1 minute read
Konveniat Club des Jeunes Ell
from Inform'Ell N°2/2023
by Gemeng Ell
Duerch de Club des Jeunes hunn ech vill Kolleege fir d’Liewe fonnt. Ausserdeem hunn ech geléiert, wat et heescht Verantwortung ze iwwerhuelen an eppes ze schaffen, wéi zum Beispill d’Buerg opzeriichten. Déi, déi mech kennen, wësse jo dass Schaffen eigentlech net zu menge Stäerkte gehéiert. Dat ka mäi Papp iech bestëmmt bestätegen.
Advertisement
Wärend dësem Owend wäerte mer nach Fotoe vun de leschte Joerzéngten iwwert de Beamer lafe loossen. Ausserdeem wäerte mir iech och nach puer Videoe vun Aktivitéite vu virun 20-30 Joer weisen. Merci un de Georges Even, deen eis déi zur Verfügung gestallt huet.
Ausserdeem hunn mir ee Quiz virbereet, bei deem der eppes Klenges gewanne kënnt. Dee wäerte mer da gläich verdeelen. Ausserdeem hu mer eng Fotobox hei stoen, also zéckt net fir wärend dem Owend genuch Fotoe fir d’Erënnerung ze maachen.
Iert ech iech awer lo mat mengem Geschwätz nerven, géif ech proposéieren, dass mer eemol all eis Glieser hiewen an op de Club des Jeunes ustoussen. PROST
Zum Schluss komme mer awer nach zu enger Saach, déi mer schonn éiweg maache wollten, awer bis lo nach ni ëmgesat hunn. Dofir géif ech lo d’Wuert weider ginn un eis Sekretärin, un "Le Rêve du Petit Prince asbl" un "Die Kindernothilfe Luxemburg" un "Een Häerz fir kriibskrank Kanner"
Nora huet dann ugekënnegt dass den CDJ vir seng 55 Joer ze feieren och passend eng Zomm vun 5.500 € wäert spenden.
Déi éischt zwou Spende si vum Comité selwer raus gesicht, mam Schwéierpunkt op Hëllef vir Kanner a Jugendlecher.Fir déi 500 € sinn all Member um Konveniat befrot ginn, wou déi Spend hi goe soll.