Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit
De Panewippchen De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus
N° 144 2/2023 Dës Nummer gouf an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung gemaach
www.panda-club.lu
News
Dat weltwäit gréisst Nautilid-Fossil gouf zu Rëmeleng an engem Steebroch fonnt. D'Fossil ass ronn 168 Millioune Joer al. Nautilide si sougenannt «Kappféisser» a liewen och haut nach deelweis am Mier – et kéint ee soen, datt si déi kleng Cousinë vum Tëntefësch sinn. Esou Fossilien ze fannen ass éischter seelen, virun allem och där déi nach esou komplett un engem Stéck sinn.
D’Fossil ass zënter leschtem Joer am Besëtz vum 'natur musée‘. De Robert Weis, eise Paleontolog, huet et zesumme mat anere Wëssenschaftler beschriwwen. Dobäi hu si festgestallt, datt et eng ganz nei Aart ass a virun allem och, datt et mat ronn 610 mm Duerchmiesser dee weltwäit gréissten Nautilid ass, dee bis elo an der Wëssenschaft beschriwwe gouf. Si hunn him den Numm Cenoceras rumelangense ginn, well en eben zu Rëmeleng fonnt gouf.
Wéi passen d’Planze sech un de Klimawandel un? Sech unzepassen ass fir d’Planzen oft ganz wichteg fir ze iwwerliewen. D’Wëssenschaftler Dr. Laura Daco an Dr. Guy Colling aus dem ‘natur musée’ hu säit 2014 ronn 40 verschidde Populatioune vu Sandkléi gesammelt, ageplanzt an analyséiert – an dat eemol hei zu Lëtzebuerg, eemol bei Innsbruck uewen op engem Bierg an eemol an Island. Also an 3 verschiddene Klimaen, (Temperatur, Fiichtegkeet, …) a Biedem. D’Zil vum Projet ass et ze léieren, wéi de Sandkléi sech un déi verschidde Situatiounen upasst. Dat ze verstoe kann och anere Planzen hëllefen z'iwwerliewen, wa sech eist Klima weider verännert.
2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2022 I TEXT: SIMONE DENGLER
Wat ass deemnächst lass?
Säit November dréint sech am ‘natur musée‘ alles ronderëm d‘Asteroiden an d’Meteoritten. Dat, well eis nei Ausstellung elo op ass, an do gëtt e ganz grousse Programm ronderëm ugebuede vun Aktivitéiten a Workshops.
Wärend de Vakanzen a Weekender kann een zum Beispill an d’Haut vun engem Astronaut schlüpfen a mat engem VR-Brëll eng Rettungsmissioun um Mars nospillen wou ee ganz séier muss reagéieren, well ee grad Sauerstoff verléiert. Zu Biissen kann een zesumme mat den Amateur-Astronome vu Lëtzebuerg den Nuetshimmel kucken, de Weltraum mat den Teleskopen entdecken, an d’Stärebiller analyséieren. Wee gäre Geschichte lauschtert, kann d’Geschicht vum Schmunzel lauschtere kommen. Et ass eng witzeg Geschicht ronderëm zwee Bëschhuesen, déi no engem Stuerm en décke Steen fannen, deen an enger Kaul läit an awer guer net an d’Minettsgéigend passt. Esou eng Entdeckung suergt natierlech fir eng grouss Opreegung. a vum Poster:
S.20 R ▼ S.5 P O A U ▼ S.9 D Ä N N E B A M ▼ S E E W ▼ S.18 WA N T E R F E A S.13 E I L U N ▼ R E N D É I E R P U T N P K O S E Ë C S.16 I T S R S H R D K S E I A E K S.26 A K O R M O R A N T K I C H E L C H E R R T
S.28
▼
▼
▼
▼
C G E F B A D
▼
1 2 3 4 5 6 7
Léisung vun de Rätsele Säit 18:
PW 4/2023 Wat ass dran? SÄIT 1 DE PANEWIPPCHEN 4/2023 an Zesummenaarbecht mat der Naturverwaltung SÄIT 2 NEWS Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg SÄIT 4 ASTEROID MISSION Zréck op de Mound SÄIT 8 KNIWWELEN Wanterkaart SÄIT 10 KOMPENSATIOUN SÄIT 14 GECKEG AEN SÄIT 18 RÄTSELEN Wierdersich a Feelersich SÄIT 19 FIR MATZESANGEN Déif an d'Aen SÄIT 20 BERUFFER AUS DEM ‘natur musée’ Interview mam Ralph SÄIT 24 FIR KLENG LIESRATEN De roude Fuuss SÄIT 26 KNIWWELEN Kichelcher ouni Bakuewen SÄIT 28 ASTEROID MISSION De galakteschen Navi SÄIT 32 DE KORMORAN SÄIT 34 KNIWWELEN Eng Wanterdeko Impressum SÄIT 36 ‘natur musée’
I3
▼
S.1
ASTEROID MISSION
Zréck op de Moun
Regolith, matbruecht vun der Apollo 17 Missioun.
