
5 minute read
STADBRIEDEMES
from Muselzeidung 492
by Presss sarl
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Stadbriedemes

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Stadbriedemes
Marco Albert
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Stadbriedemes den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

Grad wei 2020, woer och d’Joer 2021 op Gemengesäit nach vun der Covid-19-Situatioun gepräägt. Grad wei all Bierger, all Veräin, huet och d’Gemeng mat hire Servicer sech un déi jeeweileg Situatioun an déi entspriechend Reegele missen upassen.
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Et woer an dem Context wichteg, dass d’Bierger, d‘Veräiner, d‘Schoulen an d‘Betriber alleguer matgezunn hunn, fir de Risk fir jidderee klengzehalen, dofir e grousse Merci vun eiser Säit. Och hunn d’Awunner, d‘Veräiner, d‘Schoulen an aner Institutioune vill „Versteesdemech“ fir d’Situatioun gewisen. Net all Verhalensreegel, Entscheedung oder Konsequenz sinn op Begeeschterung getraff an trotzdeem ass sech dann am grousse Ganzen dru gehalen ginn, well di Moossname richteg a wichteg woren an nach sinn.
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

Trotz enger Rei duerch Covid bedéngten Delaien, lafen eis Projete generell alleguer weider wei geplangt a mir hoffen, dass dann d’Nieweneffekter vun der Pandemie, z. B. am Beräich vun de Liwwerschwieregkeeten an der Präisentwécklung, net allze vill Schwieregkeeten wäerte bereeden. Well mëttlerweil dann dach eng grouss Zuel vun Awunner geimpft ass, an d’Leit sech och generell un di néideg a wichteg Verhalensreegelen halen, ass et gutt ze gesinn dass d’Veräinsliewen dann erëm e bëssche „Faart“ ophëllt. Et fannen, natierlech ënner Anhale vun alle Reegelen, erëm Versammlungen, kleng Evenementer am Beräich Sport a Musek statt.
Ob an eiser Gemeng 2022 di grouss Fester, Wäifest Briedemes, Léiffrawëschdag zu Greiweldeng stattfanne kënnen an ënner wéi enger Form, dat ass de Moment nach schwéier ofzeschätzen.
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Natierlech wënschen ech mir, dass et eis als Gesellschaft geléngt, di néideg Schrëtt ze huelen, fir weider aus der Pandemie ze kommen. En zweete Wonsch wier awer och, dass mir aus der Situatioun leieren: mir hu gesinn, dass et an esou enger Situatioun méiglech wor, sech erëm méi op dat wierklech Wichtegt ze fokusséieren an och geléiert, dass den Zesummenhalt an der Gesellschaft en Atout ass, dee mir an „normalen“ Zäite vläicht net ëmmer ze appreciéiere woussten. Et wier also flott, wa mir op di zwou Saachen erëm méi Wäert géinge leeën.
Steckbréif

Gemeng Stadbriedemes

DIERFER Greiweldeng, Hëttermillen, Stadbriedemes
AWUNNER 1.950 NATIONALITÉITEN 38
BUERGERMEESCHTER Marco Albert SCHÄFFEN Roby Beissel, Ernst Lohmeier GEMENGERÉIT Paul Meyers, Octavie Modert, Jemp Sibenaler, Claude Stebens, Josiane Wecker

D’Gemeen Stadbriedemes wënscht Schéi Feierdeeg



De Klimawandel ass di gréisst Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächst Joren. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen? Roby Beisse l

Eise Projet, fir an d‘Gemengegebaier net méi mat fossil Energien ze hëtzen, wäert da mam Neibau vum Veräinssall zu Greiweldeng 2022 komplett ëmgesat sinn, esou dass mir vun do un all eis Gebaier mat Holzhackschnitzel aus eegenem Bësch oder mat Geothermie hëtze wäerten. Doniewent sinn zënter Joren eng ganz Panoplie vun Moossnamen ( LED Strosseluuchten, PV-Anlagen, Offaalkonzept an esou wieder) ëmgesat ginn, an och un weidere Projete gëtt geschafft. D’Gemeng ass dann och dem Klimapakt 2.0 grad wéi dem Naturpakt bäigetrueden.
Är Gemeng am Wandel! Wéi eng Bauprojete sinn dëst Joer gutt virukomm oder konnten dëst Joer ugefaange ginn?

Eng Rei vu Projeten hunn duerch Covid natierlech Verspéidung kritt, lafen awer weider. De Projet „Neie Veräinssall Greiveldange“ ass fäerdeg geplangt a wäert ufanks 2022 an de Bau goen. E Bauprojet vum Fonds du Logement, zesumme mat der Gemeng, wäert dann och 2022 an de Bau goen, 12 Wunnunitéite sinn an deem Kader virgesinn. Eenzel Stroossebauprojete konnten ofgeschloss ginn, anerer sinn ugefaange ginn.
Wéi eng flott Momenter goufen et dëst Joer an der Schoul an Ärer Gemeng?
D’Schoulkanner hunn och e schwieregt Joer hannert sech, och si hu vill ënnert der Pandemie gelidden, mee sinn hunn dat Bescht aus der Situatioun gemaach.
Duerch e ganzt engagéiert Léierpersonal, d‘Veräiner an d‘Maison relais hu mir et fäerdegbruecht iwwer dat ganzt Schouljoer duerch e puer Aktiounen (di ëmmer ënner CovidReegele stattfonnt hunn) wéi de „Beemche rëschten“ am Schoulhaff , „liichte goen a sangen“ ,den „Ouschterhues ass Muerte verstoppe gaangen an huet Schockela ausgedeelt“, eise Kanner op aner Gedanken ze bréngen an doduerch e bëssen Normalitéit an e klengt Laachen an d‘Gesichter vun eise Kanner ze zauberen.
Dank der Impfung kann ee sech nees ze méi gesinn an och an d’Veräinsliewe kënnt lues a lues méi Normalitéit eran. Wéi ass di aktuell Situatioun an Ärer Gemeng, wat déi verschidde Veräiner ugeet?
Fir d‘Veräiner war dëst Joer nach net einfach. Mee mëttlerweil huet den een oder anere Veräin eng kleng Manifestatioun ënnert dem Anhalen vun de Covid19-Mesure konnte maachen, wat och eng „Wiederbelebung“ fir dat gesellschaftlech Liewen am Duerf bedeit. Och am Sport kennen Trainingen a Matcher, ënner Anhalen vun den Reegelen, erëm stattfannen. Doniewent kann och eis Musek erëm prouwen an Concert’en spillen. Dëst Ophuelen vun den Aktivitéiten ass sécherlech e wichtege Schrëtt fir d’Veräinsliewen.
Ernst Lohme ier D’Pandemie huet eis méi wéi jee gewisen, wéi wichteg et ass, dass mir lokal konsuméieren a Regionalitéit fërderen. Wéi ënnerstëtzt Är Gemeng di lokal a regional Betriber?
Fir déi lokal Betriber ze ënnerstëtzen, hu mir z. B. all Stot an der Gemeng e Bon vu 30 Euro ginn, de bäi de lokal Betriber konnt ageléist ginn. Och hu mir gekuckt, wou mir als Gemeng verstäerkt mat lokal a regional Betriber a verschiddener Beräicher kenne schaffen, wéi z. B. an der Maison Relais mat regional Produkter oder am Gemengeberäich mat lokal a regional Handwierksbetriber.
