Panewippchen 2/2023 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 5

De Panewippchen

N° 143 2/2023

www.panda-club.lu De Panewippchen kënnt 4x am Joer eraus Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit

Déi lescht vun hirer Aart

Ob der indonesescher Insel Bawean gëtt et e ganzt speziellt a seelent wëllt Schwäin. Et gi just nach knapps 250 vun hinnen déi an der Natur liewen. Bis viru kuerzem war net kloer nogewisen, datt et sech bei där Aart ëm eng aner Zort Wëllschwäin handelt, wéi dat vun der Insel Java.

D’Dr. Anna Schleimer aus dem ‘natur musée’ an e ganzt Team vun internationale Fuerscher huet mat Hëllef vu geneteschen DNA-Analyse gehollef ze beweisen, datt et sech effektiv ëm eng eegen Aart handelt. Wëllschwäin si wichteg, well se de Buedem ëmgruewen, oplackeren an esou de Planzen hëllefe sech fortzeplanzen an de Bësch gesond ze halen. Baweanesch Wëllschwäin ginn et der net méi vill, well de Mënsch de Bësch ofholzt an esou hire Liewensraum futti mécht.

Si gi gejot fir datt se net a Felder friesse kommen, an och fir hiert Fleesch. Well et der net méi esouvill ginn, ass et wichteg se ze schützen an ze ënnersiche fir rauszefanne wéi si liewen a wéi ee se am Beschte ka schützen.

Kleng Mécken - ganz grouss am Bestëbsen

Mir schwätze vun de sougenannte „Schwiefmécken“. Si si schwaarz-giel gesträift

a gesinn e bëssen aus wéi ze kleng geroden Harespelen ouni Stachel. Si si ganz wichteg fir eis Ëmwelt, well se immens gutt do dra si Planzen ze bestëbsen, an doduerch dozou bäidroen datt Iesse fir Mënschen an Déiere ka produzéiert ginn. Si sinn zu Lëtzebuerg bis elo net vill ënnersicht ginn, mee och hire Liewensraum gëtt

ëmmer méi kleng. Well Lëtzebuerg

ëmmer méi bebaut gëtt, hunn

d’Zoologiefuerscher a -fuerscherinne vum ‚natur musée‘ elo ugefaangen un engem Atlas fir Schwiefmécken ze schaffen. Wat ass dat? Hei ginn all d’Donnéeën, Fotoen, Plaze wou se fonnt goufen, DNA a Literatur gesammelt, fir eng besser Iwwersiicht doriwwer ze kréie wéi déi Insekte sech verhalen. Wat geschitt zum Beispill, wann een de Buedem anescht beplanzt? Esou entstinn och Projeten déi dozou bäidroen dës wichteg Aarten ze schützen.

2 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023
TEXT: SIMONE DENGLER
News

All Foto zielt: Lëtzebuerg mécht mat beim weltwäite City Nature Challenge

All Joers, Ufank Mee, gesäit een iwwerall Leit, déi beim Trëppele goe wéi geckeg all Planz an all Déierche knipsen an da ganz konzentréiert um Handy tippen. D’Chance ass grouss, datt dës Leit um 'City Nature Challenge' deelhuelen. Hei geet et dorëms sou vill wéi méiglech wëll Planzen, wëll Déieren a Pilzen ze entdecken an op déi gratis App iNaturalist eropzeluede mat Datum a Plaz wou se fonnt goufen. Experten an aner Notzer vun der App kënnen déi Beobachtungen

da kucken a bestëmmen. Esou gëtt sécher gestallt, datt och déi richteg Nimm an Donnéeën zu de Beobachtungen an d’Datebank vum Musée agedroe ginn. De Weekend vum 28ten Abrëll war déi lescht Editioun wou op der ganzer Welt zäitgläich jidderee konnt dozou bäidroen, datt säi Land esou vill wéi méiglech Beobachtunge mécht. Alles wat dee Weekend mat der App geknipst gouf hei am Land, ass gezielt ginn. Mee zu all Joreszäit ass d'App iNaturalist eng flott Méiglechkeet eppes iwwer d'Natur bäizeléieren an an engems der Fuerschung weider-zehëllefen. Fir de Spaass a fir d’Saach – maacht mat!

De Panewippchen huet e Redakter gesicht fir dem Jean Claude vum 100,7 ze hëllefen eng Sendung ze maachen.

De Charel Schiltz huet eng super Geschicht geschriwwen a se um Radio 100,7 virgelies. Wann dir wësse wëllt, wat de Roger, en Iesel an de Colin, e Strauss aus dem 'natur musée' esou maache wa keng Leit do sinn, dat kënnt der hei lauschteren:

S Ä IT 1

DE PANEWIPPCHEN 2/2023

S Ä IT 2

NEWS

Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg

S Ä IT 4

REDAKTER FIR EN HALLWEN DAG

Hunnegbeien

S Ä IT 10

KNIWWELEN

Eng Sonnenauer

S Ä IT 12

ORCHIDEEËN ZU LËTZEBUERG

S Ä IT 14

TATORT: OPGEPASST!

