KLIK #11 (octobre – avril 2021)

Page 1

– CASINO LËTZEBUERG – FORUM FIR ZÄITGENËSSESCH KONSCHT

D’KONSCHTZEITUNG FIR KANNER A FAMILLJEN N°11 / 26.10.2020–18.04.2021

LËTZEBUERGESCH VERSIOUN Si tu ne comprends pas le luxembourgeois, tu peux offrir ce volet de la KLIK à un copain ou une copine qui parle cette langue.


EDITO

An hei ass se: d’KLIK am neie Look, ganz zackeg an anescht! An et gëtt se souguer am „Doppelpack“, mir hunn eng franséisch an eng lëtzebuergesch Versioun fir eise Public ausgeschafft. Sou kanns du Franséisch léiere mat der KLIK oder d’KLIK mat dengem beschte Frënd oder denger beschter Frëndin deelen!

D’KLIK°Cat huet mat anere Kazen eng Band gegrënnt: d’Cats’ KLIK. D’Kaze stëbsen a stiichten der, si virwëtzeg a motivéiert fir all Zorte vu Leit kennen ze léieren an nei Saachen auszeprobéieren. Si kënnen immens gutt Zodi, Remmidemmi a Ramba Zamba maachen ... Warscheinlech menge si de Moment, si missten dem Däiwel et no maachen a fir Duerchenaner a Chaos suergen. Dee „Groen” (wéi den Däiwel nach genannt gëtt) ass nämlech den Haaptmann an der Ausstellung L’homme gris, an där et ëm d’Duerstellung vum Däiwel hautdesdaags geet.

Am Februar weist de Casino dann dem Karolina Markiewicz & Pascal Piron hir Wierker an enger grousser Ausstellung um 1. Stack. Hei huet d’Cats’ KLIK sech och dra gemëscht an en Interview mat hinne gemaach. Déi lëschteg Band wollt alles wësse ronderëm dëser Kënschtlerkoppel hir engagéiert Aarbecht an der Konscht.

STRONGER THAN MEMORY, WEAKER THAN DEWDROPS Karolina Markiewicz & Pascal Piron Curateur: Kevin Muhlen 27.02–06.06.2021

Do dernieft sinn nach eng helle Wull Aktivitéiten an Atelieren, déi dir am Casino maache kënnt, an dëser KLIK opgelëscht. Ciao KLIK°Cat, wëllkomm Cats‘ KLIK!

Vernissage: 26.02.2021


PROGRAMMATIOUN

DIE ZEIT IST EIN GIERIGER HUND Germaine Hoffmann Curateur: Kevin Muhlen mat der Komplizitéit vum Sophie Jung –29.11.2020

L’HOMME GRIS Alex Bag, Darja Bajagić, Bianca Bondi, Christine Borland, Gast Bouschet, Christoph Büchel, Sarah Charlesworth, Jan Fabre, John Urho Kemp, Ragnar Kjartansson, Julien Langendorff, Élodie Lesourd, Tony Oursler, Andres Serrano, Sindre Foss Skancke, David Tibet, Iris Van Dongen, Gisèle Vienne, Marnie Weber, Jérôme Zonder

NO-MAN’S-LAND Arnaud Eubelen @ Luxembourg Art Week (60, avenue Victor Hugo, Luxembourg)

Curateur: Kevin Muhlen 20–22.11.2020

Curateur: Benjamin Bianciotto 14.11.2020–31.01.2021 Vernissage: 13.11.2020 UNIFIED GLARE RATING Arnaud Eubelen Curateur: Kevin Muhlen 19.12.2020–21.02.2021 Vernissage: 18.12.2020

25 ANS CASINO 22.03.2021

LUXEMBOURG CITY FILM FESTIVAL QUARTIER GÉNÉRAL @ CASINO 04–14.03.2021


HEI ASS DER DÄIWEL LASS! Du kenns bestëmmt den Däiwel. Du bass him warscheinlech nach net op der Strooss begéint, mee vläicht bass du a Märercher, Seechen an aneren Erzielunge schonn op Biller a Beschreiwunge vun him gestouss. An du kenns bestëmmt deen een oder deen aneren „Däiwelsausdrock“…! Den Däiwel ass eng erfonnte Figur, déi dat Béist verkierpert. Hie verdréit de Mënschen de Kapp, wëll dat si matenee streiden oder schlëmm Saache maachen. Dat passt gutt bei de griicheschen Ursprong vum Wuert Däiwel, well Diabolos heescht souvill wéi „duercherneegeheien“. An den Texter an an den Duerstellunge vum Däiwel fënnt ee verschidden Eegenaarten, déi him nogesot ginn. Hei sinn der e puer, mee vergiess net dat hien sech och immens gutt tarne kann!

