Esou vill Liewen ënner eise Féiss!
Am Buedem liewe ganz vill kleng Liewewiesen. Si suergen dofir, datt eise Buedem
gesond ass a Planzen dra wuesse kënnen. Wéivill Déiere kennt dir, déi am Buedem liewen? Déi Bekanntst si warscheinlech de Wuerm, d´Seejomes, oder de Maulef. Mee am Buedem liewe ronn 80% vun all de Liewewiesen – Mikroorganismen, Bakterien, Pilzen, Déieren ,… - op dëser Welt. Also wierklech vill verschiddener.
Déi Déiercher liewen do, beweege sech a mussen op d’„Toilette“. Wierm a Seechomesse sinn d’Ingenieure vum Buedem, well si de Buedem ëmgruewen an esou dofir suergen, datt e gesond bleift. Si sinn also wierklech wichteg, fir datt d‘Planze
gutt kënne wuessen an d´Waasser gutt duerch de Buedem sickere kann. Dofir ass et och wichteg, datt de Mënsch oppasst, fir de Buedem net zevill zou ze betonnéieren, en ze kompriméieren oder en ze verschmotzen. Och duerch falscht Beschaffe kann et zu Erosioun kommen, also datt de Buedem ofgedro gëtt, an esou seng gutt Schichte verléiert. D’Déieren, déi do wunnen, brauchen e gesonde Buedem, an och de Mënsch muss Liewensmëttel produzéieren, brauch proppert Drénkwaasser an eng lieweg Natur.
Mustike vu Lëtzebuerg
Den ‘natur musée’ huet mam Francis Schaffner, engem Expert vun de Mustiken, zesummegeschafft
fir en éischte kompletten Atlas ze maache vun de Mustiken, déi et zu Lëtzebuerg ginn. Am Ganze goufen 28 verschidden
Aarte vu Mustiken hei zu
Lëtzebuerg fonnt. Am Atlas steet, wéi déi eenzel Mustiken heeschen, wéi se ausgesinn,
sech behuelen a wou se wunnen. Heifir goufe lieweg Mustiken, awer och Larven am ganze Land gesammelt: an der Natur, am landwirschaftleche Beräich an och a Wunngebitter. Déi „Nërdlech Haus-Mustik“ a „Stroum-Mustik“ sinn déi 2 Aarten, déi am wäiteste verbreet sinn hei am Land. Et goufe 5 Aarte fir d’éischt hei zu Lëtzebuerg fonnt: Refik, Rumänesch Nolmustik, Petragnani-
Nolmustik, Bescheide Mustik, FangernolHimmelmustik. Just eng invasiv Mustikenaart gouf fonnt: d’Japanesch Iergermustik.
Faszinéiert vun der Natur a vu Computeren?
«Digital Curator» heeschen déi Leit a Muséeën, déi all Ausstellungsstécker a Saachen aus de Kollektiounen digital späicheren (als 3D Scan oder Biller), matenee verlinken an interpretéiere kënnen, mat Hëllef vu Computeren an Datebanken.
Sou ka jiddereen a virun allem och national an international Experten an Expertinnen a Fuerscher a Fuerscherinnen kucke wat si intresséiert.
Och den ‘natur musée’ huet e sou een «digital curator». Et sinn och nach ganz vill Saache bei eis am Lager, well de Musée guer net
genuch Plaz huet fir se all ze weisen.
Säit 1850 huet de Musée all déi Saache gesammelt. Aktuell sinn eng ronn 3 Milliounen Informatiounen an dësen Datebanke gespäichert a gi vum «Département d’information digitale sur le patrimoine naturel» vum ‘natur musée’ geréiert.
Wat ass dran?
S Ä IT 1
DE PANEWIPPCHEN 1/2023
Wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg
S Ä IT 2
NEWS
Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg
S Ä IT 4
BIODIVERSITÉIT AN DER STAD
Den Äisvull zu Esch
S Ä IT 7
D’KANNERKËSCHT
S Ä IT 8
REDAKTER FIR EN HALLWEN DAG
Dréchemaueren
S Ä IT 16
RÄTSELEN
S Ä IT 17
FIR MATZESANGEN
Buteo Buteo
S Ä IT 18
ALFRED RUSSEL WALLACE
S Ä IT 24
DÉI KLENG LIESRAT
D’Margréitchen
S Ä IT 26
KNIWWELEN
emol aner Schockelaseeër
S Ä IT 28
D’WEID
S Ä IT 34
KNIWWELEN
Wandspill
S Ä IT 36
KLENG SCHLOFMUTZ
S Ä IT 40
HAAPTPLAT: MAIS
De Bussar
S Ä IT 42
KNIWWELEN
E Pool fir d’Vullen
Impressum
S Ä IT 44
‘natur musée’ POSTER Wëll Orchideeën
Den Äisvull zu Esch
D’Ausstellung IMPACT am Naturmusée weist nach bis de 16. Abrëll, wéi de moderne Mënsch d’Massenausstierwe vun Déieren- a Planzenaarte verursaacht. Si weist awer och den Auswee aus der biologescher Kris: Mir mussen d’Natur ganz einfach respektéieren.
Souguer an enger Stad kënne wëll Déiere liewen, wa mer net alles zoubetonnéieren.
Esou e klengt positiivt Beispill huet de Panewippchen zu Esch-Uelzecht gesinn:
Zënter éiweg sinn ech net méi hei zu Esch laanscht d’Dipbech* getrëppelt…
*D’Dipbech ass eng knapps 3 km laang Baach. Si leeft am Norde vun Esch vu Belval op Lalleng, an do an d’Uelzecht.
Oh! D’Waasser ass vill méi kloer wéi fréier!
Op dëser Plaz ass och der Dipbech hiert aalt Bett aus Beton net méi do!
A fréier gouf et hei keng Inten, a keng Waasserhéngercher! Wat ass geschitt?
Do ass de Pol, de Fierschter vun Esch a Chef vum Naturschutzzenter Ellergronn. An de Luss, de Chef vun den Escher Espaces verts. Lo ginn ech bestëmmt méi gewuer.
2003 huet d’Gemeng Esch beschloss, nërdlech vun der Dipbech den neie Quartier ‘Nonnewisen’ ze bauen, an d’Baach ze renaturéieren.
