sirien
Russland
Norwegen
Schweden Estland Lettland
Dänemark
Irland
Litauen Russland
Groussbritannien
Polen
Holland Belsch
Belarus
Däitschland Ukrain
Tschechesch Republik
Haut ginn et ongeféier 1500 Koppele bei ons. Just an Nordeuropa ass d’Tierkendauf nach net ukomm.
Frankräich
Éisträich
Schwäiz
Italien
Portugal Spuenien
Korsika Balearen
Sardinien
Slovakei
Ungarn Slovenien Rumänien Kroatien BosnienHerzegovina Serbien MonteBulgarien negro Kossovo Mazedonien Albanien
Moldawien Georgien
Türkei
Griechenland Sizilien
Maroc
Algerien
Tunesien
Sirien Zypern
Libanon
Sirien
TEXT: CLAUDE HEIDT I
27
Firwat konnt d’Tierkendauf sech viru 60 Joer am ganze Land ausbreeden? An den Uertschaften huet dës Dauf vill Plaze fir hiert Nascht ze bauen an och genuch z’iesse fonnt. Doniewent ware wéineg Feinden do: just Kazen, mä bal keng Gräifvullen an och keng Kueben, well déi nach deemools geschoss gi sinn.
D’Tierkendauwe bauen hiert Nascht op Beem an och op Gebaier. D’Weibche leet 2 Eeër a kann 2-4 mol am Joer bréien.
Wéi bei all den Dauwe ginn déi Jonk an den éischten Deeg mat Krappmëllech gefiddert. Dës „Mëllech” gesäit wéi Stoffi aus a gëtt am Krapp vum Weibchen a vum Männche produzéiert. No e puer Deeg kréien déi Jonk da Som ze friessen. 28 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
Um Menü vun der Tierkendauf stinn nach Bieren, Friichten an Deeler vu Planzen an nëmmen heiansdo Insekten.
Am Wanter kommen d’Tierkendauwen och op Fudderplazen an de Gaart. Si bleiwen also dat ganzt Joer zu Lëtzebuerg.
D’Tierkendauwen hunn an onse Géigenden och kengen aneren Déiere geschuet a si ganz sécher eng Beräicherung fir ons Uertschaften.
TEXT: CLAUDE HEIDT I
29
V
ur
us
M
Me
rk
en
s ar
De Ris m Hien ass gigantesch an ouni Zweiwel de Planéit vun de Rekorder: De Jupiter.
30 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
turn N
Sa
ep
tun
mam rouden A Den Noper vu Mars a Saturn ass nawell en zolitte Luppes. Hien ass esou grouss, datt ons Äerd ouni Problem 1300 mol an hien erapasse géif. E risegrousse Gasball, deen nach esou munch Geheimnis a sech dréit. De Jupiter vun der Raumsond Juno aus gesinn.
Atmosphär aus enger Mëschung vu Waasserstoff an Helium
D`Wëssenschaftler hu schonns erausfonnt, datt dem Jupiter seng Atmosphär aus enger Mëschung vu Waasserstoff an Helium besteet. Si ginn och dovunner aus, datt déif am bannenzegste vun dësem Ris e Kär aus Gestengs an Äis ass, ongeféier vun der selwechter Gréisst wéi ons Äerd. Honnertprozenteg bewisen ass dat awer nach net. Wolleken um Jupiter vun der Raumsond Voyager1 aus gesinn.
Kär aus Gestengs an Äis
Awer net nëmmen a Saache Gréisst ass de Jupiter de Champion ënnert onse Planéiten. De Präis fir de kierzten Dag an onsem Sonnesystem geet och un hien. En dréit sech mat méi wéi 45.000 km an der Stonn ëm seng eegen Achs. Säin Dag dauert also net mol 10 Stonnen. TEXT: MIKE HAGEN I
31
An déi enorm Vitess mat där hie rotéiert, bréngt mat sech, datt nawell eng zerguttstert lass ass op senger Uewerfläch. Hei stiermt et, datt d’Fatze fléien. Der Wëssenschaft ass et 2021 gelongen, Wandgeschwindegkeete vu bal 1500 km/h um Jupiter ze moossen.
Stierm um Jupiter sengem Nordpol
32 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022
De Galileo Galilei
“
Änlech wéi de Saturn, huet och de Jupiter e Rank. Mat engem Duerchmiesser vun iwwer 640.000 km ass dee Rank jo net grad e klenge Kadett, awer dach schwéier ze erkennen. Dat kënnt dohier, datt en nëmmen hauchdënn ass an aus klinzeg klengen Äis- a Stëbsdeeler besteet.