Seng Liblingsfaarwe si rout a schwaarz.

Hien huet Haren um Kapp.

Dem Däiwel seng Geselle sinn d’Dämonen.

Op mannst ee Fouss ass dee vun engem Geessebock.

Säin Element ass d’Feie

r.

Hie gët t vu Mécken ëmschwäermt.

Hien huet Flilleken um Réck (et ass ee gefalenen Engel, hie gouf aus dem Himmel geheit).

Hee richt no Sc (änlech wéi de Geroch vuhwiefel faulen Eeër !).


Jee no Kultur an Erzielung huet den Däiwel aner Nimm: Luzifer, Mephisto, Satan, Māra, Iblis, Jomer … Luzifer oder Lutzefatz – Dat war am Chrëschtentum dee perfektsten Engel, mee hien ass neidesch ginn op Gott an huet mat him gestridden. Dunn huet Gott hien an d’Hell gestouss, wou hie sech géint Gott probéiert ze rächen. Mephisto (Kuerzform vu Mephistopheles) – Den Däiwel an dem Johann Wolfgang von Goethe sengem Theaterstéck mam Numm Faust. Satan – Dëst Wuert fir den Däiwel fënnt een an der Bibel, der Tora an am Koran erëm. Māra – Esou eppes wéi den Däiwel am Buddhismus, seng Duechtere sinn d’Ratī (d’Loscht), d’Aratī (d’Onzefriddenheet) an d’Tanhā (d’Gier). Iblis – Eng Figur aus dem Koran déi dacks mam Däiwel gläichgesat gëtt. Jomer – Dat ass een anert Wuert fir Däiwel op Lëtzebuergesch. Fro mol deng Bomi oder däi Bopi oder eeler Leit aus denger Noperschaft, ob si dat Wuert kennen!


Dem Däiwel säin Ursprong ass an de Reliounen ze fannen, haaptsächlech an de monotheistesche Reliounen (déi an deenen et nëmmen ee Gott gëtt). Hie kënnt och a verschidde Märercher vir: Déi dräi gëllen Däiwelshoer, Den Däiwel a seng Groussmamm, De Bauer an den Däiwel, Dem Däiwel säi rouschtege Brudder, … An der Musek hëlt den Däiwel – oder éischter de Satan – eng zimmlech wichteg Plaz an der Metal Zeen an. De Metal huet sech aus der Rockmusek entwéckelt, déi ganz am Ufank vun hire Géigner „Däiwelsmusek“ genannt gouf. Dës Faszinatioun fir de Satan kënnt dovunner dat de Satan Gott de Réck gedréint huet fir säin eegene Wee ze goen, ganz fräi an ouni sech eppes virschreiwen ze loosse vu Gott oder anere Persounen. Esou fënnt een am Metal ëmmer erëm Uspillungen un den Däiwel op Placken- an CD-Coveren, a Gesten, op Tattooen, … An der Gruppenausstellung L’homme gris (De groe Mann) huet de Kurator Benjamin Bianciotto Kënschtler a Kënschtlerinnen erausgesicht, déi sech mam Däiwel senger Duerstellung beschäftegt hunn. Iwweregens kënnt den Titel L’homme gris vum Dichter an Naturfuerscher Adelbert von Chamisso sengem moderne Märchen Peter Schlemihls wundersame Geschichte. Hei erzielt den Auteur d’Geschicht vum Peter Schlemihl, dee säi Schiet un ee Mann verkeeft, dee gro ugedoen ass. „De Groen” ass och nach een anere lëtzebuergeschen Numm fir den Däiwel!


D’SPILL MAM DÄIWEL An elo ass et un dir fir an dësem verdäiwelten Duercherneen ze raumen: Wéi een Däiwelsausdrock oder -sprëchwuert passt bei wéi eng Zeechnung?

