Panewippchen 2/2022 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1

Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus

N° 139 2/2022

Dës Nummer gouf gemaach an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère

www.panda-club.lu


News

Den Uhu an der Stad

Dëst Joer huet den Uhu erëm an enger Fielsspléck an der Stad gebréit.

Am Mäerz waren nach 2 Spuervullen an der selwechter Fielswand ze gesinn. Dëse Gräifvull huet vun 2009 bis 2019 all Joers Jonker op där Plaz opgezunn. Obschonns 2020 an 2021 och Spuervullen do waren, konnten awer keng jonk Vulle gesi ginn.

D’Uhuweibche leet d’Eeër an engem Ofstand vun 2 bis 3 Deeg, mä fänkt wéi all Eilen nom éischten Ee u mat Bréien. Dofir klammen déi Jonk och an engem Ofstand vun e puer Deeg aus den Eeër an hunn net déi selwecht Gréisst. Op der Brutplaz ware masseg schwaarz Plommen ze gesinn, sou datt déi Jonk haaptsächlech mat Kuebe gefiddert gi sinn. Et ass iwwregens net déi éischte Kéier datt en Uhu an dësem Fiels bréit: 1986 sinn 3 Jonker an 1987 just 2 Jonker op der Plaz ausgeflunn.

Den Uhu huet also d’ Spuervullen dëst Joer verdriwwen oder souguer giess. Um Menu vum Uhu sti Kueben, Dauwen, Gräifvullen, Raten an aner Déieren. Dëst Joer haten d’Uhuen an der Stad 4 Jonker. Op der Foto vum 5. Mee ass den Ënnerscheed an der Gréisst vun den 2 Jonken däitlech ze gesinn. Si hu schonns kleng Flilleken a sinn also op d’mannst 4-5 Wochen al. Si kënnen awer eréischt mat 8-9 Woche richteg fléien. TEXT: CLAUDE HEIDT

De Panewippchen huet e Bridderchen Am Joer 1987 huet den ʹnatur muséeʹ déi éischt Nummer vum „Panewippchen” erausginn. Et ass eng Zeitung op Lëtzebuergesch, fir Kanner vu 6 bis 12 Joer, iwwer Déieren a Planzen, eis Ëmwelt, den Universum… Am „Panewippchen”, deen s du lo grad lies, geet et op de Säite fir Éischtlieser (mat ville Biller a wéineg Text) ëm e rare Vull: de Piwitsch. „De Piwitsch” ass zoufälleg och den Numm vun enger neier Zeitung „fir d’Welt besser ze verstoen”. Den Educatiounsministère mécht se mat a fir Kanner aus den Zyklen 3 a 4. Wat dech alles an dëser neier Zeitung erwaart, gëss du hei gewuer: www.piwitsch.lu 2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

Leit ur musé e’ fir jonk Zeit ung vum ‘nat

De Panewippchen

De Panewippchen kënnt

4x am Joer eraus

PiWi

N° 138 1/2022

u www.panda-club.l

PaWi

TEXT: GUY KERSCH


PW 2/2022 De Mëllerdall - Geopark!

Den Natur-a Geopark Mëllerdall ass elo offiziell am Netzwierk vun den UNESCO Global Geoparks derbäi! Domat gëtt d‘Bedeitung vun dëser Landschaft mat hirer eemoleger Geologie international unerkannt; grad wéi d‘Vulkanlandschaft aus der Äifel, d’Ockerfielsen aus Südfrankräich, riseg Hielesystemer a China oder d’Wéi vun der Mënschheet am ostafrikanesche Rift-Valley. Déi 147 Geoparken uechtert d’ganz Welt schaffen zesummen, fir d’Landschaften ze schützen, d’Leit ze sensibiliséieren an d’Regiounen nohalteg weider ze entwéckelen.

TEXT: CARMEN GREISEN

SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 2/2022 Theema: Beweegung mécht Spaass SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 SCHNËTZELJUEGD AM BËSCH SÄIT 8 KNIWWELEN Humus selwer man SÄIT 10 FIR D’ÉISCHTLIESER De Piwitsch SÄIT 12 REDAKTER FIR EN HALLWEN DAG De Fuuss SÄIT 18 RÄTSEL SÄIT 19 FIR MATZESANGEN Harespeltango SÄIT 20 DEN AMIROL SÄIT 24 BAMSCHEIWEN SÄIT 30 DEN URANUS SÄIT 34 HARESPELEN SÄIT 38 KNIWWELEN Gedrénksdeckelen Impressum SÄIT 40 ‘natur musée’

+2+1+2+1+2+1(+2+1…) +2+1+2+1+1+2+1(+2+1+1…) +2 +1

1

+2

8

+1

+2

3 +1

+2 +1 +1

4

+2

11

10

7 6

+1

7

9 +2

+1

10

Opléisung vun de Rätselen op der Säit 18:

Wat ass dran?

