5 minute read
MÄERTERT
from Muselzeidung 492
by Presss sarl
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Mäertert
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Mäertert
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Jérôme Laurent Wéi huet d’Gemeng Mäertert den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendezvouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
D’Gemeng Mäertert huet et och 2021 fäerdegbruecht, dat d’Servicer ëmmer fir hir Bierger do waren. Mir hate wéineg Ausfäll bedéngt duerch d’sanitär Kris. D’Aarbecht ass virugaang, villäicht net esou séier, wéi mir et eis als Gemengeresponsabel gewënscht hätten, mee et ass awer virugaang.
Et sinn eng Partie Evenementer vun der Gemeng organiséiert ginn: ze ernimmen ass de Benefizconcert Letz’Help, wou vill Geld fir déi Betraffe vun der Héichwaasserkatastroph gesammelt ginn ass. Eis Pensionairen hu sech och gefreet, dat nees eng Rentnerfeier war.
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Mir konnten eis 2 grouss Schoul- a Kannerbetreiungsstrukturen zu Mäertert an zu Waasserbëlleg opmaachen. Mat vill Freed sinn d’Kanner an “hir” nei modern Schoule gaangen. Besonnesch d’Kanner hu jo an der sanitärer Kris vill matgemaach. Normalerweis kréien d’Politiker ëmmer nëmme gesot wat net gutt ass, dëst Joer war et esou, dat mir ganz vill positiv Réckmeldunge kritt hunn. Sief et fir eise Krisemanagement an der sanitärer Kris oder bei der Héichwaasserkatastroph den 13. a 14. Juli.
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?
Ech mengen, datt eis Bierger elo mol frou sinn, datt déi grouss Baustelle vun der Gemeng ofgeschloss sinn. Mir hu vill Projeten ëmgesat, déi mir versprach haten. Wat nei Projeten ugeet, ass d’Situatioun mat de Liwwerschwieregkeete vu Material, Personalmangel, héije Präisser an der awer nach präsenter Corona-Pandemie eng grouss Erausfuerderung. Mir kucken awer weiderhin eis Gemeng fir d’Zukunft fit ze maachen.
Och wäerte mir als Gemeng eise Bierger Evenementer ubidden, wann déi aktuell sanitär Situatioun et zouléisst: Integratiounsfest, Eastcoast-Festival, Rentnerfeier, Vëlosummer a Funpark-Cup si Manifestatiounen, déi hoffentlech nees kënnen organiséiert ginn.
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Mir solle positiv an d’Zukunft kucken a wënschen eis, datt mir 2022 nees ee grousse Schrëtt méi an d’Normalitéit zeréckkommen. Dat Wichtegst ass d’Gesondheet a mir sinn hei am Land gutt versuergt. Mir wënsche jidderengem eng gutt Gesondheet.
Nadine Lang-Boever Lëtzebuerg ass ee multikulturellt Land an och an Ärer Gemeng liewe vill verschidden Nationalitéiten zesummen.
Ginn et bei Iech speziell Initiative fir d’Integratioun vun neie Matbierger méi einfach ze maachen?
An der Gemeng Mäertert ginn et 83 verschidden Nationalitéiten d’Auslänner maache 37,8% vun den Matbierger aus.
D’Integratiounskommissioun huet verschidde Projet’en ob d’Been gesat fir d’Integratioun ze fërderen. All 3 Méint fënnt e „Café des Langues“ an Zesummenaarbecht mam Club Senior Muselheem an der Musel-Sauermediathéik statt.
Interviewe mat auslännesche Matbierger gi reegelméisseg am Gemeeneblat verëffentlecht.
Um „All Together“-Fest hunn eis auslännesch Matbierger d’Méiglechkeet sech, hiert Land an hir Kichen ze presentéieren.
Säit September 2020 sinn an den Douaneswunnenge Flüchtlingen (DPI, Demandeur de protection international) ënnerbruecht. Hei ass fir 2022 eng Aktivitéit zesumme mat den Awunner aus dem Quartier geplangt.