Wat mengs du: Ass d’Foussspuer vum éischte Mann um Mound och haut nach onverännert am Stëbs erëmzefannen?
eren. Well et um Mound jo keng Atmosphär r verwësche kéint. Just wann e klenge Meteorit sst vun der Spuer ass dat awer zimmlech
4 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
nd
den Astronaut Neil Armstrong
Den 21. Juli 1969 huet den Neil Armstrong als éischte Mënsch säi Fouss op de Mound gesat an dobäi e bësse Moundstëbs opgewullt. A genee dëse Stëbs ass et, deen haut Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen aus aller Welt wéi geckeg beschäftegt. Och eng sëllege Moundmissioune si wéinst him an den nächste Jore geplangt. Rieds geet vum REGOLITH! An dëse groelzege Stëbs huet et nawell a sech!
Et ass ganz reng gemuelent Moundgestengs, mat schaarfe Kanten a Glassplitteren dran. Datt hir Kante schaarf sinn an net ofgerënnt, kënnt dohier, datt et um Mound keng Atmosphär gëtt. Dofir gëtt et och kee Wand, deen d’Stëbskäre kéint laanschtenee reiwe loossen, fir datt se ofschläifen. D’Glas bilt sech ënner anerem duerch déi grouss Hëtzt, déi entsteet, wann en Asteroid oder e Meteoroid mat vollem Wuppes an d’Mounduewerfläch knuppt. Déi Kusch vu Regolith fënnt een iwwerall um Mound. Bis 12 METER HÉICH kann de Stëbs plazeweis leien. Do bräicht ee schonns en zolitte Stëbssuckler, fir deen all ewech ze kréien.
Den Astronaut Buzz Aldrin trëppelt duerch de Moundstëbs.
TEXT: MIKE HAGEN I 5
Äntwert: Et kéint een se och haut nach do bewon gëtt, gëtt et och kee Wandoder Reen, deen d’Spu drop fale géif, kéint se zerstéiert ginn; bei der Gré onwarscheinlech.
An deene leschten 10 Joer huet d’Wëssenschaft de Regolith e bësse méi genee ënner d’Lupp geholl a si kënnen haut mat Sécherheet soen, datt am Moundstëbs nach eppes Intressantes dra verstoppt ass. Nämlech WAASSER!! An et deit sou munches drop hin, datt an 1000 Kilogramm Regolith tëschent 120 bis 180 Milliliter Waasser dra kéinte sinn!
1000 Kilogramm
Ma, wou kënnt dat Waasser dann hier? Do gouf et bis viru kuerzem nach 3 verschidden Theorien:
1.D’Waasser ass bei der Entsteeung vum
Mound viru 4,5 Milliarde Jore mat entstanen.
2. D’Waasser war an engem oder méi
Meteoritten, déi an de Mound gekraacht sinn.
3. D’Waasser entsteet ëmmer nees nei um Mound.
Sonn
Sonnew
Engem Grupp vu Fuerscher vun der Universitéit vun Hawaii ass et gelongen ze beweisen, datt DÉI DRËTT THEORIE DÉI WARSCHEINLECH RICHTEG ASS. An dobäi spillen d’Sonn an d‘Meteoritten nawell eng wichteg Roll. De SONNEWAND* trëfft op d’Mounduewerfläch, dréngt an de Moundstëbs an a bewierkt bannen am Regolith eng cheemesch Reaktioun. Kënnt dann och nach eng immens GROUSS HËTZT dobäi, esou wéi se bei engem Meteorittenaschlag entsteet, dann heescht d’Resultat: Waasser.
An um Südpol vum Mound, op de Bannewänn vun de METEORITTEKRATEREN, do wou nimools d’Sonneluucht hikënnt an et ëmmer kal ass, soll besonnesch vill Waasser ze fanne sinn. Dat ass och de Grond firwat op eemol eng Rei Natiounen drun intresséiert sinn elo nees Astronauten op de Mound ze schécken. Niewent Amerika a Russland sinn dës Kéier awer och nach China, Indien, Japan, Israel, Italien an d’Vereenegt Arabesch Emirate mat vun der Partie. 6 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
Eratosthenes Krater um Mound
* D’Sonn schéckt dauernd Stralung an elektresch opgelueden Deelercher (Elektronen a Protonen) an de Weltraum. Dëse stännege Floss vun Deelercher nennt d'Wëssenschaft Sonnewand.
An enger Studie gouf probéiert Schotenkresse (Arabidopsis thaliana) am Moundstëbs vun den Apollomissiounen ze ziichten.