D’Dipbech kënnt aus dem Killweier vun ArbedBelval. Dee gouf 2016 deel-sanéiert. An dat proppert Reewaasser vum Quartier ‘Nonnewisen’ leeft elo an d’Baach, an net méi an d’Ofwaasser.
Am Hierscht 2022 hu mer kontrolléiert, wéi d’Fësch an der Dipbech sech entwéckelt hunn. Mer hunn der e puer honnert gezielt! Dofir kann een ewell och Fëschfrësser wéi den Äisvull hei gesinn.
Mmm, do ass e Fësch an der Baach!
Haut ass de Quartier zu 2/3 fäerdeg, an dat aalt Betonsbett vun der Dipbech wäert geschwë ganz verschwannen.
Nach virun 10 Joer war d’Dipbech en doudegen Ofwaasserkanal. Kaum ze gleewen, wéi séier d’Natur sech entwéckelt huet! Et ass eng Freed, mat menger Ekipp kënnen ze hëllefen, d’Dipbech kloer a lieweg ze halen.
Jo, datt een haut Äisvulle bei der Dipbech ka fotograféieren, ass wierklech d’Kiischt um Kuch.
Et lount sech, der Natur eng Chance ze ginnsouguer an enger Industriestad wéi Esch.
Deen huelen ech mer!
Hues du Loscht fir mol Geschichten aus dem ‘natur musée’ ze lauschteren?
Da klick dech eran an d’Kannerkëscht vum radio 100,7!
E Podcast vum Jean Claude Majerus, deen all Woch mat neien, flotte Geschichten op dech waart. Hei gëss du allerlee aus der Kultur, de Wëssenschaften, der Natur an aus dem ‘natur musée’ gewuer.
Vläicht wëlls du och selwer emol dem Jean Claude hëllefen eng Sendung ze maachen?
Da schreif eis eng flott kleng Geschicht iwwer däi Liblingsdéier, Planz, Mineral, Fossil oder Meteorit … aus dem ‘natur musée’ a schéck eis se eran un
ftheisen@mnhn.lu
Wann deng Geschicht eis gutt gefällt, da kanns du mat eis an de Studio vum radio 100,7 op de Kierchbierg kommen a se selwer an de Mikro schwätzen.
A lass, dir kleng Redakteren a Redakteschen, dir hutt bestëmmt allerlee flott Iddie fir an eng nächst Kannerkëscht.
Et ass nach kee Meeschter a keng Meeschtesch vum Himmel gefall, jiddwereen huet emol kleng ugefaangen, fäert dofir net fir eis ze schreiwen!
Du kanns tëschent 3 Kannerkëschte wielen. Et ass fir all Alter eppes Flottes dobäi.Redakter/Redaktesch
Eine Trockenmauer ist eine Mauer nur aus Steinen. Sie ist sehr gut für die Tiere, die können dort wohnen. Dort kommt auch der Regen durch.
fr en hallwen Da g
Wichtigkeit der Trockenmauern
Super flott a kreativ Artikelen zum
Theema Dréchemauer hu 14 Panda Kanner geschriwwen. Iwwer de Redaktiounskommitee, d’Recherche, d’Biller molen an d’Säit(en) zesummestellen, hu si alles selwer gemaach. Gratulatioun fir dës fantastesch Aarbecht !
Wenn wir keine Trockenmauern mehr hätten, würden sehr viele Tiere ihr Zuhause verlieren.
Ich denke, es wäre eine sehr gute Idee wenn wir mehr Trockenmauern bauen würden, dann könnten sehr viele Tiere ein neues Zuhause finden.
So sieht eine Trockenmauer aus:
Die Tiere, die in der Trockenmauer leben, heißen so:
Vogel, Eidechse, Maus, Mauswiesel, Wespe, Spinne, Assel, Schnecke, Schlange, Hummel, Biene, Molch, Frosch, Erdkröte, …
Wëlls och du däin eegenen Artikel schreiwen, da mell dech fir déi nächst «Redakter/Redaktesch fir en hallwen Dag»-Aktivitéit vum Panda Club am Summer 2023 un!
Noch ein paar Fotos von Trockenmauern:
Die Trockenmauern haben viele Vorteile.
Die Vorteile einer Trockenmauer Elena
Bei Starkregen würde das Wasser vom Beton in den heutzutage typischen Mauern gestaut werden. Die Trockenmauern hingegen haben keinen Beton in sich, der das Wasser aufhalten
würde seinen Weg zu fließen, wodurch es dann besser versickern kann. Außerdem können sich in der Trockenmauer Tiere einnisten. In einer Mauer mit Beton wäre das nicht möglich.
Tiere die sich in der Trockenmauer einnisten können:
Ø Mauereidechse
Ø Eidechsen,
Ø Laufkäfer,
Ø Kröten,
Ø Spitzmäuse und viele andere Tiere
Christopher Moos
Hallo ich heiße Christopher.
Ich schreibe jetzt über Moos, es ist so wie Gras, aber Moos ist nasser als Gras.
Ich zeige dir ein Bild von Gras:
Pflanzen die auf der Trockenmauer wachsen:
Ø Lavendel
Ø Bergaster
Ø Porzellanröschen (Bitterwurz)
Ø Fetthenne
Ø Teppichphlox (Polsterphlox)
Ø Mönchspfeffer
Ø Immergrüne Schleifenblume
Ø Gewöhnliches Katzenpfötchen
Ø Moos und viele andere Pflanzen
Einige Tiere benutzen Moos für ihre Nester. Moos hat keine Wurzeln, sondern Rhizoide. Moos findet man im Wald, im Garten, auf Bäumen und auf Trockenmauern. Und wenn alte Dinge draussen sehr alt sind, findet man manchmal Moos darauf. Es gibt veschiedene Sorten von Moos.
Der Bau einer Trockenmauer Emma
Eine Trockenmauer ist eine Mauer aus Steinen, ohne Beton.
Tockenmauern gehören zum nationalen Inventar des Kulturerbes in Luxemburg seit November 2018.
Die Kunst vom Trockenmauerbauen besteht darin, alle Steine so zu legen, dass es nicht wackelt.