Och du kanns dës Stierm mat Hëllef vun engem Teleskop oder enger gudder Spektiv beobachten. Erkenne kanns de se als roudelzeg Linnen a Flecken op der Uewerfläch vum Planéit. Berüümt ass jo dem Jupiter säi rout A“, dat schonns 1664 vum engleschen Astronom Robert Hooke entdeckt gouf. Et ass e Mega-Wierbelstuerm mat engem Duerchmiesser vu 16.000 Km (do géif esouguer ons ganz Äerd erapassen!), deen elo schonns méi wéi 300 Joer am südlechen Deel vum Jupiter huerelt. Awer och eng sëllege Mounde jauwe ronderëm de Jupiter. Et sinn der net manner wéi 69, déi bis haut bekannt sinn, an do wäerten och bestëmmt nach e puer onentdeckter erëm flitzen. Déi gréissten a berüümteste sinn d’galileeësch Mounden Io, Europa, Ganymed a Callisto. Si goufen am Joer 1610 vum italienesche Geléierte Galileo Galilei mat engem einfachen an nach zimlech ongeneeën Teleskop entdeckt.
Io
Europa
Ganymed
Callisto
D’galileeësch Mounden: Io: Dësen Himmelskierper, vun
der Gréisst vun onsem Mound, ëmkreest de Jupiter an eppes méi wéi 42 Stonnen op enger Distanz vun ongeféier 350.000 km. Et ass e Vulkanmound op deem et nawell ferm rubbelt a späizt. Seng Uewerfläch glënnert orange-giel am Teleskop. D’Wëssenschaft féiert dat op de ville Schwiefel zeréck, deen duerch d’Vulkaner erausgespaut gëtt. Och gutt ze erkennen ass de Krater Loki Patera, deen net manner wéi 200 km am Duerchmiesser huet.
Europa: e besonnesch
intressante Begleeder vum Jupiter! D’Astronomen huelen un, datt de Mound Europa e feste Kär aus Eisen huet a komplett vun engem risege Salzwaasserséi bedeckt ass. Dëse läit dann nees ënner enger zolitter Äiskuuscht verstoppt. Hei kéint sech, der Wëssenschaft no, vläicht Liewen entwéckelt hunn – ob dës Theorie vum Europa-Alien stëmmt, muss awer nach erfuerscht ginn.
Callisto: En Äismound,
vun der Gréisst vum Planéit Merkur, ass den drëttgréisste Mound am Sonnesystem. Hien ass iwwerséit mat déiwe Krateren.
Ganymed: Hien ass
de gréisste Mound am Sonnesystem. Mat engem Duerchmiesser vu 5262 km ass hien esouguer méi grouss wéi de Planéit Merkur, deen nëmme 4878 km an der Taille huet.
Wéini wuel d’Rätsele ronderëm de Jupiter a seng Mounde vun der Wëssenschaft geléist ginn? Et bleift spannend!
Steckbréif Jupiter Duerchmiesser Distanz zur Äerd Temperatur 1 Jupiterdag 1 Jupiterjoer Mounden
142.984 km 877 Millioune km ëm -130 Grad Celsius 9 Stonne 55 Minutten 11,86 Äerdejoer 69 bis haut bekannte Mounden. Déi bedeitendst sinn den Io, den Europa, de Ganymed an de Callisto. TEXT: MIKE HAGEN I
33
Well si nuets am Gehecks an op Beem ënnerwee sinn, kritt een d’Schléifer net dacks ze gesinn. Wëllt dir wëssen, ob bei iech am Gaart, Gaardenhaischen oder ënner dem Daach ee Schléifer wunnt?
2
1
… an de Buedem op 3 Säite lassschneiden.
Bei 2 Tetrapaken den Deckel ofschneiden …
Beim drëtten den Tetrapak och eiden. n Deckel ofsch Da jeweils an den der Mëtt vun nn ä w zwou Säite opschneiden.
Déi hallef Säiten op d’Récksäit klappen a ma t der Agraffeuse umaach en.
4
De wäisse Pabeier zouschneiden a mat Hëllef vun de Bürosklameren uspéngelen.
D’“Tënt“ um Schwämpchen/ der Fatz verreiwen.
9
8
De Spuerentunnel an eng Heck respektiv op d’Plaz, wou wou mer unhuelen, datt de Schléifer laanscht kënnt, stellen. Am beschten un engem horizontalen Aascht befestegen op enger Héicht vun 1-2-m.
Da bastelt ee Spuerentunnel! De Schléifer leeft duerch den Tunnel, iwwer en Tëntekëssen an hannerléisst seng Féissofdréck um wäisse Pabeier am Tunnel.
11
Durch dësen Tunnel ass ee virwëlzege Siweschléifer gelaf.
34 I DE PANEWIPPCHEN 1/2022 I TEXT: MICHELLE SCHALTZ
5
m“ De „Spuerebuede iechen an den Tunnel st ee zw i (esou, datt dé e sinn). Iwwerstänn uew
10
Dir kënnt d’Schléifer och ulackelen, andeems dir e Stéck Uebst oder e bësse Kakuettebotter an den Tunnel leet.