180 Milliliter
}
Regolith
Ele
ktro
Pro
nen
tone
n
wand
Fiels Glassplitter Mound
gemuelent Gestengs
Gëtt et dann op der Äerd net genuch Waasser, datt mir Waasser vum Mound brauchen? Mir brauchen dat Waasser net hei op der Äerd, mee um Mound selwer. Den Dram vun de Weltraumfuerscher a -fuerscherinne wier et, eng MOUNDSTATIOUN ze bauen, an där d’ganzt Joer iwwer Astronauten an Astronautinne liewen a fuerschen. Dofir brauch een awer Waasser; fir ze drénken, fir sech ze wäschen an och fir d’Geméis ze netzen, dat een a groussen Zäre géif uplanzen. Och kann een d‘Waasser opsplécken a Sauerstoff a Waasserstoff. Sauerstoff fir ze ootmen, an a Kombinatioun mat Waasserstoff, als Dreifstoff fir d’Rakéiten. Géif et de Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinne geléngen d’Waasser aus dem Regolith erauszezéien, wier dat e grousse Schrëtt hin zum LIEWEN UM MOUND – an dat eppes méi wéi 50 Joer nom Neil Armstrong sengem berüümten éischte Schrëtt um Mound. Et bleift spannend! TEXT: MIKE HAGEN I 7
Wanterkaart
Du brauchs: Pabeierreschter z. B. al Zeitungen oder Reschter vu Kaddospabeier
Pechpabeier
Tuschbic
Kaart mat Beemchen
flëssege Pech
Zeecheblat
Schéier
2
1
5
Schneit deng Pabeierreschter a verschidde grouss Stécker.
Diebel däin Zeecheblat an der Mëtt. 6
Zortéier deng Rullen no Gréisst.
8 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023 I TEXT: ANNE-MARIE BIS
Pech deng Pabeierrullen op.
7
Verschenk deng
Vill Spaass beim Kniwwele
Wousst du, datt och an der Natur vill Saachen ëmmer erëm benotzt ginn? Z. B. benotzt den Igel Blieder, déi erofgefall si fir sech säi Wanterquartéier ze bauen oder d’Villercher benotzen all Méigleches fir hir Näschter ze bauen. Do kann dann och mol Offall vun eis an hirem Nascht landen.
3
4
Pech e Stéck Pechpabeier drop.
Rull deng Pabeierreschter ronderëm e Bic.
g Kaart.
Kaart mat Käerzen Du kanns deng Pabeierrullen och niewentenee pechen a Flamen drop molen.
en!
9
n u o i t a s Kompen
wéi mir zu Lëtzebuerg dem Biodiversitéit-Verloscht entgéint wierke kënNen! Biodiversitéit – dat ass d’Vilfalt vun allen Aarten a Liewensraim an der genetescher Vilfalt, déi et op der Welt ginn. Hei zu Lëtzebuerg gehéiert do z. B. de Biber, d’Schlësselblumm oder och nach d’Himmelsdéierchen dozou. All Liewewiese sti mateneen a Verbindung, dofir ass et wichteg, souwuel d’Planzen wéi och d‘Déieren an hir Liewensraim ze schützen.
10 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
All d’Liewewiese sinn Deel vun der Natur an erfëllen do wichteg Rollen: z. B. eng Raup ernäert sech vu Planzen; e puer vun dëse Raupen entwéckele sech zu Päiperleken; e puer ginn awer och vu Vigel, wéi der Blomees, gefriess. Dofir hänkt also d‘Iwwerliewe vun der Blomees och dovun of, datt genuch Planzen do si fir d‘Raupen. Leider geet et deene meeschten Aarten ëmmer méi schlecht op eisem Planéit. Si si bedrot duerch de Verloscht vum Liewensraum, d'Iwwernotzung, den Drock vum Klimawandel a vun invasiven Aarten.
Kanns du dir dat virstellen?
Op der ganzer Welt verschwannen all Dag 150 Aarten!
Och zu Lëtzebuerg geet et villen Déieren a Planzen net gutt. Sou ginn z. B. Haiser a Stroosse gebaut, woufir muss en Deel Natur fortkommen: Beem an Hecken, oder aner geschützt Liewensraim verschwannen. Hei am Land gëtt et awer e ganz spezielle System fir dësem BiodiversitéitsVerloscht entgéint ze wierken: ekologesch Kompensatioun. TEXT: CATHERINE GONNER, NATURVERWALTUNG I 11
Wat ass ekologesch Kompensatioun? Wien am Lycée ass, kennt de System vun der Punkte-Kompensatioun um Enn vum Schouljoer. Wann e Schüler oder eng Schülerin net genuch Punkten an engem Fach huet zum Schluss vum leschten Trimester, da kann hien oder si déi feelend Punkte kompenséieren, wann hien oder si extra gutt an engem anere Fach geschafft huet. An anere Wierder, déi ongenügend Nott gëtt ersat duerch den extra Effort, deen de Schüler oder d'Schülerin iergendwou anescht gemaach huet. Sou änlech funktionéiert dat och bei der Kompensatioun vun Natur: Stell der vir, et muss eng nei Strooss gebaut ginn, an dofir musse Beem fortkommen.