Bei einer Trockenmauer werden die dicken Steine immer ganz unten hin gelegt. Dann wird die Mauer ganz stabil und und schwere Steine müssen nicht hochgehoben werden.
Solche Steine nennt man Fundamentsteine.
Eine Trockenmauer besteht aus zwei Teilen, ein wichtiger vorderer Teil, der Frontstein und ein hinterer Teil, die Hintermauer. Dies macht die Trockenmauer viel robuster. Dadurch dass der Stein leicht schief nach hinten gegen den Hügel liegt, kann die Mauer nicht nach vorn fallen und das Ganze wird auch noch gestärkt.
Eine Trockenmauer kann sehr hoch sein. Sie ist meistens halb so dick wie sie hoch ist. Wenn sie zwei Meter hoch ist, dann ist sie einen Meter dick.
In der Theorie besteht eine Trockenmauer zu einem Drittel aus Hohlraum. Deswegen haben Tiere Platz um sich ein Nest zu bauen.
Fabio & Joseph Die Erdkröte
Viele Menschen glauben, dass die Kröten Frösche sind, aber Kröten sind keine Frösche, sondern Kröten. Die Männchen sind 9 cm groß, die Weibchen sind aber 14 cm groß. Die Kröten haben eine trockene Haut, die Frösche haben keine trockene Haut, sondern eine feuchte Haut. Ihre Körperfarbe kann in der Brutzeit wechseln. Die Kröten haben Drüsen mit denen sie Gift ausspritzen können. Die Kröten können nicht gut springen, denn ihre Beine sind nicht lang genug (im Vergleich zu Fröschen).
Die Kröten leben auch in Trockenmauern.
Trockenmauern: Das perfekte Habitat für Nattern
Aussehen: Die Barren-Ringelnatter hat einen großen grauen Körper. Sie hat ein gestreiftes Muster an den Seiten. Die beiden Halbmonde am Hinterkopf sind typisch und nicht immer ausgeprägt.
Fortpflanzung: Im Mai findet die Paarung statt, das Weibchen legt im Juli maximal 10 bis 30 Eier in Material das verrottet, zum Beispiel Kompost. Die Eier müssen warm bleiben damit kleine Schlangen schlüpfen. Die Eier sind im August/ September fertig entwickelt.
Größe: 70 – 150 cm
Lebensweise: Die tagaktive Natter hat eine Abhängigkeit von der Temperatur. Sie ist eine einheimische Schlange. In Wasser kann sie schwimmen. Kiefer und Gaumenknochen sind nicht miteinander verwachsen. Sie kann ihre Beute ganz runterschlucken. Im Winter verkriecht sie sich in Erdlöcher, unter Steine, Totholzhaufen und Trockenmauern, usw. Sie verspritzt bei Gefahr eine übelriechende Flüssigkeit.
Nahrung: Sie frisst Mäuse, Kröten, Frösche, Molche, Fische, Eier und Eidechsen, …
Wohnort: Sie bevorzugt strukturreiches Offenland, Gewässer und lichte Wälder.
Verbreitung: Sie lebt im Ösling und im
Südwesten und Osten (Mosel und Sauer) Luxemburgs
Was man wissen sollte: Die Barren-Ringelnatter galt bis vor kurzem als Unterart der Ringelnatter. Allerdings belegten die DNA Analysen, dass sie eine eigene Art ist.
Die Mauereidechse
Trockenmauern sind ein wichtiger Lebensraum für Kleintiere. In den Ritzen leben viele Reptilien. Wenn man genau hinsieht und sich Zeit nimmt kann es sein, dass man mal eine Eidechse sieht.
Wie sieht eine Mauereidechse aus?
Die Mauereidechsen sind graubraun, außerdem haben sie eine Mittellinie auf dem Rücken. Ihre Unterseite ist blass gelb und beim Männchen orange.
Was ist besonders an der Mauereidechse?
Der Schwanz wächst nach. Die Temperatur der Eidechse kann sich verändern. Sie sitzen gerne in der Sonne auf der Trockenmauer um sich aufzuwärmen. Sie sind 22 cm groß.
Wie pflanzen sich Eidechsen fort?
Die Paarung findet von März bis Juni statt. Das Weibchen legt 2-10 Eier. Aus denen nach 50-80 Tagen die Mauereidechsen schlüpfen.
Was essen die Mauereidechsen?
Mauereidechsen essen Insekten und Spinnen.
Schreibe die grünen Buchstaben unten zur passenden Zahl.
Trockenmauern
Gut zu wissen!
Die Trockenmauern werden von den Sonnenstrahlen erhitzt.
Umkreise die 19 Sachen, die im unteren Bild fehlen.
Buteo Buteo
D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw
Alfred Russel Wallace
Stell der mol vir, du häss eng vun de wichtegsten Entdeckungen an der Geschicht vun de Wëssenschafte gemaach, an nëmme ganz wéineg Leit géifen eppes vun dir wëssen. An nach méi schlëmm: Zur selwechter Zäit huet een anere genee dat selwecht entdeckt a gëtt duerfir als Superheld vun der Wëssenschaft gefeiert. Géifs de dat net fir extreem onfair halen? Wier dat kee Grond, fir immens jalous ze sinn? Ma, genee esou ass et dem Alfred Russel Wallace ergaangen.
Wien? Nach ni vun him héieren? Ma, da gëtt et héich Zäit!
hien
Dem Wallace seng Zeechnung vun engem Fluchfräsch, deen eent vum Wallace sengen Notizbicher Fiederpalm vum Wallace gezeechent Goldmyna vum Wallace gesammelt a beschrëftWie war dann elo den Alfred Russel Wallace? Ma, dësen engleschen Naturfuerscher, dee vun 1823 bis 1913 gelieft huet, huet zäitgläich, mee komplett onofhängeg vum vill méi bekannten Charles Darwin, erausfonnt, wéi Aarte sech verännnere kënnen an neier entstinn. Ouni de Wallace hätt den Darwin vläicht mol guer net seng eegen Theorie ëffentlech gemaach. Dovunner awer méi spéit!
