D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng
Wormer wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022
Wormer
Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Wormer
mir einfach mol erëm feieren. Och aner Festivitéite waren ënnert deem Regime erëm méiglech. De Gemeenerot ass fir Nationalfeierdag erëm mat de Veräinsvertrieder an den Te Deum gaangen an een Open-air-Kino ass organiséiert ginn. Mam Joresenn kënnt och nach en neit flott Event op eis duer, de Wine Lights Enjoy.
Och trotz Pandemie konnt d’Gemeen mat hirer Aarbecht weiderfueren, op munche Plaze mat Retard, mee all eis lafend Projete konnte poursuivéiert ginn a geplangte Projete konnten ugefaange ginn. Viru kuerzem ass de Startschoss fir eise Biergerbedeelegungsprozess gefall. Domat kënnen eis Awunner d’Gestaltung vum nauen Darrefkär vu Wormer beaflossen, e ganz neie Momentum an eppes wat coronabedéngt bis elo just schwéier méiglech war. Duerch de CovidCheck System konnten d’Leit am September erëm mat derbäi si, wéi et geheescht huet „Dorch d’Kellere vun der Rieslingsgemeen“! Mam Riesling Open konnte
Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?
is
As
t
D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Wormer den Alldag an th der Pandemie gemeeschtert, wéi a M eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?
140 MUSELZEIDUNG WORMER
Den Alldag vun der Pandemie huet awer och anescht ausgesinn. Mam Impfbus hu mer eisen eelere Matbierger d’Méiglechkeet ginn, hiren Impf-Rendez-vous wouerzehuelen. Déi Leit, déi hir Invitatioun bis dohin nach net kritt haten, konnten eise Schnelltestzenter besichen.
Eis zeréckgewonne Fräiheeten an de lues awer séchere Retour an d’Normalitéit. Duerch d’Eegeverantwortung, déi mir fir eis Gesondheet an déi vun deenen aneren iwwerhuelen, ginn erëm kulturell - a Fräizäitaktivitéiten ugebueden a mir hunn erëm d’Fäegkeet eist soziaalt Liewen ze bestëmmen an déi ekonomesch Situatioun ze verbesseren. Dat kënnt natierlech all eise Matbierger ze gutt, de Veräiner, de Restaurateuren an de Wënzer.