Mustiken zu Lëtzebuerg

S Ä IT 18

RÄTSELSÄIT

S Ä IT19

FIR MATZESANGEN

D'Lidd vun der Feierblumm

S Ä IT 20

I-I-IGITT!

Den Ouereschmalz

S Ä IT 24

ECH SI GIEL A SCHWAARZ

S Ä IT 26

KNIWWELEN

Doftsäckelchen

S Ä IT 28

Fir kleng Liesraten

D'FEIERBLUMM

S Ä IT 30

KNIWWELEN

En Hexendrank

Impressum

S Ä IT 32

‘natur musée’

Léisunge vun der Säit 3: Dës zwee Schieter passen net Sou heeschen d’Blumme richteg 1,5,7,8 sinn Orchideeën
Léisung vun der Säit 13:
I 3 Wat ass dran? PW 2/2023 Feierblumm Papaver rhoeas Karblumm Centaurea cyanus Kaméileblumm Matricaria chamomilla Weedëschtel Carduus acanthoides Grouss Margréitchen Chrysantemum leucanthemum Dausendblietchen Achillea millefolium

Imker sind Leute, die Bienen züchten.

In einem Bienenstock wohnen oft über 50 000 Bienen.

Imker haben einen extra Schutzanzug.

Redakter/Redaktesch Imker Bienenfakten

1. Wenn der Honigmagen gefüllt ist, dann ist die Biene doppelt so schwer.

2. Sprengstoff können Bienen erschnüffeln.

3. Elefanten fürchten sich vor Bienen.

4. Bienen können kein Rot sehen.

5. Bienen tanzen um zu kommunizieren.

4 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023
Maurice, Time o , Elliot

fir en hallwen Da g

Super flott a kreativ Artikelen zum Theema Hunnegbei hunn 8 Panda Kanner geschriwwen. Iwwer de Redaktiounskommitee, d’Recherche, d’Biller molen an d’Säiten zesummestellen, hu si alles selwer gemaach. Gratulatioun fir dës fantastesch Aarbecht !

Bienenwitze

Was macht Mus Mus?

Die Biene im Rückwärtsgang!

Warum summen Bienen?

Weil sie ihren Text vergessen haben!

Die Biene geht mit ihrer Königin spazierenfliegen. Die Biene sagt zu der Königin:,,Kuck mal da unten, da liegt ein Gramm Nektar! Darf ich ihn mir nehmen?“

Wëlls och du däin eegenen Artikel schreiwen, da mell dech fir déi nächst «Redakter/Redaktesch fir en hallwen Dag»-Aktivitéit vum Panda Club den 19. Juli 2023 un!

Die Königin sagt:,,OH NEIN, man darf nichts vom Boden aufheben. Es fängt an zu regnen und die Königin bekam einen Tropfen auf ihre Flügel. Die Königin fällt auf den Boden. Sie schreit HILFE HILFE! Dann sagt die Biene: ,,Man darf keine Dinge vom Boden aufheben“ und fliegt weg.

TEXT: ELLIOT. MAURICE AN TIMEO MAM ANNE-MARIE BIS A KATHARINA KURT I 5 Redakter/Redaktesch

Bienentanz

1. Was bestäuben die Bienen?

2. Was passiert, wenn die Biene sich bedroht fühlt? Sie …

3. Wie heißen die männlichen Bienen?

4. Wer bringt die Eier zur Welt?

5. Wer züchtet die Bienen?

6. Was ist das Thema?

7. Was sammeln die Bienen in den Blüten und verarbeiten sie zu Honig?

8. Was trinken Bienen?

9. Was machen die Bienen aus dem Nektar?

10. Was tauscht der Imker gegen den Honig?

Lösung S.8 Fabienn e ,
6 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

Was ist der Bienentanz?

Den Bienentanz nutzen die Bienen zur Kommunikation.

Welche Bedeutungen haben die verschiedenen Bewegungen der Bienen?

Wenn die Futterstelle weiter entfernt ist als 100 m tanzen sie den SCHWÄNZELTANZ. Wenn die Futterstelle näher als 100 m ist tanzen sie den RUNDTANZ.

Um die Richtung der Futterstelle mitzuteilen, merkt sich die Biene den Stand der Sonne. Genauer gesagt merkt sie sich den Winkel zwischen Sonne, Bienenstock und Futterstelle. Und diesen Winkel überträgt die Biene dann im Bienenstock auf den Schwänzeltanz.

Sofia
TEXT: FABIENNE A SOFIA MAM ANNE-MARIE BIS A KATHARINA KURT I 7

Die Bienengeschichte

Es ist ein schöner herrlicher Sommertag in der Zauberstadt.

Eric und Helena gehen in den Garten und pflanzen eine schöne rote Blume.

