4 minute read
Beim Max Hengel
from sz395
by Presss sarl
Am Gespréich mam Max Hengel An eiser neier Serie „D’Sauerzeidung ënnerwee“ hu mir dëse Mount den neien Deputéierte Max Hengel am Interview.
Max, fir déi déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?
MH Ech hu meng Kandheet um Wormerberreg verbruecht a sinn zu Dräibuer an d‘Primärschoul gaangen. Nom 6. Schouljoer ware mir dunn zu enger ganzer Rei Klassekolleegen déi zesummen op de Lampertsbierg an de Lycée Robert Schuman gaange sinn. Ech hat do eng ganz flott Lycéeszäit a vill schéi Momenter mat menge Frënn. Dono hunn ech, no engem Ëmwee iwwer den Droit um deemolege Centre universitaire an zu Stroossbuerg, Geschicht a Politikwëssenschaften zu Tréier studéiert. No mengem Studium hat ech d‘Chance ganz séier eng Plaz an der CSV-Fraktioun als „Conseiller parlementaire“ ze kréien. An der Fraktioun huet et mir esou gutt gefall, datt ech am Fong ni méi do fort wollt. Am Laf vun de Jore sinn ech du Fraktiounssekretär adj. ginn an dono Coordinateur politique. An elo hunn ech dann d‘Chance als Deputéierten den Osten an der Chamber ze vertrieden. Als Partner a Familljepapp vun 2 ganz aktive Jonge probéieren ech trotz mengem neien Amt esouvill Zäit wéi méiglech mat menger Fra a menge Kanner ze verbréngen. Eise Mupp, dee mir viru gutt annerhallwem Joer kritt hunn, freet sech wa mir méiglechst alleguer zesumme spadséiere ginn an och d‘Kaz nach vläicht matleeft. Ech hunn am 1. Schouljoer ugefaange Basket ze spillen, deemools beim BBC Palma Ohn. Hei hunn ech vill Kolleege kennegeléiert, déi mech elo schonn all déi Jore begleeden. Zesummen hu mir all d‘Jugendéquipen duerchlaf, bis mir dono all an der 2. Equipe gelant sinn a wou mir mat nach e puer eelere Verstäerkungen zesumme gespillt hunn. Haut spille mir zwar manner zesummen, awer mir maachen nach eemol d‘Joer zesummen en Ausflug. 1999 gouf ech gefrot, ob ech net wéilt am Comité mat upaken, wat ech gär gemaach hunn. Esou konnt ech deemools d‘Fusioun zu den haitege Musel Pikes mat begleeden an och dono am Pikes Comité matschaffen. 2011 sinn ech du President vun de Pikes ginn. Zesumme mat engagéierten a motivéierte Kolleegen am Comité hate mir vill flott sportlech a mënschlech Momenter.
Weil auch edles Holz mal ein Peeling braucht.
Fachmännische Fußbodenrenovierung von Böhm.
Seit über 50 Jahren geben wir Räumen Persönlichkeit. Und jedes mal ein bisschen von uns. STEIERBERODER MËCHT AER STEIERERKLÄRUNG
Bureau Comptable, Fiscal et Immobilier Nico BECKER, Jonglënster Tel.: 691 67 67 58
Nodeems ech Buergermeeschter gi sinn, hunn ech schwéieren Häerzens decidéiert als President opzehalen, well et zäitlech an deontologesch net ënnert een Hutt ze kréie war. Trotzdeem verfollegen ech d‘Matcher nach ëmmer, wann och elo a PandemieZäiten just am Live-Stream oder Ticker.
Wéi laang bass du scho politesch engagéiert?
MH Ech sinn 2011 déi éischte Kéier mat an d‘Gemengewale gaangen. Ech hu mech réischt um leschte Stëppel decidéiert matzegoen, well eise Jonas war deemools mol nach kee Joer al, an ech wollt a wëll awer och e presente Papp sinn. Nodeems ech gewielt gi sinn, hunn ech als Gemengeconseiller du wärend 6 Joer d‘Gemengepolitik kennegeléiert a gemierkt, datt ech nawell och gär méi aktiv wéilt matschaffen an -decidéieren. No enger spannender Walcampagne mat enger formidabeler Equipe hu mir eis dunn zu 9 engagéierte gewielte Gemengeréit zu Wormer rëmfonnt a mir hu séier e Wee vun der Zesummenaarbecht fonnt am Sënn vun der Gemeng an de Leit. Esou hat ech d‘Chance 3 Joer laang Buergermeeschter vun der wonnerschéiner Rieslingsgemeen ze sinn a sinn elo Schäffen. 2018 sinn ech du mat an d‘Parlamentswale gaangen an nodeems d‘Françoise Hetto e Schlussstréch ënnert hir politesch Karriär gezunn huet, hunn ech dann elo déi grouss Éier säit Januar Deputéierten an der Chamber ze sinn.
MAX HENGEL
Wat sinn deng Dossieren an der Chamber?
De Max Hengel gouf am Januar als neien Deputeierten aus dem Osten an der Chamber vereedegt.
MH Ech si frou, datt ech Member an der Santéskommissioun sinn, well dësen Dossier hunn ech elo och scho 16 Joer an der CSV-Fraktioun als Mataarbechter begleet. Donieft sinn ech Member an der Educatiounskommissioun an an der Petitiounskommissioun. An der Mëttelstandskommissioun këmmeren ech mech ëm de Volet Tourismus, dee jo fir den Osten besonnesch interessant ass. Vun do aus kann ech och ëmmer en A op de Wäibau halen, dee mir als Wormer natierlech besonnesch um Häerz läit. Da sinn ech an der Intérieurskommissioun nach zoustänneg fir d‘Egalite Femmes-Hommes. Zu gudder Lescht sinn ech Membre suppléant an der Assemblée parlementaire du Conseil de l‘Europe.
IHR RUNDUM SORGLOS PAKET
BIOMASSE
BADSANIERUNG (AUS ALT MACH NEU), GESTALTUNG & PLANUNG, BARRIEREFREIES BAD
REGENWASSERNUTZUNG LÜFTUNGSSYSTEME
STAUBSAUGERANLAGE SOLARTHERMIE
KLIMA, KÜHLUNG
GAS / ÖL, WÄRMEPUMPE
POOLANLAGEN (AUSSEN & INNEN)
INNOVATION STATT STILLSTAND. WIR SIND IHRE PARTNER!
WAGNER GMBH Südring 27 | D-54634 Bitburg +49 6561 95 36 0 | wagner-bitburg.de
10, Rue Neuve | L-6235 Beidweiler +352 780 404 | wagner-lux.com BAD NOUVELLE Brauereistraße 1a | D-54634 Bitburg +49 6561 95 60 0 | bad-nouvelle.de