I3

Sonneblumm Bamscheif Fuussebau Hunnegwabe Harespelnascht Zesummegesate Wierder:


Beweegung

mécht

B e s we e g s a t a un w e w s i c s r h u t eg g Fi oba ? d Beweegung o o o o

suergt dofir, datt deng Muskelen a Schanke sech tipptopp opbauen, dat mécht dech staark!

stäerkt däin Immunsystem, dat heescht, däi Kierper kritt sech gutt géint Viren a Keime gewiert an du gëss net séier krank! mécht, datt s du geschéckerlech a gewieweg bass, e gutt Gläichgewiicht hues a bei Spiller a Coursen d’Nues vir hues! hëlleft, wann s du nervös oder wibbeleg bass, grad vu Roserei platz oder dech langweils, e bësse mockeleg bass, net gutt aschlofe kanns, …

o

mécht Spaass! Besonnesch dobaussen an zesumme mat Frënn oder Famill.

4 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


g dobausse

Spaass!

Beweeg dech op d’mannst 60 Minutten am Dag!

TEXT: ANNE MARX I

5


ann ech me k u Woausse beweegech b n? o d Am Beschten an der Natur! Hei zu Lëtzebuerg ass ëmmer e Bësch net wäit ewech. A wann s du net grad ee virun der Hausdier hues, dann huel de Vëlo fir bis dohin ;) Hei fënns du flott Weeër:

https://petitweb.lu/sorties_type/promenades-en-foret/?ancestor=178 https://luxembourg.public.lu/fr/visiter/activites/circuits-enfants.html https://www.alltrails.com/fr/luxembourg/luxembourg/kids https://www.mullerthal.lu/fr/decouvrir/kids/randonnees-pour-enfants https://www.geoportail.lu/lb/froen/wou-fannen-ech-wanderweer-zu-letzebuerg/ https://www.visitluxembourg.com/de/luxemburg-erleben/natur-outdoor/wandern https://www.naturemwelt.lu/wp-content/uploads/2022/03/regulus-En-Dag-an-der-Natur-DE.pdf

Vläicht kënnt der jo mol zesumme mat der ganzer Klass zu Fouss, mat der Trottinett oder mam Vëlo eraus an d‘Natur? Fro mol däi Schoulmeeschter oder deng Joffer.

h al e n e r e v é i h a m B ës c h W ec ch ? m Fir eis Natur ze schützen, gëllen déi hei Reegelen:

o o o o o o

Bleif um Wee. Hal den Hond un der Léngt. Gehei kee Knascht an d’Natur. Maach kee Kaméidi. Rapp keng Planzen eraus. Looss d‘Déieren, och d‘Insekten, a Rou. (kuck och PW 1/2020, Säit 4-5)

6 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


"BeweegungsSchnëtzeljuegd" Du kanns d’Schnëtzeljuegd am Bësch och e puer mol man. Zum Beispill, eemol bei guddem Wieder an eemol bei Reen oder op engem neie Wee. Du fënns och bestëmmt ënnerwee nach aner Beispiller vu klengen ‚Challenges‘.

| | | |

| | | |

| | | |

t). o propper oder huel Händsche ma

deng Hänn don • Raf fënnefmol Knascht op (Maach

• Maach eng Bliederschluecht. • Balancéier iwwer ee Bamstamm. • Sprang ee Pull eidel.

| | | |

• Sprang an de Bulli. Vergläicht är

Suelenofdréck am Bulli.

• Sich Déierespueren a géi hinnen

no (Kuck PW 4/2019 Säit 12-15) ëm

der beim fënneften, laf fënnefmol ron a em Be rte Aa en idd sch ver 5 h • Sic de Bam. pklammen. • Sich e Bam wou s de kanns ero • Sich:

| | | | | | | |

| | | |

| | | |

• en eidelt Schleekenhaischen an

dréi dech dräimol am Krees.

• 1 gréng Fruucht, 1 rout Fruucht,

).

n a sprang driwwer (net ausrappen

• 3 Blummen a verschidde Faarwe

1 blo/mof Fruucht (net iessen). mol an d’Knéien.

• 1 Blat mat 5 Zacken a géi fënnef

derëm leien.

• Bau en Tuerm mat Steng, déi ron

• Lee Forme mat Bengelen, déi um • Maach d‘Déieren aus dem Bësch fir eent et ass. •…

Buedem leien. no, a looss déi aner roden, wat

TEXT: ANNE MARX I

7


Humus Du brauchs: 110 g Kicherierbessen 1 Knuewelekszéif 2 Iessläffele Waasser Jus vun enger hallwer Zitroun 2 Iessläffelen Tahin (Sesampast) 1 Pouz Salz 1 Iessläffel Olivenueleg ½ Téiläffel Paprikapolver

Kicherierbessen, Knuewelek, Waasser, Zitrounejus, Tahin a Salz an eng Schossel ginn.