Es ist plötzlich eine Biene aufgetaucht und saugt den Nektar aus der Blume.

Helena und Eric beobachten die Biene.

Sie haben geschaut was die Biene mit der Blume macht.

Sie haben sie dann wieder frei gelassen und die Biene fliegt zurück in den Bienenstock.

Lösungswort: Bienentanz

8Wasser, 9Honig, 10Zuckerwasser.

Rätsel: 1Blüte, 2sticht, 3Drohnen, 4Königin, 5Imker, 6Nektar, 7Stock,

Lösung

8 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

Die verkehrte Welt

Ein Bienenstock

Die Honigbiene wohnt im Bienenstock.

Das Bienenvolk besteht aus der Königin, den Arbeiterinnen und den Drohnen.

Arbeiterinnen erledigen verschiedene Aufgaben im Laufe ihresLebens: putzen, sich um den Nachwuchs kümmern, Waben bauen, Bienenstock bewachen, Pollen und Nektar sammeln.

Die kleinen Bienen sind vor ein paar Tagen aus den Eiern der Königin geschlüpft.

Wenn eine neue Königin schlüpft, macht die alte Königin sich mit der Hälfte ihres Volkes auf den Weg zu einem neuen Bienestock.

Pascal , Math

ild e
ari e TEXT: MARIE, MATHILDE A PASCAL MAM ANNE-MARIE BIS A KATHARINA KURT I 9
, M

Sich e Bengel a stiech e riicht an de Buedem, op enger Plaz wou de ganzen Dag d’Sonn drop schéngt.

Eng Sonnenauer

Hues du Loscht op en Dag an der Sonn mat Famill a Frënn? Nieft Spiller, Action a Picknick kanns du iech eng Sonnenauer bauen. Du brauchs Steng, en Tuschbic, e Bengel an eng Auer.

Sammel eng Dose Steng.
10 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023
1 3

Am beschte geet et scho moies fréi lass! Vill Spaass!

Och doheem um Balkon kanns du eng Sonnenauer bauen: Dofir stéchs de e Bengel oder e Spiiss an e Becher/ Dëppe mat Sand/ Buedem a lees dann all Stonn e Steen un d'Enn vum Schiet, deen d’Sonn mécht.

Oder du mools mat Kräid all Stonn de Stréch an d'Auerzäit op de Buedem.

2 4

Op all Steen schreifs de d'Stonn drop.

All ganz Stonn lees de e Steen (dee mat där Auerzuel drop, déi et grad ass) op d'Enn vun der Linn, wou de Schiet fällt. Maach dat sou laang, bis de Bengel kee Schiet méi mécht.

TEXT: SYLVIE HAGEN I 11

Bastel dir eng Orchidee fir

unzespéngelen!

orchideeën

Fënns du eraus, wéi eng vun dëse Blummen Orchideeë sinn?

De Panewippchen weist der, wéi s du dat Rätsel léise kanns.

Kopéier dës 2 Formen op e feste Karton oder Filz deen an 2 gedeelt ass a schneit se aus.

Lee se openeen a pick e Stéck Päifestëppler derduerch. Dréin et fest.

Maach hannendrun eng Versécherungsspéngel um Päifestëppler fest.

der Famill vun den Orchideeë gëtt et eng riseg Villfalt u Bléieformen a -faarwen. Déi allermeescht

Orchideeë sinn esou

opgebaut:

3 baussecht

3 bannenzech Bléieblieder, dovun ass eent zu enger meescht opfälleger Lëps geformt, déi no ënne kuckt an d'Landepist fir Insekten ass.

2 spigelgläich Hallschenten

eng Sail an der Mëtt

nsec t i fe r a
✃ ✎ 12 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023 M é c k e nA hrep hcroreo i d e e 1 2 3 1 2 3 1 2 3 1 2 3

zu lëtzebuerg

A lass! Mat deem wat s du elo iwwer d'Orchideeë weess kanns du se tëschent all de Blummen erkennen.

TÄUSCHEND ECHT!

Komm an d'Ausstellung am 'natur musée' a léier déi wëll Orchideeën zu Lëtzebuerg kennen. All d'Orchideeë si bei eis geschützt an dofir kanns du hei déi faszinant, täuschent echt Modeller bewonneren a vill Spannendes iwwer d'Orchideeë gewuer ginn.

D'Léisung fënns du op der Säit 3.

kräiz un!
natur musée Öffnungszeiten: Di.: 10:00-20:00 Uhr Mi.-So.: 10:00-18:00 Uhr TEXT: SYLVIE HAGEN I 13 1 2 4 3 5 6 7 8

BzzzZZZZzzz….zzzzZZ BzzzZZZZzzz….zzzzZZZZZZZZzzzzzzz... BzzzZZZ

t: Opgepasst!

Zzzz….zzzzZZZZZZZ

Opgepasst!

Tatort: Opgepasst!

Tatort: Opgepasst!

Tatort: Opgepasst!