1. Ee Pakt mam Däiwel agoen 2. Den Däiwel un d’Wand molen 3. Eppes fäerte wéi der Däiwel d’Wäiwaasser 4. Wann der Däiwel hongereg ass da frësst e Fléi 5. Een Däiwel dreift deen aneren. 6. Wann ee vum Däiwel schwätzt, dann ass e schonn do 7. Der Däiwel huet d’Hand am Spill 8. Dat ass en aarmen Däiwel 9. Éier der Däiwel Schong an Huesen unhuet


STRONGER THAN MEMORY, WEAKER THAN DEWDROPS* Karolina Markiewicz & Pascal Piron

D’kënschtleresch Aarbecht vum Karolina Markiewicz & Pascal Piron ass vun Enn Februar bis Ufank Juni an der Ausstellung Stronger Than Memory, Weaker Than Dewdrops am Casino ze gesinn. Déi Froen, déi si opwerfen an hire Wierker dréine ronderëm den Accueil – respektiv seng Verweigerung – vu Mënschen an Nout, zu Lëtzebuerg an an aneren europäesche Länner. D’KLIK huet der Kënschtlerkoppel e puer Froe gestallt ronderëm wat et fir si heescht Konscht haut ze maachen.

Wéini a firwat hutt dir ugefaange Konscht ze maachen? Mir kommen allen 2 aus Familljen an deene Konscht wichteg ass. Virun 8 Joer hu mir ugefaangen zesummen ze schaffen. Do virdrun huet jiddweree fir sech oder mat anere Kënschtler op spezifesche Projete geschafft. Mir maache Konscht well et eng aner Manéier ass – eng schéi Manéier – fir d’Welt ze verstoen.

* Den Titel vum Karolina Markiewicz & Pascal Piron hirer Ausstellung staamt aus dem Gedicht If I Were Another (Wann ech een anere wier) vum Mahmoud Darwich. Op lëtzebuergesch kéint een dat iwwersetze mat: Méi staark wéi d‘Erënnerung, méi schwaach wéi d‘Drëpse vum Da.


Dir haalt allen 2 am Lycée Schoul. Huet dat en Afloss op är kënschtleresch Aarbecht? Jo, ee groussen Afloss! Wa mir kënschtleresch Projeten am Gaang sinn ze maachen, versetze mir eis ëmmer an d’Plaz vun eise Schüler – vun deene Jonken am Allgemengen, an hir Manéier d’Welt ze verstoen a sech an hir weider z’entwéckelen. Déi Jonk sinn d’Zukunft, an dat ass d’Plaz wou mir alleguer higinn. Also jo, d’Geschichten, d’Wierder an d’Meenunge vun deene Jonke si fir eis Aarbecht immens wichteg. Géift dir vun ärer Konscht soen dat si „engagéiert“ ass? Eis kënschtleresch Projeten an eis Filmer erziele Geschichten oder weise Biller aus dem wierkleche Liewen. Mir als Bierger probéiere bestëmmt dës Wierklechkeet méi schéin, méi gerecht ze gestalten. Als Kënschtler probéiere mir dës Wierklechkeet z’erfaassen. Op alle Fall schaffe mir an déi Richtung. Mee schlussendlech ass et um Public fir sech eng eege Meenung iwwert eis Aarbecht ze maachen.


Ass ärer Meenung no d’Konscht staark genuch fir d’ëffentlech Meenung oder souguer d’Politik ze beaflossen? D’Konscht u sech kann d’Welt net änneren, mee si ka méiglecherweis op eng Geschicht opmierksam maachen, déi bis dohinner wéineg oder souguer onbekannt war. De Mënsch ass vun Natur aus virwëtzeg: Mir wëllen d’Welt verstoen an do eis Plaz fannen. Wat d’Mënschen iwwert alles gär hunn – déi Kleng an déi Grouss – dat sinn d’Geschichten. D’Konscht huet déi immens Fäegkeet fir Geschichten z’erzielen an eis Virstellungskraaft un ze reegen.

