Klik 03/2017

Page 1

op Lëtzebuergesch + en français

28.01.2017 - 29.06.2017

ca

luxembo o n ur si

g

No.3 2017

sch

fam

illes

D’Kon

et

tze

f

Ka

nf

ng

an

ts

itu

ir

nn

er

t a Fa ’ar d e millje t n - La gazet

p

r ou

e


Weess du dass de Casino Lëtzebuerg e Forum fir zäitgenëssesch Konscht ass? Dat heescht et ass eng Plaz wou Konschtwierker vu Kënschtler ausgestallt ginn, déi haut Konscht maachen . Dack sinn et Kënschtler, déi villäicht nach net esou berühmt sinn, déi d’Geleeënheet kréien am Casino auszestellen an hir Wierker, déi si grad gemaach hunn, ze weisen. Entweder stelle si alleng oder an der Grupp aus. Op alle Fall kanns du hei ëmmer nei Konschtwierker entdecken, a souguer Konschtwierker, déi virdrun nach kee gesinn huet, well si extra fir d’Casinosausstellung gemaach si ginn!

Sais-tu que le Casino Luxembourg est un forum d’art contemporain ? Il s’agit d’un lieu où des artistes exposent des OEuvres qu’ils créent de nos jours . Souvent, ce sont des artistes peu ou pas connus et à qui on donne l’opportunité de montrer leurs œuvres. Les artistes exposent seuls ou en groupe . Dans tous les cas, tu peux toujours découvrir de nouvelles OEuvres d’art et même des œuvres qui n’ont jamais été présentées auparavant, car elles sont réalisées spécialement pour l’exposition au Casino.

IMPRESSUM COLOPHON Éditeur : Casino Luxembourg a.s.b.l. • Grafik Graphisme : Runa Egilsdottir – Central Intelligence Design Agency • Illustratioun Illustration : Keong-A Song • Texter a Koordinatioun Textes et coordination : Fabienne Bernardini • Mat der Zesummenaarbecht vun Avec la collaboration de : Clara Thomine, Konschtvermëttler Médiateurs, Casino Staff • Fotoen Photos Säit page 7 : James Bridle, Drone Shadow 007: The Lavender Hill Drone, 2014 ; Säiten pages 14-15 : Clara Thomine, Popcorn, 2014 an et La nature, 2013, captures d’écran • Drock Impression : reka, Luxembourg • Pabeier Papier : Cyclus Offset recyclé blanc 100 g/m2 • Ännerunge virbehalen Sujet à modifications : 09.01.2017 © Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain. D’Ausstellung L’exposition FORT – Night Shift gouf produzéiert vum a été produite par le Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain a Partnerschaft mam en partenariat avec le Kunstverein in Hamburg. D’Ausstellung L’exposition Looking for the Clouds ass organiséiert am Kader vum Europäesche Mount vun der Fotografie est organisée dans le cadre du Mois européen de la photographie.


Programmatioun Programmation

Casino luxembourg

AUSSTELLUNGEN EXPOSITIONS Spanne lisi Säite Shoefiti raignée 5-6 p. 5-6 le Shoefiti

Noée l'a

D'Libée anter d'Dronesch7-ie9 Säite mbres Libée et ledrsoones de p. 7-9

NIGHT SHIFT FORT

Commissaire : Kevin Muhlen

28.01.2017-09.04.2017

LOOKING FOR THE CLOUDS

CONTEMPORARY PHOTOGRAPHY IN TIMES OF CONFLICT David Birkin, James Bridle, Sinje Dillenkofer, Richard Drew, Omer Fast, Hans-Peter Feldmann, Carine + Elisabeth Krecké, Aude Moreau, Wolfgang Reichmann, Swen Renault, Valentin Valhonrat Commissaires : Paul di Felice, Pierre Stiwer

BLACKBOX

29.04.2017-11.06.2017

Interview mam Clara Thomine Säit 5 Interview avec Clara Thomine page 5

LA COMMEDIA DELL’ARTE. L’ART EN TANT QUE MASCARADE

Alexander Glandien, Clara Thomine, Loic Vanderstichelen et Jean-Paul Jacquet

Commissaire : Bettina Heldenstein

01.0 2.20 17-0 3.04 .201 7

POST-NINE-ELEVEN Anush Hamzehian + Vittorio Mortarotti, Ibro Hasanovic, Sven Johne

Commissaires : Paul di Felice, Pierre Stiwer

05.0 4.20 17-2 9.05 .201 7

IEW. PRIVATE VELIS JEF CORN ENT ON ARTierkEerVaus

S

Videow mmlung der Argos Sa o de Œuvres vidé Argos la collection l : Andrea Cine Commissaire

3 1. 0 5 .2 0 17 -

3 1. 0 7. 2 0 17


BOUM KLIK a

BOUM hallo, Dat neit Joer an déi nei Ausstellung bréngen eis eng aner GROUSS NEIEGKEET : Nom Rez-de-chaussée am Joer 2016 ass elo och um 1. Stack vum Casino Lëtzebuerg d’ENTRÉE GRATIS! Op de Säiten 05 a 06 vun dëser KLIK , spënnt d’Spannelisi iech seng Gefillswelt a seng kleng Geschichten a Verbindung mat der Ausstellung NIGHT SHIFT (ze gesi bis Ufank Abrëll) vum Kënschtlerduo FORT. An hatt mécht iech opmierksam op een urbaant Phänomen wat (nach) inexistent hei zu Lëtzebuerg ass ... D’Clara Thomine, eng Kënschtlerin vun der Programmatioun LA COMMEDIA DELL’ARTE an der BLACKBOX , huet frëndlecherweis op eis Froe geäntwert op de Säiten 13 bis 15 . Entdeckt seng kënschtleresch Virgoensweis an der KLIK a säin HUMOR an der BlackBox vu Februar a Mäerz. An der Ausstellung LOOKING FOR THE CLOUDS (vun Enn Abrëll un), huet d’KLIK sech méi speziell fir d’Wierk DRONE SHADOW vum Kënschtler JAMES BRIDLE interesséiert. Entdeck d’DRONESCHIETER op de Säiten 07, 08 an 09. A lass geet et fir eng laang KLIK -Period!