ZZZzzz….zzzzZZZZZZZZzzzzzzz......

Tatort Kannerzëmmer: eng grujelech Dot ass drop an drun, et wäert Blutt fléissen an e frëscht Liewe wäert op eng abrupt an tragesch Manéier op en Enn goen.

Tatort

BzzzZZZZzzz….zzzzZ

Tatort: Opgepasst!

Tator

14 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

Opgepasst! Tatort: Opgepasst! Tatort:

Eng waarm, fiicht Summernuecht, d’Alex läit am Bett ze schlofen…

Ugezunn vum CO2 aus dem Otem a vum Schweess vum Kand, flitt eng Pickméck duerch déi oppe Fënster. Ëmmer dem mënschleche

Kierpergeroch no!

Schnell fënnt dat klinzegt Insekt säin

Opfer mat Hëllef vun Antennen um Kapp. Do wou et gutt waarm ass, do gëtt et eppes ze frupsen!

Déi zaart Haut um Bak, do léist eis Méck sech onbemierkt nidder. Eng

Abberzuel verschidde sophistiquéiert Waffe ginn aus der Lëps vum Pickmonster opgefaalt:

Opgepasst! Tatort: Opgepasst!

D‘Nummer 1 spiert wou genau ënner der

Haut d’Oder mam Blutt leeft. D‘Nummer 2, eng reng Nol mat spatzen Zännercher, mécht sech prett fir d’Haut vum Opfer ze duerchstiechen. Dat ass de kritesche Moment! Dofir kënnt d‘Nummer 3 an d’Spill; eng Spautpompel mat engem cheemesche Cocktail vu Betäubungsmëttel (fir datt d’Alex näischt spiert a stallhält) a Bluttverflësseger (fir datt dem Alex säi Blutt séier fléisst an net gerënnt). Eréischt da kann de Bluttsëffer mat sengem dënne Schalimo - Nummer 4 - Blutt opsuckelen. An dat dauert gäre mol 3 Minutten. Domm gaangen!

No annerhallef Minutt dréint d‘Alex sech op déi aner Säit.

BZZzzzzzzzZZZZZZ… mécht et ëm seng Oueren. Op een Zock spiert d‘Meedchen e Bäissen am Gesiicht; säi Kierper reagéiert op de Stéch. E Punkt um Bak gëtt rout, schwëllt un; d’Kand muss sech séier krazen. BZZZZZzzzzzzzZZZZZZ… KNÄTSCH!!

D’Alex huet d’Mustik erwëscht. Lo ass zwar dee ganze Bak rout, mee wéinestens huet d’Meedche seng Rou. Bis déi nächst Pickméck –ugelackelt vum CO2 a vum Kierpergeroch – duerch déi oppe Fënster flitt…

Tatort: Opgepasst! Tatort

BZZZzzzzzzZZZZzzzzzz…

.... rt:
Op rt:
ZZZZZZZZzzzzzzz...... ZZZZZZZzzzzzzz ......
TEXT: CARMEN GREISEN I 15
Mustike picken… … awer net all d’Mustiken. … net jiddereen. … net nëmme Mënschen. … awer net bei mir!
Kuck
op den nächsten zwou Säiten, do gëss du méi gewuer!

Mustike picken…Mustike picken…Mustike

… awer net all d’Mustiken.

Et sinn nëmmen déi weiblech Déiercher, déi Blutt suckelen, an och just virum Eeër leeën. Fir déi ze fabrizéiere brauche se nämlech Proteinen (Eewäiss) an Eisen, déi se am Blutt vun hirem ‚Wiertsdéier‘ (ënner Ëmstänn bass du dat!) fannen. Fir de Rescht liewen d’Stiechmécke vun Nektar a Planzejus, dee se oplecken oder opsuckelen.

… net jiddereen. Bei Fuerschunge gouf erausfonnt, datt déi cheemesch

Zesummesetzung vum Schweess – déi fir all Mënsch eenzegaarteg an typesch ass –d’Pickmécke méi oder manner unzitt. An d‘Blutt vun der Bluttgrupp 0 schmaacht hinnen anscheinend am Beschten!

… awer net bei mir! Stiechmécke ginn net al (just e puer Wochen) a fléien net wäit. Hir Larve brauche Waasser wat steet. Kuck wat s de kanns maache fir de Mustike ronderëm dem Haus keng Chance ze loossen; keng Chance ze loossen; op www.mosquitoes.lu fënns du e flotte Flyer mat méi Info.

… net nëmme Mënschen.

Je no Mustikenaart gi souguer haaptsächlech oder nëmmen aner Déiere geplot, op Fräsch, Vull oder Mamendéier. Dobäi kënnen d’Bluttsëffer och Viren oder Parasiten iwwerdroen, déi krank maache kënnen.