Fir datt déi Beem däerfen ofgeseet ginn, muss een dofir suergen, datt iergendwou anescht nei Beem oder Hecke geplanzt ginn. An anere Wierder,
12 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
d’Natur déi verluer geet op enger Plaz, gëtt op enger anerer Plaz ersat.
Natierlech ass et ëmmer besser wann ee versicht, wou och ëmmer méiglech, d‘Beem stoen ze loossen an iergendwou ze bauen, wou keng Natur zerstéiert gëtt. En nei geplanzte Bam brauch nämlech vill Joere fir grouss ze ginn,
ier e ka seng wäertvoll ekologesch Funktioun an der Natur erfëllen. Sou ass z. B. en 100 Joer alen Nëssert immens wichteg fir ganz vill Déieren: d’Kaweechelche
ka seng Nëss fir de Wanter asammelen, de schwaarze Spiecht ka sech eng Hiel am Stamm bauen an d’Maus ka sech ënner de Wuerzele verstoppen. An och du bass frou, wann s du dech op engem waarme Summerdag gemittlech a säi Schiet sëtze kanns.
Dofir ass och eng wichteg Reegel bei der Kompensatioun:
Verhënneren - Reduzéieren - Kompenséieren
Réischt wann absolut sécher ass, datt et keen aneren Auswee gëtt, wéi d’Natur ze zerstéieren, däerf dat da gemaach ginn. TEXT: CATHERINE GONNER, NATURVERWALTUNG I 13
Wat hues du esou grouss Aen?! Dee Saz kenne mir vum Routkäppchen. Am Märche war hatt ganz verwonnert, datt der Boma hir Aen op eemol esou grouss waren. Mir wëssen natierlech, datt et dem Wollef seng Ae waren, déi d'Meedchen esou erstaunt hunn. Datt et an der Déierewelt wierklech formidabel Ae gëtt, dat entdeckt dir op deenen nächste Säiten!
14 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
na 5 c m
a u s se a 2,4 c hen m
sc
Ganz déif am Waasser gëtt et en Déier, dat huet nach vill méi grouss Aen: de Kolosskalamar! Hien huet säin Numm net vun ongeféier. Wann ee seng Tentakele mat arechent, dann huet hien eng Kierpergréisst vu bis zu 14 Meter! A säin A ass esou grouss wéi e Fussball! Déi brauch hie fir déif ënnerwaasser – wou net vill Luucht hikënnt - awer nach eppes ze gesinn.
E
an le f
ten a 3,4 c m
S tr
s Fu
s b a ll 2 2 c
m
Kolosskalamar
n
Déi gréissten Ae vun alle Landdéieren huet de Strauss. 5 Zentimeter grouss ass säin A. Dat ass méi grouss ewéi sai Gehier! A méi grouss ewéi dem Elefant säin A!
Më
Strauss
Tarsier Den Tarsier ass e klengen, nuetsaktive Bamkloterer, bal wéi en Af. Hien huet am Verglach zu senger Kierpergréisst déi gréissten Ae vun alle Mamendéieren. Hie ka seng Aen awer net beweegen a muss dofir ëmmer de Kapp dréinen, fir an der Géigend ronderëm ze kucken. TEXT: KATHARINA KURT I 15
Trilobit Eent vun deenen eelsten A hat den Trilobit. Hie war e wirbellose Glidderféisser, dee viru 520 bis 250 Millioune Joer gelieft huet. Hien ass also haut ausgestuerwen. Spannend ass, datt hien eng Zort Facettena hat, änlech wéi haut d’Insekten! An dat scho viru Millioune Joer!
Rendéier D’Rendéier huet och ganz besonnesch Aen. Bei him ännert sech nämlech d’Aefaarf jee no Joreszäit! Am Summer huet et brong-gëllen Aen an am Wanter huet et blo Aen. Am Summer ass et am héijen Norden, do wou d’Rendéier lieft, wochelaang hell. Am Wanter ass et wochelaang däischter. De Wiessel vun der Aefaarf hëlleft him, trotz ënnerschiddlecher Hellegkeet gutt kënnen ze gesinn. Mee opgepasst! Verwiessel dat net mat der Aefaarf beim Mënsch! Bei him ass et net esou, datt déi mat de brongen Ae besser am Summer gesinn an déi mat de bloen Ae besser am Wanter!
Chamäleon
Probéier du dat emol! An? Klappt et?
Och e Chamäleon ka bal 360 Grad ronderëm kucken an dat ganz ouni Facettenaen. Seng Ae stinn e bëssen eraus. Zudeem kënne seng Aen onofhängeg vunenee schaffen. Dat heescht, hie ka mat dem rietsen A enger Méck op senger rietser Säit nokucken. A mat sengem lénken A kann e gläichzäiteg enger Méck op der lénker Säit nokucken. Esou huet hien ëmmer alles am Bléck! 16 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
Libell D’Libell huet, ewéi vill Insekten, Facettenaen. Dat si vill Miniaen, déi ganz no beienee leien, an déi zesummeschaffe fir ee grousst Bild ze gesinn. Et gëtt Libellenaarten, déi hu bis zu 28 Dausend Miniaen pro Facettena. A well hiert Facettena bal hire ganze Kapp bedeckt, ka si bal ganz ronderëm kucken, ouni de Kapp ze beweegen. 360 Grad-ronderëmKucken nennt een dat!
