5 minute read
FLUESSWEILER
from Muselzeidung 492
by Presss sarl
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Fluessweiler
Roger Barthelmy
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Fluessweiler den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendezvouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
Den Alldag hu mir, souwäit wéi d’Emstänn et zougelooss hunn, normal verbruecht an organiséiert. D’Aféiere vun der éischter Versioun vum CovidCheck huet ganz vill Erliichterung bruecht, sou dass di national Evenementer, wéi Nationalfeierdag an d’Journée de la commémoration nationale scho mat méi Präsenz an der Gemeng begaange konnte ginn.
All eis Bauprojeten, sief et Planunge wéi och d’Chantiere konnte weidergefouert ginn, wann och mi lues wéi ënner normalen Emstänn. Weiderhinn hu mir den Awunner Akafsbonge verdeelt fir bei de lokale Betriber anzeléisen, fir si ze ënnerstëtzen a mir hunn eis eeler Matbierger mat Miseler Cremant doheem begléckt.
Besonnesch ervirzehiewe bleift awer d’Aweiung vun enger Gedenkplaz zu Éire vu 6 engleschen Zaldoten, di virun 80 Joer am Krich duerch de Crash vun hirem Fliger an engem Donnerwieder hiert jonkt Liewe gelooss hunn. Et ware vill Duerfleit an Éiregäscht, vum engleschen Ambassadeur iwwer Offizéier a Veterane vun der Royal Air Force (RAF) bis hin zu Deputéierten a Politiker aus dem Osten, präsent fir di emouvant Zeremonie.
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
Soubal d’Vaccine bis verfügbar waren hu sech ganz vill Leit solidaresch gewisen a sech impfe gelooss, fir sech an hir Matmënschen ze schützen. Dëse Geste vu Solidaritéit huet eis ganz vill Fräiheeten zeréckginn an d‘Ängschte viru schwéiere Krankheetsverleef a vum Doud sinn zeréckgaangen. Leider huet dëse ganz wichtegen Akt vu Nächsteléift momentan en Duerchhänger an di individuell Interesse kréie schonn nees méi Opdriff. Ech sinn erschreckt, dass dat sou ass.
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Fluessweiler
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?
Grouss Verännerunge stinn 2022 net un, et si jo och oft vill kleng Verännerungen di zum Wuel vun engem nach besseren Zesummeliewe bäidroen. Ganz sécher wäert d‘Akraafttriede vum neie PAG, woumat mir fest fir 2022 rechnen, vu ville Leit begréisst ginn, wëll si dann endlech no den neie Modalitéite bauen däerfen. Wa mir all d’Pandemie nach besser am Grëff hu wéi bis well, gi selbstverständlech di traditionell Treffen, wéi zum Beispill eisen Dag vum 3ten Alter, a Fester nees organiséiert sou dass dat soziaalt Bedierfnis fir sech ze begéinen an zesummen ze feieren nees zur Selbstverständlechkeet gëtt.
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Ech wënsche mir, dass d‘Gesondheet vun eis all net nach weider strapazéiert gëtt an dass mir méiglechst schnell aus der Pandemie vum COVID-19 rauskommen an nees normal, wéi gewinnt, zesummeliewe kënnen.
Steckbréif
Gemeng Fluessweiler
DIERFER Beyren, Fluessweiler, Gouschteng, Nidderdonwen, Uewerdonwen
AWUNNER 2.156 NATIONALITÉITEN 50
BUERGERMEESCHTER Roger Barthelmy SCHÄFFEN Ernest Apel, Juliette Jans-Fusenig GEMENGERÉIT Mike Bast, Guy Heiderscheid, Frank Rollinger, Jean-Marie Sadler, Gérard Siebenaler, Jorge Sousa
Ensch Schornsteintechnik · 55, Avenue de la Gare, L9233 Diekirch Tél.: +352-27 76 65 38 · www.ensch-schornsteintechnik.lu · EnschSchornsteintechnik
D‘Gemeng Fluessweiler wënscht Iech SCHÉI CHRËSCHTDEEG AN E GLÉCKLECHT A GESOND NEIT JOER 2022
Juliette Jans-Fusenig
D’Schoulkanner hunn och e schwieregt Joer hannert sech, och si hu vill ënnert der Pandemie gelidden, mee si hunn dat Bescht aus der Situatioun gemaach. Wéi eng flott Momenter goufen et dëst Joer an der Schoul an Ärer Gemeng?
Och eis Kanner, déi an d‘Zentralschoul BILLEK ginn, hu keng einfach Zäit hannert sech. Vill Kanner wéi Enseignanten hunn de ganze Programm matgemaach vu Quarantän bis Covid19-positiv. Mee mir sinn all frou, datt mir am Billek vu ganz grousse Clustere verschount bliwwen sin.
Schoul halen an dësen Zäite war net einfach et huet d‘Léierpersonal vill Zäit, Iddien an heiansdo och vill Phantasie kascht fir den Homeschooling ze organiséieren.
Déi ganz Pandemie ass natierlech och eng grouss Erausfuederung fir d‘Maison relais , wëll hei och vill organiséiert a geplangt huet misse ginn, fir d‘Kanner net ze vill ënnereneen ze vermëschen – vue datt mir als Syndicat eis Maison relais selwer bedreiwen, war et munchmol och sportlech, fir genuch Personal ze hunn, fir den Ufuerderunge vum Ministère gerecht ze ginn. Mir hunn natierlech op eisem wonnerbare Site d‘Virdeeler vun der Natur an der frëscher Loft, do kënne vill Aktivitéiten dobaussen organiséiert ginn.
Fir d‘Zukunft si mir zesumme mat der Gemeng Wuermer am Gaangen, e Bau fir eng Crèche fir ca. 100 Kanner um Site vum Billek ze plangen.
Wéi eng Auswiirkunge hat d‘Pandemie op Zesummeliewe bei Iech an der
Gemeng?
Ernest Ape l Och an eise méi klengen Dierfer huet d’Liewen wärend der Pandemie vill geännert. Am Ufank sinn déi jonk Leit Gottseidank fir déi Eeler akafe gaangen. Ganz vill huet eis Veräinsliewen op kultureller an sportlecher Basis gelidden, an et wier wënschenswäert, wa si geschwë rëm kéinten den Niveau vu virdrun erreechen. Eppes Positives hunn ech wärend der Zäit awer och gemierkt: Eis Spadséierweeër an Léierpied fanne mëttlerweil esou vill Gefalen, dass d‘Leit aus de Stied zu ganzen Equipe komme fir se ze benotzen an eis interessant Landschaft unzekucken. Ech geif iis alleguer wënschen, dass mer rëm geschwënn kënne liewe wéi virdrun!
Réckbléck
D‘Highlights vum Joer 2021 an der Gemeng Fluessweiler
NIDDERDONWEN
Aweiung vun engem Memorial zu Éire vu 6 Zaldote vun der Royal Air Force