D'Sauerzeidung ënnerwee
Am Gespréich mam Max Hengel An eiser neier Serie „D’Sauerzeidung ënnerwee“ hu mir dëse Mount den neien Deputéierte Max Hengel am Interview.
Max, fir déi déi dech nach net kennen, kanns du dech kuerz virstellen?
MH Ech hu meng Kandheet um Wormerberreg verbruecht a sinn zu Dräibuer an d‘Primärschoul gaangen. Nom 6. Schouljoer ware mir dunn zu enger ganzer Rei Klassekolleegen déi zesummen op de Lampertsbierg an de Lycée Robert Schuman gaange sinn. Ech hat do eng ganz flott Lycéeszäit a vill schéi Momenter mat menge Frënn. Dono hunn ech, no engem Ëmwee iwwer den Droit um deemolege Centre universitaire an zu Stroossbuerg, Geschicht a Politikwëssenschaften zu Tréier studéiert. No mengem Studium hat ech d‘Chance ganz séier eng Plaz an der CSV-Fraktioun als „Conseil-
Weil auch edles Holz mal ein Peeling braucht. Fachmännische Fußbodenrenovierung von Böhm.
ler parlementaire“ ze kréien. An der Fraktioun huet et mir esou gutt gefall, datt ech am Fong ni méi do fort wollt. Am Laf vun de Jore sinn ech du Fraktiounssekretär adj. ginn an dono Coordinateur politique. An elo hunn ech dann d‘Chance als Deputéierten den Osten an der Chamber ze vertrieden. Als Partner a Familljepapp vun 2 ganz aktive Jonge probéieren ech trotz mengem neien Amt esouvill Zäit wéi méiglech mat menger Fra a menge Kanner ze verbréngen. Eise Mupp, dee mir viru gutt annerhallwem Joer kritt hunn, freet sech wa mir méiglechst alleguer zesumme spadséiere ginn an och d‘Kaz nach vläicht matleeft. Ech hunn am 1. Schouljoer ugefaange Basket ze spillen, deemools beim BBC Palma
Ohn. Hei hunn ech vill Kolleege kennegeléiert, déi mech elo schonn all déi Jore begleeden. Zesummen hu mir all d‘Jugendéquipen duerchlaf, bis mir dono all an der 2. Equipe gelant sinn a wou mir mat nach e puer eelere Verstäerkungen zesumme gespillt hunn. Haut spille mir zwar manner zesummen, awer mir maachen nach eemol d‘Joer zesummen en Ausflug. 1999 gouf ech gefrot, ob ech net wéilt am Comité mat upaken, wat ech gär gemaach hunn. Esou konnt ech deemools d‘Fusioun zu den haitege Musel Pikes mat begleeden an och dono am Pikes Comité matschaffen. 2011 sinn ech du President vun de Pikes ginn. Zesumme mat engagéierten a motivéierte Kolleegen am Comité hate mir vill flott sportlech a mënschlech Momenter.
STEIERBERODER MËCHT AER Seit über 50 Jahren geben wir Räumen Persönlichkeit. Und jedes mal ein bisschen von uns.
STEIERERKLÄRUNG Bureau Comptable, Fiscal et Immobilier Nico BECKER, Jonglënster Tel.: 691 67 67 58 Sauerzeidung 12