Elauter Miniaen!
Véier-Aen-Fësch Extra Aen huet och de Véier-Aen-Fësch. Awer opgepasst! Säin Numm kréckelt eis eng: Hien huet guer net wierklech véier Aen! Hien huet zwee Aen, mee déi sinn an der Mëtt gedeelt! Esou kann hien iwwer dem Waasser an ënner dem Waasser gutt gesinn. Dat ass praktesch fir Insekten ze joen, déi uewen um Waasser schwammen! TEXT: KATHARINA KURT I 17
?
▼
S.1
Wierdersich:
Déi meescht Wierder fënns du an dësem Panewippchen.
▼
S.20
Ä
▼
W
▼
S.28
R
É
S.16
M
S.26
▼
▼
Ë
S.9
A
▼
S.13
E F
▼
S.18
▼
W
▼
▼
S.5
C
K
K
R
Fann déi 12 Feeler!
18 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
D’Léisung fënns du op der Säit 3.
w imamu.lu/p ns du op m n fë d id L um Versioun v g gesonge n e n a k e s D’Mu
TEXT A MUSEK: BOB MINETTE I 19
Beruffer aus d Interview mam Ralph, Elektriker am 'natur musée'
20 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
dem ‘natur musée’ Wéi heeschs du? Ralph Wéi al bass du? 33 Joer Wat ass däi Liblingsiessen?
Schwäizer Raclette
Däin Hobby:
Mountainbiking, defekt elektronesch Geräter probéieren ze flécken
Deng Liblingsfaarf: donkelblo Wat ass däi Beruff? Energieelektrotechniker Wat méchs du am Musée? Ech suergen dofir, datt déi ganz Technik an de Gebaier funktionéiert. Niewent dem Musée hu mir och nach aner Gebaier, wéi z.B. eis Laboen, d'Sammlungen, d'Depôten, an deene gefuerscht gëtt, dräi Klassesäll, eng Schräinerei an och vill Büroen, wou all eis Leit schaffen. Dir gesitt, do gëtt et ëmmer vill fir mech ze dinn.
Op wat muss du alles oppassen, wann eng nei Ausstellung installéiert gëtt? Ech muss dofir suergen, datt d’Ausstellung fir d’Visiteuren a fir déi, déi bei eis schaffen, sécher ass a keng Gefor besteet, wat elektresch Installatiounen ugeet. Et ass och wichteg, datt d’Luuchten Austellungsstécker richteg beliichten. Wa mir z. B. Ecranen an der Ausstellung hunn oder aner technesch Apparater, da sinn ech och dofir zoustänneg, datt alles funktionéiert.
TEXT: ANNE-MARIE BIS I 21
Wat gefällt dir am Beschten un dengem Beruff? Meng Aarbecht ass immens ofwiesslungsräich. Ech kommen op ganz vill verschidde Plazen an den Asaz a muss all Dag nei „Rätsele“ léisen. E bësse wéi een Detektiv muss ech erausfannen, wat de Probleem ass a wéi ech d’Elektrik erëm un d’Goe kréien.
Wolls du schonn ëmmer Elektriker am Naturmusée ginn? Nee
Wat war däin Dramberuff als Kand? Daniel Düsentrieb. Nee quatsch, ech hat keng genee Anung wat ech wollt ginn. Ech hu schonn als Kand dacks al elektronesch Geräter ausernee gebaut, well mech déi Technik dovun intresséiert huet. An esou sinn ech op déi Schinn komm.
Wat hues du geléiert? Ech hunn als éischt eng Ausbildung zum Hauselektriker gemaach. An duerno nach eng zum Energieelektrotechniker. 22 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
War deng Ausbildung cool? Jo, dat war se, well et der zwou waren, déi eng beim Patron an déi aner komplett an der Schoul. Et war flott, fir déi zwou Säiten ze gesinn, déi praktesch an déi theoretesch.
Hues du vill misse léieren? Et ass gaangen.
Wou ass deng Liblingsplaz am oder ronderëm de Musée? Eng vun menge Liblingsplazen ass den Haff vun der Abtei Neimënster, well een do eng extrem schéi Vue op d’Kasematten huet, wat niewebäi och all Dag mäin Trëppelwee fir op d’Schaff ass.