An net vergiessen: Och wa verschiddener eis nerven, d’Mustiken hunn hir wichteg Plaz an der Natur. Déi vill kleng Mécken an hir Larve sinn e gudde Maufel fir vill Fësch, Vullen, aner Insekten, Spannen an Amphibien.

Dëst Joer huet den 'natur musée' e Moskito-Atlas erausbruecht; e Buch wou drasteet wéi eng Aarten et zu Lëtzebuerg ginn, wéi heefeg se sinn a wou se ze fanne sinn. D’Mustike gutt ze kennen ass wichteg - ënner anerem wéinst dem Klimawandel. Sou hunn an de leschte Joeren zwou nei Méckenaarten de Wee an d’Land fonnt, déi eigentlech an Asien doheem sinn: déi Japanesch Heckemustik (Aedes japonicus) an déi Wäissgezeechent Iergermustik (Aedes albopictus). Vläicht kënne mat den Insekten och Kranheete bei eis kommen, déi et virdrun nëmmen a méi waarme Länner gouf.

16
I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

E Weibche vun der schicker WäissknéiIergermustik (Aedes geniculatus) an Aktioun. Gutt geniert kann déi zimmlech grouss Méck bis zu 130 Eeër leeën.

Zu Lëtzebuerg sinn 29 verschidde Mustikenaarte fonnt ginn (vun ongeféier 3600 op der ganzer Welt). Hei sinn der just e puer:

D’Keellëpsen-Nolmustik (Anopheles claviger) bei hirer Molzecht. Och d’Weibchen ernärt sech meeschtens vegan!

Ass et eng Äschegro Iergermustik (Aedes cinereus) oder eng Zweelaf-Iergermustik (Aedes geminus)? Dat kann ee just un de männleche Genitalien erkennen. Bewonner déi extra-schéin Antennen! (Och d‘Stëppleg Iergermustik (Aedes vexans) ass nëmmen op e puer Plaze fonnt ginn.)

Keeltmustik (Culiseta longiareolata) erkenns de liicht un den helle Längelzech-Sträifen um Schëld. Déi nächste Kéier kucks de der dat Déier mol genau un, iers de drop schléits!

D’Larve vun der RichiardiËnnerwaasermustik (Coquillettidia richiardii brauchen extra laang fir hir Entwécklung. Si verloossen d’Waasser eréischt am Fréijoer drop. Hues de déi schéin Ae gesinn?

picken…Mustike

picken…Mu TEXT: CARMEN GREISEN I 17

Kaméileblumm

Matricaria chamomilla

Grouss Margréitchen

Chrysantemum leucanthemum

Karblumm

Centaurea cyanus

Dausendblietchen

Achillea millefolium

Feierblumm

Papaver rhoeas

Weedëschtel

Carduus acanthoides

Am Summer kanns du vill schéi wëll Blummen an de Wisen a laanscht d’Felder gesinn. Fënns du eraus, wéi dës heeschen?

Zwee Schieter passen net bei d'Bléi. Fënns du si?

D’Léisung fënns du op der Säit 3.
18 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023 ?

D’Lidd vun der Feierblumm

TEXT A MUSEK: BOB MINETTTE I 19 D’Musek an eng gesonge Versioun vum Lidd fënns du op mimamu.lu/pw

I-I-Igitt!!

Wie kennt en net – dee gielzeg pechege Schmorri, deen un onsem Fanger pecht, wa mir ons an d’Ouer gefuer sinn. Et ass den Ouereschmalz. Mee wéi kënnt deen dann iwwerhaapt an onst Ouer a wat mécht en dobannen?

20 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

Den Ouereschmalz, deen an der Wëssenschaft Cerumen genannt gëtt, ass näischt anescht wéi de Wëschmopp vun onsem Ouer

Hie suergt dofir, datt de Gank vun der Ouermuschel bis bei d’Trommelfell propper bleift a mir gutt héiere kënnen. Dofir hu mir am Ufank vum baussenzege Gehéiergank Drüsen*, déi eng pecheg, fetteg, giel-brongelzeg Flëssegkeet an d'Ouer lafe loossen. An dëst Ouerefett huet gläich eng ganz Rëtsch vun Aufgaben.

Ouereschmalzdrüs

fein Hoer

Ouermuschel

Stëbs an Hautpartikelen

Ouereschmalzdrüs

Un him bleiwe Stëbs an ofgestuerwen Hautzellen aus dem Ouer pechen. En ass och eng Barrière fir Bakterien, déi Krankheeten am bannenzegen Ouer kéinte verursaachen. An och kleng Krabbeldéieren, wéi Insekten oder Spannen, fannen Ouereschmalz net cool a bleiwen dofir aus dem Ouer eraus. Donieft hält d’Fett am Ouereschmalz d’Haut bannen am Ouer schéi geschmeideg, sou datt se net ausdréchent oder kleng Rëss kritt.

* Drüse si kleng Fabricken am Kierper, déi eng Flëssegkeet (Sekret) produzéieren, déi de Kierper brauch fir ze funktionéieren.