coucou, La nouvelle année et la nouvelle exposition nous apportent une autre GRANDE NOUVEAUTÉ : après le rez-de-chaussée en 2016, l’accès est désormais GRATUIT à l’ensemble des espaces du Casino Luxembourg ! Aux pages 05 et 06 de cette KLIK , Noée, l’araignée, vous raconte ses émotions et petites histoires en relation avec l’exposition NIGHT SHIFT (à l’affiche jusqu’au début d’avril) du duo d’artistes FORT . Par ailleurs, elle vous présente un PHÉNOMÈNE URBAIN (encore) presque inexistant au Luxembourg… Clara Thomine, une des artistes de la programmation LA COMMEDIA DELL’ARTE de la BLACKBOX , a eu la gentillesse de répondre aux questions aux pages 13 à 15 . Découvrez sa démarche d’artiste dans la KLIK et son HUMOUR dans la BlackBox de février et mars. Dans l’exposition LOOKING FOR THE CLOUDS (à partir de la fin avril), la KLIK s’est intéressée plus spécialement à l’œuvre dans l’espace public DRONE SHADOW par l’artiste JAMES BRIDLE. Découvrez LES OMBRES DE DRONES aux pages 07, 08 et 09. Et c’est parti pour un long moment avec la KLIK !

Fabienne - KLIK -


NIGHT SHIFT FORT

Commissaire : Kevin Muhlen

28.01.2017-09.04.2017

Dem Spannelisi seng Impressioune vun der Ausstellung Les impressions de Noée l’araignée de l’exposition

NIGHT SHIFT

Salut , ech sinn d’Spannelisi. Ech war d’Ausstellung vum Kënschtlerinnenduo FORT kuerz virum Vernissage an de Casino kucken. Dat war immens: Ech konnt mech total an de Kënschtlerinnen hir Welt era fillen. Ugefaange beim Ausstellungstitel NIGHT SHIFT [Nuetsschicht], dee mir scho ganz no läit! Vill vu menge SPANNEN-ERLIEFNISSER an ANEKDOTEN aus mengem Spannenalldag si mir während der Visite erëm agefall. Mir Kräizspanne si jo haaptsächlech owes an nuets aktiv an do ass esou ee beliichten TANKSTELLENDAACH eng flott Affär. Wann et däischter gëtt an d’Luchten u sinn, kann een do ongestéiert Mécken a Mustike fänken. Déi fléien engem poulriicht an d’Netz an – hopla – sinn ech do fir se ze lähmen, an da gëtt eragefeiert! Heiansdo an esou Tankstelle leeft och nach de Radio. Wann dann zoufälleg mäi Lieblingslidd gespillt gëtt, da spannen ech meng Netzer am Rhythmus vun der Musek. Beim Wierk SOMEBODIES , wou zwou wibbeleg „Geeschter“ Jacketten op engem laange Mantelbriet hänken, hunn ech missen u meng Cousine denken. Hatt ass eng Hausspann mat laange Been a reecht sech ëmmer bei mir op wann d’Leit all Dag een anere Krop benotze fir hire Mantel drop ze hänken, da muss hat all Dag säin Aktiounsfeld änneren an ëmdenken. Ech äntweren dann ëmmer: „Mecker net esou vill, dat hält dech dach fit!“

Salut , je m’appelle Noée l’araignée. J’ai eu l’occasion de découvrir l’exposition du duo d’artistes FORT au Casino juste avant le vernissage. C’était génial ! Je me suis carrément laissée submerger par l’univers des deux artistes. Déjà le titre de l’exposition – NIGHT SHIFT [travail de nuit] – a tout pour me plaire ! Pendant la visite, je me suis souvenue des nombreuses aventures et anecdotes qui ont marqué mon quotidien d’araignée. Nous, les épeires diadèmes, sommes des animaux nocturnes, actifs surtout en soirée et pendant la nuit. Alors le toit d’une station-service éclairée est une véritable aubaine pour nous. Au coucher du soleil, à la lueur des éclairages, nous pouvons chasser les mouches et les moustiques sans efforts, car ces petites bestioles volent tout droit dans la toile d’araignée et là, on les paralyse avec notre venin et on se régale ! Parfois, dans les stations-service, la radio est allumée. Quand ils passent ma chanson préférée, je m’amuse à tisser mes toiles au rythme de la musique. Devant l’œuvre SOMEBODIES , un long porte-manteau auquel pendent deux vestes qui bougent comme si elles étaient animées par une main fantôme, j’ai dû penser à ma cousine, une tégénaire aux longues jambes. Elle se plaint constamment des personnes qui, tous les jours, accrochent leur manteau à un patère différent. Cela fait que, chaque jour, elle doit changer de champ d’action et s’adapter à la nouvelle


06

Beim Wierk AIR WALK , wou e Puer Turnschlappen iwwert enger Stroosseluucht hänkt, war ech ganz aus dem Haischen! Ech hätt mech am léifsten do installéiert, mee ech wunnen a schaffe jo awer léiwer dobaussen! Schued, dat sech de SHOEFITI* oder SHOE TOSSING** hei zu Lëtzebuerg nach net esou ausgebreed huet. Ech kéint mir virstellen, dass et déi IDEAL PLAZ wier, fir siesshaft ze ginn an drop lass ze spannen. Lo kënnt mir eng Iddi: Wann dir Plazen hei am Land kennt wou SHOEFITI gemaach gouf, schéckt mir w.e.g. eng Foto op klik casino-luxembourg.lu a gitt mir d’Adress un, dat wier léif! Villäicht ass jo nach eng vun deene Wunnenge fräi fir ee klengt Spannelisi wéi mech!