Hues du nach een Tipp fir eis Lieser? Sicht iech ee Beruff eraus, deen iech Spaass mécht. TEXT: ANNE-MARIE BIS I 23
Fir kleng Liesraten
De Roude Fuuss Rotfuchs, renard roux, red fox, Vulpes vulpes
De Roude Fuuss ass eent vun de Mamendéieren, dat am wäitsten op der Äerd verbreet ass. E lieft souwuel a Bëscher wéi op Wisen a Felder, an e kënnt och an d’Dierfer a Stied eran. heemesch 24 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
Virkommen onsécher
agefouert
Am Fréijoer setzt d’Mamm 3 bis 7 kleng gro-brong Fiissercher op d’Welt.
No 4 Wochen ass de Kanner hire Pelz schonn orange-brong.
Si ginn op d’mannst 8 Woche laang geniert.
Si spille vill dobausse virun hirem Bau.
De Roude Fuuss ass e Fleeschfrësser. Hie geet
An de Stied huet de Fuuss säi Menü ëmgestallt:
op d’Juegd no Mais, Kanéngercher oder Vullen.
Iessreschter aus Drecksbacken a vum Kompost,
Och Reewierm a wëll Friichten huet hie gär.
Gaardefriichten, Kazen- a Vullefudder…
De Roude Fuuss héiert immens gutt.
Da spréngt en héich an d’Luucht an daucht mat
Am Wanter héiert hie souguer,
voller Vitess mat der Schnëss an de Schnéi,
wann eng Maus ënner dem Schnéi leeft.
fir d’Maus ze fänken.
TEXT: GUY KERSCH I 25
Kichelcher ouni Bakuewen Du brauchs: 125 g gemuelen Hieselnëss 125 g gemuele Mandelen 8 Dattelen 4 IL Hunneg 30 g Kakaosbotter
1
2 D’Dattelen esou kleng wéi méiglech schneiden.
D’Hieselnëss, d’Mandelen, d’Dattelen an den Hunneg vermëschen.
5
4
26 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
Form kleng Bulle mat den Hänn a stell deng Kichelcher fir minimum 2 Stonnen an de Frigo.
De Kakaosbotter mat der Nëss-Dattel-Hunneg Mëschung mat den Hänn oder engem Läffel vermëschen.
Wousst du, datt raffinéierten Zocker a bal all de verschaffte Liewensmëttel, wéi z. B. Séissegkeeten, Gedrénks, Fäerdegproduiten, asw. dran ass? Raffinéierten Zocker gëtt aus Planze wéi Zockerrouer oder Zockerrommel gewonnen a besteet aus Saccharos. Saccharos setzt sech aus Glukos a Fruktos zesummen. D’Fruktos gëtt oft Fruuchtzocker genannt. Wéi den Numm et scho seet, fënnt een dësen Zocker an de Friichten. Saccharos
3
😉
Hei gëtt kee Marie gebuet! De Bain-marie oder d’Waasserbad ass eng Aart a Weis fir ze schmëlzen/ze kachen. An engem Dëppe gëtt Waasser ganz waarm gemaach. Botter, Schokela, Kakaosbotter, asw. ginn an enger Schossel drop gesat a lues schmëlze gelooss. D’Waasser däerf net kachen an net an d’Schossel mat den Iesswueren eralafen.
De Kakaosbotter an der Mikrowell oder am Bain-marie schmëlzen.
6
Mmmh lecker, elo kanns
du se iessen! TEXT: ANNE-MARIE BIS I 27
ASTEROID MISSION
De galakteschen D’Stären an d’Stärebiller hunn de Mënschen ëmmer schonns gehollef sech ze orientéieren; sief et op de grousse Weltmierer oder an de risege Sandwüsten. Mat Hëllef vun der Sonn am Dag an de Stären an der Nuecht konnte si hiert Zil sécher usteieren.
28 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
Navi Mee, wéi ass dat dann eigentlech mat den Déieren, déi an der Däischtert vun der Nuecht mussen hire Wee fannen? Kucke si och d’Stären an d’Stärebiller, sou wéi mir dat maachen?
D'Wëssenschaft, déi sech mam Verhale vun den Déiere beschäftegt, d'Ethologie huet sech der Saach mol ugeholl. Hei gouf erausfonnt, datt et nawell eng Rëtsch Déiere ginn, déi an den Himmel luusse fir hire Wee ze fannen.
TEXT: MIKE HAGEN I 29
Virop e klengen onscheinbare Kiewerlek, den
AFRIKANESCHE MËSCHTKRIWWELER
(Scarabaeus satyrus). Hie verbréngt eigentlech ganz vill Zäit domadder aus dem Kacka vu Planzefriesser Kugelen ze formen an déi dann an enger gudder Stopp ze verstauen. Dëst muss awer séier an zackeg iwwer d’Bün goen an dofir wielt hien ëmmer de kierzte Wee bis bei d’Stopp. Fir d’Riicht ze behalen, an net kräiz a queesch duerch d’Gewan ze rullen, orientéiert hie sech am Dag un der Sonn an dem Sonneliicht. Nuets awer kuckt hien an d’Stäre fir säi Wee ze fannen an dat ass nawell zimmlech ongewéinlech fir en Insekt.
