3 minute read
ROUSPERT-MOMPECH
from Muselzeidung 492
by Presss sarl
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Rouspert-Mompech
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Interview mam Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert-Mompech
D’Joer 2021 war e weidert Joer wat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Romain Osweiler Wéi huet d’Gemeng RouspertMompech den Alldag vun der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
Mir konnten op der Gemeng sämtlech Servicer wéi gewinnt a komplett ubidden. Dëst am Respekt vun den Covid-Regelen. D’Biergerinnen a Bierger hu villes iwwer RDVe kënnen organiséieren. Duerch e Guichet vir am Entréesbereich vun der Gemeng war e gudden Accueil fir is Bierger geséchert. Fir d‘Awunner, déi net mobil sinn, hu mir e Gratis-Transport organiséiert fir si op d’Impf-RDVen ze féieren. Dësen TaxiService funktionéiert och elo nach, z. B. fir d’Booster-Impfungen, a gëtt gutt ugeholl. Positiv ze ernimmen ass och, dass Manifestatiounen nees lues a lues kënne stattfannen, z. B. Concerten oder d’Aktivitéite vun de Veräiner, déi nees zesumme kënne sangen oder Sport maachen asw. Et ass wichtig, datt muenches nees e bësse méi „normal“ kann oflafen a mir als Gemeng d’Veräiner do ënnerstëtzen, wou mer kënnen.
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
D’Héichwaasser vum 14. a 15. Juli huet mech perséinlech besonnesch gepräägt. Eppes, wat esou nach ni do war. Mat esou Héichwaasser wäerte mir eis och zukünfteg sécher nach weider mussen auserneesetzen. Et war enorm ze gesinn, wéi d’Leit an esou enger Situatioun no beienee réckelen, dee gudden Zesummenhalt tëschent den Noperen. Et war eng national Solidaritéit an och grenziwwerschreidend. Esou konnt dat Positiivt dat Negatiivt iwwerweien. Trotz dem grousse materielle Schued si mir erliichtert, dass kee Mënsch em d’Liewe koum, anescht wéi an eisen Nopeschlänner.
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?
Mir hunn effektiv vill Projete fir d’nächst Joer an der Pipeline. Z. B. de Centre Polyvalent zu Bur, deen duerch d’Héichwaasser am Moment onbenotzbar ass, genéisst absolut Prioritéit, fir datt d’Schoul an d‘Maison Relais souwéi is Veräiner nees vun dëser Infrastruktur schnellstméiglich kënne profitéieren. D’Tudor Schoul zu Rouspert steet an den Ausbaustartlächer, souwéi den Zesummeschlosss vun den 2 Waasserreseaue Rouspert a Mompech. Den Ausbau vum Glasfaserreseau wéi och d’Héichwaasservirsuerg gehéieren zu den absoluten Noutwendigkeeten. Aktuell hu mir zwar nach duerch d’Pandemie mat Enkpäss bei de Liwwerungen a mat der sech dréinender Präisspiral ze kämpfen, mee dës Projete sollen all am nächste Joer lancéiert ginn, esoubal d’Ausschreiwungsresultater nees méi der Realitéit entspriechen.
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Ech wënsche mir, datt is Bierger sech nees mi bewosst ginn op wéi enger schéiner Plaz op dëser Äerd mir liewen. Doraus sollt dann eng staark perséinlich Zefriddenheet entstoen. Ech hoffen, datt mir di grouss Problemer wéi d’Gesondheetskris, d’Klimakris an d‘Logementsproblematik ouni Kompromësser an de Grëff kréien, fir is Jugend. Datt mir eis d’Solidaritéit, déi sech an enger Naturkatastroph wéi dem Héichwaasser gewisen huet, kënnen erhalen. Deen eeklegen Egoismus ass do dem gesellschaftleche Zesummenhalt gewach. Zesummen ass esou vill méiglich.
DIERFER Buer, Buerschdref, Dickweiler, Giischt, Giischterklaus, Giwenech, Hénkel, Hierber, Lilien, Méischdref, Mompech, Rouspert, Steenem, Uesweller AWUNNER 3.640 NATIONALITÉITEN 68
BUERGERMEESCHTER Romain Osweiler SCHÄFFEN Patrick Hierthes, Joseph Schoellen, Stéphanie Weydert GEMENGERÉIT Claude Grünewald, Ingvi Halldorsson, Chantal Hein-Zimmer, Reiner Hesse, François Hurt, Michel Koepp, Tom Leonardy, Sam Serres