D’Mataarbechter aus dem Populatiounsbüro vun der Gemeng si sech hirer wichteger Aufgab bewosst den neie Matbierger all néideg Informatiounen zoukommen ze loossen an hinne bei hire Froen esou gutt ewéi méiglech ze hëllefen.
Steckbréif
Gemeng Mäertert
DIERFER Mäertert, Waasserbëlleg AWUNNER 4.754 NATIONALITÉITEN 83
BUERGERMEESCHTER Jérôme Laurent SCHÄFFEN Lucien Bechtold, Nadine Lang-Boever GEMENGERÉIT Roland Feipel, Claude Franzen, André Friden, Nathalie Ludwig, Cilly Nuskowski-Hirtt, Ady Schanen, Alain Scheid, François Warnier
Frohe Weihnachten!
Wir wünschen Ihnen und Ihrer Familie schöne Feiertage und alles Gute für das Jahr 2022!
58, Grand-Rue, L-6330 Wasserbillig Tel.: +352 - 26 71 43 59 info@peinture-baranowsky.lu
En Tourist deen an Är Gemeng kënnt, kann um touristeschen a kulturelle Plang villes entdecken, wéi eng Plazen däerf en op kee Fall verpassen, fir sech unzekucken? Hutt Dir eng perséinlech Liblingsplaz an der Gemeng?Lucien Bechto ld
Wonnerschéi geleeën am Musel-Sauerdall bitt eis Gemeng dem Tourist schéin an erhuelsam Wanderweeër an Radtoure laanscht Musel, Sauer, Sir an duerch beschtbekannte Wäilagen un. D’Plaz „Op der Spatz“ zu Waasserbëlleg, als déifste Punkt vum Land, zitt mat senge Waasservigel d’ganzt Joer vill Famillen zum Verweilen un. Vill besichte Fotomotiver sinn déi zwou Statuen, de „Fëscher“ zu Waasserbëlleg an de „Wënzer“ zu Mäertert. Am Aquarium bestaunen all Joer méi wéi 10.000 Leit Ënnerwaasserlandschafte mat hiren Zierfësch aus der ganzer Welt a mat Séisswaasserfësch aus eisen einheimesche Gewässer. Säit 2011 kënne geschichts- a kulturinteresséiert Touristen op den zwee Konscht- a Kulturweeër duerch eis zwou Uertschaften, anhand vun Informatiounspanneauen, eis Lokalgeschicht op eege Fauscht erkunden an dobäi eis flott Géigend entdecken.
D’Elektrofär Sankta Maria II ass eng wichteg touristesch an grenziwwerschreidend Verbindung a si transportéiert all Dag eng Hellewull Beruffspendler vun där enger op déi aner Säit vun der Musel. D’ganzt Joer iwwer méi wéi 143.000 Persounen an 20.000 Vëlosfuerer. Am Funpark ënnen op der Musel treffe sech déi Jugendlech aus der ganzer Emgéigend fir bei sportlechen Aktivitéiten e puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen. Zu Mäertert zéit de Park mat dem Weier an dem Kiosk, der Kannerspillplaz, Pétanquepiste a Fitnessparcours Jonk an Al un. Dee rezent ugeluechte Bamléierpad mat iwwer 30 verschidde Beem vu wäit an no ass eng weider Attraktioun. De Waasserfall un der Sir ass en absolute Must op den wonnerschéinen Wanderweeër duerch de Sirdall.
All dës Plazen an eiser Gemeng hunn hire Charme, hir Geschicht a si Plazen, wou mir Bierger gären zesumme sinn an hoffen Iech deemnächst och do ze gesinn. Seit 1999 besteet an Zesummenaarbecht vun der Gemeng Mäertert mat der Verbandsgemeng Tréier eng Touristinformatioun op der Waasserbëllegerbréck, wou Touristen kënne wichteg Informatiounen iwwer Lëtzebuerg an Däitschland kréien, z.B. Tipps iwwert Dages- a Schëffsausflich, Iwwernuechtungsméiglechkeeten oder awer och lokal Produkter als Souvenir kafe kënnen. Dir gesitt, eis Gemeng huet ganz vill ze bidden a mir lueden Iech häerzlech op e puer flott Stonne bei eis an.