
5 minute read
BERDORF
from Sauerzeidung sz380
by Presss sarl
JOE NILLES
Steckbréif Gemeng Bäerdref

DIERFER Bäerdref, Bollenduerfer Bréck, Grondhaff, Kalkesbaach, Weilerbaach FLÄCH 2.190 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 1.855 AWUNNER BIS HAUT 1.937 NATIONALITÉITEN 51 BUERGERMEESCHTER Joe Nilles SCHÄFFEN Susy Seyler, Dan Scharff GEMENGERÉIT Adehm Guy, Bentner Carlo, Reuter Carlo, Scholtes Raoul, Schoos Jean, Wintersdorf Marc
Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz
Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wéieng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen?
D’Gemenge musse weiderhin hire Service garantéieren, mir zu Bäerdref an der Gemeng hunn eis e bëssen opgedeelt, sou dass am Fall wou e Mataarbechter positiv op Corona getest gëtt, mir d’Gemeng net komplett mussen zoumaachen. Et ass wichteg, dass eis Gemeng weider fonctionéiert, dass d’Leit net méi laang wéi soss op eng Geneemegung oder op soss Servicer waarde mussen. Des Weideren hu mir als Gemeng probéiert de Leit entgéintzekommen, andeems mir all Hëllef, di wärend dem Lockdown ugebuede ginn ass, de Leit matzedeelen, wéi zum Beispill de CIG, deen fir d’Leit akafe gaangen ass, de Service vum Bummelbus dee weider fonctionéiert huet.
Wéi hëlleft Är Gemeng senge Betriber duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie?
Bäi eis an der Gemeng hu mir eng Rei regional Produzenten a vill touristesch Betriber. Wärend dem Lockdown hunn eis regional Produzente sech schnell un d’Situatioun ugepasst an hunn hir Wuer bäi d’Leit heem geliwwert. Nom Lockdown konnten eis touristesch Betriber vill Touristen aus dem Land, mee och aus eisen Nopeschlänner bäi sech begréissen. Di meescht Betriber hate souguer dëst Joer iwwert de Summer méi Aarbecht wéi soss déi Joren. D’Gemeng Bäerdref mat senge Betriber ass éischter e positivt Beispill, wéi een aus der schwéierer Zäit vun der Pandemie dat bescht draus maache kann.
Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus?
D’Aktivitéite vun de Veräiner si bis Enn dës Jores alleguer op Äis geluecht, wat natierlech dramatesch fir d’Veräiner ass, mee awer néideg ass fir eis alleguer ze schützen.
Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéieen Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn?
Di meescht Betriber si vun touristescher Natur a konnten iwwert de Summer mat ënner anerem der Aktioun vun der Regierung, dem 50 € Bong fir ze iwwernuechten, vill Gäscht bäi sech begréissen an haten domat och vill Aarbecht. Mir hunn och eng Rei Handwierksbetriber bäi eis an der Gemeng, déi eigentlech weider schaffe konnten, soudass d’Situatioun fir déi Betriber net sou dramatesch war. Et ass gewosst, dass d’Gemengen dëst an d’nächst Joer manner Recettë wäerten hunn, mee mir wäerten eis Proje-

ten duerchzéien an elo net zeréckschrauwen. Mir sinn amgaange mam Neibau vun eiser neier Schoul mat Maison Relais a Crèche, souwéi och eisem neie Gemengenatelier, enger Holzhackschnitzanlag an och de Projet zesumme mam Syndikat, vun der neier Touristeninfo an engem neie Restaurant, wäert net fale gelooss ginn.
Och wann di Zäit vun der Pandemie net einfach ass, goufen et awer och positiv Aspekter. War hei eppes Extraes an Ärer Gemeng wat een erwäne kann?
Positiv wärend dem Lockdown war, dass mir bäi eisem grousse Projet vum Bau vun der neier Schoul méi séier weiderkomm sinn, well kee Verkéier an der Gemeng war a well d’Schoul zou war. Eis Restauranten an der Gemeng hu wärend dem Lockdown en Takeaway an e Liwwerdéngscht ugebueden. Vun deene Servicer kënnen d’Leit och haut nach profitéieren a sech doheem kulinaresch verwinne loossen, well d’Restauranten hunn dës Servicer bäibehalen. An der Gemeng Bäerdref konnten d’Kanner awer och eng ganz schéi Kommioun féieren, di dëst Joer anescht war wéi di Jore virdrun. De Charme vun eisem Amphitheater huet dëst Joer d’Kommioun zu eppes Besonneschem gemaach. Ech mengen awer och, dass ganz vill Leit eis Natur erëm méi schätze geléiert hunn, well ganz vill Leit sinn di lescht Méint bäi eis trëppele komm, fir sech vun eiser schéiner Natur ze iwwerzeegen, di vläicht e bëssen an de Vergiess gerode war.
Duerch d’Pandemie war de Summer dëst Joer anescht. Vill Leit hu Vakanz Doheem gemaach. Wéi war den Zoulaf un Touristen dëst Joer bäi Iech an der Gemeng?
An der Gemeng Bäerdref hate mir en extremen Zoulaf vu Lëtzebuerger Dagestouristen, mee och vu ville Leit, di mam Iwwernuechtungsbong vun der Regierung bäi eis an d’Gemeng komm sinn. Mee och vill Gäscht aus eisen Nopeschlänner si komm, fir an der Regioun Vakanz ze maachen. Et war fir di touristesch Betriber bäi eis an der Gemeng eng gutt Saison.
Vill Leit hunn am Lockdown och de Vëlo fir sech entdeckt. Wéi ass Är Gemeng opgestallt fir Vëlostouren oder Wandertouren ze maachen?
De Moment leeft hei an der Regioun e Leader Projet, deen den Ausbau vun de regionale Vëlosweeër virundreift. Bäerdref wäert sech domat an Zukunft nach besser fir de Vëlo kënnen opstellen. Mee eis Gemeng ass elo schonn ugebonnen u Vëlosweeër laanscht d’Sauer an och un d’Stad. Mir hunn awer och selwer bäi eis an der Gemeng gemierkt, dass sech amgaangen ass en Trend Richtung Vëlo an E-Bike ze entwéckelen, mir hunn dëst Joer scho 40 Demandë fir Subside fir Vëloe krut. D’Gemeng subventionéiert de Kaf vu Vëloen an E-Biken. Bäerdref ass e Wandergebiet a mam Mëllerdall Trail ass Bäerdref d’Häerzstéck vun der Regioun.

D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Bäerdref
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2021
D’Joer geet sou lues op en Enn, mir hunn alleguer Momenter erlieft, déi mir sou nach net kannt hunn a mir sinn nach net doduerch. Wiem wëllt Dir haut Merci soen?
Ech well deene Leit, di op der Gemeng schaffe Merci soen, mee och de Leit dobaussen, déi sech un d’Reegele gehalen hunn an och eise Veräiner, déi keng Veranstaltunge maache konnten, dass si alleguer d’Reegelen akzeptéiert a matgemaach hunn.
Wat wënscht de Buergermeeschter sengen Awunner a Betriber aus senger Gemeng fir d‘Chrëschtzäit?
Allen Awunner an alle Betriber, dass si gutt duerch dës Kris hei kommen an dass si virun allem gesond bleiwen.
De Schä en- a Gemengerot wënscht all senge Betriber an Awunner eng gutt Gesondheet, schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer 2021

Schoul Bäerdref, Cycle 2.2

AMAURY

Schoul Bäerdref, Cycle 2.2

SOFIA

Schoul Bäerdref, Cycle 2.2