3

5

Olivenueleg mat Paprikapolver mëschen an iwwer den Hummus ginn. 8 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


2

Knuewelek schielen a kleng schneiden.

1

Kicherierbessen an eng Passett schëdden an ofdrëpse loossen.

Alles zesumme püréieren, bis et eng homogeen Mass ass.

4

Muerten oder Konischonge kanns du gutt an den Hummus dippen. Op der Schmier schmaacht den Hummus awer och ganz lecker.

😊

Gudden Appetit! TEXT: ANNE-MARIE BIS I

9


De Piwitsch

Kiebitz, vanneau huppé, northern lapwing, Vanellus vanellus De Piwitsch ass ongeféier sou grouss wéi eng Dauf. Hie lieft an oppenen, flaache Landschaften, vu Westeuropa bis an Ostasien. A ville Länner sinn d’Piwitschen an de leschten 30 Joer ëmmer méi rar ginn. Zu Lëtzebuerg 10 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

bréien nach héchstens 10 Koppelen.


D’Piwitsche sinn Zuchvullen.

Si friesse virun allem Wierm an Insekten.

D’Piwitsche leeën hir Eeër an eng Kaul um Buedem, an do bréie si se och aus.

Kuerz nodeem se aus dem Ee geklomme sinn, kënnen déi kleng Piwitsche lafen. No 5 Woche fléie se schonns.

Déi meescht Piwitschkoppele bleiwen hiert ganzt Liewe laang zesummen. TEXT: GUY KERSCH I

11


Redakter fir en hall Laure

Tim

Luka Axel

12 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

Dësen Artikel, d’Fotoen, de Säitelayout an déi selw aus dem Panda Club kreéiert ginn. Wéi si mir virgaang: Aus de Kanner hiren agereech zréckbehal. Wärend der Aktivitéit «Redakter fir en hallwen Dag» gemaach, Artikele geschriwwen, no passende Biller D’Resultat heivu kënnt dir iech op den nächste Säit Een décke Merci un d’Laure, den Axel, de Luka an

Fuuss


lwen Dag

wer gemoolte Biller si vu 4 Kanner

hte Liblingstheeme gouf d’Theema

» hu mir zesummen eng Recherche r gesicht a si selwer kreativ ginn :) ten ukucken. den Tim fir déi super Aarbecht :)

Wëlls och du däin eegenen Artikel schreiwen, da mell dech fir déi nächst «Redakter fir en hallwen Dag»Aktivitéit vum Panda Club de 4. August 2022 un!

TEXT: AXEL, LUKA, LAURE AN TIM MAM ANNE-MARIE BIS I

13


RENARD ROUX

Aspect: Le pelage est blanc et orange/brun. Âge: jusqu’à 6 ans

Z ZZ

!

Taille: 40 cm de hauteur

!

Poids: jusqu’à Z presque 7 kg

Z Z tout, il va tout seul à la chasse. Nourriture: Il mange Habitat: Il habite dans la forêt et parfois dans Z la ville.

!

Il estZ actif pendant la nuit. ZZ

ZZ

!

ZZ

!

Z Famille: Il appartient à la famille des chiens.

Z ZZ

!

14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

Points intéressants: Il fait bien attention aux voitures et au Luxembourg les chasseurs n’ont pas le droit de le chasser.


Der ROTFUCHS

Er ist orange und weiß.

Der Rotfuchs ist 40 cm groß.

Er frisst fast alles. ZZ

Z

!

Er wiegt 7 Kilogramm. Er lebt überall, außer in Südamerika.

!

!

Z ZZ

Er lebt bis 6 Jahre.

Er ist ein Raubtier.

Z ZZ

Er lebt im Rudel.

Z ZZ

!

!

!

TEXT: AXEL, LUKA, LAURE, TIM MAM ANNE-MARIE BIS I

15


Wat kënne Fiiss besonnesch gutt? D’Fiiss kënne besonnesch gutt héieren, si kënnen eng Maus aus ongeféier 100 m Entfernung quiiksen héieren. Fir wat déngen d’Oueren? D’Oueren déngen, ënner anerem, fir datt si nuets op der Juegd hiert Affer fänke kënnen. Sinn d’Fiiss an der Nuecht oder am Dag aktiv? Aneschters wéi de Mënsch, schléift de Fuuss normalerweis daagsiwwer an enger Stopp. An der Dämmerung erwächt en an da geet et op d’Juegd. Wat frësst de Fuuss? Op dem Menu sti Mais, Kanéngercher, Insekten, Aas, Offall an heiansdo Friichten. Wisou liewen d’Fiiss an der Stad? Fiiss liewen an der Stad, well et hei kamoud a sécher ass. D’Fuerscher hu festgestallt, datt d’Fiiss am Bësch an op de Felder net esou gutt Fudder fanne wéi an der Stad.