S tär
Si huet de Mëschtkriwweler mat senger Kackakugel an eng Zort Baseng gesat. De Kiewerlek konnt esou nëmmen d’Wänn vum Baseng an den Himmel gesinn. Hien ass doranner sécher a riicht wéi mam Lineal op d’Stopp duergerullt. Duerno huet d’Wëssenschaftlerin dem Kiewerlek eng Zort Scheiklapp ugedoen, woumadden hien net méi no uewe kucke konnt. Elo konnt hie sech iwwerhaapt net méi orientéieren, ass just hin an hir gerullt an huet mat vill Krämpes d’Stopp erreecht. D’Fuerscherin wollt dann elo wëssen, wat um däischteren Nuetshimmel dem Mëschtkriwweler de Wee weist. Sinn et eenzel Stären? Sinn et Stärebiller? Oder villäicht eppes ganz anescht? Fir dëst ze iwwerpréiwen ass si mat dem Kiewerlek an e Planetarium gaangen an huet och do nees hire Baseng opgebaut. De Kriwweler huet ënner véier verschiddenen Nuetshimmele missten seng Stopp fannen; engem Himmel mat méi wéi 4000 Stären an dem helle Band vun der Mëllechstrooss, engem Himmel mat nëmme Stären, engem Himmel mat just der Mëllechstrooss an, fir d’Kontroll, engem komplett stackdäischteren Himmel. A kuck do! Konnt de Mëschtkriwweler d’Mëllechstrooss erblécksen, ass hie schnouerriicht op d’Stopp higesteiert, war d’Mëllechstrooss net ze gesinn, ass hien an d’Laberente komm an huet däitlech méi laang gebraucht, bis an d'Stopp.
en him m el
D’Marie Dacke, Fuerscherin op der Universitéit Lund a Schweden, wollt dëst méi genee wëssen an huet dofir en Experiment mat de Kriwweler gemaach.
Domadder konnt d’Fuerscherin beleeën, datt den afrikanesche Mëschtkriwweler an der Nuecht d’Mëllechstrooss als Orientéierungshëllef hëlt. 30 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
Dës Foto vun engem Kriwweler mat «Kap» wärend dem Experiment gouf vum Marcus Byrne geholl, ee vun de Wëssenschaftler, déi un dësem Experiment deelgeholl hunn.
n be b o R
k fén o g Indi
st
ac
kdä isc hter e n Hi m
me l Baseng, 3 m Duerchmiesser. D’Kriwweler si vun der Mëtt aus lassgelaf.
Awer och aner Déieren orientéiere sech un Himmelskierper, sou wéi den INDIGOFÉNK (Passerina cyanea) aus Nordamerika. Fuerscher konnte schonns am Joer 1967 beweisen, datt dëse Villche sech op senger Rees an de Süde vun de Stären de Wee weise léisst. Och gëtt ugeholl, datt d’ROBBEN de Bléck an de Stärenhimmel notze fir nuets nees heem ze fannen. Verschidden Experimenter deiten dorop hin, datt se esouguer eenzel Stären um Himmel erkenne kéinten. Mee ganz sécher bewisen ass dëst nach net an esou wäert d’Fuerschung och hei nach vill Neies entdecken. Et bleift op jidde Fall spannend! TEXT: MIKE HAGEN I 31
Onbeléift Fëscher? E schwaarzt Kräiz, dat laanscht Weieren oder Baache flitt, ka bal nëmmen e Kormoran sinn. Dës schwaarz Vulle kënnen 80-90 cm grouss ginn a mat de Flilleken ausernee komme si op knapp 150 cm.
Si iesse just Fësch, déi si beim Dauche fänken. Well si hir Plommen net mat Ueleg areiwe wéi d’Inten, musse si nom Fëschen hir Flilleken dréchnen. Mat den naasse Plomme gi Kormorane méi schwéier a kënnen dofir besser a méi laang dauchen. D’Fësch gi ganz mam Kapp no vir ofgeschléckt. Alles wat Kormorane net verdauen, gëtt erëm eraus gekatzt.
32 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
Dëst Joer hu Kormoranen zu Lëtzebuerg am Museldall gebréit. Kormorane bréien a Kolonien, also zu vill zesummen, normalerweis op Beem. Déi Jonk sëtzen ongeféier 7 Wochen am Nascht. Jonk Kormorane sinn um helle Bauch ze erkennen.
