1 minute read
Konveniat Club des Jeunes Ell
from Inform'Ell N°2/2023
by Gemeng Ell
55 Joer Konveniat vum Club des Jeunes Ell
Advertisement
den 28. Januar 2023 am Centre Camille Ney
De Club des Jeunes Ell huet all seng fréier an aktuell Memberen agelueden op hire 55. Konveniat. Zënter 1967 gëtt et de CDJ ELL, an dëst Joer hu sech vun +/- 200 Memberen der 80 ugemellt.
Lass gaangen ass et géint 16h00 mat enger Féierung duerch déi nei Gemengegebaier an Infrastrukturen, geleet vum Buergermeeschter Armand Schuh an dem 1. Schäffen Henri Rasqué.
No enger schéiner Mass zum Gedenke vu verstuerwene Memberen, geleet vum Père Vincent Billot, ass et dunn an de Centre Camille Ney gaangen, wou de President Jo Schoujean d' Memberen all häerzlech mat enger Ried begréisst huet.
An héi drënner dem Jo seng Ried:
Ech begréissen iech all häerzlech op eisem 55. Konveniat vum Club des Jeunes hei zu Ell. Ech si frou, dass der iech alleguerten Zäit geholl hutt, fir den Owend mat eis ze verbréngen.
55 Joer ass eng laang Zäit: Viru 55 Joer gouf vu mir a villen anere Membere nach guer net geschwat. Et sinn awer och Leit hei am Raum, déi eise Club scho säit den Ufankszäite kennen an als Member begleet a beräichert hunn. An dat ass genau dat, wat et sou flott mécht, fir sou een Owend wéi haut zesummen ze verbréngen Fir Erfarungen an Erënnerungen auszetauschen, iwwert al Geschichten ze laachen, neier ze plangen a villäicht di eng oder aner Liewenswäisheet vun den alen Huese bäibruecht ze kréien.