D’Darwin-Wallace Medail, 1808 erausgi fir de 50. Jubiläum vun der Verëffentlechung vum Darwin am Wallace hirer Theorie zur natierlecher Selektioun.
Wie war den Alfred Russel Wallace?
De Wallace staamt aus enger aarmer Famill, ganz aneschters also wéi den Darwin. Mat 14 Joer huet en d’Schoul verlooss an dunn als Landvermoosser geschafft. Säi Wësse fir d’Natur huet e sech als immens virwëlzege Bouf selwer bäibruecht. Wärend véier Joer (1848-1852) ass en dunn duerch d’Amazonasgebittt a Südamerika gereest, fir do Déieren a rar Planzen ze joen an ze sammelen, déi e Muséeën a räiche Leit an England verkafe wollt. Domat wollt e säi Liewe verdéngen. Hien hat vill Pech, well op der Heemrees huet e Feier d’Schëff mat der ganzer Sammlung ënnergoe gelooss an hie konnt nëmmen e puer Hefter mat Notten an Zeechnunge retten.
Den Alfred Russel Wallace mat 39 Joer Eechele vum Wallace gezeechent Papilio pertinax WallaceEe Gedanken ass him trotz dësem Ongléck net méi aus dem Kapp gaangen: Hie war iwwerzeecht, datt d’Déieren- a Planzenaarten net onverännerlech wieren, mee sech mat der Zäit verännere géifen. Hie wousst awer net, wéi dat géif goen. Ma genee dat wollt en elo erausfannen. 1854 ass en du fir 8 Joer ganz alleng duerch d’Inselwelt tëscht Malaysia an Neiguinea gereest. 125000 Sammlungsobjeten huet en um Enn mat zréck an England bruecht. Eng riseg Sammlung. Mee net nëmmen dat. Op dësen Inselen ass him wärend engem Féiwerufall dunn 1858 d’Léisung agefall, wéi Aarte sech veränneren a wéi neier entstinn. Hien hat d’Rätsel vun der Evolutioun opgedeckt. De Wallace huet allerdéngs nach vun “Transmutatioun” geschwat, also der Verwandlung an eppes aneschters.
Dem Wallace seng Reesen duerch d’Inselwelt tëschent Malaysia an Neiguinea Wallace GielschëllerFruuchtdauf Calodema wallaceiIllustratioun vun engem Chimpans am Wallace sengemBuchiwwer d’natierlech Selektioun
Als gewiiftem Naturbeobachter war et him natierlech opgefall, datt d’Individue vun enger Aart sech ëmmer liicht vuneneen ënnerscheeden: Gréisst, Faarf, Zeechnung sinn net ëmmer genee d’selwecht. D’Liewewiese verännere sech fortlafend an a klenge Schrëtt. Eng nei Aart entsteet, wann e Liewewiese sech mat sengem Ausgesinn a Verhalen esouwäit vu sengen Aartgenossen ofsetzt, datt et domadder am beschten u seng Ëmwelt ugepasst ass. Duerch Selektioun setzt sech dëst Liewewiesen an der Fortplanzung duerch a begrënnt esou eng nei Aart. Dat war dem Wallace säi Prinzip vun der natierlecher Auslies als Motor vun der Evolutioun. Dës Entdeckung wollt en natierlech der Welt matdeelen. Well e schonns virdrun mam Darwin duerch e Bréifwiessel a Verbindung stoung, huet en him säin Artikel aus Malaysia geschéckt.
Wéi den Darwin de Bréif gelies huet, war en natierlech geschockt: De Wallace hat déi selwecht Theorie opgestallt wéi hie selwer, just datt hie sech iwwer 20 Joeren net getraut hat, déi ze verëffentlechen. Den Darwin hat Angscht ëm säi Liewenswierk. Elo géif jiddweree mengen, hien hätt seng Iddi beim Wallace geklaut.
Kolleege vum Darwin hunn awer duerno en Arrangement fonnt, wéi allebéid als Entdecker vum Evolutiounsmechanismus géife betruecht ginn. Well den Darwin schonns iwwer Joere virdrun a Bréiwer mat senge Frënn doriwwer diskutéiert hat, war dat Beweis genuch, datt en net ofgeschriwwen hat. Am November 1858 goufen dunn zäitgläich souwuel dem Darwin wéi och dem Wallace seng Texter iwwer d’Evolutioun ëffentlech gemaach. Zënterhir gëllen déi zwee allebéid als Entdecker vun der Evolutioun duerch Selektioun.
Wéi en nees zréck an England war huet hie sech mat der Roll vun der “zweeter Gei” zefridde ginn. Fir hie war den Darwin ëmmer dee méi bedeitende Fuerscher. De Wallace selwer schwätzt duerno souguer vun “Darwinismus”, wann et ëm Evolutioun geet. A sou ass hien ëmmer méi vergiess ginn. Zu Onrecht!
22 I DE PANEWIPPCHEN
1/2023
Le Musée national d’histoire naturelle a collaboré avec d’autres muséums de France et de Suisse à la réalisation de la première traduction en langue française du fascinant voyage dans l’archipel indonésien d’Alfred Russel Wallace, co-découvreur avec Charles Darwin du principe de la sélection naturelle. Le périple naturaliste, à la recherche de l’origine des espèces, est ici enrichi et magnifié par les clichés du photographe américain Tim Laman.
Le livre de près de 500 pages est disponible à la boutique du ‘natur musée’.
gëtt den 200. Gebuertsdag vum Alfred Russel Wallace gefeiertEsou richteg huet dat awer keen deemools interesséiert. Eréischt d’Joer drop, 1859, wéi den Darwin säi faméist Buch iwwer d’Ensteeung vun den Aarte publizéiert huet, ass d’Evolutiounstheorie zu engem groussen Theema ginn an den Darwin als groussen Entdecker gefeiert ginn. Vum Wallace huet kee méi geschwat. Hie selwer war och guer net do, well en nach ëmmer a Malaysia ënnerwee war.
Entwécklung vun der Biogeografie
De Wallace huet nämlech nach eng aner bedeitend Beobachtung gemaach. Déi no him benannte Wallace-Linn leeft tëscht de westlechen an östlechen indoneseschen Inselen. Déi déif Mieresstrooss tëscht dësen Inselen deelt Indonesien an zwou Halschechten, op deene sech d’Planzen an d’Déieren ënnerscheeden. Op de westlechen Insele wéi Borneo liewen Déieregruppen, déi nach enk mat den typesch asiatesche verwant sinn wéi Wëllkaz, Otter an Afen.