Hoppla, jonke Kormoran, fal net erof!
bis 10 cm grouss
Am Wanter hale sech normalerweis 300-400 Kormoranen zu Lëtzebuerg op. Dat si Vullen, déi gréisstendeels aus Dänemark, Norwegen an Holland bei ons kommen.
mo Ko r
ran ,
rm orant, Phal grand cormoran, great co ac r
o co
rax
ca o rb
Well déi schwaarz Kormorane Fësch iessen, si si bei de Fëscher a Fëscherinnen net beléift. Ganz oft héiert een, datt d’Kormoranen ons Baachen eidel fëschen. Dat ass awer natierlech falsch, well soss géifen d’Kormorane jo erhéngeren. Wa Kormoranen also bei enger Baach oder engem Weier sinn, ass dat en Zeechen, datt et vill Fësch am Waasser gëtt.
nn
ës td
t W u e r t h ir ?
Kormoran Kënnt vum spéide Latäin, iwwer d’Alspuenescht, dono d’Alfranséischt an dann d’Däitscht an d’Lëtzebuergescht. Dohanner stécht de laténgeschen Ausdrock corvus marinus, also de Kueb vum S Mier. m vu
rsch , ZLS
Me
am
Aw
ou
kë
E Kormoran ësst am Dag just tëschent 200 a 400 Gramm Fësch. Wann hie verdriwwe gëtt, brauch hie vill Energie a muss dofir méi iessen. Also Kormoranen am beschten a Rou loossen, well si sinn onschëlleg dorun, datt verschidde Fësch, wéi Äschen, bei ons méi rar gi sinn. D’Waasserverschmotzung ass nach ëmmer de gréisste Problem fir d’Fësch an onse Baachen.
TEXT: CLAUDE HEIDT I 33
Wanterdeko Beim Spadséiere kanns du e puer Eechelen an e puer Äscht oprafen.
1
2 Schneit d'Äscht mat engem Secateur a Stécker. Schneit se ënne schif of, fir se besser an de Buedem ze stiechen. Heibäi kann een Erwuessenen der hëllefen. 3
Mol e puer Hittercher an e puer vun den Eechele faarweg. Pech déi gedréchent Hitt op d’Bengelen.
Fir d’Gesiichter: schneit mam Secateur e klengt Stéckelchen erof.
34 I DE PANEWIPPCHEN 4/2023
TEXT: SABINE GOERENS
4
De Panewippchen ‘natur musée’ - 25, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450
www.naturmusee.lu www.panda-club.lu
Impressum Redaktiounscomité:
A. Bis, S. Dengler, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, C. Faber, J. Meyer, F. Theisen.
Mol mat engem 5 Tuschbic denge Bengele Gesiichter
Texter:
A.-M. Bis, S. Dengler, S. Goerens, C. Gonner, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, K. Kurt, B. Minette.
Grafik an Illustratioun: S. Goerens, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.
Fotoen:
Stiech d’Bengelen an 6 d’Blummendëppen a schonns hues du eng schéi Wanterdeko.
S2&3 Hannergrond: shutterstock, Nautilus: U.G. Miyasaka I Adobe StockB, aner: MNHN S4&5 Mound: Gregory H. Revera, Regolith: Wknight94, aner: public domain S6&7 Moundkrater: Klainhern, Planzen am Regolith: AnnaLisa Paul, Stephen M. Elardo & Robert Ferl S8&9 MNHN S14&15 Elefantenaen: Mathias Appel, Mënschenaen: 8thstar, Kalamar: Citron/CC BY-SA 3.0, aner: shutterstock S16&17 Rendéier: pixabay, Chamäleon Aen: Loury Cédric, aner: shutterstock S18 MNHN S20-23 MNHN S24&25 shutterstock S26&27 Sucrose: pixabay, aner: MNHN S28&29 Sextant: Rama, Kaart: public domain, aner: shutterstock S30&31 Kriwweler: Udo Schmidt, Kriwweler mat Kap: Marcus Byrne, Robben: Charles J. Sharp, Indigofénk: shutterstock S32&33 Hannergrond: Claude Heidt, Kormoran Nascht: shutterstock, Ee: Roger Culos Muséum Toulouse, Kormoran um Aascht: SachinRM, aner: Jang Schock S34&35 MNHN S36 MNHN Poster: Säit1: shutterstock Säit2: Adler: Quartl, Spann: Francesca Grossi, Kammmuschel: public domain, Plattfësch: Luc Viatour, Pohunn: Superbass,Facettenaen: Haldimann, Kazenaen: UuMUfQ, Kaz: 4208mdk09, Reewuerm: shutterstock, Maulef: Hundehalter
De Panewippchen gëtt ënnerstëtzt vun Ministère de la Culture Musée national d’histoire naturelle Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable Administration de la Nature et des Forêts Ministère de la Santé
Abonnementer & Info panda-club@mnhn.lu Tel.: 462233 450
Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.
I 35
Impact imminent
NATUR MUSÉE ASTEROID MISSION 10/NOV/23 18/AUG/24 Location Opening Hours Coordinates Type
Musée national d’histoire naturelle 25, rue Muenster L-2160 Luxembourg TUE 10Am – 8PM WED–SUN 10AM – 6PM 49°36’34.88’’ N,6°8’8.34’’ E exhibition made in Lux. First production