– CASINO LËTZEBUERG –
FORUM FIR ZÄITGENËSSESCH KONSCHT
D’KONSCHTZEITUNG FIR KANNER A FAMILLJEN N°12 / 19.04.2021–31.12.2021
LËTZEBUERGESCH VERSIOUN Si tu ne comprends pas le luxembourgeois, tu peux offrir ce volet de la KLIK à un copain ou une copine qui parle cette langue.
EDITO & PROGRAMMATIOUN
Di lescht Méint waren gepräägt vu villen Ännerungen an eisem Alldagsliewen, dat och am Casino: Ausstellungsännerungen, Programmännerungen.... Mir probéieren, esou wéi dir, eis ëmmer un d’Aktualitéit an d’Recommandatiounen unzepassen: zu 4, zu 10, mat engem Meter Distanz oder mat zwee, mir fannen ëmmer eng Léisung. Dofir biede mir ëm äert Versteesdemech falls eppes sech an eisem Programm vun 2021 sollt änneren... Zéckt net fir op eisem Agenda op www.casino-luxembourg.lu ze kucke fir ëmmer um Lafenden ze bleiwen.
Dëst Fréijoer gouf d’Ausstellung iwwert den Däiwel, De groe Mann, um 1. Stack verlängert. Um Rez-dechaussée wäert d’Daphné Le Sergent parallel hier Ausstellung weisen. Am Kader vum europäesche Mount vun der Fotografie presentéiert d’Kënschtlerin eis hier speziell Technik mat der si Fotoen an Zeechnunge matenee vermëscht. L’HOMME GRIS Gruppenausstellung Curateur : Benjamin Bianciotto bis den 06.06.2021
MOIS EUROPEEN DE LA PHOTOGRAPHIE Daphné Le Sergent Curateur : Paul di Felice (Café-Crème asbl) bis den 06.06.2021
Mir sinn och frou fir Iech d’Erëffnung vum Casino Display (dat aalt Konschthaus Beim Engel) unzekënnegen, deen zanter Februar 2021 en integralen Bestanddeel vum Casino senger Programmatioun ass. Dës nei Plaz ass der Orientatioun vu Jonken, Kreativen, Kënschtler a Kënschtlerinnen gewidmet a proposéiert Begéinungen, Atelieren, Residenzen, a vill Austausch.
TRIENNALE JEUNE CREATION : BRAVE NEW WORLD ORDER Curateur : Kevin Muhlen 02.07.2021-29.08.2021 Vernissage : 01.07.2021
LABY-FOOT @Kyosk Kirchberg Benedetto Bufalino Curatrice : Christine Walentiny 25.06.2021 – 05.09.2021
Fir d’Rentrée proposéieren d’Karolina Markiewicz an de Pascal Piron eng engagéiert, politesch a virun allem poetesch Ausstellung.
STRONGER THAN MEMORIES, WEAKER THAN DEWDROPS Karolina Markiewicz & Pascal Piron Curateur : Kevin Muhlen 18.09.2021-28.11.2021 Vernissage : 17.09.2021
Dëse Summer gëtt Plaz fir di Jonk gemaach. Eng 40 Kënschtler a Kënschtlerinne versammelen sech fir d’Triennale Jeune Création am Casino an an de Rotonden. Si all weisen eis hiere ganz eegene Bléck op d’Welt vun haut. Sidd dir sportlech drop? Dann invitéiere mir iech an de Labyrinth vum Parc um Kierchbierg… wou de Benedetto Bufalino mëttendran e Fussballsterrain opgeriicht huet.
LUXEMBOURG MUSEUM DAYS 15 et 16.05.2021
NUIT DES MUSEES 09.10.2021
Net ze vergiesse sinn déi grouss Evenementer vum Joer: d’Deeg vun de Lëtzebuerger Muséeën, d’Nuecht vun de Muséeën an d’Lëtzeburger Konschtwoch. Natirlech stelle mir fir all Evenement e spezielle Programm zesummen. Mir freeën eis op iech! LUXEMBOURG ART WEEK 12–14.11.2021
TRIENNALE JEUNE CREATION : BRAVE NEW WORLD ORDER
Charles Rouleau Du kënns aus dem Kanada. Wéi inspiréiert dech dëst Land? Allkéiers wann ech zeréck an de Kanada ginn, entdecken ech en Deel vum Land deen ech virdrun nach net kannt hunn. Ech kommen als Friemen zeréck an dat ass wéi een éischt Begéinen. Zemools am Wanter! Alles ass wäiss, alles ass gefruer. Et ass net kal, mee et ass “frette”, wéi mir am Québec soen. D’Äis faszinéiert mech. Et mécht vill Kaméidi a beweegt sech. Et ass staark a ka Bierger entstoe loossen. Awer duerch d’Äerderwiermung verschwënnt et ëmmer méi schnell. Et ass dofir wichteg, dass mir no eisem Planéit kucke wa mir wëllen, dass d’Äis ons erhale bleift. Du hëls Groussopname vu Landschaften. Firwat dat Format? Mat de Groussopname gesäit ee méi Detailer. Et kann ee Welten entdecken, déi engem virdun onbekannt waren. Zum Beispill stellen ech mir vir
wéi eng Blos, déi am Äis gefaangen ass, d’Welt erlieft. Alles ronderëm kënnt a geet, d’Deeg verginn, d’Sonn geet op an erëm ënner, d’Polarliichter danzen um Himmel, mee d’Blose bleiwen ëmmer op der selwechter Plaz. Si si wéi Zäitzeien. De Blosen am Äis nokucken ass wéi eng Partitur liesen, wéi dem Lidd vun der Zäit nolauschteren, déi vergeet. Du mengs also, dass een eng Landschaft lauschtere kann? Natierlech! Déi nächste Kéier wann s du an de Bësch gees, lauschter ronderëm dech. De Wand léisst d’Blieder an d’Äscht zidderen. D’Beem kraachen ënnert der Laascht vun hirer Gréisst. D’Waasser an de Baachen ertéint wann et op kleng Steng trëfft. All Plaz huet hir eegen Téin. All dës Geräischer beaflosse wéi mir eis Welt empfannen, si verrode Geheimnisser déi eis Aen net kënne gesinn. Iwwerall si Geräischer, et muss ee just gutt lauschteren.
Manon Nicolay
Jean-Baptiste Grangier
Gesäis du deng Wierker als Skulpturen?
E Fändel vun der Äerd? Firwat? Fir wien?
Jo, ech kombinéieren réi Materialie mateneen, ob gebrach, gebéit oder ausernee geholl: Si sollen den Androck vermëttelen, wéi wann se ënnerenee géifen dialogéieren, egal ob si sech een dem anere widdersetzen oder sech ergänzen.
Am Juli 1969 setzt de Mënsch déi éischte Kéier e Fouss op de Mound. Am selwechte Moment kuckt de Bauer James W. Cadle d’Televisioun a fënnt et traureg, dass d’Rees op de Mound am Konflikt tëschent verschidden Natioune stattfënnt. Dofir erfënnt hien “The Flag of the Earth” (De Fändel vun der Äerd), ee Fändel, deen net all d’Bewunner vun enger Natioun, mee all d’Bewunner vun engem Planéit – der Äerd – representéiert. Als Beispill: Ech sinn franséisch-lëtzebuergescher Ofstamung, sinn also Europäer, mee sinn ech net virun allem Äerdbewunner?
Firwat benotzt du recycléiert Materialien? Ech benotze gär Industrie- an Autosoffall, déi Spuere vun engem aneren Liewen an sech droen, an aner Materialien, déi ech veränneren a veraarbechte kann. Et geet mir ëm d’Gläichgewiicht tëschent deem wat existéiert an deem wat ech domadder ka maachen. Wat interesséiert dech un deem Gläichgewiicht? Dat ongewësst Gläichgewiicht léisst ee Gefill vun Onsécherheet entstoen, eng ënnerschwelleg Menace, an hält d’Skulptur a Beweegung.
Däin Wierk ass gläichzäiteg traureg an locker. Wéi erkläers du dat? Dat stëmmt. Mäi Wierk ass ewéi ee Schwamm: Et saugt alles ronderëm sech op. Wann ee vun dëser Iddi ausgeet, gesäit mäi Wierk traureg aus well vill Melancholie an eiser Welt ass. Mee d’Melancholie ass net nëmmen Trauregkeet, si ass och den Dram vun deene Saachen déi méiglech sinn. Ech denken, dass een heiansdo ee bësse „frech“ muss sinn, well wann een dat net ass, da bedeit dat, dass een d’Saachen esou acceptéiert wéi se sinn. Ech hoffen, dass meng Generatioun – an zemools déi, déi elo kennt, déi vun de Klik-Lieser·innen –, déi sinn, déi et fäerdeg bréngen eng besser gemeinsam Zukunft opzebauen. Et ass villäicht utopesch, mee ass dat net souwisou dat eigentlecht d’Thema vun der Triennale: “Brave New World Order”? Ma also!
LABY-FOOT MAM BENEDETTO BUFALINO
Kanns du eis e bësse vun dengem Parcours erzielen? Ech sinn an der Géigend vu Lyon gebuer. Ech hu Raum-Design studéiert an dat huet mech dozou bruecht iwwert den Espace an de Stied nozedenken. Esou hunn ech ugefaangen utopesch Projeten fir urban Evenementer, Festivallen an Biennalen ze maachen... Ech probéieren virun allem fir dass d’Leit d’Stad aneschters erliewen. Meng Skulpturen sinn oft d’Resultat vu Collaboratiounen bei deenen ech de Lien sinn – e bëssen wéi en Architekt. Wat ass däi Projet fir den Labyrinth um Kierchbierg an wéi kruuts du d’Iddi? Den Projet heescht LABY-FOOT. Et geet ëm eng Mëschung aus engem Labyrinth an engem Fussballsterrain. An menger Aarbecht verschmëlzen ech oft Objeten mateneen (en Auto an ee
Ping-Pong Dësch, eng Caravane an eng Piscine, ee Luuchtepotto an een Auto...). De Fussball kritt hei eng aner Bedeitung: et geet drëm sech am Raum ze verléieren, Ofkierzungen ze huelen... Wéi ech entdeckt hunn, dass d’Coque an seng Sportsterrainen just niewendru leien, krut ech dës Iddi. Ech wollt hier Formen am Labyrinth frësch iwwerdenken fir dass d’Benotzer d’Spillreegelen nei erfannen. Wat sinn dann d’Spillreegelen um Fussballterrain? Ma et ginn eben keng Reegelen: Dat ass genau dat wat mech interesséiert. Ech schafen ee komesche Raum wou eis Gewunnechten duerchenaner gehäit ginn an wou jiddereen nodenken muss wéi en dës Plaz anescht benotzen kann. Et ass eng Invitatioun fir d’Reegelen vum matenee liewen ze iwwerdenken an doriwwer ze diskutéieren. Wat maache
mir zesummen an dësem Moment? Wat mech um Fussball inspiréiert ass, dass en esou populär ass, seng Ästhetik, seng Linne déi zu Skulpturen ginn. An dengen anere Projeten veränners du gären Objeten. Firwat? Hei geet et drëm, banal Saachen vun hierer eigentlecher Funktioun ze detournéieren. Meng Wierker hunn als Ziel Reegelen ze veränneren, ee Publikum unzezéien, deen net onbedéngt an de Musée geet an en dozou ze brénge sech Froen ze stellen, Formen ze hannerfroen déi eis proposéiert ginn. Wéi ee Projet géifs du nach gär realiséieren? Ech fannen d’Iddi gutt fir eisen Patrimoine weider ze entwéckelen. Dofir schaffen ech um Projet “Eiffeltuerm Porte-clés“ , mee dat hëlt Zäit well ech ganz vill Léit iwwerzeegen muss!
UN DIR FIR ZE SPILLEN!
1.
D’Klik-Cats kucken sech an de Spigele vun der Ausstellung vum Karolina Markiewicz a Pascal Piron. Mee hir Spigelung stëmmt net mat der Realitéit iwwerteneen. Kanns du di 10 Feeler fannen, déi sech an de Spigelunge verstoppen?
Dës 6 Fändele vun europäesche l Länner hunn hir Faarwe verluer. Hue de vun m e klenge Spigel fir d’Nim , Länner, zu deenen d’Fändele gehéieren hire an se du s Kann n. iffere ze entz Nationalfaarwe fierwen?
2.
3.
4.
Elo ass et un dir! Wann s du e Fändel vun der Äerd gestalte kéins, wéi géif en ausgesinn?
“Wëllkomm” ass d’Wuert vum Accueil, en Thema wat ganz present ass an der Ausstellung Stronger than memories, weaker than dewdrops. An den Zeechnunge vun dëser Klik verstoppt sech d’Wuert “Wëllkomm” an 9 Sproochen. Fënns du se erëm? 1. Lëtzebuergesch : « Wëllkomm »
6. Serbo-Kroatesch : « Dobro došli »
2. Franséisch : « Bienvenue »
7. Arabesch : « Marhaban »
3. Polnesch : « Witamy »
8. Litauesch : « Sveiki atvykę»
4. Italienesch : « Benvenuti »
9. Peuhl : « On gari é’ diam »
5. Albanesch : « Mirë se vini »
Am Kader vun der Triennale hunn d'Kanner vun der Zéissenger Primärschoul en Audioguide opgeholl den dir mat dësem QR Code fanne kënnt. Eng ideal Geleeënheet d'Ausstellung mat Kanneraen ze entdecken!
IMPRESSUM Editeur: Casino Luxembourg a.s.b.l. Grafik an Illustratioun: Bakform – Patrick Hallé Texter a Koordinatioun: D'Ekipp Mediatioun Mat der Zesummenaarbecht vun Benedetto Bufalino, Jean-Baptiste Grangier, Manon Nicolay, Charles Rouleau Drock: reka, Luxembourg Pabeier: Circle Offset White 95 (100 % Recycled) 110 g/m2 Tirage: 4 500 (4 500 LU, 4 500 FR)
De Casino Lëtzebuerg – Forum fir zäitgenëssesch Konscht gëtt finanziell ënnerstëtzt vum Kulturministère.
Ännerunge virbehalen: 01.04.2021 © Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain.
ISBN: 978-2-919790-17-3
Fir Aschreiwungen oder falls dir Froen hutt : 22 50 45 oder klik@casino-luxembourg.lu
SAMSCHDESATELIEREN All Ausstellung am Casino ass wéi e neien Universum dee vun de Kënschtler a Kënschtlerinne geschafe gëtt. Dofir probéieren mir eis wärend den Atelieren dovun ze inspiréieren, ob technesch oder ästhetesch. D’Samschdesateliere combinéieren ëmmer eng Féierung vun der Ausstellung mat engem kreativen Atelier. All éischte Samschdeg am Mount proposéiere mir deene méi klenge vun 3-6 Joer a Begleedung vun engem Erwuessenen, d’Welt vun der zäitgenëssëscher Konscht z’entdecken. Participatioun : 6 € pro Kand / gratis mat der Klik Kaart oder mam Kulturpass. De groussen Atelier 15:00–17:00 All Samschdeg fir Kanner vun 6 bis 12 Joer ouni Begleedung
STRONGER THAN MEMORY, WEAKER THAN DEWDROPS Karolina Markiewicz & Pascal Piron
L'HOMME GRIS
Wärend dëser Ausstellung interesséiere mir eis fir d’Reesen, fir modern oder antik Mythen, a fir Utopien. Spigelen an Fändele si verschidde Schlëssel-Elementer vun dëser Ausstellung déi mir an den Atelieren thematiséieren.
Curateur : Benjamin Bianciotto Den Däiwel ass den Haaptpersonnage an dëser Gruppenausstellung. Vun de Wierker a Musek an der Ausstellung inspiréiert, benotzen d’Kanner di verschidden Techniken an Ästhetiken fir hier Iddie a Biller vum Däiwel kënschtleresch ëmzesetzen.
...AM ZESUMMENHANG MAT DEN AUSSTELLUNGEN
BRAVE NEW WORLD ORDER
LABY-FOOT
Curateur : Kevin Muhlen
Benedetto Bufalino Curateur : Christine Walentiny Am Summer maache mir ausnamsweis een Ausfluch an de Parc um Kierchbierg-Plateau wou mir een zimmlecht geckegt Fussballspill op engem Terrain spillen, deen an engem Labyrinth installéiert ass.
De klengen Atelier 15:15–16:15 All 1. Samschdeg am Mount fir Kanner vun 3-6 Joer a Begleedung vun engem Erwuessenen
AUSSERHALB VUN DEN AUSSTELLUNGEN
Unhand vun de Wierker vun ëm déi 40 Kënschtler a Kënschtlerinnen déi op der Triennale Jeune Création ausstellen, stellen d’Kanner sech d’Welt vun der Zukunft vir. D’Ateliere fannen am Casino an an de Rotondes statt.
Tëschent den Ausstellunge setzen d’Kanner sech mat de permanente Wierker vum Casino ausenaner a schaffen am Atelier mat enger bestëmmter Technik.
ABRËLL 24.04. | Atelier broderie
MEE 01.05. | Mon bouquet de muguet 08.05. | Ee Cover fir “Däiwelsmusek” 15.05. | LUMUDA (kee Samschdesatelier) 22.05. | Au fil rouge 29.05. | Les marionnettes du diable
JUNI 05.06. | K7image
VAKANZENATELIEREN 9:00–12:00 an 13:30–16:30 Fir Kanner vu 7-12 Joer. Participatioun: 14 € / 12 € mat der KLIK-Kaart / 1,50 € mam Kulturpass.
QUAND L’IMAGE RENCONTRE LE SON
Bei manner wéi 3 Aschreiwunge fënnt den Atelier net statt (Aschreiwungsdelai 3 Deeg am Viraus). Méiglechkeet fir d’Kanner am Casino ee Sandwich (+ Dessert) z’iesse fir 10 € (Encadrement vun 12:00–13:30). Vergiesst net de Kanner eppes Klenges fir z’iesse matzeginn fir an der Moiespaus.
Dësen Atelier vermëscht Fotografie, Audio-Opnamen dobaussen a Bastele mateneen. D’Kanner sichen e natierlecht Element aus dem Péitrussdall fir eng Installatioun entstoen ze loossen déi Klang a Biller matenee vermëscht.
12.06. | Lightpainting 19.06. | Linogravure 26.06. | LABY-FOOT @Kirchberg
JULI 03.07. | Journal du futur 10.07. | Journal du futur @Rotondes
SEPTEMBER 04.09. | Linogravure
Mëttwochs, 4. August 2021 Mam Charles Rouleau, Kënschtler vun der Triennale Jeune Création 2021
! Opgepasst : den Atelier fänkt am Casino un an hält an de Rotonden op ! Aschreiwunge beim Casino.
Mëttwochs, 26. Mee 2021
Mëttwochs, 25. August 2021
CYANOTYPE
D'ALPHABET VUN DER ZUKUNFT
Mam Lauriane Bixhain, Fotografin An dësem Atelier ka jidderee mat fotografësche Bléckwénkelen experimentéieren. Wéi eng Biller wëlle mer reproduzéieren: e flüchtege Moment, eng Persoun a Beweegung, e Stëllliewen? Mam Cyanotype kënne mir eis Objeten op Pabeier leen an hiere Schied reproduzéieren. D’Fotografien an Assemblagen entstinn dono mat enger fotosensibeler Léisung, déi mir mat engem Pinsel op Pabeier oder Stoff opdroe kënnen. Sonndes, 4. Juli 2021
Mam Julien Hübsch, Kënschtler vun der Triennale Jeune Création 2021 No enger kuerzer Aleedung an déi verschidden Alphabeter déi ët op der Welt ginn, erfannen d‘Kanner eng eege Sprooch a Schrëft op Basis vun de 6 Sprooche vun der Zukunft. All Kand entwërft ee Panneau mat senger eegener Sprooch an dréit en als „Sandwich-Kand“ an d’Rotonden wou den 2. Deel vun der Ausstellung ass. ! Opgepasst : den Atelier fänkt am Casino un an hält an de Rotonden op ! Aschreiwunge beim Casino.
03.07. | Journal du futur 10.07. | Journal du futur @Rotondes
SEPTEMBER 04.09. | Linogravure 11.09. | Lightpainting
eng Persoun a Beweegung, e Stëllliewen? Mam Cyanotype kënne mir eis Objeten op Pabeier leen an hiere Schied reproduzéieren. D’Fotografien an Assemblagen entstinn dono mat enger fotosensibeler Léisung, déi mir mat engem Pinsel op Pabeier oder Stoff opdroe kënnen. Sonndes, 4. Juli 2021
d‘Kanner eng eege Sprooch a Schrëft op Basis vun de 6 Sprooche vun der Zukunft. All Kand entwërft ee Panneau mat senger eegener Sprooch an dréit en als „Sandwich-Kand“ an d’Rotonden wou den 2. Deel vun der Ausstellung ass. ! Opgepasst : den Atelier fänkt am Casino un an hält an de Rotonden op ! Aschreiwunge beim Casino.
ECH GESINN EPPES WAT S DU NET GESÄIS
Mëttwochs, 3. November 2021
18.09. | Le carnet de voyage 25.09. | Un Puzzle de l’Union Européenne
Mam Aurélie d’Incau, Kënschtlerin vun der Triennale Jeune Création 2020
Mam Yuko Kominami, Choreografin an Dänzerin
OKTOBER 02.10. | Un voyage... dans une boîte 09.10. | Le carnet de voyage 16.10. | Drapeau(x) du monde
TRAVELLING THROUGH BODY
A wie gesäit da wat déi aner net gesinn? Bass du richteg gutt am Sichen, oder wëlls du et ginn? Da komm mat op d’Sich no de verstoppten an onerwaarte Saachen an der Ausstellung. A weess de wat? Du kanns esouguer deng eege Stopp bauen. ! Opgepasst : Den Atelier fänkt an de Rotonden un an hält am Casino op. Aschreiwunge bei de Rotonden (www.rotondes.lu).
23.10. | Kaleidoscope
REGELMÉISSEG ATELIEREN A VISITEN
30.10. | Halloween
NOVEMBER 06.11. | Drapeau(x) du monde 13.11. | Un Puzzle de l’Union Européenne 20.11. | Un voyage... dans une boîte 27.11. | Kaleidoscope
SPEZIELL EVENEMENTER Vun Zäit zu Zäit brénge grouss oder kleng Virfäll eis Gewunnechten duercherneen. Fir dës Geleeënheeten organiséiere mir Féierungen an aussergewéinlech Atelieren. Fir méi Detailer, kuckt op www.casino-luxembourg.lu.
DEZEMBER
15 & 16 Mee 2021
04.12. | Saint-Nicolas
LUXEMBOURG MUSEUM DAYS (LUMUDA)
11.12. | Origami
09 Oktober 2021
18.12. | Linogravure
Bei dësem Atelier dréit sech alles ëm d’Beweegung. Mir ginn op eng Rees, déi eis duerch a ronderëm eise Kierper féiert, duerch déi verschiddenste Landschaften wou Abenteuer a Souveniren sech begéine kënnen.
LA NUIT DES MUSÉES 12–14 November 2021
LUXEMBOURG ART WEEK
All Sonnden 13:00–15:00
KLIK-KLAK AKTIVITÉITE FIR FAMILLJEN Oppene gratis Atelier am „Aquarium“ mat engem Mediateur. All Sonnden 15:00–16:00
VISITE POUR TOU·TE·S Dës commentéiert gratis Visitt riicht sech u jiddwereen, also och u Familljen! All leschte Freiden am Mount 11:00-12:00
ELTERE-BËBEESVISITTEN Eemol am Mount freides vun 11 bis 12 Auer treffe sech jonk Eltere mat hire 0 bis 24 Méint ale Bëbeeën (am Droduch oder an der Poussette) am Casino fir eng Féierung fir déi Grouss duerch d’Ausstellung ze maachen. Den Austausch mat aneren Elteren ass heibäi genee sou wichteg wéi d’Konscht u sech.
KLIK KAART Fir dass d’Kanner vu 6 bis 12 Joer reegelméisseg déi faszinéierend Welt vun der zäitgenëssescher Konscht entdecken a gläichzäiteg selwer kreativ schaffe kënnen, gëtt et d’Klik Kaart vum Casino Lëtzebuerg! Fir 40 € pro Joer kréien d’Kanner d’Klik Zeitung gratis heemgeschéckt a si huele gratis deel un de Samschdesatelieren. Do dernieft kréie si Reduktiounen op dem Vakanzenatelier. Méi Informatiounen: www.klik.lu
HAPPY BIRTHDAY @ CASINO Firwat net eemol däi Gebuertsdag am Casino feieren? Wärend engem speziellen Atelier kanns du an deng Frënn·dinnen de Casino entdecken an e Gebuertsdagskuch zesummen deelen. De Casino proposéiert: eng Féierung mat Explicatiounen an e kreativen Atelier 160 € / 136 € mat der Klik Kaart (Gebuertsdagskuch a Gedrénks net am Präis mat abegraff.) Dauer : 2 ½ Stonnen, vir Kanner vu 6 bis 12 Joer
CASINO LËTZEBUERG Weess du dass de Casino Lëtzebuerg e Forum fir zäitgenëssesch Konscht ass? Dat heescht et ass eng Plaz wou Konschtwierker vu Kënschtler a Kënschtlerinnen ausgestallt ginn, déi haut Konscht maachen. Dacks sinn et Kënschtler*innen déi villäicht nach net esou berüümt sinn, déi d’Geleeënheet kréien am Casino auszestellen an hir Wierker, déi si grad gemaach hunn, ze weisen. Entweder stelle si eleng oder an der Grupp aus. Op alle Fall kanns du hei ëmmer nei Konschtwierker entdecken, a souguer Konschtwierker, déi virdrun nach kee gesinn huet, well si extra fir d’Casinosausstellung gemaach si ginn! www.casino-luxembourg.lu
KLIK = Clique [phonetesch geschriwwen*] eng Clique ass eng Grupp, eng Band vu Kollegen. = Klick [phonetesch geschriwwen*] Klick ass d’Geräisch vun engem Fotosapparat, wann een op de Knäppchen dréckt fir eng Foto ze maachen. Ee Klick mécht een och mat der Maus oder mam Taaschtfeld vum Computer. *Phonetescht Alphabet = dat ass een Alphabet wat d’Wierder schreift esou wéi si ausgeschwat ginn, an net wéi si richteg geschriwwe ginn.
41, rue Notre-Dame B.P. 345 L-2013 Luxembourg
T. (352) 22 50 45 info@casino-luxembourg.lu www.casino-luxembourg.lu