3 minute read
Beim Max Hengel
from mz495
by Presss sarl
Am Gespréich mam Max Hengel An eiser neier Serie „D’Muselzeidung ënnerwee“ hu mir dëse Mount den neien Deputéierte Max Hengel am Interview.
Max, fir déi déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?
MH Ech hu meng Kandheet um Wormerberreg verbruecht a sinn zu Dräibuer an d‘Primärschoul gaangen. Nom 6. Schouljoer ware mir dunn zu enger ganzer Rei Klassekolleegen déi zesummen op de Lampertsbierg an de Lycée Robert Schuman gaange sinn. Ech hat do eng ganz flott Lycéeszäit a vill schéi Momenter mat menge Frënn. Dono hunn ech, no engem Ëmwee iwwer den Droit um deemolege Centre universitaire an zu Stroossbuerg, Geschicht a Politikwëssenschaften zu Tréier studéiert. No mengem Studium hat ech d‘Chance ganz séier eng Plaz an der CSV-Fraktioun als „Conseiller parlementaire“ ze kréien. An der Fraktioun huet et mir esou gutt gefall, datt ech am Fong ni méi do fort wollt. Am Laf vun de Jore sinn ech du Fraktiounssekretär adj. ginn an dono Coordinateur politique. An elo hunn ech dann d‘Chance als Deputéierten den Osten an der Chamber ze vertrieden.
Als Partner a Familljepapp vun 2 ganz aktive Jonge probéieren ech trotz mengem neien Amt esouvill Zäit wéi méiglech mat menger Fra a menge Kanner ze verbréngen. Eise Mupp, dee mir viru gutt annerhallwem Joer kritt hunn, freet sech wa mir méiglechst alleguer zesumme spadséiere ginn an och d‘Kaz nach vläicht matleeft.
Ech hunn am 1. Schouljoer ugefaange Basket ze spillen, deemools beim BBC Palma Ohn. Hei hunn ech vill Kolleege kennegeléiert, déi mech elo schonn all déi Jore begleeden. Zesummen hu mir all d‘Jugendéquipen duerchlaf, bis mir dono all an der 2. Equipe gelant sinn a wou mir mat nach e puer eelere Verstäerkungen zesumme gespillt hunn. Haut spille mir zwar manner zesummen, awer mir maachen nach eemol d‘Joer zesummen en Ausflug. 1999 gouf ech gefrot, ob ech net wéilt am Comité mat upaken, wat ech gär gemaach hunn. Esou konnt ech deemools d‘Fusioun zu den haitege Musel Pikes mat begleeden an och dono am Pikes Comité matschaffen. 2011 sinn ech du President vun de Pikes ginn. Zesumme mat engagéierten a motivéierte Kolleegen am Comité hate mir vill flott sportlech a mënschlech Momenter. Nodeems ech Buergermeeschter gi sinn, hunn ech schwéieren Häerzens decidéiert als President opzehalen, well et zäitlech an deontologesch net ënnert een Hutt ze kréie war. Trotzdeem verfollegen ech d‘Matcher nach ëmmer, wann och elo a Pandemie-Zäiten just am Live-Stream oder Ticker.
Wéi laang bass du scho politesch engagéiert?
MH Ech sinn 2011 déi éischte Kéier mat an d‘Gemengewale gaangen. Ech hu mech réischt um leschte Stëppel decidéiert matzegoen, well eise Jonas war deemools mol nach kee Joer al, an ech wollt a wëll awer och e presente Papp sinn. Nodeems ech gewielt gi sinn, hunn ech als Gemengeconseiller du wärend 6 Joer d‘Gemengepolitik kennegeléiert a gemierkt, datt ech nawell och gär méi aktiv wéilt matschaffen an -decidéieren. No enger spannender Walcampagne mat enger formidabeler Equipe hu mir eis dunn zu 9 engagéierte gewielte Gemengeréit zu Wormer rëmfonnt a mir hu séier e Wee vun der Zesummenaarbecht fonnt am Sënn vun der Gemeng an de Leit. Esou hat ech d‘Chance 3 Joer laang Buergermeeschter vun der wonnerschéiner Rieslingsgemeen ze sinn a sinn elo Schäffen. 2018 sinn ech du mat an d‘Parlamentswale gaangen an nodeems d‘Françoise Hetto e Schlussstréch ënnert hir politesch Karriär gezunn huet, hunn ech dann elo déi grouss Éier säit Januar Deputéierten an der Chamber ze sinn. MAX HENGEL
Wat sinn deng Dossieren an der Chamber?
De Max Hengel gouf am Januar als neien Deputeierten aus dem Osten an der Chamber vereedegt.
MH Ech si frou, datt ech Member an der Santéskommissioun sinn, well dësen Dossier hunn ech elo och scho 16 Joer an der CSVFraktioun als Mataarbechter begleet. Donieft sinn ech Member an der Educatiounskommissioun an an der Petitiounskommissioun. An der Mëttelstandskommissioun këmmeren ech mech ëm de Volet Tourismus, dee jo fir den Osten besonnesch interessant ass. Vun do aus kann ech och ëmmer en A op de Wäibau halen, dee mir als Wormer natierlech besonnesch um Häerz läit. Da sinn ech an der Intérieurskommissioun nach zoustänneg fir d‘Egalite Femmes-Hommes. Zu gudder Lescht sinn ech Membre suppléant an der Assemblée parlementaire du Conseil de l‘Europe.