9 minute read
SCHËTTER
from Muselzeidung 492
by Presss sarl
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Schëtter
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Schëtter
Jean-Paul Jos t
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Schëtter den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
Och wann d’Pandemie nach ëmmer net eriwwer ass, war 2021 e positiivt Joer am Verglach mat deem wat mir 2020 erlieft haten. Mir hunn dëst Joer e ganz groussen Deel vun eiser Normalitéit zeréckkritt.
Villes huet erëm funktionéiert, wann och ënner den ubruechte Virsiichtsmoossnamen. Eis Schoulen, Maison relaisen a Crèchen, eis Sportsinfrastrukturen an déi meescht ëffentlech Servicer waren erëm op. Eis Kanner konnten nees méi fräi zesumme spillen, eist soziaalt Liewen ass erëm ugelaf an och eis Veräiner si lues a lues erëm aktiv ginn. Als Gemeng hu mir, dank dem onermiddlechen Asaz vun eisem Personal, déi méi schwiereg Zäit ganz gutt gemeeschtert. Eis Servicer waren ëmmer fir eis Bierger a Betriber do an och eis Chantiere wéi subventionéierte Wunnengsbau, Aarbechten um Waasser- a Kanalnetz an d ‘Erneierung vun der Duerfstrooss zu Alschëtter sinn den Ëmstänn entspriechend gutt weidergaangen.
Och déi grouss Planunge, wéi déi fir den neien Duerfkär vu Schëtter mat engem Centre Culturel a Raimlechkeete fir eis Veräiner an eis Verwaltung, déi fir den Ausbau vum Schoulzentrum zu Minsbech an déi fir den Neibau vun engem Atelier fir eis Gemengeservicer, engem neien interkommunale Recyclingcenter an enger gemeinsamer Pompjeeskasär mat Nidderaanwen si gutt virugaangen.
Bei éischten Aktivitéite vun eise Kommissiounen a Veräiner, wéi Nuit du Sport, Mobilitéits- a Gesondheetswoch, Schëtter Maart, Rousefest a Concerten haten eis Matbierger erëm d’Geleeënheet sech ze begéinen.
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Dëst Joer wäert fir mech dat Joer bleiwen, wou mer voller Freed a méi bewosst erëm all dat konnte genéissen, wat fir eis virdrun esou selbstverständlech war.
Déi éischt Hochzäit ouni Mask war fir mech e schéine Moment an och déi grouss Bedeelegung vun eise Bierger am Kader vum Reamenagement vum Zentrum vu Schëtter an d‘Ënnerschreiwe vum Comité de Pilotage Natura 2000 „Guttland Musel” fir de Schutz vun der Natur am Oste vum Land ware flott Momenter, un déi ech mech gär zeréckerënneren.
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?
Am nächste Joer entscheet sech wéi den Duerfkär vu Schëtter, dee mer zesumme mat eise Bierger geplangt hunn, an Zukunft wäert gestalt ginn a verschidde wichteg Bauprojete wäerte sou munch Verännerung an eiser Gemeng mat sech bréngen.
Donieft kënnen eis Matbierger sech erëm op déi gewinnte flott Aktivitéiten a Fester freeën, déi d‘Veräiner an d‘Gemeng reegelméisseg organiséieren.
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Ech wënsche mer fir 2022 dat mer all gesond bleiwen, et fäerdegbréngen an eiser schéiner Gemeng de Wuesstem an den Erhalt vun eiser Liewensqualitéit weiderhin ënnert een Hutt ze bréngen an zesumme vill flott Momenter genéisse kënnen.
Steckbréif
Gemeng Schëtter
DIERFER Iwwersyren, Minsbech, Neihäischen, Schëtter, Schraasseg AWUNNER 4.247 NATIONALITÉITEN 82
BUERGERMEESCHTER Jean-Paul Jost SCHÄFFEN Nora Forgiarini, Serge Thein GEMENGERÉIT Gilles Altmann, Alie Altmeisch-Broekman, Vic Back, Serge Eicher, Jean-Pierre Kauffmann, Claude Marson, Liliane Ries-Leyder, Nicolas Welsch
Nora Forgiar in i
De Klimawandel ass di gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächst Joren. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen?
Och wann déi lescht Joren duerch d’Pandemie gekennzeechent waren, ass an der Gemeng Schëtter de Klimaschutz net vergiess ginn. D’Gemeng Schëtter ass eng Klimapakt-, Klimabündnis- a Fairtradegemeng. Des Weideren hu mir eis am Klimapakt 2.0 an och am Naturpakt als Gemeng engagéiert. Am Beräich vun der Mobilitéit hu mir ënner anerem Vëlos- a Foussgängerweeër ausgebaut a méi sécher gemaach, 30er-Zone geplangt, déi ëffentlech Luedinfrastruktur fir Elektroautoen ass ausgebaut ginn, an d’Gemeng huet selwer Elektroautoen a –vëloe fir hir Servicer kaaft. Och de Ruffbus (Syriexpress) an de Nightlifebus fueren 100% elektresch. Am Beräich vun de Ressourcen, ass notamment eis Nulloffallstrategie ervirzehiewen am Kader vun där mir d’Offalltaxreglement ugepasst hunn, dat op d’Verweiung vum Offall baséiert an de Pollueur-Payeur Prinzip uwennt. Fir d’Biodiversitéit an eiser Gemeng ze fërderen, sinn nohalteg Critèrë fir d’Beplanzung an d‘Gestioun fir all eis Gréngflächen am Gréngflächeplang festgehale ginn, des Weidere sinn Uebstbeem geplanzt ginn, 100 Vullenhaisercher queesch duerch d’Gemeng opgehaange ginn a mir setzen och néierens an der Gemeng Pestiziden an.
