CDTMOOC Rapport zur Collecte vu BeWéiser

Page 20

Rapport zur Collecte vu BeWéiser Bessere technesch Kompetenzen, d´Haltung an d´Leidenschaft sinn vun den Entrepreneuren als ganz wesentlech ugesinn ginn. Si hunn och e puer mol erwäänt dat den Ëmgang mat Stress eng Viraussetzung ass.

Entrepreneurship Formatioun an der Zukunft D´Grafik hei ënnen drënner weist d´Perceptioun vum Enseignement zum Entreprenariat an der Innovatioun an den nächste fënnef Joer. Schüler an Enseignanten sinn sech eens, dat den Enseignement an den nächste Joren verbessert muss ginn. Kreativ Problemsleisungen mussen encouragéiert ginn. Den Enseignement muss méi flexibel ginn a ënnerschiddlech Methoden a Parcours d´Apprentiassage ubidden. D´Studenten wënschen sech, dat Entreprenariat méi frei an der Schoul schon enseignéiert gëtt an op allen Bildungsniveauen involvéiert ass. Si mengen och dat dëst ee groussen Afloss op d’Gesellschaft hätt. Si erwaarden och méi gamifizéierten Contenu och wann dëst net vun den Enseignanten erwäänt ginn ass. Den Enseignanten no kéint d´Formatioun vum Entreprenariat an der Innovatioun nei Léiermethoden an den Unterrecht era bréngen déi mat engem verbesserten Unterrecht korreléieren géifen. Et gëtt och erwäänt, dat fir d´Innovatioun ze encouragéieren d´Studenten ee besseren Zougang zu gëeegneten Léiermettelen missten hunn. Des Remark ass och gemaach ginn nodeems d´COVID19-Pandemie ugefaangen hat déi den Bedarf un Online-Inhalter an den Zougang zu digitalen Inhalter verstäerkt huet.

IO1. Rapport zur Collecte vu BeWéiser

19


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.