2 minute read
55 Joer CDJ Ell
from Inform'Ell N°2/2023
by Gemeng Ell
Bei engem Veräin mat sou enger laanger Geschicht, ass et natierlech normal, dass net jiddwereen all Mënsch heibanne kennt. Dofir stellen ech mech lo mol fir. Ech sinn de Jo Schoujean, kommen aus dem Kazeneck a sinn elo säit knapps engem Joer President. Verschiddener heibanne wäerte bestëmmt och mäi Papp, de Jean-Luc oder och Yuppi genannt, aus hirer Zäit kennen.
Hei nieft mir gesitt dir den aktuelle Comité: de Kevin Liber, eise Vizepresident, de Pierre Achten, eise Caissier, deen och Pier genannt gëtt, d’Nora Schlesser, eis Sekretärin, den Dennis Liber, eise Clubsall-Manager an natierlech de Rick Schlesser, dee viru mir jorelaang President war. Ech entschëllegen och heimat den Antoine Lecomte, deen haut leider net hei ka sinn. Ouni ee gudde Comité wär dat hei alles guer net méiglech, dofir ee rise grousse Merci un si.
Advertisement
Merci och un all déi aner Memberen,déi ëmmer eng Hand mat upaken. Och dem Paschtouer soen ech Merci fir déi schéi Mass.
Awer virun allem soen ech der Gemeng villmools Merci. Ouni hir Ënnerstëtzung wäre mir net do wou mer haut sinn. Merci fir den alljärleche Subsid a Merci och, dass si eis haut den Éierewäin spendéiert hunn. Mir kënne frou sinn, eng Gemeng ze hunn, déi ëmmer hannert eis steet. Sou stelle si eis zum Beispill de Centre fir eis Baler an de Clubsall, an deem mir schonn Tonnen onvergiesslech Owender erlieft hunn, zur Verfügung. Wa mir eemol Hëllef brauchen ass d’Gemeng ëmmer do an dat ass net selbstverständlech. Am Géigenzuch probéiere mir och sou vill wéi méiglech zum gudde Gemengeliewe bäizedroen.
Ee spezielle Merci geet un eise Buergermeeschter, den Armand an den Heng, déi eis erméiglecht hunn, haut dee flotten Tour duerch d’Gemengegebaier ze maachen.
Wéi iech villäicht schonn opgefall ass, si mir leider e bësse spéit u mat eisem Konveniat, well de Club des Jeunes dëst Joer eigentlech schonn seng 56 Joer feiert, an dofir entschëllegen ech mech. Leider waren déi lescht Jore fir eis, sou wéi fir all Mënsch, zimmlech komplizéiert. Sou misste mir eis Meenuecht zum Beispill zwee mol hannerteneen ofsoen a kruten deementspriechend och keng Suen an d’Keess. Trotzdeem hu mir probéiert, dat Bescht draus ze maachen a kleng Aktivitéiten ze organiséieren, wéi zum Beispill de Meekranz fir d’Margot an och ee fir de chineesische Restaurant ze wéckelen. Natierlech hu mir drop opgepasst, all Reegelen anzehalen.
Ëmsou méi frou si mer, dass mer déi schwiereg Zäit lo hannert eis hunn a positiv an d’Zukunft blécke kënnen. Dat lescht Joer krute mir dann och rëm vill jonk a motivéiert Membere bäi, wat mech immens frou mécht. Ech weess nach ganz genau, wéi ech deemools viru 7 Joer an de Club komm sinn. Am Ufank war ech zwar bësse skeptesch, mee zum Gléck huet de Rick net locker gelooss a mech sou laang genervt, bis e mech iwwerriet krut, fir eemol an de Clubsall ze kommen.
Wéi der gesitt huet et mer zimmlech gutt gefall, a säitdeem ass de Club des Jeunes och net méi aus mengem Liewe wech ze denken. Ech mengen, dat läit awer och an der Famill, well och mäi Papp war jorelaang am Club an och am Comité.