Sauerzeidung 397

Page 46

Vill Aktivitéiten

Am Maacher Lycée Lëtzebuerg Déi zwou 2GSO-Klassen waren op Besuch am House of Entrepreneurship an der Stad Lëtzebuerg, wou si un engem Workshop mam Thema „Pitch your Business” deelgeholl hunn

Leideleng Zesumme mam Lycée Hubert Clément vun Esch a mam Lycée Technique d‘Ettelbruck war de Maacher Lycée am Kader vum Öko-Check Projet vum Ministère de l‘Éducation nationale, de l‘Enfance et de la Jeunesse op der BNE-Foire zu Leideleng vertrueden

Lëtzebuerg D’Klass 5PT1 war déi interaktiv Ausstellung „Echt krass! Wo hört der Spaß auf?“ zum Thema sexuell Gewalt mat an tëschent Jugendlechen an de Forum Geesseknäppchen kucken

Lëtzebuerg D’Klass 6G4 huet sech am Kinepolis de Film Trust ugekuckt an hat duerno e ganz interessanten Echange mat Vertrieder vun der Police, Bee Secure an dem Kanner a Jugendtelefon zu de Gefore vum Internet an de soziale Medien

Gréiwemaacher Um Weltbicherdag 2022 hat de Franséisch-Departement vum Maacher Lycée eng flott Nuit du Livre organiséiert

Sauerzeidung

38


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.