Wat ass Resilienz? Hëlleft d’Konscht resilient ze sinn? Resilient sinn heescht Widderstand leeschten an anengems weiderkommen, andeems een Hindernisser iwwerwënnt wéi Krich, Gewalt, Krankheet, Accidenter, Naturkatastrophen oder perséinlech Tragedien. Konscht gëtt den Echo vun der Welt erëm duerch erfonnten, dokumentéiert, erzielten, gewisen, gespillten, gehéiert Geschichten. Konscht erlaabt och dat mir eis d’Zukunft virstellen kënnen. D’Konscht hëlleft also fir méi widderstandsfäeg ze sinn an awer och fir vum Fleck ze kommen. Wann et eis zum Beispill net gutt geet, fille mir eis besser, wa mir Musek lauschteren oder en Instrument spillen, wa mir Geschichten erfannen oder eis der unhéieren.


IMPRESSUM Editeur: Casino Luxembourg a.s.b.l. Grafik an Illustratioun: Bakform – Patrick Hallé Texter a Koordinatioun: Fabienne Bernardini mat der Zesummenaarbecht vun: Karolina Markiewicz & Pascal Piron, Caroline Schmit, Casino Team – Äddi a Merci : ) Drock: reka, Luxembourg Pabeier: Circle Offset White 95 (100 % Recycled) 110 g/m2 Tirage: 4 500 (4 500 LU, 4 500 FR)

De Casino Lëtzebuerg – Forum fir zäitgenëssesch Konscht gëtt finanziell ënnerstëtzt vum Kulturministère.

Ännerunge virbehalen: 07.10.2020 © Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain.

ISBN: 978-2-919790-14-2


SAMSCHDESATELIEREN Participatioun: 6 € pro Kand / gratis mat der KLIK-Kaart oder mam Kulturpass. Aschreiwungen: T. (+352) 22 50 45 / klik@casino-luxembourg.lu De groussen Atelier (6–12 Joer) 15:00–17:00 All Samschdeg fir Kanner vu 6–12 Joer ouni Begleedung. De klengen Atelier (3–6 Joer) 15:15–16:15 All 1. Samschdeg am Mount fir Kanner vun 3–6 Joer mat Begleedung. 1

D’Kanner huelen als Ausgangspunkt d’Collagetechnik vun der Germaine Hoffmann fir een Halloween Kostüm hierzestellen aus Pabeiersschnëppelen an/oder Stoftreschter.

|

07.11.2020

21.11.2020

ROCK ‘N’ COLL Esou wéi d’Kënschtlerin Germaine Hoffmann rappen d’Kanner Schnëppelen aus den Zeitungen a maache mat hinne Figuren, déi si op holze Panneaue pechen. 3

14.11.2020

|

30.01.2021

TEUFELS KÜCHE D’Kanner schäffen an den Däiwelsausdréck an -spréchwieder fir een dovunner an der Maquette wuertwiertlech nozebilden! 4

28.11.2020

| 09.01.2021

GREY DESIGN Sou wéi een/eng Designer*in erfannen d’Kanner op Pabeier oder an der Maquette Géigestänn aus dem Alldag mat engem däiweleche Bezuch. 5

05.12.2020

Den Houseker, de Krampus oder de Knecht Ruprecht, hunn déi eppes mam Däiwel ze dinn? D’Kanner erfannen eng nei Seechefigur mat enger ganz spezieller – gudder oder schlechter – Missioun! 12.12.2020

| 23.01.2021

EE COVER FIR „DÄIWELSMUSEK“ Vill Kënschtler*innen aus der Ausstellung L’homme gris sinn och Musiker*innen. D’Kanner entwerfen CD-, Placken- oder Kassetten-Covere fir een Album vun hirem/hirer Liblingskënschtler*in. 7

19.12.2020

| 02.01.2021

LIICHTSPILLEREIEN Andeem si verschidde Liichtquellen ausprobéieren (d’Sonn, d’Täscheluucht, de Scheinwerfer an d’Käerz), experimentéieren d’Kanner mat Luucht a Schiet. 8

16.01.2021

NOVEMBER 04.11.2020 | MËT 07.11.2020 | SA 2 08.11.2020 | SO 13.11.2020 | FR 14.11.2020 | SA 3 15.11.2020 | SO

21.11.2020 | SA 2 22.11.2020 | SO 27.11.2020 | FR 28.11.2020 | SA 4 29.11.2020 | SO

DEZEMBER 05.12.2020 | SA 5 06.12.2020 | SO 12.12.2020 | SA 6 13.12.2020 | SO 18.12.2020 | FR 19.12.2020 | SA 7 20.12.2020 | SO 23.12.2020 | MËT

EN MISSION POUR SAINT NICOLAS OU LE DIABLE ?