Op der just 200 Kilometer méi östlech leiender Insel Sulawesi liewen dann Déieren, déi zu de Beideldéieren oder fluchonfäege Vulle gehéieren, also typesch fir déi australesch Déierewelt sinn. De Wallace erkläert dëse Phänomen domat, datt dës Insele fréier zu ënnerschiddleche Kontinenter gehéiert hätten. Haut wësse mir, datt en domat Recht hat. Seng Beobachtung huet déi nei Wëssenschaftsdisziplinn vun der Biogeografie begrënnt, also d’Wëssenschaft vun der Verdeelung vun den Déieren a Planzen op der Äerd.
Wallace-Linn Borneo Java Sumatra Bali Lombok Sulawesi Bamkänguru Orang Utan Sumatra-Tiger Reinwardthong Kofferschmatt-Baartvull Sumbawa Malaysia Bierkuskus Dem Darwin an dem Wallace hir Iddie ronderëm d’Evolutioun ginn am ‘natur musée’ erkläert an duergestallt.D’Margréitchen
Gänseblümchen, pâquerette, daisy, Bellis perennis
D’Margréitche blitt bal d’ganzt Joer, ausser am Wanter.
Kenns de d’Lidd vum Margréitchen am Fréijoer?
D’Margréidercher sinn a ganz Europa doheem, an och an der Tierkei.
D’Margréitche gëtt 4 bis 15 cm héich.
D’Bléieblieder kënne rosarout Spëtzten hunn, oder ganz wäiss sinn.
Heiansdo gesäit een e ganzen Teppech vu
De Kéiseker schéngt de Geroch vun de Margréidercher an der Wiss. Margréidercher nawell gäer ze hunn.
D’Schwiefméck nammt gär de Pollen. De Scheewercher schmaachen d’Blummen och ganz gutt.
emol aner Schockelaseeër
Fir deng e bëssen aner Mat der Spëtzt vun engem Messer oder engem Spiiss ticks du e klengt Lach et e bësse méi d’Eewäiss an Dëppchen. Fir dëst Kucherezept brauchs du 2 Eeër. Du kanns scho méi laang eidel Eeërschuele sammelen. Spull se hallef Stonn a Salzwaasser se dono kappiwwer.
Du brauchs: 200 g geschmolte Schockela, 100 g Maismiel (Maizena), 100 g Mandelpolver, 80 g Zocker, 2 Eeër, 150 ml Mëllech, 1/2 Pak Bakpolver, 100 g Äppelkompott, 1 Bioorange.
Fir den Deeg: Klapp d’Eeër mam Zocker bis se schaimeg sinn. Rapp d’Schuel vun der Bioorange a vermësch dëse Zeste* mam Deeg.
*De Zeste ass déi baussecht, faarweg a parfuméiert Schicht vun den Zitrusfriichten.
qwertzu Mandelpolver mam Maismiel a Bakpolver, alles an den Deeg a vermësch et
Mësch mam Schockela.
Gëff no an no d’Mëllech an de Kompott dobäi. Dono kanns du de Schockela an d’Maismiel an de Mandelpolver dobäi mëschen.
Mat engem Läffel schëtts du lues den Deeg an déi ausgespullten Eeër (Nëmme bis an d’Hallschent fëllen). De Rescht vum Kuchendeeg a gebottert a gemielte feierfest Schësselcher ginn.
D’Kuchen am Ee kanns du mam Eeërkartong an de Schäffche setzen.
D’Eeër brauchen 10-12 Minutten. D’Schësselcher e bësse méi. Stiech e Spiiss dran, wann en dréchen aus dem Deeg kënnt sinn deng Kuche gutt.
Lauschter op däi Kuch! Wann en nach kréckelt, ass en nach net gutt a muss nach fir e puer Minutten am Schäffche bleiwen.
Weide wuessen am beschten no beim Waasser, a fiichte Wisen, un den Uwänner vu Baachen a Flëss. Do sti si ideal, hir Wuerzele befestegen den Hang.
D’Weid
Heefeg
zu Lëtzebuerg sinn: Kuerfweid, Gro Weid, Bëschweid, Knackweid, Bamweid, Ouerweid, Purpurweiden, …
Salix vinimalis, Salix cineraria, Salix caprea, Salix fragilis, Salix alba, Salix aurita, Salix purpurea, …
Weidenholz ass mëll, gëtt séier fiicht a fault dofir méi séier. Weiden hu keen Holzkär wéi d’Eechen z. B..
Verschidde Blatformen a Faarwen
hellgréng, sëlwreg an däischtergréng
D’Blieder
vun de Weide si schmuel-längelzech wéi eng Lanz, ronn wéi en Ee, verkéiert eefërmeg = elliptesch.
Et gi „Weidemänner“ a „Weidefraen“ a si liewe getrennt! Weiden hunn entweder männlech ODER weiblech Bléien.
E Schlaraffeland fir Insekten
D’Weide bléie fréi am Joer a sinn immens wäertvoll fir d’Insekten. Beien, Päiperleken a Kiewerleke ginn ugelackelt a belount mat Pollen, dee vill Eewäiss enthält. An de Bléien ass och vill séissen Nektar. Kee Wonner, datt d’Beie sech dorop stierzen. Aus den éischten Drëpsen Nektar déi éischt Drëpsen Hunneg.
Sou heeschen op lëtzebuergesch d’Bléie vun de Weiden!
A wéini kënnt den Zillzapp (Weidenlaubsänger) aus dem Süden zréck op Lëtzebuerg?
Genee zu deem Moment wou d’Weiden hir Bléien opmaachen. Op senger Menüskaart stinn haaptsächlech Insekten, mee vun Zäit zu Zäit vergonnt hie sech och mol en Dessert a suckelt séissen Nektar aus de Weidebléien.