No 1-2 Deeg kontrolléieren, ob scho Spueren dra sinn, an d’„Tënt“ nofëllen, wann et néideg ass.
12
D
De Schléifer op der Spuer Dir braucht: 3 eidel (ausgewäsch) Tetrapaken, Schéier, Scotch, Agraffeuse, Pechpistoul, Schwämpchen/al Spulllomp, wäisst Blat, 4 Bürosklameren, „Tënt-Mëschung“: 40g Aktivkuel + 90g Rapsueleg (Konsistenz wéi Zännseef)
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum Redaktiounskommitee:
A.-M. Bis, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Nossem, F. Theisen.
Texter:
L. Berchem, A.-M. Bis, C. Greisen, P. Delhalt, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, M. Nossem, M. Schaltz, F. Theisen.
3
De Schwämpchen oder d’Fatz op d’Gréisst vum Tunnel zouschneiden. Mat der Pechpistoul an der Mëtt (um Buedem vum Tetrapak) festpechen.
Grafik an Illustratioun:
Déi zwee Tetr apaken anen ee stiechen, eso u, datt déi zw ee lasse Biedem op enger Säit jeeweils no b ausse kucken . (Si maachen op all Säit vum Tunnel en Iww erdaach, fir datt et net era reent.)
6
7
Et si Spueren am Tunnel! – An elo? D’Spuere vu klenge Mamendéieren ze bestëmmen, ass net einfach. Schéckt eis är Spueren (oder eng Foto) mat der Adress (oder Koordinaten), dem Datum an enger Telefonsnummer oder E-Mailadress. Mir hëllefen iech da bei der Bestëmmung an droen är Observatioun an d’Datebank iNaturalist.lu an.
Tëschebilanz Aktioun Schléifer Wéi vill Schléifer goufe gemellt a wéi ass hir Verbreedung?
Am éischte Joer vun der Aktioun goufen 58 Schléifer iwwer iNaturalist, E-mail oder Telefon gemellt. Dovu konnten der 20 duerch Fotoe beluecht ginn. Eng flott Zuel, bedenkt een, datt d’Schléifer virun allem Nuets ënnerwee sinn a sou kleng a flénk sinn, datt ee scho ganz vill Chance muss hunn, fir engem Schléifer ze begéinen, oder souguer eng Foto ze maachen. De Gaardeschléifer ass deen am heefegste begéinte Schléifer vun der Aktioun. Hie gouf 24 Mol gemellt a kënnt virun allem am Oste vum Land vir (Ettelbréck, Fueren a Veianen). An de Bongerten, Fielshäng an Dréchemauere fillt de Gaardeschléifer sech wuel.
https://naturelo.meco.lu/projekt/aktioun-schleifer/
Mouvement Ecologique asbl 6, rue Vauban L-2663 Luxembourg Tel: (+352) 439030-1 Fax : (+352) 439030-43 natur@oeko.lu
S. Goerens, M.-P. Goetzinger, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.
Fotoen:
S1 Simone Schneider S2 Hannergrond: shutterstock, aner: mnhn S4&5 Hannergrond: Damien Grouille, Vulkan: NASA S6&7 Hannergrond: NASA, schwaarz-wäiss Fotoen: NOAA, Vulkan virdrun: Planet Labs, Vulkan dono: ESA, Äschen: NZD, aner: mnhn S8 aka S9 Larv: KKPCW, aus der Popp: Abrahami, aner: shutterstock S13 mnhn S14 Schmuebel: DDd, Kou läit: Kim Hansen, Kéi stinn: Jean-Pol Grandmont S16&17 mnhn S18-21 mnhn S22&23 Hannergrond: shutterstock, aner: mnhn S24 mnhn S25 Goldschakal läit: Вых Пыхманн, aner: shutterstock S26 Charles J. Sharp S28&29 Hannergrond: shutterstock, Dauf um Nascht: Dr Raju Kasambe, Eeër: Anfrx, Dauf mat Jonkem: Pupsoid, Dauf: Roy Hincliff/shutterstock, 2 Dauwen: shutterstock, Dauf beim Waasser: Mark Winterbourne S30&31 NASA S32 Jupiter Stierm: M.H.Wong (UC Berkeley) et al., Stierm Nordpol an Rout An: NASA, aner: public domain S33 Mounden: NASA, Europa: Kevin Gill, aner: public domain S34&35 Hannergrond: AdobeStock, aner: Michelle Schaltz S36 shutterstock, mnhn Poster vir: Diplodocusschwanz: Raimond Spekking, Leguanschwanz: Richard Bartz, aner: shutterstock Poster hannen: Violettscheitelflaggensylphe: Thibaudaronson, Pohunn: Koshy Koshy, aner: shutterstock
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
I 35