TEXT: MIKE HAGEN I 21
Ouereschmalz Bannenzegt Ouer Trommelfell

Den Ouereschmalz gëtt vun onsem Kierper dauernd erneiert. Dat „Knaschtegt“ gëtt mat Hëllef vu butzegen Hoer am Ouer a Richtung Ouermuschel gedréckt; d’Beweegunge vum Ënnerkifer hëllefen hinnen dobäi. Wien also vill schwätzt oder vill knat, deem seng Ouere gi méi séier propper!

Et kann nawell virkommen, datt den Ouereschmalz déif an de Gehéiergank erakënnt, bis virun d’Trommelfell. Dat ka geschéien, wann een Ourestëppeler benotzt oder ëmmer kleng Kopfhörer am Ouer huet. Dann dréckt een d’Ourefett, wat erauslafe wollt, nees an d’Ouer eran. D’Resultat ass eng grouss Bull vu Schmalz ganz hannen am Gehéiergank: et huet een e Stopp am Ouer an et héiert een net méi esou gutt. Dësen ongemällege Fettklomp kann awer vum Ouerendokter erausgespullt ginn an dann héiert een nees wéi virdrun.

Wéi kann ech meng Ouere botzen?

Wann s de dengen Ouere wëlls hëllefe fir den Ouereschmalz erauszekréien, da lee däi Kapp liicht op d’Säit a wësch d‘Ouerefett mat wotlechem Waasser an engem fiichte Läppchen einfach op. Wichteg ass, datt s du net mam Läppchen oder engem Stëppeler an de Gehéiergank erafiers, well do kéins du dat empfindlecht Trommelfell verletzen.

22 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

Huet nëmmen de Mënsch Ouereschmalz?

Ma neen, alleguerten d’Mamendéieren hunn Ouereschmalz, also och den Hond, d'Kaz an d’Wëllschwäin a souguer den Delfin an de Wal!

A bei de Bartenwale gëtt et immens intressant! Den Opbau vun hirem Ouer erlaabt net, datt de Schmalz offléisse kann. Esou bilt sech iwwer d'Joren e längelzege Stopp, deen nawell sou munches erziele kann.

E Fuerscherteam vun der Baylor Universitéit aus Texas huet sech op Walouereschmalzanalyse spezialiséiert an 2013 eppes ganz Erstaunleches erausfonnt.

Änlech wéi bei de Joresréng vun de Beem, kann een och un de verschiddene Verfierwunge vum Ouereschmalz erausliesen, wéi al de Wal ginn ass, wéi eng Joren e vill Fudder fonnt huet, wéi eng Jore manner, a wéi vill Stress en a sengem Liewen hat.

Mat dëse wichtegen Informatiounen aus engem Klompen Ouereschmalz kënnen d’Mieresbiologen d’Walen nach besser erfuerschen an eppes fir hire Schutz maachen!

TEXT: MIKE HAGEN I 23

Ech si giel a schwaarz, fënns du eraus wien ech sinn?

Et ginn enorm vill Insektenaarten op der Welt an all Insekt spillt eng wichteg Roll an der Natur. Zu den Insekten zielen och d’Beien, d’Harespelen, d’Runnen an d’Mécken. Si hunn, wéi all d’Insekten, 3 Kierperdeeler a 6 Been.

Verbann d‘Insekt mat der richteger Beschreiwung.

Oft geheien d’Mënschen all d’Insekten déi giel a schwaarz gesträift sinn an een Dëppen. Kuckt ee sech si awer mol méi genee un, mierkt een, datt si u sech ganz verschidde sinn.

Ech gesinn änlech aus wéi d’Hunnegbei, mee ech sinn awer keng. Ech hunn e grousse Kapp mat grousse Facettenaen*. Ech picken net a fléie séier wéi de Blëtz no vir an no hannen.

Déi meescht Mënsche sinn net esou frou mat mir, obwuel ech ganz gutt am Bestëbse sinn. Et gesäit bal aus wéi wa mäi Kierper an zwee gedeelt wier. Ech ka ganz dacks picken a komme gäre bei dech op den Iessdësch.

Ech sinn éischter brong a schwaarz gesträift an hu relativ vill hell Hoer um Kierper. Ech spillen eng wichteg Roll beim Bestëbse vun ville Planzen an transportéieren de Pollen an engem Pak u mengen hënneschte Been.

24 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023
Ackerhumme l bourdon des champs commonCarderBee submoB pmuroucsa Ackerbommel x6 1 2 3 Mistbiene éristale gluant commondronefy rEatsi l si xanet Mëschtbei
14 mm 18 mm 14-18 mm
europ äische _ Honig biene abeille européenne europeanhoneybee pA si em l l i aref Hunnegbei 13-16 mm 18 mm

Ech wunnen am Buedem an hu ganz vill schwaarz Hoer u mengem Kierper. Ech hunn e kuerze Rüssel fir Nektar ze drénken, dobäi huelen ech och ëmmer e gudde Pak Polle vun enger Planz bei déi aner mat.