SHOEFITI* = eng Zesummesetzung vum Wuert SHOE [Schong op Englesch] a GRAFFITI [Zeechnungen a Schrëften op Maueren,

situation. Je ne cesse de lui dire : « Arrête de râler, tu sais ça te maintiendra en forme ! » J’étais tout excitée devant l’œuvre AIR WALK qui présente une paire de baskets pendant à un lampadaire. J’étais tentée de m’y installer, même si, au final, je préfère habiter et travailler à l’air libre ! Dommage que le SHOEFITI° ou LANCER DE CHAUSSURES°° ne s’est pas encore propagé ici au Luxembourg. J’imagine que ces chaussures perchées en hauteur sont l’endroit idéal pour se poser et tisser ses toiles à cœur joie. Du coup, il me vient une idée : Si vous connaissez des endroits au Luxembourg où l’on pratique le SHOEFITI , merci de m’envoyer une photo sur klik casino-luxembourg.lu et de m’indiquer l’adresse. Qui sait, peut-être que j’y trouverai chaussure à mon pied…

Monumenter, ...]

SHOE TOSSING** = e Puer Schong, déi mat de Stréckelen zesummegestréckt sinn, iwwer Äscht, Kabelen, Stroosseluuchten, Poteauen, ... geheien

SHOEFITI° = mot composé du mot SHOE [soulier en anglais] et GRAFFITI [dessins et inscriptions sur les murs, les monuments, etc.] LANCER DE CHAUSSURES°° = lancer une paire de chaussures nouées par les lacets au-dessus des branches d’un arbre, de câbles, de lampadaires, de poteaux, etc.


07

D E S C H IE T V UM

ONSIICHTBAR

L ’O M B R E D E

L’INVISIBLE

EN

An der Ausstellung LOOKING FOR THE CLOUDS ass ee Wierk dat d’Libée Libellchen stutzeg gemaach huet, dofir wollt hatt dat méi genau studéieren ...

Dans l’exposition LOOKING FOR THE CLOUDS se trouve une œuvre qui a marqué Libée la libellule. Voilà pourquoi elle a souhaité l’étudier plus en détail...

„Mech huet déi Form um Buedem mat de wäissen Ëmrësser un en Accident denke gedoen, deen eng riseg Monsterlibell do hätt kéinte gehat hunn!“

« Cette forme sur le sol aux contours blancs m’a fait penser à un accident dont une énorme et monstrueuse libellule aurait été la victime ! »

Et huet sech dunn erausgestallt dat et sech ëm een DRONESCHIET handelt. D’Wierk vum Kënschtler JAMES BRIDLE heescht och esou op Englesch: DRONE SHADOW . Den Droneschiet besteet aus de wäisse Konturen vun enger Militärdron - AN HIRER WIERKLECHER GRÉISST (!), déi op d’Strooss oder den Trottoir gemoolt goufen. MILITÄRDRONE sinn UAV (= unmanned aerical vehicles), dat heescht onbemannte ferngesteiert Loftgefierer, déi weltwäit fir Kricher a geheim Operatiounen agesat ginn. Si gi benotzt fir ze IWWERWAACHEN , ze KÄMPFEN , jo souguer fir Mënschen DOUT ZE MAACHEN !

Il s’avère qu’il s’agit de l’OMBRE D’UN DRONE . D’ailleurs, l’œuvre de l’artiste JAMES BRIDLE est intitulée DRONE SHADOW , ce qui en anglais veut justement dire « ombre d’un drone ». Cette dernière est constituée des contours blancs d’un drone militaire – en GRANDEUR NATURE (!) –, qui ont été dessinés sur la chaussée ou le trottoir. Les DRONES MILITAIRES sont des UAV (= unmanned aerical vehicles), c’est-à-dire des véhicules aériens télécommandés sans pilote à bord, utilisés lors de guerres et de missions secrètes. Ils sont utilisés pour SURVEILLER , COMBATTRE , pour TUER des gens aussi !

D’Libée ass ellen erschreckt. „Dat ass jo wierklech een, fir vill vun eis, ONSIICHTBART MONSTER . Mat enger Libell huet et net vill um Hutt. Mir doen de Mënschen näischt, mir kënnen net emol picken!“

Libée est effrayée. « Mais c’est carrément un MONSTRE INVISIBLE ! Rien à voir avec nous, les libellules, qui sommes inoffensives et n’avons même pas de dard pour piquer ! »


Den James Bridle huet bis elo d’Schieter vu 4 verschidde Modeller vu Militärdrone gemoolt:

1.

James Bridle a jusqu’à présent dessiné les ombres de 4 modèles différents de drones militaires :

MQ-1 PREDATOR

2.

Hermes 450 / Watchkeeper WK450 [=Wiechter gardien] Erkundung, Iwwerwaachung an Informatiounsiwwerdroung reconnaissance, surveillance et relais d’informations

[= Feind prédateur] iwwerwaacht surveille ka bewaffent ginn peut être armé

3.

MQ-9 REAPER

[= Méimaschinn moissonneuse] huet eng besser Leeschtung wéi den Predator plus performant que le Predator iwwerwaacht surveille ka bewaffent an zum Jeeër-Killer ginn peut être armé et agir comme chasseur-tueur

libée

4.

RQ-4 GLOBAL HAWK

[= Falke faucon] déi gréisste Militärdron le plus grand drone militaire net bewaffent non armé inspizéiert riseg Gebitter inspecte de grandes régions

„Mee wat wëll de Kënschtler eis domadder soen?“ Dem James ass et wichteg dass Dronen an hirer richteger Gréisst gemoolt ginn. Esou gi si SIICHTBAR GEMAACH an et gëtt iwwert si geschwat. Doduercher kann eng ëffentlech DISKUSSIOUN IWWER DRONEn an hir oft gewalttäteg Missiounen entstoen.

« Mais quel message l’artiste veut-il nous faire passer ? » Pour James, il est important que des drones soient dessinés en taille réelle. C’est ainsi qu’ils deviennent visibles . Du coup, on en parle et on peut lancer des débats publics sur les drones et leurs missions souvent violentes.