D’Weidemees ass déi eenzeg Mees, déi selwer eng kleng Hiel an e morsche Bam zammere kann. Si huet e kräftege Schniewel an d’Holz vun der Weid ass mëll, perfekt fir e gutt geschützt Nascht doran ze bauen.
Weidemees, Weidenmeise, Parusmontanus .
D’Beidelmees sicht fir hiert Nascht e Bam mat Äscht, déi erofhänken. Wat ass dat e Konschtwierk, dëse Sak, kuscheleg gepolstert mat der Woll vu Weiden, Pëppelen a Lëtschen.
Beidelmees, Beutelmeise, Remizpendulinus
An och d’Schielmees an d’Blomees freeë sech, wann d’Weide bléien.
Schielmees, Kohlmeise, Parusmajor
De Biber frësst déi schwéier verdaulech Schuel vun der Sëlwerweid besonnesch gär. A sengem Blinddaarmsak si Bakterien, déi d’Schuelestécker virverdauen.
No enger Zäit scheet hien e Bräi aus, deen immens vitamin- an eewäissräich ass. An elo gëtt et e wéineg onappetitlech: hie frësst dëse Bräi nees an elo réischt geet d’Verdauung richteg un.
Mamendéiere wéi Fliedermais, Marder a Siweschléifer notzen d’Hielen an de Weiden als ideal Plaze fir ze iwwwerwanteren.
Blomees, Blaumeise, CyanistescaeruleusWeidenschaumzikade,
Wien huet dann do Seef op d‘Weideblieder gemaach?
Hei liewen, gutt verstoppt, Larve vu Weideschaumzikaden, geschützt géint Dréchent a Feinden. Dëse Schaum gëtt och nach Guckucksspaut genannt, well zu där Joreszäit de Guckuck dacks rifft. D’Leit hu fréier gemengt, den Däiwel géif a Gestalt vum Guckuck iwwer d’Land fléien, dofir heescht en och Däiwelssspaut.
Hei huet e Weibche vun enger Blatharespel en Ee op d’Blat geluecht an d’Weid huet eng Wunneng ronderëm gebaut, dat nennt een eng Gal. Lo knabbert d’Larv a Rou un där Schuel an entwéckelt sech zu engem fäerdegen Insekt.
Planzefrësser knabberen och mol Weideblieder a souguer d’Schuel vun den Äscht. Ob si wëssen, datt do Salicin* dran ass?
D’Germanen an d’Réimer hunn
d’Schuele vun de Weide gekacht an als Téi gedronk. Si wossten, datt do eng Substanz dran ass, déi bei Féiwer a Wéi hëlleft.
Et huet awer bis 1899 gedauert ier e Medikament
ënner dem Numm Aspirin produzéiert ginn ass. An dësem Medikament si Wierkstoffer dran, déi och an de Weideschuele sinn.
Knorreg, mat engem Stamm dee bal ausernee brécht an e fatzege Kapp wou Rudden erauswuessen, wéi wann et Hoer wären, sou stoung och eis Weid do op eis ze waarden.
4.Februar, mam Science Club zu Wëntreng, Weiden zréckschneiden
eng vu villen Naturschutzaktiounen, organiséiert vun der Fondatioun Hëllef fir d’Natur.
Niewendru schaffen d’Leit vun der Fondatioun mat Motorsee a groussem Geschier.
Weide ginn haut awer net méi sou genotzt wéi fréier
D’Kuerfflechterei war mol en Handwierk.
Weidenäscht si liicht ze béien, ideal fir ze verflechten. Kierf aus Weide si praktesch, stabil a schéin.
D’Holz an d’Äscht ginn et gratis an der Natur. Mee opgepasst! et däerf een déi net einfach zu all Joreszäit an iwwerall schneiden. Ëmfro dech ëmmer, wiem d’Weide gehéieren.
Dat, well vill Gebrauchsartikelen haut aus Plastik sinn.
Déi beschten Zäit ze schneiden ass nodeems d’Weiden all hir Blieder verluer hunn an ier si ufänken nei auszeschéissen, ongeféier bis Enn Februar. An dat mécht een all 2-3 Joer.
Fir d’Ophänk: Béchs
Plastiks- oder Metalldeckel
holze Bengel
ofgeschnidde
Plastiksfläsch
Iessstäbercher
«recycléiert» Wandspill
Wann s de Loscht hues, kanns de d’Béchsen, d’Blummendëppen, d’Schlësselen, d’Scheiwen, … faarweg usträichen a bemolen.
Fir drun ze hänken: Béchsen
metalle Stëpp
metallen Objeten aus der Geschirkëscht
Läffelsgeschir
Schlësselen
Knäpp a Pärelen …
An d’Ophänk (Béchs, Deckel, Iewescht vu Plastiksfläsch) an an d’metallen Deckele gi ronderëm mam Hummer an engem Nol Lächer dra geschlo.
Du brauchs: Sou geet et: Pass op deng Fangeren op a fro en Erwuessene fir der ze hëllefen!
Faarf a Pinsel
Hummer an Nol
Schéier
Ficelle
Lastiker
Fest Kniet man!
Stréck d’Objeten uneneen an dann un d’Ophänk. No genuch beieneen, sou datt se am Wand widderenee kommen an Téin maachen.
Stréck e Stéck Ficelle un d’Ophänk an hänk däi Wandspill an de Gaart, op d’Terrass, de Balkon oder an eng oppe Fënster.
Et klimpert, bimmelt, rabbelt a schellt am Wand! Géi op d’Sich doheem, du fënns bestëmmt Villes, wat net méi gebraucht gëtt a wouraus du dir e Wandspill baue kanns, ganz sou wéi et dir gefällt.
Net vergiessen ze froen, ob d’Saache wierklech net méi gebraucht ginn! Wa kee Lach do ass, fir unzestrécken, d’Ficelle un e Lastik knieden an de Lastik fest ronderëm den Objet wéckelen.
Kleng Schlof mutz
Esou grouss
wéi eng Fauscht ass en, de Gaardeschléifer.
Hie gehéiert zur Famill vun de Schléifer. Zu Lëtzebuerg gëtt et dräi verschidde Schléiferaarten: de Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d’Hieselmaus. (kuck PW3/2021 Säit 34 &35)
De Gaardeschléifer ass dat Déier, wat an de leschte Joren am meeschten zréckgaang ass. Zu Lëtzebuerg sinn d’Schléifer geschützt.
mutz
D’Leit vun der däitscher Wëlldéierstëftung hunn de klenge Schléifer mat der Zorromask zum Déier vum Joer 2023 gewielt.