6

31.10.2020 | SA 1

20.11.2020 | FR

31.10.2020

EE KOSTÜM FIR HALLOWEEN

2

OKTOBER

| 06.02.2021

27.12.2020 | SO 30.12.2020 | MËT

JANUAR

VAKANZENATELIEREN 9:00–12:00 an 13:30–16:30 Fir Kanner vu 7-12 Joer. Participatioun: 14 € / 12 € mat der KLIK-Kaart / 1,50 € mam Kulturpass. Bei manner wéi 3 Aschreiwunge fënnt den Atelier net statt (Aschreiwungsdelai 3 Deeg am Viraus). Méiglechkeet fir d’Kanner am Casino ee Sandwich (+ Dessert) z’iesse fir 10 € (Encadrement vun 12:00–13:30). Vergiesst net de Kanner eppes Klenges fir z’iesse matzeginn fir an der Moiespaus. Aschreiwungen: T. (+352) 22 50 45 / klik@casino-luxembourg.lu Mëttwoch 04.11.2020

| 7-12 Joer | ALLERHELLEGEN

REWRITING Mam Isabelle Mattern, freelance Mediatrice am Casino a Grafikerin Aus Zeitungspabeier a faarwege Blieder bilden d’Kanner am Collage nei Buschtaweforme fir esou „frësch“ Schrëften an Texturen ze schafen. Mëttwoch 23.12.2020

| 7-12 Joer | CHRËSCHTDAG

DIABLE, SORS DE… TON LIVRE ! Mam Victoria Kieffer, Kënschtlerin Op d’Manéier vun de Këschtendäiwelen (op Englesch: Jack-in-the-box) maachen d’Kanner ee Pop-Up Buch voller Véi mat Haren an aner Schutz-Kreature fir hir béisaarteg Doppelgänger ze joen. Freideg 19.02.2021

| 7-12 Joer | FUESENT

MENG PERSÉINLECH SËTZGELEEËNHEET Mam Kënschtler Arnaud Eubelen Am Arnaud Eubelen senge Wierker kommen ëmmer erëm aussergewéinlech Still vir. D’Kanner analyséiere verschidde Sëtzgeleeënheeten an hir Materialie fir sech duerno eng eegen op d’Mooss ze bauen. An Zesummenaarbecht mam Centre Formida Mëttwoch 07.04.2021

| 7-12 Joer | OUSCHTEREN

BLACK IS BEAUTIFUL Mam Bruno Oliveira, freelance Mediateur am Casino a Kënschtler D’Kanner maachen ee schwaarz/wäisse Film mat der Stop-Motion-Technik. Zeechnungen a Fotoen, souwéi Light-Painting-Effekter sollen doranner net feelen!

ANER ATELIEREN AN AKTIVITÉITEN 20.11.2020

11:00-21:00

| 21.11.2020 | 22.11.2020 | 10:30-19:30 | 10:30-18:00

02.01.2021 | SA 7

CASINO LUXEMBOURG @ LUXEMBOURG ART WEEK

03.01.2021 | SO

10.01.2021 | SO

Aktivatioun vun NO-MAN’S-LAND fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener am Kader vum Arnaud Eubelen senger Installatioun op der LAW. Obligatoresch Reservatioun fir d’LAW kucken ze goen: www.luxembourgartweek.lu

16.01.2021 | SA 8

30.12.2020

09.01.2021 | SA 4

17.01.2021 | SO 22.01.2021 | FR 23.01.2021 | SA 6

60, av. Victor Hugo, Luxembourg

| 14:30-17:30

RELIÉ ET TIRÉ Mam Victoria Kieffer, Kënschtlerin Participatioun: 9 € pro Persoun / 1,50 € mam Kulturpass. Intergenerationellen Atelier, Teamer vun 2 Leit, Max. 4 Teamer Zu 2 experimentéieren d’Deelhueler*inne ronderëm d’Drockan d’Falzbindungstechniken. Jidder Team hëlt säin Exemplar vum gemeinsamen, a limitéierter Oplag publizéierte Buch mat


LIICHTSPILLEREIEN Andeem si verschidde Liichtquellen ausprobéieren (d’Sonn, d’Täscheluucht, de Scheinwerfer an d’Käerz), experimentéieren d’Kanner mat Luucht a Schiet. 8

