mz495

Page 66

D'Muselzeidung ënnerwee

Am Gespréich mam Max Hengel An eiser neier Serie „D’Muselzeidung ënnerwee“ hu mir dëse Mount den neien Deputéierte Max Hengel am Interview.

Max, fir déi déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?

MH Ech hu meng Kandheet um Wormerberreg verbruecht a sinn zu Dräibuer an d‘Primärschoul gaangen. Nom 6. Schouljoer ware mir dunn zu enger ganzer Rei Klassekolleegen déi zesummen op de Lampertsbierg an de Lycée Robert Schuman gaange sinn. Ech hat do eng ganz flott Lycéeszäit a vill schéi Momenter mat menge Frënn. Dono hunn ech, no engem Ëmwee iwwer den Droit um deemolege Centre universitaire an zu Stroossbuerg, Geschicht a Politikwëssenschaften zu Tréier studéiert. No mengem Studium hat ech d‘Chance ganz séier eng Plaz an der CSV-Fraktioun als „Conseiller parlementaire“ ze kréien. An der Fraktioun huet et mir esou gutt gefall, datt ech am Fong ni méi do fort wollt. Am Laf vun de Jore

sinn ech du Fraktiounssekretär adj. ginn an dono Coordinateur politique. An elo hunn ech dann d‘Chance als Deputéierten den Osten an der Chamber ze vertrieden. Als Partner a Familljepapp vun 2 ganz aktive Jonge probéieren ech trotz mengem neien Amt esouvill Zäit wéi méiglech mat menger Fra a menge Kanner ze verbréngen. Eise Mupp, dee mir viru gutt annerhallwem Joer kritt hunn, freet sech wa mir méiglechst alleguer zesumme spadséiere ginn an och d‘Kaz nach vläicht matleeft. Ech hunn am 1. Schouljoer ugefaange Basket ze spillen, deemools beim BBC Palma Ohn. Hei hunn ech vill Kolleege kennegeléiert, déi mech elo schonn all déi Jore begleeden. Zesummen hu mir all d‘Jugendéquipen duerchlaf, bis mir dono all an der 2. Equipe

Muselzeidung 66

gelant sinn a wou mir mat nach e puer eelere Verstäerkungen zesumme gespillt hunn. Haut spille mir zwar manner zesummen, awer mir maachen nach eemol d‘Joer zesummen en Ausflug. 1999 gouf ech gefrot, ob ech net wéilt am Comité mat upaken, wat ech gär gemaach hunn. Esou konnt ech deemools d‘Fusioun zu den haitege Musel Pikes mat begleeden an och dono am Pikes Comité matschaffen. 2011 sinn ech du President vun de Pikes ginn. Zesumme mat engagéierten a motivéierte Kolleegen am Comité hate mir vill flott sportlech a mënschlech Momenter. Nodeems ech Buergermeeschter gi sinn, hunn ech schwéieren Häerzens decidéiert als President opzehalen, well et zäitlech an deontologesch net ënnert een Hutt ze kréie war. Trotzdeem verfollegen ech d‘Matcher nach ëmmer, wann och elo a Pandemie-Zäiten just am Live-Stream oder Ticker.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.