De Gaardeschléifer ass staark a Gefor. Op ville Plaze gëtt et hien net méi, well en ëmmer manner Plaze fir ze liewe fënnt a well säi Wanterschlof duerch de Klimawiessel gestéiert gëtt. Et ass warscheinlech, datt de Gaardeschléifer hei zu Lëtzebuerg änlech Problemer huet.
De Gaardeschléifer gouf zum Déier vum Joer gewielt, fir hie besser kennenzeléieren, seng Liewensweis ze studéieren an hien a säi Liewensraum ze schützen.
Ma et gëtt awer och héich Zäit!
D’Uebstrat fillt sech a Bongerten, Fielshäng an Dréchemauere wuel, an och ronderëm d’Haiser, a Gäert a Parken. Si brauch Gehecks fir sech ze verfuussen, wann e Gräifvull, e Marder, eng Hauskaz oder eng Rat et op se ofgesinn huet.
De Gaardeschléifer
gëtt et nëmmen an Europa. Zu Lëtzebuerg fënnt een en haaptsächlech am Osten, op der Musel, an am Norden ëm Ettelbréck.
(kuck och Panewippchen
1/2022 Säit 35)
Op
dëser Kaart gesäis du d’Beobachtunge vun de leschten 10 Joer aus der Datebank vum
‘natur musée’.
Mat vill
Chance kanns du engem vun eis nuets um Balkon begéinen.
Schléifer gëtt dee klenge Kadett genannt, well en de ganzen Dag verschléift a meeschtens just nuets ënnerwee ass. Awer och, well en e laange Wanterschlof hält. Vu September/Oktober bis Mäerz/Mee verkraucht e sech an e Lach am Buedem, an eng Bamhiel oder ënner den Daach vun engem Haus. Hei verschléift en zesummegerullt déi kal Joreszäit. Da fällt seng Kierpertemperatur op rekordverdächteg -1° Grad Celsius erof.
A Géigenden, wou et d’ganzt Joer iwwer waarm ass, hält e kee Wanterschlof, mécht awer bei grousser Hëtzt deeglaang Siesta.
Fir meng
Liblingsbeschäftegung bauen ech mer e kuschelegt ronnt Schlofnascht aus Moos, Gras, Blieder, Fiederen an Hoer. Ech hunn och näischt dogéint, fir mech kënnen an engem Nistkasten oder engem Gaardenhaische bequeem anzeriichten.
Wann s du et nuets ënner dem Daach vum Haus rabbelen héiers, keng Angscht! Dat ass ee vun eis, dee ronderëm trëppelt oder engem Apel noleeft.
Wann déi kleng Schlofmaus wakreg ass, ka se zimmlech haart ginn, wa si ronderëm leeft a rifft. Hei kanns du d’Stëmm vun engem Gaardeschléifer lauschteren:
Schwanz mat Hoer, am Géigesaz zu de Mais, déi e plakege Schwanz hunn
grobronge Réck a Säiten
Schwanz 8-15 cm
De Gaardeschléifer ass kee kriddelegen
Éisser, op sengem Menu steet bal alles.
Am beschte schmaachen him
Insekten, Wierm, Schleeken, Eeër, Friichten, Som a Knospen.
Am Mee-Juni
Ech siche mer mäi Menu am léifsten um Buedem.
kommen déi Kleng op d’Welt. Bei der Gebuert sinn déi 4-6 kleng Schlofmais plakeg a blann. No 18 Deeg maache si d’Aen op. Si gi vun der Mamm geniert bis se 1 Mount al sinn, a schonn no gutt 2 Méint si se onofhängeg.
grouss Oueren
grouss schwaarz Aen, fir an der Nuecht gutt ze gesinn
Spuer
kuck och de Spuerentunnel am Panewippchen 1/2022 Säit 34-35
Zorromask, e schwaarzt Band vun den Aen bis hanner d’Oueren
45 bis 140 Gramm Kierper 10-17 cm
wäisse Bauch
Haaptp
Säi grousst Nascht aus Äscht baut de Bussar op engem Bam, normalerweis net wäit vum Bëschrand ewech. A Jore mat ville Mais kann hien 3-4 Eeër leeën. Gëtt et awer net vill ze friessen, da leet de Bussar och manner Eeër.
lat: Mais
De Bussar ass den heefegste Gräifvull hei zu Lëtzebuerg. Ganz oft gesäis du hien op Pottoe sëtzen oder iwwer Felder a Wise kreesen, wou hie meeschtens op d’Juegd geet. Mä leider ass et net einfach dëse Gräifvull ze bestëmmen, well et gi ganz hell mä och donkelbrong Bussaren. Hien ass zimmlech grouss: mat de Flilleken auserneen: 110-130 cm.
däitschen Numm: Mäusebussard
Um Menü vum Bussar stinn haaptsächlech Mais, aner kleng Mamendéieren, Wierm, Insekten, Eidechsen an och doudeg Déieren. Well de Bussar net séier genuch ass (anescht wéi de Spuervull), kritt hie just Vulle gefaang, déi net gutt fléie kënnen. Ons Bussare bleiwen normalerweis dat ganzt Joer hei zu Lëtzebuerg, just eenzeler wanderen am Hierscht an de Süden. A kale Wantere mat vill Schnéi kënne Bussaren erhéngeren, well si keng Mais méi fannen.
Mais a Mais-Jeeër
Ginn et vill Mais, da fanne Mais-Jeeër (Bussar, Tuermfallek, Eilen, Fuuss, Wisel, Marder) genuch Fudder a si hunn och wéineg Problemer fir vill Jonker opzezillen. Mä och ouni een eenzege Mais-Jeeër géif et awer no enger Zäit erëm manner Mais ginn. Firwat? Wa vill Mais ënnerwee sinn, begéine si ganz oft frieme Mais. Doduerch ginn d’Mais gestresst, et gi vill Krankheeten iwwerdroen an d’Mais kréie manner (oder guer keng) Jonker. Duerno dauert et natierlech erëm e puer Joer bis et nees ganz vill Mais ginn.
déck Ficelle Schéier
Eng Schwämm fir d’Vullen
1 en Teller (ierden, stengen oder aus Keramik)
Plastikstelleren eegne sech net, well se ze liicht sinn an zevill wackelen, an och, well se séier sprock ginn a räissen.