16.01.2021

| 06.02.2021

LUX-TRANSPORTER Inspiréiert vum Arnaud Eubelen senger Installatioun versichen d’Kanner fir an enger Këscht Luucht mat Spigelspiller ze „transportéieren“ fir eng Planz un d’Wuessen ze bréngen. 9

13.02.2021

An Zesummenhang mam Wierk Zäit Wuert op der Fassad vum Casino, geheien d’Kanner Buschtawen aus Kartrong, Nuddelen oder Kichelcher op hiert Blat. Da kucke si wéi eng Deeler vu Wierder entstane sinn. Do ronderëm gëtt ee Collage gemaach, deen de Sënn vun de Wierder illustréiert an erweidert.

| 13.03.2021

FAKE GLITCH

06.03.2021

| 10.04.2021

UN VOYAGE... DANS UNE BOÎTE D’Kanner fabrizéieren en Diorama an enger Schongkëscht. Fir dës mini 3D Landschaft ze schafen, inspiréiere si sech vun der Ausstellung vum Karolina Markiewicz a Pascal Piron a vun engem Gedicht vum Mahmoud Darwich. 13

20.03.2021

De Casino feiert seng 25 Joer. Eng Geleeënheet fir d’Kanner eenzegaarteg Casino-Souveniren an/oder spannend Zukunftsiddien zu Pabeier ze bréngen an dorauser eng cool gemeinsam Affiche ze gestalten! 14

27.03.2021

| 17.04.2021

GESCHICHTE MAT FIEDER AN TËNT Ausgoend vun hiren eegenen Erënnerunge ronderëm eng Ännerung an hirem Liewen halen d’Kanner illustréiert Gedichter op Pabeier fest. Mat verschidde Fiederen an Tënte bilde si Wierder an Zeechnungen. 15

31.01.2021 | SO

06.02.2021 | SA 8

03.04.2021

INTO THE BLACK Duerch Schneiden an Zeechnen, a mat e bësse Prezisioun ginn Diaen hiergestallt déi duerno, wa projezéiert, zu Dekore ginn. Matzen am Däischteren tauchen d’Kanner an hir Kreatiounen an an déi vun hire Komeroden.

REGELMÉISSEG ATELIEREN A VISITTEN ALL SONNDEN

07.02.2021 | SO

13:00-15:00 (GRATIS)

13.02.2021 | SA 9

KLIK-KLAK AKTIVITÉITE FIR FAMILLJEN Oppene gratis Atelier am „Aquarium“ mat engem Mediateur.

14.02.2021 | SO

21.02.2021 | SO 26.02.2021 | FR 27.02.2021 | SA 11

MÄERZ 06.03.2021 | SA 12 07.03.2021 | SO

= KLIK-KLAK Aktivitéiten op engem Vernissage ALL SONNDEN 15:00-16:00 (GRATIS)

VISITE POUR TOU·TE·S Dës commentéiert gratis Visitt riicht sech u jiddwereen, also och u Familljen! ALL 4. FREIDEN AM MOUNT 27.11.20 | 22.01.21 | 26.02.21 | 26.03.21

11:00–12:00 (GRATIS)

ELTERE-BËBEESVISITTEN Eemol am Mount freides vun 11 bis 12 Auer treffe sech jonk Eltere mat hire 0 bis 24 Méint ale Bëbeeën (am Droduch oder an der Poussette) am Casino fir eng Féierung fir déi Grouss duerch d’Ausstellung ze maachen. Den Austausch mat aneren Elteren ass heibäi genee sou wichteg wéi d’Konscht u sech.

13.03.2021 | SA 11 14.03.2021 | SO 20.03.2021 | SA 13 21.03.2021 | SO

HAPPY CASINO!

RELIÉ ET TIRÉ Mam Victoria Kieffer, Kënschtlerin Participatioun: 9 € pro Persoun / 1,50 € mam Kulturpass. Intergenerationellen Atelier, Teamer vun 2 Leit, Max. 4 Teamer Zu 2 experimentéieren d’Deelhueler*inne ronderëm d’Drockan d’Falzbindungstechniken. Jidder Team hëlt säin Exemplar vum gemeinsamen, a limitéierter Oplag publizéierte Buch mat heem.