Wéivill Klenger kritt de Fuuss? De Fuuss kritt ongeféier 5 Jonker. Wéi heescht dem Fuuss seng Fra? Féchsin (Fähe op Däitsch). Wéivill Fiiss liewen zu Berlin? 4.000 Stéck. Ginn et genuch Stoppen an der Stad? Jo et gi gutt Stoppen, an zwar am Park, a gousse Gäert, an alen Industriegebidder an och bei de Stroossen. Viru wat hunn d‘Fiiss Angscht an der Stad? Viru Muppen. Musse mir viru Fiiss an der Stad Angscht hunn? Neen, et muss ee keng Angscht hunn, well wann s du him näischt dees, dann deet hien dir och näischt. Wat friesse si an der Stad? Et gi Raten a Mais am Iwwerfloss. An de Parke ginn et genuch oppen Dreckskëschte mat Reschter vum leschte Picknick. An de Gäert a Virgäert kann een am Kompost wullen oder Fudderschossele vun den Hausdéiere plëmmen. 16 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


Weis dem Fuuss de Wee fir a säi Bau!

Laure

TEXT: AXEL, LUKA, LAURE, TIM MAM ANNE-MARIE BIS I

17


?

Fann dës zesummegesate Wierder:

+

= _ _ _ _ _ b_ _ _ _ _

+

= _ _ _ _ c_ h_ _ _ _

+

= _ u_ _ _ _ _ _ _ _u

+

= _ _ _ _n _ _ w ____

+

s_ c__ = _____p ______

7 4 1

3

9

6 7 8

18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

Schreif d’Zifferen, déi feelen, an déi 2 eidel Waben.

10

D’Léisung fënns du op der Säit 3.


HaresppelTango

u.lu/pw

D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimam

TEXT: BOB MINETTE I

19


Admirol Admiral, vulcain, red admiral, Vanessa atalanta.

Den Admirol ass liicht ze erkennen: 50-60 mm (Flilleken auserneen), lieft a Wisen an um Bëschrand. En ass am ganze Land ze gesinn.

20 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


Päiperleken ënnerwee

Enn Abrëll fléien normalerweis déi éischt Admirolen hei zu Lëtzebuerg. An deem Moment hunn dës Päiperleken awer schonns eng laang Rees hanneru sech. Si kommen nämlech aus Südfrankräich an aus Spuenie bis bei ons geflunn. Knapps ukomm, probéiere si e Partner ze fannen. Huet dat geklappt, sicht d’Weibchen

no Brennnesselen, fir

Irland Groussbritannien Holland Belsch

Däitschland

Frankräich Schwäiz Italien Portugal Spuenien

Korsika Balearen

Sardinien

seng Eeër drop ofzeleeën. D’Raupen, déi aus den Eeër klammen, si ganz kriddeleg, well si friessen nëmme Blieder vu Brennnesselen. Déi erwuesse Päiperleken awer suckelen Nektar op ganz ville Planzen: Päiperleksstrauch, Téimerjännchen, Hodar, Mënz a vill aner (awer keng Brennnessel).

Am Hierscht kanns du den Admirol och op ganz zeidege Friichte gesinn. Heiansdo komme si souguer de Schweess op d’Haut vum Mënsch suckelen.

TEXT: CLAUDE HEIDT I

21


Keesermantel

Kaisermantel, tabac d’espagne, silver-washed fritillary, Argynnis paphia

schten e e m e d n Och bei erleke friesse äip anere P t Deeler e jus lanzen. d’Raup P t r o Z er vun eng mmer leeën ë Mee net her hir Eeër rc d’Weibe dës Planz. p direkt o

se e grous l, e t n a serm cher, De Kee aus onse Bës u k lv Päiperle ër an d’Schue ee leet d’E Fichten. a Kiferen

fueren e e p u a r s k i D’Päiperle us der Haut, wa s kten e puermol a ’Haut bei den Ins at. m D wuessen. aart a wiisst net h ass ganz Wochen verpoppt mmt No e puer ch an do eraus klë erlek. e d’Raup s n erwuessene Päip e spéider d maache si sech em h g Natierlec t op d’Sich no en k dann dire Partner.

22 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

Déi Raup, déi do eraus klëmmt, frësst näischt; si spënnt sech e Kokon fir ze iwwerwanteren. Am Fréijoer klëmmt d’Raup aus dem Kokon a krabbelt bis bei Veilercher fir déi ze friessen – awer just an der Nuecht. Am Dag verstoppt si sech ënner de Blieder.


Irland Groussbritannien Holland Belsch

Däitschland

Frankräich Schwäiz Italien Portugal Spuenien

Korsika Balearen

Sardinien

Am Hierscht fléien déi erwuessen Admirolen normalerweis erëm a Südfrankräich oder a Spuenie fir ze iwwerwanteren. Et sinn awer net déi selwecht Päiperleken, déi am Fréijoer aus dem Süde bei ons komm sinn, déi

sech op d’Rees maachen. Päiperleke liewe just e puer Wochen, et sinn also hir „Kanner“. Well et awer duerch de Klima-Wiessel ëmmer méi waarm gëtt, wäerte warscheinlech an Zukunft och Admirolen an onse Géigenden iwwerwanteren.

