©Layout: marcwilmesdesign / Fotoen: Oliver Götz Fotografie
Iechternach
ll, De Mëllerda eng Regioun mat Gout!
95. Jubiläum vum Bel Air
Rezept vu vins rené krippes
strempele mat rieslingszooss 4 Portiounen
30 Minutten
D’Muert, de Fenchel (½ Knoll), d’Porrett, den Zelleri, 2 Schallotten, 1 Zéif Knuewelek an de Péiterséileg kleng schneiden. Pouletsstrempelen (4–6 Stéck) brong ubroden (Olivenueleg, Botter jee no Goût), salzen, pefferen an dann op d’Säit stellen. D’Schallotten ubroden. De Knuewelek kuerz mat uréischteren. Duerno dat kleng geschniddent Geméis, d’Lorberblat, de Péiterséileg an déi ½ Zitroun derbäi ginn. Salzen a pefferen. Dat Ganzt e puer Minutten zéie loossen an da mam Wäin (200 ml) ofläschen. Kuerz opkachen. No e puer Minutten d’Pouletsstrempelen derbäi maachen. Alles zesummen eng ½ Stonn am Brotdëppen (oder Tajine) bei klenger Temperatur goe loossen. Alternativ kann een et och an de virgewiermte Bakuewe setzen. Zum Schluss d’Zooss passéieren an de Poulet zerwéieren. Als Bäilag passt Polenta an ee Fenchelgeméis. De Patt Riesling net vergiessen.
Produkter: Wäin
Produkter aus der Regioun.
Schéi Ouschteren! Öffnungszeiten Freides 10.00 – 12.00 Auer 13.00 – 18.00 Auer Samsdes 09.00 – 14.00 Auer
Famill Clemens-Schintgen
Philosophie: Well ech gäre Wäin drénken, wollt ech selwer Wäi produzéieren. Dowéinst bedreiwen ech ee klenge Wënzerbetrib als usprochsvollen Hobby zu Rouspert op den Häng vun der Lag Hëlt. Am Prinzip ass déi Lag vergläichbar mam nërdlechen Deel vun der Musel, wou och Biedem aus dem Muschelkallek sinn. Den Usproch ass Wäiner ze produzéieren, déi ech och selwer gären drénken. Qualitéit priméiert! Dofir muss de Rendement kleng sinn (30 - 40 l/Ar) an d’Lies spéit. 3 Zorte Wäi ginn ugebueden: Auxerrois, Pinot Gris a Riesling. Den Ausbau erfollegt am Château Pauqué (Abi Duhr) zu Gréiwemaacher am typesche Stil vum Haus (lues Spontanvergärung bis zu 12 Méint). 11a, rue du Pont L – 6581 Rouspert
+352 621 28 61 31 rene.krippes@pt.lu
Burwee 4 · L-6839 Lellig 71 01 60 691 343 604 71 92 03 clemensf@pt.lu
www. buttek-umhaff.lu
Loscht kritt? Fir weider Rezepter a Produzenten, besicht eis op eisem Site: www.mellerdaller-produzenten.lu Europäischer Landwirtschaftsfonds für die Entwicklung des ländlichen Raumes: Hier investiert Europa in die ländlichen Gebiete.