7 minute read
NIDDERAANWEN
from Muselzeidung 492
by Presss sarl
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen
Raymond Weydert
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Nidderaanwen den Alldag vun der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
D’Coronakris huet eis och am Joer 2021 weiderhi geplot. Vill sportlech, kulturell a gesellschaftlech Eventer konnten net stattfannen oder just a begrenztem Mooss. Vill vun der Gemeng selwer organiséiert Festivitéite si leider och ausgefall, ewéi z. B eist Begréissungsfest fir d’Nei-Awunner an der Gemeng, d’Hueschterter Kiermes an d’Zesummenaarbecht mat de Veräiner, d’Nuit du Sport oder eist Volleksfest fir den Nationalfeierdag.
Elo zum Hierscht hin, wou d’Corona-Bestëmmunge liicht gelackert goufen, huet d’Gemeng zesumme mat de Veräiner d’Nidderaanwener Kiermes gefeiert an dat ënnert de Konditioune vum CovidCheck. Weider Veranstaltunge wäerten och nach bis zum Joresenn an der Gemeng stattfannen.
Op politeschem Plang sinn am Joer 2021 d’Planunge vu Projete virugaangen, esou: • d’Renovéierung vum fréiere Waassertuerm um Sennengerbierg fir d‘Iwwernuechte vu Vëlo-Touristen • d‘Renovéierung vum Interieur am Gemengegebai zu
Ueweraanwen • den Ëmbau vun der Hal vum Waasser- a Gäertnerdéngscht • den Neibau vun engem Centre médical beim fréiere
Police-Gebai zu Ueweraanwen • d‘Planung vu Vëlos- a Foussweeër • d’Duerfplaz zu Senneng • d’Fäerdegstellung vun den Deel-Bebauungspläng „Haff
Peter“ an „op de Wolleken/Kazenheck“ zu Nidderaanwen • d’Kompensatiounsmoossname fir den Deel-Bebauungsplang „Op Pëlgert“ zu Ueweraanwen
Är Gemeng am Wandel! Wéi eng Bauprojete konnten dëst Joer ugefaangen oder fäerdeg gestallt ginn?
Folgend Projete goufen am Joer 2021 an Ugrëff geholl resp. fäerdeg gestallt: • de Bau vu 25 Sozial-Wunnengen um „Wakelter“ zu Ueweraanwen zesumme mat der SNHBM • de Bau vu 6 Sozial-Wunnengen „op den Heiden“ um
Sennengerbierg, zesumme mat der Fondation pour l’accès au logement • d‘Uleeë vu Parkingen an der rue du Bois um Sennengerbierg • d’Fäerdegstelle vu Vëlos- a Foussweeër tëschent Nidderaanwen a Rued-Sir, esou wéi Nidderaanwen a Mënsbech • d’Neigestaltung vum Kierfecht zu Hueschtert mam Neibau vun enger Morgue • den Ausbau vum Demenzberäich a vum Restaurant vum
Cipa Gréngewald • d’Renovatioun vum Syrdallheem • d‘Mise en place vum System “Parking résidentiel” zu
Nidderaanwen-Senneng • d’Uschafung vun diversen Immobilien • de Bau vun der Energie Zentral „am Sand“ • de Bau vum Zoufaartswee zum neie Police-Gebai
Steckbréif
Gemeng Nidderaanwen
DIERFER Hueschtert, Iernster, Nidderaanwen, Rammeldang, Senneng, Sennengerbierg, Stafelter, Ueweraanwen, Waldhaff
AWUNNER 6.409 NATIONALITÉITEN 79
BUERGERMEESCHTER Raymond Weydert SCHÄFFEN Jean Schiltz, Fréd Ternes GEMENGERÉIT Jacques Bauer, Martine Dupong-Kremer, Antoine Geyer, Paul Greis, Margaretha Inghelram-Mayens, Régis Moes, Gina Muller-Rollinger, Rose Scharfe-Hansen, Georges Schmit, Conny Van der Zande
• de Bau vun engem méi gesécherten Zoufaarts- a
Foussgänger-/Vëloswee vun Ueweraanwen bei d‘Maison relais an d’Grondschoul „am Sand“ • d’Uschafung vu weideren E-Autoe fir d‘Gemenge-
Servicer • d‘Aféierung vun engem neie Logo fir eis Gemeng
Wat wënscht Dir Iech fir 2022?
Fir d‘Joer 2022 hoffen ech, dass mir erëm méi no zu der gewinnter Normalitéit kommen. Et soll ee Joer ginn, wou mir nach weider Projete kënnen ëmsetzen an anerer kënne fäerdeg stellen an aweien. Mat engem Joer Verspéidung feieren den FC US Hueschtert an de BBC-Gréngewald hire 75. Anniversaire an dorop freeë mir eis elo schonn. Des Weideren ass eis Gemeng d’nächst Joer de 7. Mee och e Centre de promesses vum Télévie. Et soll awer och e Joer gi, wou mir nees normal kënne matenee feieren. Eist Zesummeliewen huet an de Joren 2020 an 2021 staark gelidden an eis Biergerinnen a Bierger géife sech bestëmmt immens drop freeë, wann nees méi divers Eventer kéinte stattfannen.
D‘Gemeng Nidderaanwen wënscht schéi Feierdeeg!
Seit 25 Jahren für Sie da!
IHR SPEZIALIST FÜR
Focus Designkamine Individuelle Holz-/ Gas-/ Bioethanol-/ Elektro-Kaminanlagen (zertifiziert für Passivbau) Öfen • Pizzaöfen • Sonnensegel
Joachim Hoffmann, Geschäftsführer & Dirk Schäfer, Betriebsleiter
Dat ganz Team vu FEUER & STEIN wënscht Iech schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer!