2 Huel se zesummen a maach op enger Säit e Knuet dran. 3
Schneit 8 Stécker ongeféier ee Meter
Lee den Teller op d’Kopp. Lee d’Ficellen drop, de Knuet an der Mëtt.
Huel allkéiers 2 Ficellen zesummen a maach e Knuet dran, just iwwer dem ënneschte Bord vum Teller.
ronderëm wéckelen
Sou méchs du d’Kniet:
duerchdrécken
erauszéien
d’Ficelle riets a lénks vum Knuet fest zéien
4 a maach erëm Kniet dran, dem ieweschte Bord
Genee wéi dir
Mënsche musse mir Vullen drénken, besonnesch wann et waarm ass. An eis Fiedere botze mir ganz gär mat
Waasser fir déi lästeg Parasite lass ze ginn. Dofir si mir déck frou, wann s du eis proppert a frëscht
Waasser gëss!
Schnouer, Meter laang. Eisen Teller huet 21 cm
Duerchmiesser. Wann s du méi e groussen Teller hues, da schneit méi grouss Stécker Ficelle.
Denk drun, fir de Vullen hire Pool reegelméisseg ze botzen a frëscht Waasser dranzeschëdden. Huel d’Dränk ewech wann et dobausse fréiert, fir datt de Vullen hir Patten net dru festfréieren.
‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu
www.panda-club.lu
Redaktiounscomité:
A.-M. Bis, S. Dengler, C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Nossem, F. Theisen.
Texter:
Alexandra, Christopher, Fabienne, Gilles, Elena, Emma, Eric, Fabio, Jana, Joseph, Julie, Julie a Sophiia mam A.-M. Bis, S. Dengler, S. Goerens, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, P. Michaely, B. Minette, M. Nossem, F. Theisen. Grafik an Illustratioun: S. Goerens, M.-P. Goetzinger, S. Hagen.
Fotoen:
S1 Anacamptis pyramidalis: Jim Meisch, Orchis militaris: Simone Schneider
S2 Hannergrond a Wuerm: shutterstock, Zellen: Alice
Dohnalkova, Mustik a Labo: Francis Schaffner
S3 mnhn
S4&5 Lucien Dilk
S6 Fësch: Pol Zimmermann, aner: Lucien Dilk
S7 100,7
S8 Mauer: Pixabay, Kanner: mnhn
S9 vun uewen no ënnen: Jojo, Antoni Suredal, James
Qualtrough, Joanbanjo
S10 shutterstock
S11 Pixabay
S12 David Perez
S13 shutterstock
S14 Pixabay
S15 shutterstock
S18&19 Goldflillek: Notafly, Goldmyna: Naturalis Biodiversity
Center, Kiewerlek: Hectonichus, Notizbuch, Fräsch an Eechelen: The ARW Memorial Fund, aner: public domain
S20 Paradisvull: shutterstock, Fräsch: Rushenb, Paradisvull
Zeechnung: Joseph Wolf, Kiewerlek: Sarefo, Dauf
Zeechnung: public domain
S21 Kiewerlek uewen: Ben Sale, Kiewerlek ënnen:
Summerdrought, aner: public domain
S23 Baartvull: Gunjan Vasant Bonde, Känguru: Tim Williams, Kuskus: Cendrawasih14, Hong: Toby Hudson, aner: public domain
S24 shutterstock
S25 Margréitche vun der Säit: Krysztof Ziarnek, zwou
Mergréidercher: Isidre blanc, Margréitche mat Schwiefméck: Stanzilla, aner: shutterstock
S26&27 mnhn
S28 AndRhe
S29 mnhn
S30 Miissercher Mëtt: public domain, aner: shutterstock
S31 Weidennascht 1: R.Ottmann, Meesen: Weil Bergmann, Weid mat Villchen a Weidennascht 2: shutterstock, aner: mnhn
S32 Weidenschaumzikade: N.Schneider, Aspirin: Bayer
S33 Kierf: shutterstock, Kuerfflechter: H. Kadereidt, aner: mnhn
S34&35 mnhn
S36&37 shutterstock
S38&39 Gaardeschléifer schléift: AdobeStock, aner: shutterstock
S40&41 Bussar flitt mat Maus: Henk Monster, Plomm:
S. Seifert, 2 Kleng: J. Dietrich, Bussar donkel: Marek Szczepanek, Bussar hell: Peter Rohrbeck, Bussar flitt: Andreas Trepte, 3 Kleng: Buteo, Ee: Dominicus Johannes Bergsma, aner: shutterstock
S42&43 mnhn
S44 mnhn
Ficellen, déi vun 2 vun der Rei
5
POSTER: S1: Bleeche Bëschvillchen: T.Helminger, MéckenAperhoerorchidee a Breetbliedereg Fangerwuerzel grouss: Simone Schneider, Wäiss Kräizblumm a Manns-Bouwekraut: Conrady, aner: Jean-Marie Mangen
S2: Ouniblat-Geeschterorchidee: Jim Meisch, Handwuerzel a Bocks-Rimmerzong close up: Sebastian Brandt, FangerkrautDactylorhiza a Bouwekraut-Orchis: Thierry Helminger, aner: Jean-Marie Mangen
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun
Ministère de la Culture -
Musée national d’histoire naturelleMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable -
dran, just iwwer Bord vum Teller.
Dréin dat Ganzt ëm, huel d’Ficellen an de Grapp an da kanns de deng Vullendränk ophänken a Waasser draschëdden. Am beschten no bei Hecken oder Beem, wou d’Vullen a Rou hir Fiedere botze kënnen. An héich genuch, fir datt d’Kazen net dru kommen.
Administration de la Nature et des Forêts -
Ministère de la Santé
panda-club@mnhn.lu
Tel.: 462233 450
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung
„De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt.
Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun
1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.