3 minute read
Beim Tessy Gonderinger
from mz495
by Presss sarl
Am Gespréich mam Tessy Gonderinger An eiser neier Serie „D’Muselzeidung ënnerwee“ hu mir dës Kéier d’Dëschtennisspillerin Tessy Gonderinger am Interview, déi virun e puer Woche mat hirem Veräin, dem DT Rued-Sir, d’Coupe de Luxembourg gewonnen huet.
DACHAUSBAU FENSTER HAUSTÜREN INNENAUSBAU TROCKENBAU MÖBELBAU TREPPEN
Gratis Devis
BÜRO 63, ROUTE DU VIN, 6841 MACHTUM TEL (+352) 27 07 47 50 FAX (+352) 27 07 47 55 E-MAIL SCHREINEREI-KARRENBAUER@FREENET.DE WWW.SCHREINEREI-KARRENBAUER.COM
Tessy, fir déi, déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?
TG Mäin Numm ass Tessy Gonderinger, ech hunn 28 Joer a spille säit 5 Joer zu RuedSir Dëschtennis. Meng sportlech Karriär hunn ech scho mat 7 Joer ugefaangen, deemools hunn ech um Houwald Dëschtennis geléiert spillen. Schnell gouf den Dëschtennis zu menger grousser Passioun, déi mech säitdeem net méi lassgelooss huet. Ech si mat 15 Joer op Saarbrécke gewiesselt, fir virun allem Erfarung am Damme Championnat ze sammelen. Viru 5 Joer huet mäi sportleche Wee mech erëm zeréckgefouert op Lëtzebuerg, ech spille säitdeem fir de Veräin DT Rued-Sir.
Gebierteg sinn ech vu Conter a wunnen elo an der Fielser Gemeng. Meng zwou Frëndinnen, d’Danielle Konsbruck an d‘Annick Stammet, hu mech deemools, wéi ech vu Saarbrécken erëm op Lëtzebuerg komm sinn, motivéiert fir an hire Club op Rued spillen ze kommen. Ech sinn do ganz frou, mir sinn eng ganz gutt Ekipp um Terrain an och am Veräin versti mir eis all ganz gutt!
NEUERSCHEINUNG
Lëschteg Gedichter
Léon Schadeck
Wann Der laacht, da blitt e Glanz an Ären Aen, Der gefaalt och méi, well Laachen deet net wéi. Laachen ass gesond, awer dreift et net ze bont, dofir laacht keen aus, do gëtt et keen Applaus. 45, route de Luxembourg L-5408 Bous | Tel. +352 23 66 97 51 info@nopson.com | www.nopson.com
Wéi kriss du de Sport mat dengem Beruff ënnert een Hutt?
TG Ech si keng haaptberufflech Sportlerin.
Nom Sportslycée wollt ech studéiere goen an net de Sport zu mengem Beruff maachen. Ech sinn haut ganz frou Schouljoffer ze sinn a freeë mech all Dag zu Lënster Schoul halen ze kënnen. De Sportsministère huet mir allerdéngs am Januar e Kontrakt erméiglecht, wou ech elo hallef schaffe ginn an di aner Zäit mech op de Sport konzentréiere kann. D’Zil ass, dass mir eis mat der Dammenekipp fir d’Olympiad 2024 qualifizéieren.
Den 12. Februar dëst Joer hues du mam DT Rued-Sir d’Coupe de
Luxembourg gewonnen. Felicitatiounen!
TG Merci! Mir sinn alleguer immens frou iwwert dës Victoire. Meng Ekipp mam Peter Musko, dem
José Lavado, dem Joël Kox an dem Annick Stammet hu bis di lescht Minutt alles ginn. Et hat nämlech kee mat eis gerechent, dass mir et bis an d’Finall giffe packen an och nach d’Coupe mat op Rued giffen huelen. Mir haten an der Coque eng super Ënnerstëtzung vun eise Leit an dës Victoire ass de Beweis dofir, dass mir eng immens gutt Ambiance an der Ekipp hunn a virun allem e groussen Zesummenhalt och am Club hunn, well ouni d’Ënnerstëtzung vu jidderengem eenzelen hätte mir dëst Resultat net erreecht.
Eise Veräi feiert dëst Joer 75 Joer, méi e schéine Kaddo konnte mir eise Memberen an eis selwer net maachen.
Och fir dech perséinlech ass dës Victoire e schéine Moment. Wéi eng Erfolleger konnst du bis elo an denger Karriär schonn erreechen?
TG A menger Jugend war ech e puer Mol Landesmeeschterin a menger Alterskategorie. Mat der nationaler Jugend Ekipp hu mir eng Kéier di 5. Plaz op der Europameeschterschaft erreecht. E grousse Moment fir mech war rezent d’Europameeschterschaft a TESSY Rumänien, wou ech, zesumme GONDERINGER mam Sarah de Nutte an dem Ni Xia Lin, et bis an d’Véierels- D'Tessy Gonderingen huet am finall gepackt hat. Februar mam DT Rued-Sir d'Coupe de Luxembourg gewonnen!
En nächste grousse Rendezvous, op dee mir eis elo preparéieren, ass d’Qualifikatioun Ufank 2024 fir d’Olympiade, déi am Summer 2024 zu Paräis wäert stattfannen. Do hoffen ech, zesumme mat menger Ekipp, e gutt Resultat kënnen ze maachen.