Mech kenns du bestëmmt, ech maachen nämlech eppes wat déi meescht Mënsche ganz gären op d’Schmier oder an den Téi maachen. Ech sinn éischter dënn an hunn och ee laangen, dënne Rüssel. Mat dësem sammelen ech Nektar. Och ech spillen eng wichteg Roll bei der Bestëbsung, fir datt s du vill Uebst a Geméis plécke kanns. Wann ech picken, da stierwen ech.

Ech si relativ grouss, meng Kinnigin ass souguer 4 cm laang. Ech picken, mee nëmme wann ee mech ganz no bei mengen Doheem stéiert. Lo wëlls du bestëmmt wësse wou dat Nascht ass. Ech verroden dir et, ech wunnen an huele Bamstämm, am Kamäin oder an Hielen, an dat all Joer op der nämmlechter Plaz.

*Facettenaen: esou nennt een d’Aen vun den Insekten. D’Insekten op dësen zwou Säiten hunn zwee Facettenaen. All Facettena besteet aus ville klengen Aen.

Harespel ass en eelert lëtzebuergescht Wuert. Am hënneschten Deel vum Wuert stécht dat däitscht Wuert Wespe oder dat englescht Wuert wasp. Den éischten Deel (Har) bezeechent d’Pick (oder och de Stachel) vum Insekt.

A w o u kënntdëstWuert hir?
deutsche Wesp e guêpe européenne europeanWasp pseV u al gnamreaci Harespel europ äische Horn isse frelon européen europeanhornet pseV a orbarc Erdhumme l bourdon terrestre earthbumblebee submoB rtserretsi Äerdbommel Runn
TEXT: ANNE-MARIE BIS I 25 Opléisung: = Mëschtbei; = Harespel; = Ackerbommel; = Äerdbommel; =Hunnegbei; = Runn 12-16 mm 16 mm 25 mm 18 mm 23 mm 40 mm vumSamMersch

Zeechen eng Form op däi Stoft. Huel däi Lineal an zeechen ongeféier 4 cm ronderëm déi nämmlecht Figur.

Doftsäckelchen

Schneit d’Stéck Stoft eraus a lee et op een 2. Stéck Stoft a schneit och dëst eraus.

Fir e Rondel kanns du ronderëm eng Taass zeechnen.

Maach all Kéiers mat de Fränjele vum ieweschten a vum ënneschte Stoffrondel en duebele Knuet.

Wann s du ongeféier 2/3 zougestréckt hues, kanns du däi Säckelche mat gedréchente Kraider fëllen. Maach dono weider mat de Kniet bis däi Säckelche ganz zou ass.

5
26 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023

1,5-2cm

(Ficelle)

Du brauchs:

Stoftreschter, en alen T-Shirt/Pullover/Box

Lee oder hänk däin

Doftsäckelchen: an de Schaf, un d'Klensch

vun der Dir, un de Grëff vum Tirang, un d'Luucht, op de Kuschendësch, …

Lineal Schéier
wéi z. B. Hee oder Lavendel
TEXT: ANNE-MARIE BIS I 27

D’Feierblumm

Klatschmohn, coquelicot, field poppy, Papaver rhoeas

A woukënntdëst

Wu e r t hir?

D’Feierblumm gëtt wéinst der rouder Faarf vun hire Bléien esou genannt. Virun allem e Feld voll Feierblumme gesäit e bëssen esou aus, wéi wann d’Landschaft a Flame stéing, wann de Wand bléist.

D’Feierblumm staamt aus Eurasien.

Si huet sech mam Akerbau als „Onkraut”-Som an der ganzer Welt verbreet.

vumSamMersch 28 I DE PANEWIPPCHEN 2/2023
kleng Liesraten
Fir

D’Feierblumm huet een dënnen, hoerege Still.

Si gëtt 30 bis 80 cm héich. Hir Blieder si staark gezackt.

Duerch Onkraut-Gëfter wuessen haut bal keng

Feierblumme méi op de Felder. Heiansdo kann een der awer nach laanscht Feldweeër gesinn.

D’Feierblumme bléie vu Mee bis Juli.

All eenzel Blumm blitt

nëmmen 2 bis 3 Deeg laang.

Wa se verblitt ass, bleift eng Fruuchtkapsel stoen, mat honnerte butzege

schwaarze Somkären dran.

All Blumm huet 4 rout Bléieblieder.

Fréier hunn d’Kanner aus engem Bléieblat

e klenge Ballon geformt an en op der …

…Stir vun hirem „Häerzi” platze gelooss.

„Wat de Knall méi haart ass, wat d’Léift méi grouss ass,” huet et geheescht.

TEXT: GUY KERSCH I 29

Firdäineegenegielen Hexendronk brauchs du:

1 Liter Waasser

3 Zitrounentéisäckelcher

1/2 Zitroun

1 klengt Stéck klenggeschniddene Geimer (sou heescht Ingwer op lëtzeguergesch)

1 Grapp voll gewäschen

Hexekraider wéi z. B.