D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Nidderaanwen
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Fréd Ternes
De Klimawandel ass déi gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an déi nächst Joren. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl, fir si méi klimafrëndlech ze maachen?
Säit 2013 si mir eng Klimapakt-Gemeng. Och scho virdrun huet d’Gemeng Nidderaanwen sech scho laang fir eng pragmatesch Klimapolitik agesat. Dëst ass fréier duerch eenzel Aktioune geschitt a leeft elo ënnert engem klore Moossnamekatalog mat der Ënnerstëtzung vun engem Klimaberoder. Hei e puer Aktiounen, déi an deem Kontext déi lescht Jore realiséiert goufen: • Déi ëffentlech Beliichtung op Gemengestroosse gouf 100% op LED ëmgestallt (doduerch konnt dësen Energieverbrauch halbéiert ginn) • Projet „Nachhaltigkeit macht Schule“ • Offalltaxen no Gewiicht (pollueur-payeur) • Komplett Sanéierung vun dem alen Deel vun der
Grondschoul no innovativen Energiekonzepter • Grënnung vun enger Energiekooperativ (Enercoop
Syrdall) an zur Verfügungstellung vu Gemengendiecher fir Photovoltaikanlagen • Facility Management an Energiemanagementsystem fir d‘Gemengegebaier • En neit Konzept fir e Ressourcenzentrum (amplaz vum
Recycling) • Planung vun enger neier Kläranlag • Beemplanzaktioune fir Neigebuerener, Kiribeem,
Awunner… • Sensibiliséierungskampagne „Ëmwelt Mëttwoch” • Niedz4kidz goes green • Biodiversitéit an de Gréngflächen • Zousätzlech Fouss- a Vëlosverbindungen (Rued-Sir,
Minsbech, Schoul) • Sécherung a Beliichtung vun Zebrasträifen op den
Haaptachsen • 2 Vel’OH Statiounen • Aféiere vum „Parking résidentiel“ • Elektresche Rufbus • Aféiere vu 4 Pedibus-Linnen • Aféiere vun engem lokale Maart
• … Dës Efforte gëllt et elo nach weider ze verstäerken a virun allem d’Leit an d’Betriber mat an d’Boot ze kréien. Genee wéi bei der Pandemie ass och bei der Klimakris e globalen Effort gefrot, bei deem awer jidder Eenzelen Deel vun der Léisung ass.
Jean Schiltz
Beweegung ass grad a PandemieZäite wichteg, d’Veräiner leeschten do ee grousse Bäitrag, mee haten et duerch d’Restriktiounen och net einfach. Konnten an Ärer Gemeng awer sportlech Erfolleger gefeiert ginn?
Nidderaanwen ass eng sportlech Gemeng, scho fréier an haut nach méi. Nom Krich gouf de Fussballveräi gegrënnt (1946) an de Basket 1947. Et gi 16 Sportveräiner. Dat ass gutt fir d‘Gesondheet, mee awer och fir d‘Integratioun ze fërderen oder der Jugend en erzéieresche Kader mat Challengen a Beweegung unzebidden. Der Gemeng hir Aufgab ass et dofir déi richteg Infrastrukturen zur Verfügung ze stellen, fir dass e Maximum u gudde Resultater erauskomme kann. An dat ass jo och de Fall zemools beim Futtball, beim Basket an neierdéngs och beim Karate. Fir d’Sport-Eventer nach besser ze gestalten an d‘Koordinatioun ënner de Veräiner optimal ze organiséieren, huet d’Gemeng ab 2022 ee Sportkoordinateur dofir virgesinn.
D’Gesellschaft gëtt ëmmer méi al a speziell fir eeler Leit brauch et Strukturen a Projeten, fir dass jiddwereen och am Alter gutt liewe kann. Wéi gesäit et bei Iech an der Gemeng aus, wat proposéiert Dir als Service oder speziell Offer den eelere Leit?
Den 3. Alter war scho säit den 80er Joren en Thema, dat Gemengeverantwortlech virrangeg beschäftegt huet.
Ausgangs den 80er si verschidde Servicer och schonn an der Gemeng ugebuede ginn, z. B de Service Hëllef doheem an de Foyer de jour 3. Alter …
Mëtt vun de 90er ass dunn de Cipa/Centre Intégré pour personnes âgées zesumme mat den Nopeschgemenge gebaut ginn.
Fir d‘Zukunft gëtt deen deemnächst aus- an ëmgebaut. Ënner anerem ginn d‘Cafeteria an de Restaurant vergréissert.
Fir d ‘Personal ginn nei Vestiairë gebaut.
Den Demenzberäich gëtt och den haitegen Ufuerderungen ugepasst a vergréissert.
E Fitnessraum soll och do d’Méiglechkeet gi sech kierperlech ze betätegen. Déi eeler Leit solle sech bei eis ewéi doheem fillen, dofir gi mir hinnen déi bescht Strukturen, fir dass si hire Liewensowend esou angeneem ewéi méiglech genéisse kënnen. Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an e gesond & aktiv Joer 2022!
Kommt dofi r an eis Fitness-Coursen an zum Nordic Walking. www.movinandethana.lu
Coiffeur à domicile
D‘Joëlle, Är Coiffeuse, kënnt och elo bei Iech heem fir Iech d‘Hoer ze maachen. Gemeng Nidderaanwen an Ëmgéigend. Just op Rdv Tel. 621 747 063
Schéi Feierdeeg!
LAMELLENDÄCHER PERGOLEN
FREISTEHENDER SONNENSCHUTZ
48, rue Gabriel Lippmann | L-NIEDERANVEN Tel. 26 94 50 24
info@ralf-schuh-raumausstattung.com www.ralf-schuh-raumausstattung.com