Muselzeidung 492

Page 130

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng

Schëtter wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Schëtter

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Schëtter

lJ os

t

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Schëtter u den Alldag an der Pandemie a -P Jean gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? Och wann d’Pandemie nach ëmmer net eriwwer ass, war 2021 e positiivt Joer am Verglach mat deem wat mir 2020 erlieft haten. Mir hunn dëst Joer e ganz groussen Deel vun eiser Normalitéit zeréckkritt. Villes huet erëm funktionéiert, wann och ënner den ubruechte Virsiichtsmoossnamen. Eis Schoulen, Maison relaisen a Crèchen, eis Sportsinfrastrukturen an déi meescht ëffentlech Servicer waren erëm op. Eis Kanner konnten nees méi fräi zesumme spillen, eist soziaalt Liewen ass erëm ugelaf an och eis Veräiner si lues a lues erëm aktiv ginn.

130 MUSELZEIDUNG SCHËTTER

Als Gemeng hu mir, dank dem onermiddlechen Asaz vun eisem Personal, déi méi schwiereg Zäit ganz gutt gemeeschtert. Eis Servicer waren ëmmer fir eis Bierger a Betriber do an och eis Chantiere wéi subventionéierte Wunnengsbau, Aarbechten um Waasser- a Kanalnetz an d ‘Erneierung vun der Duerfstrooss zu Alschëtter sinn den Ëmstänn entspriechend gutt weidergaangen. Och déi grouss Planunge, wéi déi fir den neien Duerfkär vu Schëtter mat engem Centre Culturel a Raimlechkeete fir eis Veräiner an eis Verwaltung, déi fir den Ausbau vum Schoulzentrum zu Minsbech an déi fir den Neibau vun engem Atelier fir eis Gemengeservicer, engem neien interkommunale Recyclingcenter an enger gemeinsamer Pompjeeskasär mat Nidderaanwen si gutt virugaangen. Bei éischten Aktivitéite vun eise Kommissiounen a Veräiner, wéi Nuit du Sport, Mobilitéits- a Gesondheetswoch, Schëtter Maart, Rousefest a Concerten haten eis Matbierger erëm d’Geleeënheet sech ze begéinen. Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Dëst Joer wäert fir mech dat Joer bleiwen, wou mer voller Freed a méi bewosst erëm all dat konnte genéissen, wat fir eis virdrun esou selbstverständlech war.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.