Wann s du och wëlls Drone molen, op booktwo.org/notebook/diy-drone-shadows/ fënns du d’Handbuch wat den James Bridle erausbruecht huet. Am beschten du frees 1-2 Erwuessener fir dir ze hëllefen.

Si toi aussi tu veux dessiner des drones, va sur booktwo.org/notebook/diy-drone-shadows/ où tu peux trouver le manuel de James Bridle. Demande à 1 ou 2 adultes de t’aider.


black

LOOKING FOR THE CLOUDS

box 09

CONTEMPORARY PHOTOGRAPHY IN TIMES OF CONFLICT Opléisung Solution : 17 Droneschieter ombres de drones, 1 Kontur vun enger Glace contour d'une glace.

Commissaires : Paul di Felice, Pierre Stiwer

29.04.2017-11.06.2017

Ups, ech hunn ALLEGUERTEN D’DRONESCHIETER vum James senge Fotoen op EEN EENZEGT BLAT GEFUSCHT. Kanns du mir hëllefen si auserneen ze halen? Dofir kanns du ALL D’DRONESCHIETER mat enger ANERER FAARF molen. WEI VILL DRONESCHIETER sinn et ? Hues du erausfonnt, WAT FIR EE KONTUR sech ageschlach huet?

Zut, j’ai DéCALQUé TOUTES LES OMBRES DE DRONES des photos de James sur UNE MêME FEUILLE ! Peux-tu m’aider à les distinguer ? Pour t’y retrouver, tu peux colorier CHAQUE OMBRE D’UNE AUTRE COULEUR. COMBIEN D’OMBRES y a-t-il ? As-tu trouvé l’INTRUS ?


abrëll avril

mee mai

juni juin

Son Dim

Son Dim

Son Dim

Son Dim

Sam Sam

Sam Sam

Don Jeu

Mët Mer

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

Don Jeu

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

Don Jeu

Son Dim

Son Dim

Don Jeu

Mët Mer

Son Dim

29.06.2017

25.06.2017

18.06.2017

11.06.2017

11.06.2017

10.06.2017

10.06.2017

08.06.2017

07.06.2017

04.06.2017

03.06.2017

28.05.2017

27.05.2017

25.05.2017

21.05.2017

20.05.2017

14.05.2017

14.05.2017

13.05.2017

07.05.2017

06.05.2017

30.04.2017

29.04.2017

27.04.2017

23.04.2017

16.04.2017

13.04.2017

12.04.2017

09.04.2017

11:00-12:00

13:00–16:00

13:00–16:00

15:30-16:30

13:00–16:00

11:00–15:00

15:00–17:00

14:30–17:30

14:30–17:30

13:00–16:00

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

11:00-12:00

11:00–19:00

11:00–19:00

15:30-16:30

13:00–16:00

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

11:00-12:00

13:00–16:00

13:00–16:00

14:30–17:30

14:30–17:30

15:30-16:30

Eltere-Bëbeesvisite Visite parents-bébés

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Atelier Applikatioune fir 4 Hänn Applications pour 4 mains

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Workshop fir Jugendlecher Atelier pour adolescents – DRONE SOUNDTRACKS mam avec Yves Stephany

Kanneratelier Atelier pour enfants – MENG SELWERGEBAUTEN DRON, DÉI KANN … (EF10)

Vakanzenatelier Atelier de vacances - DRONEN-ZINGLABUMM: CODING A MÉI 2/2 (AVc)

Vakanzenatelier Atelier de vacances - DRONEN-ZINGLABUMM: CODING A MÉI 1/2 (AVc)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – WOLLEKE MOLEN AN DRA LIESEN (EF8)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – LES ENFANTS CRÉENT LA UNE DE LEUR JOURNAL (EF9)

Eltere-Bëbeesvisite Visite parents-bébés

Invitation aux Musées - KLIK-KLAK BOUM

Invitation aux Musées - KLIK-KLAK BOUM

Atelier Applikatioune fir 4 Hänn Applications pour 4 mains

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – LES ENFANTS CRÉENT LA UNE DE LEUR JOURNAL (EF9)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – WOLLEKE MOLEN AN DRA LIESEN (EF8)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – MES SOUVENIRS ET MES ÉMOTIONS DANS MON CARNET DE NOTES (EF2)

Eltere-Bëbeesvisite Visite parents-bébés

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Vakanzenatelier Atelier de vacances - ZÄITGEESCHTER 2/2 (AVb)

Vakanzenatelier Atelier de vacances - ZÄITGEESCHTER 1/2 (AVb)

Atelier Applikatioune fir 4 Hänn Applications pour 4 mains

Jugendlecher adolescents

Don Jeu

Elteren+BËbeeËn Parents+bébés

Familljen familles

Teamer (Kand-Erwuessenen) binômes (enfant-adulte)

Kanner enfants


januar Janvier

februar février

mäerz mars

Sam Sam

Don Jeu

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Son Dim

Sam Sam

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

Don Jeu

Don Jeu

Mët Mer

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

Son Dim

Sam Sam

02.04.2017

01.04.2017

30.03.2017

26.03.2017

25.03.2017

19.03.2017

18.03.2017

12.03.2017

12.03.2017

11.03.2017

11.03.2017

05.03.2017

04.03.2017

26.02.2017

25.02.2017

23.02.2017

23.02.2017

22.02.2017

19.02.2017

18.02.2017

12.02.2017

12.02.2017

11.02.2017

05.02.2017

04.02.2017

29.01.2017

28.01.2017

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

11:00-12:00

13:00–16:00

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

15:30-16:30

13:00–16:00

15:00–17:00

11:00–16:00

13:00–16:00

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

14:30–17:30

11:00-12:00

14:30–17:30

13:00–16:00

15:00–17:00

15:30-16:30

13:00–16:00

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

13:00–16:00

15:00–17:00

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – EE STOP-MOTION FILM MAT AN DEN HAAPTROLLEN: FONNTE GÉIGESTÄNN (EF3)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – STORYBOARD-ATELIER (EF4)

Eltere-Bëbeesvisite Visite parents-bébés

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – BLACK LIGHT DESIGN ATELIER (EF7)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – MON COMMENTAIRE VIDÉO PLEIN D’HUMOUR (EF6)

Atelier Applikatioune fir 4 Hänn Applications pour 4 mains

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – STORYBOARD-ATELIER (EF4)

Workshop fir Jugendlecher Atelier pour adolescents – TO SELFIE OR NOT TO SELFIE: CLARA THOMINE MASTER CLASS

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – EPPES EWÉI EEN AQUARIUM … (EF1)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – EE STOP-MOTION FILM MAT AN DEN HAAPTROLLEN: FONNTE GÉIGESTÄNN (EF3)

Vakanzenatelier Atelier de vacances - (ON)SIICHTBAR GESCHICHTEN AM AUSSTELLUNGSRAUM 2/2 (AVa)

Eltere-Bëbeesvisite Visite parents-bébés

Vakanzenatelier Atelier de vacances - (ON)SIICHTBAR GESCHICHTEN AM AUSSTELLUNGSRAUM 1/2 (AVa)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – BLACK LIGHT DESIGN ATELIER (EF7)

Atelier Applikatioune fir 4 Hänn Applications pour 4 mains

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – MES SOUVENIRS ET MES ÉMOTIONS DANS MON CARNET DE NOTES (EF2)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – MON COMMENTAIRE VIDÉO PLEIN D’HUMOUR (EF6)

KLIK-KLAK Aktivitéiten Activités KLIK-KLAK

Kanneratelier Atelier pour enfants – EPPES EWÉI EEN AQUARIUM … (EF1)

Vergiesst net de Vir- an de Familljennumm vum Kand unzeginn, sou wéi säin Alter an eng Handysnummer vun den Elteren. N’oubliez pas d’indiquer le nom et le prénom de l’enfant, son âge et un numéro de téléphone portable des parents.

Son Dim

08.04.2017

13:00–16:00

Aschreiwungen Inscriptions : klik@casino-luxembourg.lu, T. (+352) 22 50 45

Sam Sam

09.04.2017

AGENDA

Son Dim



DELL’ARTEE IA D E M M O C LA ARAD T QUE MASC

13

L’ART EN TANandien,

ine, Clara Thom t Alexander Gl -Paul Jacque len et Jean he ic st er nd Loic Va in Bettina Heldenste Commissaire :

0 1. 0 2. 20 17 -0 3.

0 4 .2 0 17

interview mam entretien avec

clara thomine

Am Kader vun LA COMMEDIA DELL’ARTE - L’ART EN TANT QUE MASCARADE [Konscht als Maskespill] vun der BLACKBOX – Programmatioun vun de Méint Februar a Mäerz, hëlt de Muséesmilieu sech selwer op d’Schëpp an de Videoe vum ALEXANDER GLANDIEN , dem CLARA THOMINE an dem LOiC VANDERSTICHELEN a JEAN-PAUL JACQUET . D’KLIK huet sech méi speziell fir der Kënschtlerin CLARA THOMINE hier Aarbechten interesséiert. INTERVIEW .

Wéi ee Personnage spills du an de Videoe vun der BlackBox? A menge Videoe sinn ech eng Zort Journalistin mat rouder Perréck, déi erkläert wat si gesäit. Mee ech interesséiere mech fir ganz aner Situatioune wéi déi, déi d’Journalisten normalerweis interesséieren an ech kommentéieren se op eng ganz eegen Aart a Weis.

Dans le cadre de la programmation LA COMMEDIA DELL’ARTE L’ART EN TANT QUE MASCARADE de la BLACKBOX en février-mars, le milieu de l'art se moque de lui-même dans les vidéos d’ALEXANDER GLANDIEN , de CLARA THOMINE et de LOIC VANDERSTICHELEN et JEAN-PAUL JACQUET . La KLIK s’est intéressée plus spécialement aux travaux de l’artiste CLARA THOMINE . Entretien .

Quel personnage joues-tu dans les vidéos de la BlackBox ? Dans mes vidéos, je suis un peu comme une journaliste à la perruque rousse qui explique ce qu’elle voit. Mais je m’intéresse à des situations très différentes de celles qui intéressent les journalistes en général et j’ai une manière bien à moi de les commenter.


Clara Thomine, Popcorn, 2014

Ech sinn ëmmer

ganz éierlech, och wann ech meng eegen Interpretatioun vun der Wierklechkeet erfannen . je suis toujours très sincère, même quand j’invente ma propre interprétation de la réalité.


15

Clara Thomine, La nature, 2013

Wat ass d’Geheimrezept fir den Zuschauer un d’Laachen ze kréien?

Quelle est ta recette secrète pour faire rire le spectateur ?

Ech mengen, dass et net funktionéiert, wann een ee Rezept benotzt fir d'Leit laachen ze doen. Ech kann awer trotzdem soen, dass ech gären d’Situatiounen ëmdréinen a mir d’Wierklechkeet aneschters virstellen. Ech sinn ëmmer ganz éierlech, och wann ech meng eegen Interpretatioun vun der Wierklechkeet erfannen.

Je crois que si on utilise une recette pour faire rire, on n’y arrive pas. Malgré tout, je peux dire que j’aime bien renverser les situations et imaginer la réalité autrement. Et je suis toujours très sincère, même quand j’invente ma propre interprétation de la réalité.

Ëm wat geet et am Video POPCORN ? De Video POPCORN gouf gemaach bei der Geleeënheet vun enger Präisiwwerreechung op engem Videosfestival. Ech maache léif de Geck mam Eescht mat deem d’Präisser un déi jonk Kënschtler verdeelt ginn.

Wat ass d’Thema vum Video LA NATURE (D’Natur)? De Video LA NATURE ass an engem Musée gemaach wou opgestoppte wëll Déieren exposéiert sinn. Ech kucke si wéi wa si nach lieweg wieren an ech komme mir vir wéi een Entdecker an der Savann.

De quoi parle la vidéo «POPCORN» ? La vidéo POPCORN a été faite à l’occasion d’une remise de prix dans le cadre d'un festival de vidéo. Je me moque gentiment du sérieux avec lequel les prix sont remis à des jeunes artistes.

Quel est le sujet de la vidéo «LA NATURE» ? La vidéo LA NATURE a été réalisée dans un musée où on voit des animaux sauvages empaillés. Je les regarde en imaginant qu’ils sont encore vivants et que je suis comme un explorateur dans la savane.


passen sech de Sprooche vun de Kanner un. Les médiateurs s’adaptent aux langues parlées D’Mediateure

at

erateliere kann n r u o e p n fant rs e i s l e d’ateliere riichte sech u kanner vu bis joer (SOUWÄIT NET ANESCHT VERMIERKT). Les ateliers s’adressent aux enfants de à ans (SAUF SI INDIQUÉ AUTREMENT).

5 12

5 12

par les enfants.

klik-klak

Casinosprogramm fir kanner a familljen programme du casino pour enfants et familles

box

KLIK-KLAK

BOUM

WWW.KLIK.LU

INFORMATIOUNEN, ASCHREIWUNGEN A RESERVATIOUNEN: INFORMATIONS, INSCRIPTIONS ET RÉSERVATIONS :

nota bene!

De Casino LËtzebuerg huet d’Recht fir Ateliersaschreiwungen z’annuléieren, wann,

15 Minutten

nom annoncéierten Ufank vum Atelier, déi ageschriwwe Leit sech nach net beim Accueil presentéiert hunn. Le Casino Luxembourg se réserve le droit d’annuler les inscriptions aux ateliers si,

15 minutes après le début annoncé de l’atelier, les personnes inscrites ne

klik@casino-luxembourg.lu, t. (+352) 22 50 5

VERGIESST NET DE VIR- AN DE FAMILLJENNUMM VUM KAND UNZEGINN, SOU WÉI SÄIN ALTER AN ENG HANDYSNUMMER VUN DEN ELTEREN. N’OUBLIEZ PAS D’INDIQUER LE NOM ET LE PRÉNOM DE L’ENFANT, SON ÂGE ET UN NUMÉRO DE TÉLÉPHONE PORTABLE DES PARENTS.

se sont pas encore présentées à la réception.

• Participatioun fir d’Samschdesatelieren: 6 € / gratis mat der KLIK-Kaart oder mam Kulturpass • Participatioun fir d’Vakanzenatelieren: 14 € / 12 € mat der KLIK-Kaart • Participatioun Applikatioune fir 4 Hänn (1 Kand + 1 Begleeder): 10 € / 5 € mat der KLIK-Kaart • KLIK-KLAK Aktivitéite fir Familljen (mat Mediateur): 5 € (pro Famill) / gratis mat der KLIK-Kaart • KLIK-KLAK Box (ouni Mediateur): gratis aus ze léinen

• Participation ateliers du samedi : 6 € / gratuit avec la KLIK-Kaart ou avec le Kulturpass • Participation ateliers de vacances : 14 € / 12 € avec la KLIK-Kaart • Participation Applications pour 4 mains (1 enfant + 1 accompagnateur) : 10 € / 5 € avec la KLIK-Kaart • Activités KLIK-KLAK pour familles (avec médiateur) : 5 € (par famille) / gratuit avec la KLIK-Kaart • KLIK-KLAK Box (sans médiateur) : à emprunter gratuitement


atelier 17

Eppes ewéi een Aquarium … mat Fësch déi liichten a Leit déi blénken!

EF1

28.01

04.03

Aus enger Schongkëscht entsteet eng Zort Aquarium an deem mysteriéis Awunner doheem sinn: eng Mëschung zwëschen enger biolumineszenter Ënnerwaasserdéierewelt an enger liichtender „Nuetsfauna“, alles aus Kartong, awer mat phosphoreszente Faarwen! D’une boîte à chaussures naît une sorte d’aquarium aux habitants mystérieux : un mélange entre une faune sous-marine bioluminescente et une « faune » nocturne lumineuse, le tout en carton, mais aux couleurs phosphorescentes !

Mes souvenirs et mes émotions dans mon carnet de notes EF2

11.02

d’humour

EF3

25.02

EF6

D’Kanner entdecken d’Videoe vun der BlackBox, déi voller Humor an Ironie sinn. Duerno entwéckele si hiren eegene Video mat witzege Kommentaren iwwert eng Beobachtung, eng Saach oder eng Persoun. Les enfants découvrent les films vidéo de la BlackBox qui sont pleins d’humour et d’ironie. Ils réalisent à leur tour une vidéo avec des commentaires drôles sur une observation, un objet ou une personne.

Black Light Design Atelier

EF7

18.02

25.03

08.04

D’Kanner brénge fonnte Géigestänn mat an den Atelier. A Gruppen erfanne si eng kuerz Geschicht an där 3 Géigestänn „matspillen“. Mat Hëllef vun der Stop-Motion Technik ginn d’Géigestänn animéiert an et entsteet ee flotte Film! Pour l’atelier, les enfants amènent des objets trouvés. En groupes, ils inventent une petite histoire dans laquelle 3 objets « jouent » les rôles principaux. À l’aide de la technique du stop-motion, les objets s’animent pour aboutir à un chouette film.

Storyboard-Atelier EF4

EF8

18.03

Déi däischter ChannelBox ass haut de Kanner reservéiert. Do gi Black Lights installéiert an da geet et lass: vu greller Deko, déi ee vum Hocker rappt, bis Kanner, déi liichten a vu Freed hopsen! L’obscurité de la ChannelBox appartient aujourd’hui aux enfants. On y installe des lumières noires et c’est parti : une décoration qui éblouit et des enfants « lumineux » qui sautillent de joie !

N.B.: 29.04. Atelier am Kader vun dans le cadre des Journées du livre et du droit d’auteur zum Thema sous le thème Mam Buch an d’Zukunft Books – Future Visions

Wolleke molen an dra liesen

04.02

29.04

Mat hirem frësch gebastelten Heftche spadséieren d’Kanner duerch d’Ausstellung. Si notéieren unhand vun Zeechnungen oder Wierder ee Gefill, een Erliefnis, ee Souvenir. Duerno verschaffe si hir Notizen zu klenge Wierker. Munis de leur carnet fraîchement fabriqué, les enfants se baladent dans l’exposition. Ils notent par le dessin ou par des mots une émotion, une sensation, un souvenir. À partir de leur carnet de notes, les enfants réalisent des petites œuvres.

Ee Stop-Motion Film mat an den Haaptrollen: fonnte Géigestänn

Mon commentaire vidéo plein

06.05

03.06

D’Kanner kucke sech den Himmel un (oder gi vu Fotoe vu Wolleken aus ...) fir an de Wolleken ze liesen. Duerno „mole” si selwer mat Waasser, Faarf a Salz hiren eegene bedeckten Himmel an entdecken d’Wollekebewunner déi sech dra verstoppen. En regardant le ciel (ou en partant de photos de nuages… ), les enfants apprennent à lire dans les nuages. Ils dessinent ensuite avec de l’eau, de la peinture et du sel un ciel plein de nuages dans lequel se cachent de drôles d’habitants.

11.03

01.04

U wat erënneren eis d’Installatioune vu FORT? D’Kanner denke sech kuerz Geschichten aus ronderëm eng Tankstell, ee Mantelbriet, ee Snackautomat ... Jiddwer Kand zeechent vu senger Geschicht ee Storyboard. An den Tournage kann ufänken! Que nous inspirent les installations de FORT ? Les enfants imaginent de courtes histoires autour d’une station-service, d’un porte-manteau, d’un distributeur de snacks… Chaque enfant réalise un scénarimage ou « storyboard » de son histoire. Et le tournage peut commencer !


Les enfants créent la une de leur journal

13.05

EF9

Meng selwergebauten Dron, déi kann … EF10

27.05

10.06

D’Kanner sichen e puer Neiegkeeten a schwätzen driwwer. Esou wéi an enger Zeitungsredaktioun, gestalte si a klenge Gruppen déi éischt Säit vun hirer Zeitung. Déi verschidden Titelsäiten ginn nieftenee gehaangen, wéi an der Casinosausstellung. Les enfants sélectionnent des sujets d’actualité et en discutent. Comme dans la rédaction d’un journal, ils conçoivent par petits groupes la première page de leur journal. Les différentes « unes » sont accrochées les unes à côté des autres, comme dans l’exposition du Casino.

Wat ass eng Dron? Wéi grouss ass se? Wat ka se? D’Kanner entdecken d’Dronen aus der Ausstellung a baue sech hir eegen Dron, déi dat kann, wat d’Kanner sech ausdenken. Qu’est-ce qu’un drone ? Quelle est sa taille ? À quoi sert-il ? Les enfants s’inspirent des drones montrés dans l’exposition. Ils en construisent un capable de faire tout ce que les enfants ont envie qu’il fasse.

(On)siichtbar Geschichten

Zäitgeeschter

am Ausstellungsraum

22+23.02

AVa

Fuesent Carnaval

mam avec Claire Thill, Schauspillerin a Performancekënschtlerin actrice et artiste de performance fir Kanner vu 7 Joer un pour enfants à partir de 7 ans

12+13.04

mat der Kënschtlerin avec l’artiste Claudia Passeri fir Kanner vu 7 Joer un pour enfants à partir de 7 ans

AVc

07+08.06

mam avec Steve Clement vun de SECURITYMADEIN.LU, fir Kanner vun 8 Joer un pour enfants à partir de 8 ans D’Kanner bauen zesummen een Hindernisparcours fir Dronen déi an der Loft fléien a fir Dronen déi um Buedem „sprangen“. Da ginn d’Drone vun de Kanner programméiert (Coding) a ginn erausgeschéckt op Schatzsich. Wéi eng Dron huet als éischt de Schatz gelueden? Les enfants construisent ensemble un parcours d’obstacle pour des drones volants et pour des drones qui se déplacent au sol. Les enfants apprennent ensuite à programmer les drones (coding) et se mettent à la recherche d’un trésor. Quel drone arrivera à charger le trésor en premier ?

bastelen bricolage molen dessin performance verkleeden déguisement

Ouschteren Pâques

Den Atelier inspiréiert sech um Claudia Passeri sengem Wierk Zeitgeist: Karl Cobain dat am ca(fé)sino liicht. Mat der Kënschtlerin schwätzen d’Kanner vum Zäitgeescht a vum Geescht vun der Plaz an denke sech zesummen eng Installatioun am „Aquarium“ aus, déi aus Sound, Luucht, Projektiounen oder Performance bestoe kann. L’atelier s’inspire de l’œuvre Zeitgeist: Karl Cobain de Claudia Passeri qui illumine le ca(fé)sino. Avec l’artiste, les enfants parlent de l’esprit du temps et de l’esprit du lieu et imaginent ensemble une installation dans l’« Aquarium » constituée de son, de lumière, de projections ou de performances.

D’Kanner benotzen d’Wierker vu FORT als Bühnebiller: Si erfanne kuerz Zeene wou si Fabelfiguren a komesch Personnagen duerstellen. Sou gi kleng Geeschtergeschichten erzielt, déi d’Raim op eng onheemlech Manéier bespillen … Les enfants se servent des œuvres de FORT comme décors de théâtre : ils inventent de courtes scènes en incarnant des personnages fabuleux et étranges. Les petites histoires d’épouvante ainsi racontées plongent les salles d’exposition dans une ambiance étrange et inquiétante …

Dronen-Zinglabumm: Coding a méi

AVb

sichen recherche

plastilinn PÂTE À MODELeR grafik graphisme coding programmation bauen construction

rodEn devinette

TABLETT TABLETTE TACTILE Foto photo

Päischten Pentecôte

video collage


atelier 19

KLIK-KLAK Boum

L’Invitation aux Musées 20+21.05

klik-klak

Am Kader vun der Invitation aux Musées, de Weekend vum 20. an 21. Mee 2017, organiséiert de Casino Lëtzebuerg d’KLIK-KLAK Boum, ee spezielle Programm fir Kanner a Familljen. Do ginn et KLIK-KLAK Aktivitéieten um lafende Band, Applikatioune fir 4 Hänn Atelieren, Eltere-Bëbeesvisitten an an an ...

À l’occasion de L’Invitation aux Musées, le week-end du 20 et 21 mai 2017, le Casino Luxembourg organise la KLIK-KLAK Boum, un programme spécial pour enfants et familles. Il y aura des Activités KLIK-KLAK pendant toute la journée, des ateliers Applications pour 4 mains, des visites parents-bébés et et et…

De komplette Programm gëtt op www.klik.lu anoncéiert. Save the date!

Le programme complet sera annoncé sur www.klik.lu. Save the date !

all sonndeg tous les dimanches

AKTIVITÉITE FIR familljen ACTIVITÉS

klik-klak

13:00-16:00

POUR familles Oppenen Atelier am „Aquarium“ mat engem Mediateur. Atelier libre dans l’« Aquarium » encadré par un médiateur.

Applikatioune fir Applications pour

Opgepasst: neien Horaire! Attention : nouvel horaire !

Hänn mains

klik-klak

all dag

BOX

ausser dënschdes

Eng Walliss mat Bastelaktivitéiten zu den Ausstellunge fir gratis aus ze léinen an der Receptioun vum Casino Luxembourg. Une valisette pleine d’activités autour des expositions, à emprunter gratuitement à la réception du Casino Luxembourg.

tous les jours sauf le mardi

12 .0 2

12.03

09.04

14.05

11.06

23.02

30.03

27.04

25.05

29.06

Sonndesateliere vun 15:30 bis 16:30 Auer mat iPads fir 10 Teamer (Kand / Erwuessenen). Ateliers du dimanche de 15:30 à 16:30 heures avec iPads pour 10 binômes (enfant / adulte).

Eltere-BËbeesvisitten Visites parents-bébés

Eemol am Mount donneschdes vun 11 bis 12 Auer treffe sech jonk Eltere mat hire 0 bis 24 Méint ale Bëbeeën (am Droduch oder an der Poussette) am Casino fir all zesummen eng Féierung durch d’Ausstellung ze maachen. Les jeunes parents accompagnés de leurs tout jeunes enfants (0-24 mois) en porte-bébé ou en poussette se retrouvent une fois par mois, le jeudi de 11 à midi, au Casino pour une visite guidée de l’exposition.

HAPPY BIRTHDAY @ CASINO

EN COLLABORATION AVEC LE CA(FÉ)SINO, LE CASINO PROPOSE 3 FORMULES :

AN ZESUMMENAARBECHT MAM CA(FÉ)SINO, BITT DE CASINO 3 ALTERNATIVEN UN:

FORMULE 1 : VISITE, ATELIER CRÉATIF ET BOISSONS (libre à vous d'apporter un gâteau ou une autre collation). Prix : 250 € / 212 € avec la KLIK-Kaart.

1. OPTIOUN: FÉIERUNG, KREATIVEN ATELIER A GEDRÉNKS (gäre kënnt Dir

Prix : 325 € / 287 € avec la KLIK-Kaart.

ee Kuch oder soss ee Snack matbréngen). Präis: 250 € / 212 € mat der KLIK-Kaart.

2. OPTIOUN: FÉIERUNG, KREATIVEN ATELIER, GEDRÉNKS A GEBUERTSDAGSKUCH.

Präis: 325 € / 287 € mat der KLIK-Kaart.

3. OPTIOUN: FÉIERUNG, KREATIVEN ATELIER, GEDRÉNKS, GEBUERTSDAGSKUCH AN ANERT GEBÄCK. Präis: 385 € / 347 € mat der KLIK-Kaart. DAUER: 2,5 STONNEN. MAXIMAL 12 KANNER (5 BIS 12 JOER). ENCADREMENT VUN DE KANNER AN DER GEWËNSCHTER SPROOCH.

FORMULE 2 : VISITE, ATELIER CRÉATIF, BOISSONS ET GÂTEAU D'ANNIVERSAIRE.

FORMULE 3 : VISITE, ATELIER CRÉATIF, BOISSONS, GÂTEAU D'ANNIVERSAIRE ET AUTRES PÂTISSERIES. Prix : 385 € / 347 € avec la carte KLIK. DURÉE : 2 H 30. MAXIMUM 12 ENFANTS (5 À 12 ANS). ENCADREMENT DES ENFANTS DANS LA LANGUE SOUHAITÉE.


41, rue Notre-Dame L – 2240 Luxembourg www.casino-luxembourg.lu

KLIK = clique,

phonetesch geschriwwen*.

Clique ass eng Grupp, eng Band vu Kollegen.

eng

= KLIcK,

phonetesch geschriwwen*.

"Klick" ass d’Geräisch vun engem Fotosapparat, wann een op de Knäppchen dréckt fir eng Foto ze maachen. Ee Klick mécht een och mat

der Maus oder mam Taaschtfeld vum Computer.

*Phonetescht Alphabet =

dat ass een Alphabet wat d’Wierder schreift

ISBN: 978-99959-30-57-8

esou wéi si ausgeschwat ginn, an net wéi si richteg geschriwwe ginn.

KLIK = clique,

rédigé de manière phonétique*.

groupe, une bande de copains.

une clique est un

= CLIc,

rédigé de manière phonétique*.

"clic" est le bruit produit par un appareil photo en poussant le déclencheur. On fait aussi des clics avec la souris ou le pavé tactile de l’ordinateur. * Alphabet phonétique = alphabet qui écrit les mots selon leur prononciation, et non selon leur ORTHOGRAPHE correcte.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.