Muselzeidung 492

Page 34

Fluessweiler Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Fluessweiler

Weiderhinn hu mir den Awunner Akafsbonge verdeelt fir bei de lokale Betriber anzeléisen, fir si ze ënnerstëtzen a mir hunn eis eeler Matbierger mat Miseler Cremant doheem begléckt.

Den Alldag hu mir, souwäit wéi d’Emstänn et zougelooss hunn, normal verbruecht an organiséiert. D’Aféiere vun der éischter Versioun vum CovidCheck huet ganz vill Erliichterung bruecht, sou dass di national Evenementer, wéi Nationalfeierdag an d’Journée de la commémoration nationale scho mat méi Präsenz an der Gemeng begaange konnte ginn.

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

he

lm

y

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Fluessweiler t ar den Alldag an der Pandemie B Roger gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendezvouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

All eis Bauprojeten, sief et Planunge wéi och d’Chantiere konnte weidergefouert ginn, wann och mi lues wéi ënner normalen Emstänn.

34 MUSELZEIDUNG FLUESSWEILER

Besonnesch ervirzehiewe bleift awer d’Aweiung vun enger Gedenkplaz zu Éire vu 6 engleschen Zaldoten, di virun 80 Joer am Krich duerch de Crash vun hirem Fliger an engem Donnerwieder hiert jonkt Liewe gelooss hunn. Et ware vill Duerfleit an Éiregäscht, vum engleschen Ambassadeur iwwer Offizéier a Veterane vun der Royal Air Force (RAF) bis hin zu Deputéierten a Politiker aus dem Osten, präsent fir di emouvant Zeremonie.

Soubal d’Vaccine bis verfügbar waren hu sech ganz vill Leit solidaresch gewisen a sech impfe gelooss, fir sech an hir Matmënschen ze schützen. Dëse Geste vu Solidaritéit huet eis ganz vill Fräiheeten zeréckginn an d‘Ängschte viru schwéiere Krankheetsverleef a vum Doud sinn zeréckgaangen. Leider huet dëse ganz wichtegen Akt vu Nächsteléift momentan en Duerchhänger an di individuell Interesse kréie schonn nees méi Opdriff. Ech sinn erschreckt, dass dat sou ass.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.