D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng
Mäertert wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Mäertert
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Mäertert
ur
en
t
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Mäertert a den Alldag an der Pandemie eL gemeeschtert, wéi eng Aarbechte Jérôm konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendezvouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? D’Gemeng Mäertert huet et och 2021 fäerdegbruecht, dat d’Servicer ëmmer fir hir Bierger do waren. Mir hate wéineg Ausfäll bedéngt duerch d’sanitär Kris. D’Aarbecht ass virugaang, villäicht net esou séier, wéi mir et eis als Gemengeresponsabel gewënscht hätten, mee et ass awer virugaang. Et sinn eng Partie Evenementer vun der Gemeng organiséiert ginn: ze ernimmen ass de Benefizconcert Letz’Help, wou vill Geld fir déi Betraffe vun der Héichwaasserkatastroph gesammelt ginn ass. Eis Pensionairen hu sech och gefreet, dat nees eng Rentnerfeier war. Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Mir konnten eis 2 grouss Schoul- a Kannerbetreiungsstrukturen zu Mäertert an zu Waasserbëlleg opmaachen. Mat vill Freed sinn d’Kanner an “hir” nei modern Schoule gaangen. Besonnesch d’Kanner hu jo an der sanitärer Kris vill matgemaach.
80 MUSELZEIDUNG MÄERTERT
Normalerweis kréien d’Politiker ëmmer nëmme gesot wat net gutt ass, dëst Joer war et esou, dat mir ganz vill positiv Réckmeldunge kritt hunn. Sief et fir eise Krisemanagement an der sanitärer Kris oder bei der Héichwaasserkatastroph den 13. a 14. Juli. Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën? Ech mengen, datt eis Bierger elo mol frou sinn, datt déi grouss Baustelle vun der Gemeng ofgeschloss sinn. Mir hu vill Projeten ëmgesat, déi mir versprach haten. Wat nei Projeten ugeet, ass d’Situatioun mat de Liwwerschwieregkeete vu Material, Personalmangel, héije Präisser an der awer nach präsenter Corona-Pandemie eng grouss Erausfuerderung. Mir kucken awer weiderhin eis Gemeng fir d’Zukunft fit ze maachen. Och wäerte mir als Gemeng eise Bierger Evenementer ubidden, wann déi aktuell sanitär Situatioun et zouléisst: Integratiounsfest, Eastcoast-Festival, Rentnerfeier, Vëlosummer a Funpark-Cup si Manifestatiounen, déi hoffentlech nees kënnen organiséiert ginn. Wat wënscht Dir Iech fir 2022? Mir solle positiv an d’Zukunft kucken a wënschen eis, datt mir 2022 nees ee grousse Schrëtt méi an d’Normalitéit zeréckkommen. Dat Wichtegst ass d’Gesondheet a mir sinn hei am Land gutt versuergt. Mir wënsche jidderengem eng gutt Gesondheet.