Aner Wander-Päiperleke bei ons sinn den Dëschtel- an de Kolibri-Päiperlek; an Amerika gëtt et de Monarch-Päiperlek. Fuerscher huelen un, datt sech d’Päiperleke fir ze zéien um Magnéitfeld vun der Äerd orientéieren.

Dëschtel-Päiperlek KolibriPäiperlek MonarchPäiperlek

Distelfalter, belle-dame, painted lady, Vanessa cardui

Taubenschwänzchen, moro-sphinx, hummingbird hawk-moth, Macroglossum stellatarum

Monarchfalter, monarque, monarch butterfly, Danaus plexippus

TEXT: CLAUDE HEIDT I

23


Faarweg an insektefrëndlech?

24 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


Weess du, wat eng Bamscheif ass? Jo, genee! Mee fir e Gäertner ass dat hei eng Bamscheif!

Dat ass déi Fläch ronderëm dat ënnescht Enn vum Bamstamm. Dës Plaz kann onbeplanzt sinn. Do wou d’Bamscheif plakeg ass, gesäit et leider dacks esou aus, bää!

E Bambeet ass awer keng Hondstoilette! Panewippchen, hues du eng Léisung? TEXT: MURIEL NOSSEM I

25


A wann et da keen Hondskacka ass, da gesäit een dacks dat doten, och bää!

Hei eng kreativ Initiativ vun Awunner aus der Stad Lëtzebuerg.

26 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


Faarweg an insektefrëndlech? Virdeel 1:

An der Stad gesäit et dach vill méi schéin aus, wann d’Beem eng Villfalt vu Planzen, faarweg Bléien a Gréngs ronderëm hire Stamm hunn.

Virdeel 2: D‘Bléien hëllefe villen Insekten, déi Bléiestëbs an Nektar sichen. D‘Päiperleke fannen eng Plaz fir hir Eeër ze leeën, d’Spanne kënne sech gutt verstoppen. Wou vill Insekte sinn, do kommen och vill Vullen an aner Déieren hin, fir Insekten ze friessen. Huet de Bam da mol zevill Lais a Raupen, déi dem Bam schuede kéinten, da sinn d‘Vullen do fir déi ze friessen.

Virdeel 3: Do wou Planze wuessen, ass de Buedem opgelackert. Sou kommen d’Waasser an de Sauerstoff besser bei d’Bamwuerzelen.

Virdeel 4: Do wou Gréngs wiisst, ginn et méi Buedemdéieren. Och dat hëlleft de Bamwuerzele besser ze wuessen.

Virdeel 5: Eng Planzendecke mécht, datt d‘Waasser am Buedem manner séier verdonst, d‘Bamwuerzele verdréchne manner a versuergen de Bam méi laang mat Närstoffer.

Virdeel 6: Domat droen all dës Planzen och dozou bäi, d’Stadklima ze verbesseren! (ënnert de Beem kann déi gefillten Temperatur bis zu 11 Grad manner sinn wéi wann nëmme Beton do wier.) TEXT: MURIEL NOSSEM I

27


Start eng Matmaach-Aktioun! Motivéier deng Elteren, deng Geschwëster an deng Famill fir Pätter oder Giedel vun engem Bam ze ginn. Fro och deng Noperen, ob si matmaache wëllen. 2. Stell dat Schëld an däi Bambeet.

1. Bestell dir bei der Stad Lëtzebuerg dëst Schëld, dat ass gratis. Esou gëss du Pätter oder Giedel vun engem Bam. Och an anere Gemenge gi spontan Bamscheiwegäertner gäre gesinn, oder op d’mannst a Rou wuddere gelooss.

3. Iwwerhuel Verantwortung fir däi Bam. Kuck, datt et him gutt geet.

Wéi eng Planzen däerfs du net planzen? Exotesch Blummen a Planzen, déi de Bam eropklamme wéi Wantergréng (Efeu). Setz keng gëfteg Planzen. Séin Planzesom mat enger Wëllplanzen-Sommëschung, déi typesch fir Lëtzebuerg ass!

4. Wiel Planzen aus wéi: Lavendel, Rosmarin, Bounekräitchen, Wëll Rousen, Summerblummen, déi Insekten ulackele wéi: giel Kaméileblumm, Éirepräis, Longekraut, Goldblumm, Blumme mat Knollen (Tulpen, Ouschterklacken)

Denk drun: - reegelméisseg de Buedem opzelackeren (net méi déif wéi 5 Zentimeter). Al Beem hu schonn déck Wuerzelen, pass op, datt s du déi net verletz. - ze nätzen. Schneit keng Äscht vum Bam of, dat man d’Gäertner. Wie sech elo nach traut den Hond do kacken ze loossen oder eng Tut mat Offall dohin ze stellen, deen huet näischt verstan!