Looss deng

Zitrounentéisäckelcher e puer Minutten am waarme Waasser zéien. Schneit e puer Zitrounen a Rondelen oder a Stécker. Gëff de geschniddene Geimer dobäi. Wäsch deng

Hexekraider a gëff alles mam ofgekillten Téi an eng Fläsch. Du kanns och e puer Äisstécker dobäi ginn.

Peffermënz

A wann s du et gär méi séiss wëlls, da maach 1 Zoppeläffel

Zocker oder Hunneg an den nach waarmen

Hexendronk.

Weess du, datt de Peffermënz e véiereckege Still huet?

Hexendronk!

Fir brauchseroudenHexenronk du:

1 Liter Waasser

3 Säckelcher Friichtentéi

1/2 Zitroun

1 puer Blieder gewäschen Hexekraider wéi z. B. ePeffermënz puer Äerdbier e puer Molbier

Maach genee

d'selwecht wéi beim gielen Hexendronk

Fir en Hexewässerchen brauchs du:

1 Liter Waasser e Grapp voll Peffermënz

1/2 Zitroun e klengt Stéck klenggeschniddene Geimer

Bleift dir um Enn vum Dag nach e bëssen Hexendronk

oder Waasser iwwreg, da gëff nach e bësse Waasser dobäi a stell en iwwer Nuecht an de Frigo. Moies filters du d'Kraider an de Geimer eraus. Looss dir den Hexendronk gutt schmaachen!

Gëff all d'Zutaten an e Krou a looss d'Hexewaasser e bëssen zéien.

‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450

www.naturmusee.lu

www.panda-club.lu

Impressum

Redaktiounscomité:

A. Bis, S. Dengler, C. Faber, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, M. Hoffmann, G. Kersch, M. Nossem, F. Theisen.

Texter:

Elliot, Fabienne, Marie, Mathilde, Maurice, Pascal, Sofia an Timeo, A.-M. Bis, S. Dengler, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, G. Kersch, Katharina Kurt, B. Minette.

Grafik an Illustratioun:

S. Goerens, MP. Goetzinger, M. Hagen, S. Hagen, M. Moritz.

Fotoen:

S1 Hond: L. Bower, aner: shutterstock

S2&3 Hannergrond: shutterstock, aner: mnhn

S4&5 Blumme mat Beien an Imker: pixabay, aner: mnhn

S6&7 Blumm mat Bei: pixabay, aner: mnhn

S8&9 Beien a Beiestack: pixabay, aner: mnhn

S10&11 mnhn

S12 Mécken-Aperhoerorchidee ganz: Conrady, Bléi: JM Mangen, Filzorchidee: mnhn

S13 Orchidee1: Jean Hoffelt, Narziss: BerndH, Margréitchen: André Karwath, Gënzebléi: pixabay, Orchidee5: JM Mangen, Karblumm: Quadrat, Orchidee7: Simone Schneider, Orchidee8: Joachim Lutz

S16 Larven: AdobeStock, opgespéngelt Mustiken: F.Schaffner, Mustike fänken: C.Ries,

S17:Wäissknéien Iergermustik: F.Schaffner, aner: A.Lindström

S18 Wiss: Simone Schneider

S20 Kaz: Carrotkit, Hond: L. Bower, Wal: public domain, Wëllschwäin: Geoprofi Lars, Kand: shutterstock

S22 Ouerestopp: Freak1972 aka Ulf Hundeiker, Kand

Dokter an Ouerestëppler: shutterstock, aner: mnhn, S23 Kaz: shutterstock, Ouerestopp Wal: Dani Crain

S24&25 Runn: shutterstock, aner: mnhn

S26&27 Lavendel an Hee: pixabay, aner: mnhn

S28 shutterstock

S29 hoerege Still: Zeynel Cebeci, Knosp bis Kapsel: Gormé an Alvesgaspar, Hand mat Bléi: Guy Kersch, aner: shutterstock

S30&31 mnhn

S32 mnhn

Poster:

recto: Affiche: Mariepol Goetzinger verso: Fong, Nascht, Plommen a grouss Duerteldauf: shutterstock, 2 Duerteldauwen op Aascht: Jang Schock, Duerteldauf frësst: Ulrich Prokop, Duerteldauf drénkt: Andy Morffew

De Panewippchen

gëtt ënnerstëtzt vun

Ministère de la Culture -

Musée national d’histoire naturelleMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable -

Administration de la Nature et des ForêtsMinistère de la Santé

Abonnementer & Info

panda-club@mnhn.lu

Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

I 31 De Panewippchen
TEXT: SABINE GOERENS

natur musée

Öffnungszeiten: Di.: 10:00-20:00 Uhr Mi.-So.: 10:00-18:00 Uhr

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.