Lëtzebuerg ass ee multikulturellt Land an och an Ärer Gemeng liewe vill verschidden Nationalitéiten zesummen. Ginn et bei Iech speziell Initiativen fir d’Integratioun vun neie Matbierger méi einfach ze maachen?
Um Niveau vun der Integratioun si mir amgaangen e flotten Integratiounsplang mat der Ënnerstëtzung vun der Associatioun RESO op d‘Been ze stellen, déi des Weidere mat de respektive Kommissiounen de Jugendkommunalplang iwwerschafft, souwéi den Drëttaltersplang amgaangen ass auszeschaffen. Dës Pläng ginn op enger interaktiver Plattform matenee verbonnen a sollen et esou onse Matbierger erlaben sech anzebréngen an aktiv matzeschaffen. D‘Participatioun vun all onse Bierger an der Planung vu gréissere Projeten an d‘Zukunftsfroe betreffend ons Gemeng si ganz grouss geschriwwen a ginn dank Workshoppen, Table-ronden an Ëmfroe realiséiert.
Am Integratiounsplang ginn dann d’Iddien zesummen ausgeschafft an als Mesuren ëmgesat. Op dësem Wee gëtt d‘Integratioun an onser Gemeng grouss geschriwwen an zesummen, obwuel ganz verschidden, fënnt jidderee seng Plaz an dëser multikultureller, faarweger an toleranter Gesellschaft.
Eng vun deene Mesuren ass zum Beispill onse monatleche Maart, deen am September gestart ass a wou ons Bierger sech no dëser schwéierer Zäit endlech erëm treffe konnten.
Eng weider Mesure ass onse Sproochecafé, wou ee säi lëtzebuergesch an engem lockeren Ambiente an a flotter Gesellschaft verbessere kann.
Är Gemeng am Wandel! Wéi eng Bauprojete sinn dëst Joer gutt virukomm oder konnten dëst Joer ugefaange ginn?
Serge T e in Ee vun den Zieler op déi mir am Schäfferot hischaffen, besteet doranner fir abordabel Logementer fir Jonk an Al ze schafen. Am Oktober konnte mir, zesumme mam Logementsminister Henri Kox, 3 Haiser fir jonk Famillen a 4 Appartementer fir Bierger iwwer 50 Joer aweien, 2 weider Eefamilljenhaiser sinn am Fréijoer 2022 prett fir bewunnt ze ginn an an Zesummenaarbecht mat der Asbl. Wunnengshëllef entstinn d’nächst Joer 7 Wunnenge fir Jonker mat engem Projet iwwert Begleetwunnen. Parallel zum Wunnengsbau gehéiert den Déifbau an der domat verbonnener Moderniséierung an den Ënnerhalt vun de Gemengeninfrastrukturen zu eisen Aufgaben. Verschidde Stroossebauprojete goufen dëst Joer lancéiert, dorënner d’Erneierung vun der rue du Village zu Alschëtter wou eng 30 km/h-Zon mat Verkéiersberouegungen entsteet. Fir 2022 ass de Redressement vun der rue de Senningen um Neihäischen ageplangt, an och hei gi sämtlech Infrastrukturen erneiert. Selbstverständlech ass d’Mobilité douce och am Projet mat agebonnen. Duerch d’Schafe vun enger 30 km/h-Zon beim Schoul Campus „An der Dällt” an d’Verbreede vum Trottoir op enger Stroossesäit an der Haaptstrooss zu Minsbech wäert d’Sécherheet vun de Schoulkanner am Stroosseverkéier staark verbessert ginn.
Dank der Impfung kann ee sech nees zu méi gesinn an och an d’Veräinsliewe kënnt lues a lues méi Normalitéit eran. Wéi ass di aktuell Situatioun an Ärer Gemeng, wat déi verschidde Veräiner ugeet?
Iwwert déi lescht Méint huet een an de Generalversammlunge vun de lokale Veräiner gemierkt, dass esou munch Comitésmembere mat gemëschte Gefiller an d’Zukunft kucken.
De Knackpunkt waren net emol déi finanziell Aboussen an de Keesen, déi verschidde Veräiner haten, mee éischter d’Ängschten ob si duerch déi laang „Dréchenperioden” Aktiver verléiere géifen oder net.
Mëttlerweil mierkt een awer dass déi lokal Associatiounen, mat der noutwenneger Virsiicht, erëm hir Prouwen, Trainingen a Competitiounen organiséieren, an esou d’Veräinsliewen an der Gemeng lues awer sécher erëm reaktivéieren.
Réckbléck
D‘Highlights vum Joer 2021 an der Gemeng Schëtter
MËNSBECH
100 Vullenhaisercher fir Schëtter. A Presenz vun der Ministesch Carole Dieschbourg ass den 1. Abrëll 2021 d‘Aweiung vun de Vullenhaisercher gefeiert ginn
MËNSBESCH
Aweiung vum Bikepark zu Minsbech BMX Flatland stage performance mat Autogrammstonn Viki Gómez, Welt BMX Champion, Kënschtler fir professionell Performance. Ouverture vun de Kanner vun der Vëlosschoul / Vëloclub l’Hirondelle Schuttrange
SCHËTTER
All 2. Samschdeg vum Mount op der Kiercheplaz am Zenter vu Schëtter. Dëse Maart setzt den Akzent op Qualitéit, lokal, hand- an hausgemaachte Produiten
Concessionnaire Officiel
MUNSBACH / FOETZ Tél. (+352) 26 12 22-1 www.luxmotor.lu FORD MUSTANG MACH-E 100% ÉLECTRIQUE
RÉSERVEZ VOTRE ESSAI
SCHËTTER & SCHRAASSEG
Aweiung vu Sozialwunnengen an der Schlassgewan zu Schraasseg an Ënnert der Haart zu Schëtter