2 minute read

Är Fotoen

Réckbléck Är Fotoen

Nei Fotoen aus der Regioun vun Iech a fir Iech zesummegestallt! Bei Iech war och eppes lass? Da schéckt eis gären Är Foto vun engem flotte Moment eran: burton@pt.lu

Bous

D‘Kanner aus der Stadtbriedemesserstrooss vu Bous beim Liichten

Réimech

D‘Madamm Marie Muller-Forman huet hiren 100te Gebuertsdag gefeiert

Gouschteng

D‘Thérèse an de Gilles vum Kapenaker ware Wiert am Café bei den Tutebattien

Schengen

Visitt vum armeneschen Ausseminister an der Delegatioun vum armenesche Parlament

Bäedref

Generalversammlung vun der Harmonie Berdorf. De Präsident René Manternach an de Sekretär Roger Eiffes verloossen de Comité a goufe geéiert

Uespelt

Virtrag „Vergiesslechkeet & ganzheetleche Gediechtnestraining“ vun der Gemeng Fréiseng, zesumme mam Lëtzebuerger Veräin fir Gediechtnestraining & mam Info-Zenter Demenz

Rued-Sir

Ausstellung „¿ Puzzled!“ an der Kierch mam Kënschtler Rico Winandy an Zesummenaarbecht mat Trisomie21 Lëtzebuerg

Nidderaanwen

Ënnert dem Motto “Hüttenzauber” konnte Besicher vum Maart sech um Stand vum Télévie Nidderaanwen 2022 mat engem Glühwäin opwiermen an dozou e leckere Kaiserschmarrn iessen

Musel

„Wine Cheese Enjoy“

Bech-Maacher

Meeting mam Kënschtler Martin Rehrl

Nidderaanwen

Um Bastelstand vun Niedz4kidz um Maart konnten d’Kanner hirer Fantasie fräie Laf loossen an Holzhäerzer fir den Télévie bemolen an dekoréieren

Schengen

Liichtmëssdag an der Gemeng

Perl

Amtseinführung des neuen Schulleiters Dirk Dillschneider am Deutsch-Luxemburgischen Schengen-Lyzeum

Schëtter

Wärend dem Maart, deen all zweete Samschdeg vum Mount zu Schëtter op der Kiercheplaz stattfënnt, ass an de Raimlechkeete vum Schëtter Treff eng flott Animatioun fir Kanner organiséiert ginn. D’Renée Hutmacher huet spannend Geschichte vum Emil dem Petzi virgelies éier den Animatrix mat sengem Zauberweenchen d’Kanner begeeschtert huet

This article is from: