Muselzeidung 492

Page 136

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng

Stadbriedemes wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Stadbriedemes Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Stadbriedemes

lb

er

t

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet A d’Gemeng Stadbriedemes den o rc Ma Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng? Grad wei 2020, woer och d’Joer 2021 op Gemengesäit nach vun der Covid-19-Situatioun gepräägt. Grad wei all Bierger, all Veräin, huet och d’Gemeng mat hire Servicer sech un déi jeeweileg Situatioun an déi entspriechend Reegele missen upassen. Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen? Et woer an dem Context wichteg, dass d’Bierger, d‘Veräiner, d‘Schoulen an d‘Betriber alleguer matgezunn hunn, fir de Risk fir jidderee klengzehalen, dofir e grousse Merci vun eiser Säit. Och hunn d’Awunner, d‘Veräiner, d‘Schoulen an aner Institutioune vill „Versteesdemech“ fir d’Situatioun gewisen. Net all Verhalensreegel, Entscheedung oder Konsequenz sinn op Begeeschterung getraff an trotzdeem ass sech dann am grousse Ganzen dru gehalen ginn, well di Moossname richteg a wichteg woren an nach sinn.

136 MUSELZEIDUNG STADBRIEDEMES

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën? Trotz enger Rei duerch Covid bedéngten Delaien, lafen eis Projete generell alleguer weider wei geplangt a mir hoffen, dass dann d’Nieweneffekter vun der Pandemie, z. B. am Beräich vun de Liwwerschwieregkeeten an der Präisentwécklung, net allze vill Schwieregkeeten wäerte bereeden. Well mëttlerweil dann dach eng grouss Zuel vun Awunner geimpft ass, an d’Leit sech och generell un di néideg a wichteg Verhalensreegelen halen, ass et gutt ze gesinn dass d’Veräinsliewen dann erëm e bëssche „Faart“ ophëllt. Et fannen, natierlech ënner Anhale vun alle Reegelen, erëm Versammlungen, kleng Evenementer am Beräich Sport a Musek statt. Ob an eiser Gemeng 2022 di grouss Fester, Wäifest Briedemes, Léiffrawëschdag zu Greiweldeng stattfanne kënnen an ënner wéi enger Form, dat ass de Moment nach schwéier ofzeschätzen. Wat wënscht Dir Iech fir 2022? Natierlech wënschen ech mir, dass et eis als Gesellschaft geléngt, di néideg Schrëtt ze huelen, fir weider aus der Pandemie ze kommen. En zweete Wonsch wier awer och, dass mir aus der Situatioun leieren: mir hu gesinn, dass et an esou enger Situatioun méiglech wor, sech erëm méi op dat wierklech Wichtegt ze fokusséieren an och geléiert, dass den Zesummenhalt an der Gesellschaft en Atout ass, dee mir an „normalen“ Zäite vläicht net ëmmer ze appreciéiere woussten. Et wier also flott, wa mir op di zwou Saachen erëm méi Wäert géinge leeën. Ech perséinlech wënschen alle Matbierger a Mataarbechter e glécklecht neit Joer an eng gutt Gesondheet.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.