30.01.2021 | SA 3

28.02.2021 | SO

An der Ausstellung vum Karolina Markiewicz a Pascal Piron ginn et Glitchen ze gesinn. D’Kanner ginn alles iwwer Glitche gewuer a maachen der selwer – analog, mat Hëllef vu Foto a Molerei! 12

24.01.2021 | SO

20.02.2021 | SA 10

Op Fotoe vu Gebaier aus der Stad Lëtzebuerg pechen d’Kanner Wieder a Form vu 16-SegmenterBuschtawen. Esou entsteet eng nei Stad voller Botschaften. 27.02.2021

23.01.2021 | SA 6

19.02.2021 | FR

20.02.2021

MA CITÉ-MESSAGE

11

22.01.2021 | FR

FEBRUAR

LE HASARD FAIT PARFOIS BIEN LES CHOSES

10

17.01.2021 | SO

26.03.2021 | FR 27.03.2021 | SA 14 28.03.2021 | SO

ABRËLL 03.04.2021 | SA 15 04.04.2021 | SO 07.04.2021 | MËT 10.04.2021 | SA 12 11.04.2021 | SO 17.04.2021 | SA 14 18.04.2021 | SO

HAPPY BIRTHDAY@ CASINO Firwat net eemol DÄI Gebuertsdag mat 11 Frënn a Frëndinnen (5-12 Joer) am Casino feieren an engem Bastel-, Mol-, Foto-, Video-, Performance-, Collage- oder App-Atelier a mat engem Gebuertsdagskuch zum kréinenden Ofschloss! Dat wier dach eemol eppes anescht a jiddwer Kand kritt en plus nach ee Souvenir vun DENGEM Gebuertsdag mat heem! De Casino Lëtzebuerg proposéiert: Féierung a kreativen Atelier 160 € / 136 € mat der KLIK-Kaart (net am Präis mat dran: Gebuertsdagskuch a Gedrénks) Dauer: 2,5 Stonnen; maximal 12 Kanner vu 5 bis 12 Joer. Reservatiounen: T (+352) 22 50 45 / klik@casino-luxembourg.lu

KLIK-KAART Fir dass d’Kanner vu 6 bis 12 Joer reegelméisseg déi faszinéierend Welt vun der zäitgenëssescher Konscht entdecken a gläichzäiteg selwer kreativ schaffe kënnen, gëtt et d’KLIK-Kaart vum Casino Lëtzebuerg! Fir 40 € pro Joer kréien d’Kanner d’KLIK Zeitung gratis heemgeschéckt a si huele gratis deel un de Samschdesatelieren. Do dernieft kréie si Reduktiounen op dem Vakanzenatelier. Méi Informatiounen: www.klik.lu


CASINO LËTZEBUERG Weess du dass de Casino Lëtzebuerg e Forum fir zäitgenëssesch Konscht ass? Dat heescht et ass eng Plaz wou Konschtwierker vu Kënschtler a Kënschtlerinnen ausgestallt ginn, déi haut Konscht maachen. Dacks sinn et Kënschtler*innen déi villäicht nach net esou berüümt sinn, déi d’Geleeënheet kréien am Casino auszestellen an hir Wierker, déi si grad gemaach hunn, ze weisen. Entweder stelle si eleng oder an der Grupp aus. Op alle Fall kanns du hei ëmmer nei Konschtwierker entdecken, a souguer Konschtwierker, déi virdrun nach kee gesinn huet, well si extra fir d’Casinosausstellung gemaach si ginn! www.casino-luxembourg.lu

KLIK = Clique [phonetesch geschriwwen*] eng Clique ass eng Grupp, eng Band vu Kollegen. = Klick [phonetesch geschriwwen*] Klick ass d’Geräisch vun engem Fotosapparat, wann een op de Knäppchen dréckt fir eng Foto ze maachen. Ee Klick mécht een och mat der Maus oder mam Taaschtfeld vum Computer. *Phonetescht Alphabet = dat ass een Alphabet wat d’Wierder schreift esou wéi si ausgeschwat ginn, an net wéi si richteg geschriwwe ginn.

41, rue Notre-Dame B.P. 345 L-2013 Luxembourg

T. (352) 22 50 45 info@casino-luxembourg.lu www.casino-luxembourg.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.