CGDIS_Magazine112_N°1

Page 62

LA RELÈVE EST ASSURÉE

Dir als Pompjeeë sidd de wichtegste Pilier vum CGDIS. All Dag rett Dir Liewen a setzt Iech fir d’Sécherheet vun Äre Matmënschen an. Dësen Deel vum Magasinn ass dohier Iech, ob Jugend, operationelle Pompjee oder Veteran, dediéiert.

Communauté Léif Jugend­pompjeeën Jean-Jacques Schroeder - Chef de département pompiers volontaires

Duerf ech mech kuerz virstellen? Mäin Numm ass Lio Liewensretter an ech hëllefe beim CGDIS fir nei Jugendpompjeeën ze fannen. Dir kënnt mech roueg Lio nennen, da weess direkt jidderee wie gemengt ass. Den 10. Abrëll vun dësem Joer waart Dir alleguer gefrot gi fir een Numm fir mech ze fannen an den 10. September huet eng Jury sech déi 51 verschidden Nimm ugekuckt, déi erageschéckt goufen a sech drop festgeluecht datt ech soll Lio heeschen. Den Numm Lio war dräi mol propo­ séiert ginn a sou duerfen sech och elo d’Jugendpompjeeën aus dräi CISen sech freeën, fir un engem flotten Ausfluch deelzehuelen. Ech freeë mech op alle Fall Iech alleguer kennenzeléieren an dofir ze

CGDIS

suergen, datt mir vill weider Liewensretter fannen déi och an Zukunft dofir suergen, datt de CGDIS ëmmer genuch fräiwëlleg a berufflech Pompjeeën zur Verfügung huet, fir alle Leit an Nout séier a kompetent ze hëllefen. An Zukunft wäert Dir mech méi oft gesinn, Dir wäert iwwerrascht sinn, wou ech iwwerall optauchen. Lio

Jury Serge Gillen: CIS Bourscheid, Chef CIS adjoint a Jugendleeder Fränk Hermes: CIS Pétange, Präsident vun de Lëtzebuerger Jugenpompjeeën Jeannot Kemp: CIS Grevenmacher-Mertert, Chef CIS Nathalie Locorotondo: Direction de la Coordination Opérationnelle Jean-Jacques Schroeder: Département des pompiers volontaires Nathalie Schumann: Direction Générale, Service Communication Alain Weisgerber: Chef de Zone, zone Nord Moderatioun an Organisatioun: Jeffrey Weyer, Département des pompiers volontaires D’Gewënner vum Concours sinn d’Jugend­pompjeeë vum: CIS Kayl-Tétange, CIS Junglinster, CIS Weiler-la-Tour Si kënnen sech op ee flotten Dag am Europapark freeën!

62

Bass du un engem aussergewéinlechen Hobby interesséiert? Da gëff Jugend­pompjee am CGDIS! Eng nei Brochure fir op d’Aktivitéite vun de Jugendpompjeeën opmierksam ze maachen ass vun elo un disponibel a ka beim Service communication bestallt ginn: communication@cgdis.lu 49771 – 2046


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.