28 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


D’Lune Lune wunnt mat senger Mamm Kochapane um Lampertsbierg. Hatt hëlleft hir gäer beim Fleege vun de Beeter. Si betreien 3 Inselbeeter (Square André) a 5 Beem um Lampertsbierg. A si wëllen der nach méi! Respekt fir deen Engagement!

TEXT: MURIEL NOSSEM I

29


s ar

Ju pi

V

ur

us

M

Me

rk

en

r te

En himmleche Hien dréit als eenzege Planéit en Numm vun enger griichescher Gottheet: den Uranus – Herrscher iwwer den Himmel.

30 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022


turn N

Sa

ep

tun

Kinnek Uranus

Äerd

De siwente Planéit aus onsem Sonnesysteem ass gläichzäiteg den drëttgréissten. Mat engem Duerchmiesser vu méi wéi 51.000 km passt hie gutt an d’Rei vun de Gasrise Jupiter, Saturn an Neptun. Ons Äerd géif net manner wéi 65 mol an hien erapassen – e majestéitesche Badetti! Dem William Herschel säin Teleskop

William Herschel

 De Kär vum Uranus besteet mat ganz grousser Warscheinlechkeet aus Gestengs a Metall. Doriwwer fanne mer dann de Mantel, eng Schicht aus deels gefruerenem, deels flëssegem Waasserstoff, Ammoniak a Methan. Dat Ganzt ass dann nach ëmginn vun enger Atmosphär aus liichte Gasen wéi Waasserstoff, Helium a Methan. An et ass grad dann och de Methan, dee mécht, datt mir de Planéit blo gesinn. Hie schléckt nämlech dee rouden an orangelzechen Spektrum vun der Luucht a léisst nëmmen dee bloelzeg-grénge Spektrum duerch.

Trotz senger Gréisst gouf hien eréischt 1781 vum Sir Wilhelm Herschel mam Teleskop erbléckst; als bloelzege Punkt glënnert en um Nuetshimmel. D’Astronomen erkläre sech seng Faarf duerch den Opbau vun dësem Gigant.

Atmosphär

Mantel Kär TEXT: MIKE HAGEN I

31


Den Uranus huet nach zwou apaart Eegenschaften: hien ass fatzeg séier a gläichzäiteg immens lues an hien huet sech nawell zerguttst op d’Säit geluecht. Flénk ass en, den Uranus, wann et drëms geet, sech ëm seng eegen Achs ze dréien. En Dag um Uranus dauert manner laang wéi bei ons op der Äerd, nämlech nëmmen 17 Stonnen a 14 Minutten. Beim Uranusjoer gesäit et dann awer ganz anescht aus. Net manner wéi 84 Joer brauch dëse Gasris fir eemol ronderëm d’Sonn ze „krauchen“. An d’Distanz déi hien dobäi zeréckleet ass gigantesch; ëm 9 Milliarde km laang ass säin Tour ronderëm onsen zentrale Stär.

D’Voyager 2 ass de 24. Januar 1986 beim Uranus laanscht gejauft.

42 Joer Summer um Südpol

ÄERD SONN

42 Joer Summer um Nordpol

Kappzerbrieches mécht den Astronomen awer nach ee Rätsel ronderëm den Uranus. Hien ass den eenzege Planéit an onsem Sonnesystem bei dem d’Nord-Süd-Achs net vun uewe no ënnen, mee vu vir no hanne geet. Do wou bäi ons den Äquator ass, si bei him d`Polen. Hien huet sech also einfach emol op d’Säit geluecht an et kéint ee mengen, hie géif wéi eng Mega-Jick ronderëm d’Sonn rullen. 32 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

D‘Wëssenschaft erkläert sech dëse Phänomen duerch e fatzege Knuppert zu der Zäit wéi de Planéit sech gebilt huet. Der Theorie no, ass hien deemools mat engem oder méi risegen Himmelskierper zesummegekraacht an dobäi op d’Säit gefall. Zanterhier rullt hien an dëser Positioun ronderëm d’Sonn. Dat bréngt awer mat sech, datt jeeweils eemol am Uranusjoer d’Sonn direkt iwwert dem Nord- resp. dem Südpol steet. Op dësem Planéit ass et also duerchaus normal, datt et op de Polen heiansdo méi schuckeleg waarm ass wéi um Äquator.


Begleet gëtt onsen himmlesche Kinnek vun enger sëllege Mounden. 27 sinn der bis haut bekannt an déi 4 gréissten Uriel, Umbriel, Titania an Oberon sinn tëschent 1100 an 1500 km déck.

De griichesche Gott Uranus

Dem Uranus seng 6 gréisst Mounden: Puck, Miranda, Uriel, Umbriel, Titania et Oberon.

1977 dunn huet d’Wëssenschaft och nach Reng ëm den Uranus entdeckt. Schwaarz wéi Kuel si se an dohier och net einfach ze erblécksen. Et goufe bis haut 13 dëser Réng ronderëm den Uranus gezielt.

