Nidderaanwen Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen
• den Ëmbau vun der Hal vum Waasser- a Gäertnerdéngscht • den Neibau vun engem Centre médical beim fréiere Police-Gebai zu Ueweraanwen • d‘Planung vu Vëlos- a Foussweeër • d’Duerfplaz zu Senneng • d’Fäerdegstellung vun den Deel-Bebauungspläng „Haff Peter“ an „op de Wolleken/Kazenheck“ zu Nidderaanwen • d’Kompensatiounsmoossname fir den Deel-Bebauungsplang „Op Pëlgert“ zu Ueweraanwen
D’Coronakris huet eis och am Joer 2021 weiderhi geplot. Vill sportlech, kulturell a gesellschaftlech Eventer konnten net stattfannen oder just a begrenztem Mooss. Vill vun der Gemeng selwer organiséiert Festivitéite si leider och ausgefall, ewéi z. B eist Begréissungsfest fir d’Nei-Awunner an der Gemeng, d’Hueschterter Kiermes an d’Zesummenaarbecht mat de Veräiner, d’Nuit du Sport oder eist Volleksfest fir den Nationalfeierdag.
Folgend Projete goufen am Joer 2021 an Ugrëff geholl resp. fäerdeg gestallt: • de Bau vu 25 Sozial-Wunnengen um „Wakelter“ zu Ueweraanwen zesumme mat der SNHBM • de Bau vu 6 Sozial-Wunnengen „op den Heiden“ um Sennengerbierg, zesumme mat der Fondation pour l’accès au logement • d‘Uleeë vu Parkingen an der rue du Bois um Sennengerbierg •d ’Fäerdegstelle vu Vëlos- a Foussweeër tëschent Nidderaanwen a Rued-Sir, esou wéi Nidderaanwen a Mënsbech •d ’Neigestaltung vum Kierfecht zu Hueschtert mam Neibau vun enger Morgue •d en Ausbau vum Demenzberäich a vum Restaurant vum Cipa Gréngewald •d ’Renovatioun vum Syrdallheem •d ‘Mise en place vum System “Parking résidentiel” zu Nidderaanwen-Senneng •d ’Uschafung vun diversen Immobilien •d e Bau vun der Energie Zentral „am Sand“ •d e Bau vum Zoufaartswee zum neie Police-Gebai
yd
er
t
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Nidderaane wen den Alldag vun der PandedW Raymon mie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
Elo zum Hierscht hin, wou d’Corona-Bestëmmunge liicht gelackert goufen, huet d’Gemeng zesumme mat de Veräiner d’Nidderaanwener Kiermes gefeiert an dat ënnert de Konditioune vum CovidCheck. Weider Veranstaltunge wäerten och nach bis zum Joresenn an der Gemeng stattfannen. Op politeschem Plang sinn am Joer 2021 d’Planunge vu Projete virugaangen, esou: • d’Renovéierung vum fréiere Waassertuerm um Sennengerbierg fir d‘Iwwernuechte vu Vëlo-Touristen • d‘Renovéierung vum Interieur am Gemengegebai zu Ueweraanwen
100 MUSELZEIDUNG NIDDERAANWEN
Är Gemeng am Wandel! Wéi eng Bauprojete konnten dëst Joer ugefaangen oder fäerdeg gestallt ginn?