5 minute read
WORMER
from Muselzeidung 492
by Presss sarl
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Wormer
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Wormer
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Wormer den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouMathis As t ert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
Och trotz Pandemie konnt d’Gemeen mat hirer Aarbecht weiderfueren, op munche Plaze mat Retard, mee all eis lafend Projete konnte poursuivéiert ginn a geplangte Projete konnten ugefaange ginn. Viru kuerzem ass de Startschoss fir eise Biergerbedeelegungsprozess gefall. Domat kënnen eis Awunner d’Gestaltung vum nauen Darrefkär vu Wormer beaflossen, e ganz neie Momentum an eppes wat coronabedéngt bis elo just schwéier méiglech war. Duerch de CovidCheck System konnten d’Leit am September erëm mat derbäi si, wéi et geheescht huet „Dorch d’Kellere vun der Rieslingsgemeen“! Mam Riesling Open konnte mir einfach mol erëm feieren. Och aner Festivitéite waren ënnert deem Regime erëm méiglech. De Gemeenerot ass fir Nationalfeierdag erëm mat de Veräinsvertrieder an den Te Deum gaangen an een Open-air-Kino ass organiséiert ginn. Mam Joresenn kënnt och nach en neit flott Event op eis duer, de Wine Lights Enjoy.
Den Alldag vun der Pandemie huet awer och anescht ausgesinn. Mam Impfbus hu mer eisen eelere Matbierger d’Méiglechkeet ginn, hiren Impf-Rendez-vous wouerzehuelen. Déi Leit, déi hir Invitatioun bis dohin nach net kritt haten, konnten eise Schnelltestzenter besichen.
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Eis zeréckgewonne Fräiheeten an de lues awer séchere Retour an d’Normalitéit. Duerch d’Eegeverantwortung, déi mir fir eis Gesondheet an déi vun deenen aneren iwwerhuelen, ginn erëm kulturell - a Fräizäitaktivitéiten ugebueden a mir hunn erëm d’Fäegkeet eist soziaalt Liewen ze bestëmmen an déi ekonomesch Situatioun ze verbesseren. Dat kënnt natierlech all eise Matbierger ze gutt, de Veräiner, de Restaurateuren an de Wënzer.
Steckbréif
Gemeng Wormer
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?
Am Joer 2022 kënnt et zu enger Rei gréissere Chantieren: d’Vestiairen an d’Buvette um Fussballterrain “Am Gaa” ginn erneiert, de Service Technique kritt zesumme mam CIS Wormer e neien Atelier. Mir presentéieren eise Bierger de Cahier des Charges vum urbanistesche Concours fir den Darrefkär, wouropshin d’Architekte-Büroe schaffe kënnen. Mir freeën eis drop, datt déi alljärlech Fester erëm zeréckkommen a si gespaant op e weidert neit Highlight an eiser Gemeen: Mosel, Licht und Flammen ass e Lichter- a Musikfestival um Waasser an um Land.
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Jidderee vun eis denkt gär un déi onbeschwéiert Zäit virun der Pandemie zeréck. Ech wënsche mer fir eis all, datt mer déi grouss Erausfuerderung, virun déi dës Pandemie eis stellt, zesumme meeschteren. Och wann dës Aufgab eis nach am neie Joer begleet. Ech wënschen Iech an Äre Familljen e schéint neit Joer. Bleift gesond an zouversiichtlech.
DIERFER Dräibuer, Éinen, Kapenaker, Meechtem, Ohn, Wormer, Wormerberreg AWUNNER 3.053 NATIONALITÉITEN 58
BUERGERMEESCHTER Mathis Ast SCHÄFFEN Max Hengel, Martine Schmit GEMENGERÉIT Armand Becker, Marc Beckius, Martine Kohll, Marc Kring, Claude Pundel
D’Rieslingsgemeen wënscht schéi Feierdeeg!
Max Henge l Dat Joer 2022 soll dat Europäescht Joer vun der Jugend ginn (aktuell Propos vun der Europäescher Kommissioun), wat gëtt et bei Iech an der Gemeng als extra
Offer fir d’Jugend? Wéi ee Projet an dem Kader wëllt Dir besonnesch ernimmen?
Mir hunn an der Gemeen e goud funktionéierend Jugendhaus mat eener flotter Offer fir déi Jonk! D‘lescht Joer ass d’Jugendhaus mam Jugendinfolabel ausgezeechent ginn a kann sech esou als informativ–héichwäerteg betruechten. De Schäfferot probéiert awer och bei neie Projeten, wéi z. B. eener Skaterramp um Puddel zu Éinen oder dem Mini-Stade um Iewent, Aktivitéite mat virzegesinn déi och fir Jugendlecher attraktiv sinn. D’Sport- a Jugendkommissioun plangt fir 2022 een Event bei dem déi Jonk am Mëttelpunkt stinn.
Dank der Impfung kann ee sech nees zu méi gesinn an och an d’Veräinsliewe kënnt lues a lues méi Normalitéit eran. Wéi ass di aktuell Situatioun an Ärer Gemeng, wat déi verschidde Veräiner ugeet?
Mir hunn e ganz attraktiivt Veräinsliewen an der Gemeen mat eener breeder Offer fir all Awunner, vu Sport iwwer Kultur, Musek a Gesank bis Kanner a Jugend. D’Pandemie ass a war keen einfach Zäit fir déi ganz Benevollen an de Veräiner. Aus dësem Grond huet de Schäfferot deene Veräiner, déi héich fix lafend Käschten hunn, een extraordinäre Subside ginn. D’Veräiner leeschten een extrem wichteg Aarbecht an eiser Gesellschaft a bidde virun allem de Kanner a Jonken d’Méiglechkeet sech ze entfalen, an et war is wichteg se net am Stach ze loossen.
De Klimawandel ass déi gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächst Joren. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen? Martine Schmit
Mir als Gemeng sinn 2013 dem Klimapakt bäigetrueden an hu fir d‘éischt gekuckt, wou d‘Gemeng selwer Potenzial hätt Energie ze spueren, bei de Stroosseluuchten, dem Sanéieren an Hëtze vun eise Gebaier.
Mir hunn och Photovoltaikanlagen op d‘Diech vun eise Gemengegebaier leeë gelooss, fir Stroum ze produzéieren an hunn eise Betriber aus der Gemeng am Kader vun engem Stammdësch déi néideg Informatiounen zoukomme gelooss, wéi se d‘Sonnenenergie méi notze kënnen.
Des Weidere plange mir, zesumme mat der Gemeng Fluessweiler e Wandpark, fir esou nohaltege Stroum ze produzéieren.
Mat Chargy-Bornen an all Duerf vun der Gemeng, déi eise Bierger an och den Touristen zeguttkommen, fërdere mir d‘Elektromobilitéit.
Wir wünschen ein besinnliches
& einen guten Start ins neue Jahr!
48, rue Hiehl L-5485 Wormeldange-Haut steffbau@pt.lu Tél. 26 74 79 72
Tel. 26 74 73 08 · Wormeldange TEL:26747308 Ab 50 € Euro liwwere mir Iech heem WORMELDANGE
DACHAUSBAU FENSTER HAUSTÜREN INNENAUSBAU TROCKENBAU MÖBELBAU TREPPEN
BÜRO 63, ROUTE DU VIN, 6841 MACHTUM TEL (+352) 27 07 47 50 FAX (+352) 27 07 47 55 E-MAIL SCHREINEREI-KARRENBAUER@FREENET.DE WWW.SCHREINEREI-KARRENBAUER.COM