Uranus Réng

Fir nach méi iwwert dëse majestéitesche Gigant gewuer ze ginn, plangt d’Wëssenschaft eng nei Missioun. Si wëllen an de Joren 2031 oder 2032 eng Fuerschungssonde op déi 13 Joer laang Rees bis bei den Uranus schécken. 2045 wësse mer da sécher méi iwwert den himmlesche Kinnek. Et bleift spannend.

Steckbréif Uranus Duerchmiesser Distanz zur Äerd Temperatur 1 Uranusdag 1 Jupiterjoer Mounden

51.118 km 2,6 Milliarde km ëm -180 Grad Celsius 17 Stonne 14 Minutten 84,02 Äerdejoer 27 bis haut bekannte Mounden. Déi bedeitendst sinn den Oberon an den Titania TEXT: MIKE HAGEN I

33


Harespelen

eis nëtzlech …… a lästeg Frënn

Harespele si ganz wichteg:

ebst ault U f e g chter. suer Fleeschres t n a Si e

S

d’P sen b ë t s i be

S

. lanzen

i l l In cke v é r d i ver

34 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

sekten.

ersc Si v

e mu h a ff

Holz. uschtegt


An heiansdo si si och Plogeeschter. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et ëm déi 300 Aarten Harespelen. Awer nëmmen 2 dovu ploen eis Mënschen, well si, nieft Bléiestëbs an Hunnegda*, dat gär hunn, wat an eisem Teller oder Glas ass.

ine Wespe, l, gemsepula vulgaris e p s e e h Har asp, V inlecommon w é w ge ê p e , c gu

All déi aner Aarten intresséiere sech net fir eist Iessen, si schloe sech léiwer de Bauch voll mat Insekten. he Wespe, el, Deutsc uropean p s e r a ,E ch H ropéenne däits /guêpe eu Vespula germanica / h c es anique jacket, w opä eur pe germ an yello m ê r u e g p/G w as

Déi zwou Harespelaarte liewen an enger Kolonie, déi nëmmen eng Saison iwwerdauert. Just d’Kinniginnen iwwerliewen de Wanter. Déi éischt waarm Deeg am Mäerz-Abrëll erwäche si aus hirem Wanterschlof a siche sech eng Plaz, fir en neit Nascht ze bauen an Eeër ze leeën. Hei gëtt fläisseg gebaut!

Tëschent Juni an August ass d’Harespelvollek am Gréissten. D’Aarbechterinne fléien eraus op d’Sich no Fudder fir den Nowuess. Tëschent August an Oktober stierwen d’Harespele lues a lues. Si brauche kee Fudder méi ze siche fir den Nowuess a fléien ouni Plang ronderëm. Da gi se magesch ugezu vu séissem Gedrénks a vun Iessen, wat oppen do läit. Wann et kal gëtt, bleiwe just d’Kinniginnen iwwreg a siche sech eng däischter Stopp fir ze iwwerwanteren.

*Hunnegda ass de séisse Kacka vun de Blatlais.

TEXT: SYLVIE HAGEN I

35


Wat maachen, wann d’Harespelen eis beim Iessen op der Terrass oder beim Picknick Gesellschaft leeschten?

Schonn ier d’Harespelkinnigin am Fréijoer eng Plaz sicht fir hiert Nascht, kënne mer eng Pabeierstut oder een zesummegeknujjelte Bakpabeier op eiser Terrass ophänken. D’Kinnigin mengt dann, do wier schonn en Nascht a sicht sech eng aner Plaz. D’Harespele sinn am Fong guer net un eis Mënschen intresséiert, si ginn eréischt aggressiv a picken, wa si sech bedrot fillen.

Do f

i

bleiwen! g e u o r t et: h c s e r he

Op kee Fall mat den Hänn ëm eis schloen an hektesch hin an hier lafen. D’Harespele spieren eis Angscht a fille sech ugegraff. Net probéieren d’Harespelen ewech ze blosen. Den CO2 an eisem Otem léist Alarm bei den Harespelen aus.

Fir d’Harespelen guer net eréischt unzelackelen, einfach en Deckel op eist séisst Gedrénks leeën (kuck Säit 42) an d’Schosselen an d’Plättele mam Iessen zoudecken. D’Reschter vum Iesse séier ofraumen. Wa mer giess hunn, de Mond an d’Fanger gutt ofwëschen.

Kaffi, deen ee verbrennt, oder Koffermënzen op der Terrass daachen näischt fir Harespele lass ze ginn.

Wann eng Harespel eis awer Gesellschaft leescht beim Iessen oder eis ze no kënnt, da kuckt iech dat schéint an interessant Déier mol fir d’éischt gutt un. Da kënne mer si roueg an duuss ewechdrécken, mat der Hand oder engem Stéck Pabeier.

