Rapport zur Collecte vu BeWéiser
II.
Definitioun vum Entreprenariat an der Ausbildung zum Entreprenariat
Et schéngt wichteg dëse Rapport mat der Definitioun vun de Konzepter, déi am Kader vun dësem Projet an dëser Analyse benotzt gi sinn, unzefänken : Entreprenariat kann definéiert ginn als "all Versuch eng nei Entreprise oder en neie Projet ze grënnen, Wéi z. B. eng selbstänneg Aktivitéit, eng nei kommerziell Organisatioun oder d´ Erweiderung vun enger Entreprise, duerch eng Eenzelpersoun, eng Ekipp vun Eenzelpersounen oder etabléiert Entreprise"1. Ziel vun der Educatioun zum Entreprenariat ass et, een Esprit entrepreneurial ze entwéckelen, d.h. eng Rei vun Astellungen, Kompetenzen an Fäegkeeten ze entdecken, sech Ressourcen ze erschléissen an, an der Onsécherheet Valeur zu créeieren2. D´Entreprenariat ass allerdéngs méi wéi nëmmen eng Entreprise ze grënnen. Et ass och eng Haltung, déi sech drop konzentréiert Chancen ze sichen,Risiken anzegoen, resilient ze sinn, Ressourcë kreativ ze notzen an eng Iddien ëmzesetzen3. Et geet drëms, nei Geleeënheeten ze schafen an nei Konzepter an engem onsécheren an onbekannten Ëmfeld ëmzesetzen4. Weltwäit bidden iwwer 3.000 Héichschoulen an Universitéite Coursen zum Thema Entreprenariat un5. Eng grouss Unzuel vun Universitéite bidde Programmer am Entreprenariat mat Zertifikater, Bachelor oder MasterOfschloss un. Et schéngt, wéi wann sech d´Vitesse a Richtung vun enger Ausbildung am Entreprenariat acceleréiert huet an dat d´Efforte fir Fakultéiten, Studenten a Verwaltung ze erreeche verstäerkt gi sinn. Nom Kuratko (2015) ass d´Entreprenariat éischter een néit akademescht Fach an handelt vu kontinuéierlecher Innovatioun a Kreativitéit. Gamifizéierung bezitt sech op d´Konzept vum Spillen a d´Benotzen vu Spillmechanismen fir Applikatiounen déi net aus dem Beräich vun de Spiller sinn. Et erméiglecht "Learning by doing" 6 an
1
Reynolds, P. D., Hay, M., & Camp, S. M. (1999). Global Entrepreneurship Monitor: Executive Report. Kaufman Centre for Entrepreneurial Leadership, 3. 2 Davis, Hall & Mayer, 2016; McGrath & MacMillan, 2000 3
Kuratko, D.F., Morris, M. H. Examining the future trajectory of entrepreneurship. Journal of Small Business Management (2018) 56 (1), pp. 11-23 4 Neck and Green 2011 5 Kuratko 2017 6 A. I. Diane. Gamification of Entrepreneurship Education. Teaching Brief. Decision Sciences Journal of Innovative Education, Volume 18 Number 2, April 2020
IO1. Rapport zur Collecte vu BeWéiser
6