3 minute read
TOURNOI INTERNATIONAL WU13
from Inform'Ell N°2/2023
by Gemeng Ell
zu Seclin (F)
Advertisement
Den SC ELL huet matengerEkippJeunesFillesWU13opder1. EditiounvumWomen’s International TournamentU13FzuSeclin(beiLille a Frankräich)deelgeholl.Um Turnéierhu
24 Ekippen aus Frankräich,Däitschland,Holland,Belge,Polen a Lëtzebuerg matgespillt. No engerregionaler Prequalifikatioun, déiamVirfeldgespilltgouf, a wou 4 vu16Ekippe sech qualifizéierthufirdësen Turnéier, ware miralsSCELLglécklech, engvundeenen20 Ekippen ze sinn.
D‘Affichevum Turnéier warschonn impressionnantmatvillenEkippen ausProfi-Veräiner, wéi z.B. Paris-Saint-Germain,FCNantes,ClubdeBrugge, FCTwente,AlemaniaAachen, RAAL Louvière, Standard de Liège, Saint-Etienne, OSC Lille an … SC ELL.
E flottenOuschterweekendhuetd’JeunesFilleserwaart. Samschdes, umfréieMoie, simir mat Minibussergutt 3 StonnenopSeclingefuer. Hei konnteneisjonkMeederchernach e bëssi raschten, éier et dukuerznoderArrivée scho lassgaangen ass.D’Meedercher waren nawell e bëssi opgereegt, hunn sech awer riseg gefreet, do ze sinn.
Denéischten Dagstunge 5 QualifikatiounsmatcherumProgrammandenSCELLassgéint Victoria Mulhouse, FCSeclin, RAALLouvière, AlemaniaAachenanAS Saint EtienneanderGrupp ugetrueden.
Den1.MatchhunneisMeedercheronglécklech mat 0-1 géint Victoria Mulhouse verluer, mee schonns den2.Matchkonntesimat 4-0 géintdenFCSeclingewannen.Duwaroch scho Mëttespaus an all d’Ekippe konnten Iesse goen (offréiert vum Organisateur).
No dem Iesse war déi offiziellEröffnungszeremonie, wou all d’Ekippen an engem Defilé um Terrain d’honneur hier Faarwe vertrueden hunn.
Weider am Programm… den 3. Match hunn eis Meedercher 0-1 géint RAAL Louvière verluer, éier si am 4. Match nees konnten 1 Punkt huele mat engem 0-0 géint d’Alemania Aachen. Dee leschte Match um Samschde, géint AS Saint-Etienne ass leider och mat 0-1 verluer gaangen
Klassement vum Samschden:
1. Victoria Mulhouse
2. AS Saint Etienne
3. Alemania Aachen
4. RAAL Louvière
5. SC ELL
6. FC Seclin
Den éischten Dagum Terrain war gepackt, an eis Meedercher hu e bëssi onglécklech op der 5. Plaz vum Grupp ofgeschloss,wou awer sécherlech méi dra war.
Duerno ass et Richtung Hotel gaange, wou d’Meedercher, Trainer a Supporter sech fäerdeg gemaach hunn, fir zesummen ee flotten Owend ze verbréngen; Pizzaowend an der Pizzeria Fratelli zu 40 Leit. Den Ouschterhues hat d’Meedercher och net vergiess, vun eisem Präsident Jean-Michel Wahl kruten d’Meedercher eng Corbeille voller Schokela
Nom Restaurant goung et zeréck an den Hotel, wou d’Spillerinne mat vollem Mo a vill Middegkeet an d’Bett gefall sinn.
Den 2ten Dag, um 7 Auer moies, waren d’Meedercher schonn nees um Dill, fir d’Frühstück an dann direkt op den Terrain. Dëse war nach mat vill Niwwel bedeckt, mee et sollt am Laf vum Moie séier opklären an den Turnéier konnt bei beschtem Wieder weidergoen.
Um Sonnde waren d’Platzéierungsmatcher vun der 17. bis 24. Plaz. Hei gewannen eis Meedercher den éischte Match géint d’Akademia Górnika Zabrze (Polen) mat 1-0 an den zweete Match gouf mat 2-0 géint Villneuve d’Asq Foot-Fémin gewonnen Am leschte Match fir déi 17. an 18. Plaz hu mir géint USL Dunkerque mat 0-2 verluer a klasséieren eis schlussendlech op der 18. Plaz.
D’Finall vum Turnéier ass tëschent dem Club de Brugge an dem FC Nantes gespillt gi, wou Brugge sech mat 2-1 konnt duerchsetzen.
Vainqueur Challenge Penalty
Nieft dem flotten Turnéier hat den Organisateur och ee „Penalty Challenge“ organiséiert, wou et zu enger Finall koum tëschent dem Club de Brugge (Gewënner vum Turnéier) an dem Sporting Club ELL. Bei béid Ekippen huet all Meedche missen untrieden a schéissen an hei konnten eis Meedercher vum SC ELL sech duerchsetzen an de „Penalty Challenge“ gewannen.
Vainqueur Challenge Fair Play
D’Präisiwwerreechung hat nach eng weider Iwwerraschung parat… eis Ekipp krut net nëmmen eng Coupe fir déi 18. Plaz an eng weider als Gewënner vum „Penalty Challenge“ iwwerreecht, mee „jamais 2 sans 3“ den SC ELL krut och den „Trophée Fair Play“.
E grousse Merci un den FC Seclin an den OSC Lille fir dee flottenTurnéier, wou firdenSC ELL de Spaass um Fussball am Vierdergrondstoung.
EeschéintErliefnisfireisMeedercher, déi alleguer, villäicht e bëssimidd, matengem Laachen heemgefuer sinn.
Éischt-Hëllef-um-Hond Formatioun, den 23. Abrëll 2023 am Centre Camille Ney zu Ell
Den 23. Abrëll 2023 hat „Mantrailer am Wëlle Westen“ den 2. Éischt-Hëllef-um-Hond Seminar an der Gemeng Ell organiséiert. 14 interesséiert Hondsbesëtzer hu mat hire jeweilege 4-Beener un der Formatioun Deel geholl a geléiert, wéi sie hirem Hond am Noutfall hëllefe kënnen.
De Cours, deen aus 3 Stonnen Theorie an 3 Stonne Praxis bestan huet, hat grousse Succès bäi de Leit. Zum Schluss ass et en Diplom ginn, fir jiddereen, deen derbäi war.
Hei e puer Impressiounen aus dem Cours:
Se waren all déck begeeschtert – Avis aux amateurs !!
Den nächsten 1. Hëllef-um-Hond Cours dee „Mantrailer am Wëlle Westen“ organiséiert, ass och rëm zu Ell am Centre Camille Ney, sonndes, den 12. November 2023.
Infoen an Umeldungen op mtww@pt.lu oder um 621 166 934.
Onst Buch zur Formatioun „1. Hëllef um Hond a méi“ kritt dir fir 25 € iwwer dee selwechte Wee ze kafen.
Et ass dat éischt Buch zu dem Thema, wat a lëtzebuerger Sproch eraus komm ass.
Vill Fotoën an Zeechnungen – praktesch Uweisungen – Rotschléi – 60 Säite puer Informatioun