36 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

Mir kënnen och probéieren d’Harespele vun eisem Iessen ofzelenken, andeems mer hinne Fudder (zeidegt Uebst a Fleeschreschter) gutt 5 Meter wäit ewech ubidden.


En Harespelsnascht bei eisem Haus oder eiser Terrass? Frot

d’Harespelberoder vun

„Natur an Ëmwelt”, si sinn

naturemwelt.lu

do, fir iech ze hëllefen.

https://www.naturemwelt.lu/nos-services/conseil-nature/ https://www.ebl.lu/publ/infografik-lasteg-summergascht-harespelen/

D’Naturschutzgesetz seet: «All Verstümmelung oder net gerechtfäerdegt Zerstéierung vu wëllen Déierenaarten ass verbueden». Dat gëllt och fir d’Harespelen an hiert Nascht!

Iwwregens:

D’Rettungsdéngschter (112) sprange just an, wann eng Urgence besteet, mat akuter Gefor fir Persounen!

E verloossent Harespelnascht an engem Vullenhaus.

An denkt drun: en Harespelsnascht dauert just eng Saison, spéitstens am November sinn d’Harespele souwisou fort. Da kënnt der déi fantastesch Konstruktioun aus Pabeier vun no bewonneren.

Kuck a lauschter mol enger Harespel no, wa si aalt Holz „sammelt”. Dat ass genial! TEXT: SYLVIE HAGEN I

37


Gedrénksdeckelen Schéier

Pech Karton

Pabeier Bic

Stell e Glas op d’Kopp op de Karton. Zeechen eng Linn ronderëm.

Schneit e Rondel aus, d bësse méi kleng ass, wé De Rondel soll an d’Gla

Fal zur Säit. Fal op den Eck.

Fal no uewen.

Dréin däi Gedrénksdeckel ëm a lee en op d’Glas.

Pech de Kartonsrondel an d’Mëtt drop. 38 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

Lo kriss de ke méi vu glësch Beien a Méck


De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum Redaktiounscomité:

A.-M. Bis, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Nossem, F. Theisen

Texter:

A.-M. Bis, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, J.-P. Majerus, A. Marx, M. Nossem, R. Weis, Axel, Luka, Laure an Tim

Grafik an Illustratioun: S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz

Fotoen:

Wat de Karton méi déck ass, wat den Deckel besser leie bleift!

deen e éi d’Linn. as passen.

Schneit e Véiereck vun ongeféier 13x13 Zentimeter aus dem Pabeier.

Fal auserneen.

✁ Schneit den ieweschten Eck ronn of.

S2 Hannergrond: shutterstock, aner: Claude Heidt S3 Mëllerdall uewen: Annabel, Wee Fielsen: Anna16, Trap Fiels: GilPe, Schéissentëmpel: VT98Fan S4&5 mnhn S6 Hannergrond: mnhn, aner: shutterstock S7 Schleek: Udo Schmit, Ahornblat: Robert Flogaus-Faust, Bliederschluecht: mnhn, Bengelkoup: Lagoda, Bengelbild: Dauvister, aner: shutterstock S8&9 mnhn S10 Staffan Kyrk S11 Piwitsch flitt: Bengt Nyman, Piwitsch Waasser: Matti Virtala, Eeër: Rasbak, Piwitsch Koppel: Mathias Krumbholz, aner: shutterstock S12&13 mnhn S14-17 Fuuss Mauer: shutterstock, aner: pixabay S20&21 Claude Heidt S22 shutterstock S23 Kolibripäiperlek: Claude Heidt, Moonarchpäiperleken: shutterstock S25-29 mnhn S30 NASA S31 Verglach Äerd-Uranus: NASA, aner: public domain S33 Uranus Réng: NASA, aner: public domain S34 Harespel op Bléi: John Tann, Harespel op Insekt: Robert Goossens, Harespel op Uebst: pjt56, aner: mnhn S35 Kapp gewéinlech Harespel: Tim Evison, Kapp europäesch Harespel: Entomart, europäesch Harespel: Fir0002, aner: mnhn S36 Harespelen op Jus, Gebeess a Fleesch: shutterstock, aner: mnhn S37 mnhn S38&39 mnhn Poster: Säit1: Lorblummen, jonk Meesen a Gënz: mnhn, Gehaansfénkelcher: Kazhidegu, Wiss: Simone Schneider, aner: shutterstock Säit2: Nëssmaart: Bolly, Niwwel: böhringer friedrich, Buergbrennen: Tristan Schmurr, Krukerten: Jang Schock, Käschtendéieren, Nëss a Käerz: mnhn, aner: shutterstock

De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé

Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

ee Besuch hterege ken! TEXT: JEMPI DINGSBUMS

I 39


L’esprit

Shizen

01.07 • 28.08 2022

La nature du Japon à travers ses 72 saisons 40 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022

natur musée 25, rue Münster 2160 Luxembourg mardi – dimanche, 10:00 – 18:00

Imprimé myclimate.org/01-22-313636


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.