4 minute read

MANTERNACH

Next Article
FOTOSZALOT

FOTOSZALOT

Interview mam Buergermeeschter JEMPI HOFFMANN

D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Manternach

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2021

Steckbréif

Gemeng Manternach

DIERFER Berbuerg, Manternach, Mënjecker, Lelleg FLÄCH 2.768 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 2.113 AWUNNER BIS HAUT 2.154 NATIONALITÉITEN 47 BUERGERMEESCHTER Jempi Hoffmann SCHÄFFEN Alix Klein-Ungeheuer, Claude Theisen GEMENGERÉIT Fränky Hellers, Henriette Klein-Seil, Isabelle Krier-Steinmetz, Rosy Lehmann-Thoss, Roby Mehlen, Alice Schram-Petri

Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles weidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéi eng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen?

Dat Wichtegst ass natierlech d´Gesondheet vun de Leit, an awer och hiert Wuelbefannen innerhalb vun der Gemeng. Eng Gemeng kann de Leit op verschidden Aart a Weisen hëllefen. Wichteg ass, dass eng Gemeng och an dëse schwieregen Zäiten hir Servicer ubitt an doriwwer eraus awer och nach weider Aktioune lancéiert, wéi beispillsweis een Akafsservice. Weiderhi waren d´Gemengen e wichtegen Acteur bei der Verdeelung vun de Masken.

Wéi hëlleft Är Gemeng sengen Awunner a senge Veräiner duerch dës schwéier Zäit vun der Pandemie?

Als kleng Gemeng ass dat natierlech net sou evident. Mir hunn awer versicht, fir duerch verschidde Mesurë wéi duerch den Akafsservice, dee mir zesumme mat fräiwëllege Bierger gestart hunn, besonnesch den eeleren a vulnerabele Leit ze hëllefen. Fir d´Veräiner, déi fir mech e ganz wichtege Pilier vum soziale Liewe sinn a ganz wäertvoll Aarbecht leeschten, zemools fir eis Jugend, hu mir am Gemengerot en extraordinäre Subsid gestëmmt fir hinnen an dëser schwéierer Zäit ze hëllefen. Och soss probéiere mir permanent fir eis Bierger a Veräiner do ze sinn.

Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus?

Mir hunn zesumme mat de Veräinsvertrieder, besonnesch mat de Sportsveräiner, Konzepter ausgeschafft fir dës Aktivitéiten sou weit wéi méiglech weider lafen ze loossen, well se wichteg fir d‘Gesondheet an déi sozial Kohäsioun sinn. Leider si mëttlerweil rëm nei Restriktioune komm. Déi meescht Manifestatiounen hunn natierlech missen ausfalen, mee vill Veräiner hunn sech aus deem Grond flott Alternativen afale gelooss.

Ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt?

Eis Seniorekommissioun huet sech, well déi geplangten Adventsfeier ausfale wäert, eng kleng Iwwerraschung fir eis eeler Matbierger afale gelooss. Fir de Rescht leider net vill. Mir kënne just hoffen, dass sech d´Situatioun séier verbessert.

Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéieen Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn?

Déi aktuell Situatioun wäert leider e grousse finanziellen Impakt op d´Gemengefinanzen hunn. Aus deem Grond fannen ech et och schued, dass d´Regierung do kaum eppes ënnerhëlt fir de Gemenge finanziell ze hëllefen. D´Gemenge sinn e wichtegen ekonomeschen Acteur, déi mat dofir suergen, dass eis kleng a mëttelstänneg Betriber gutt funktionéieren. Trotz de Schwieregkeete wëlle mir eis Projeten, déi natierlech lo schonn e puer Méint Retard kréien, weiderféieren, noutfalls mat engem Emprunt. Grad a Krisenzäiten ass et wichteg an d´Zukunft vun der Gemeng ze investéieren.

Och wann di Zäit vun der Pandemie net einfach ass, goufen et awer och positiv Aspekter. War hei eppes Extraes an Ärer Gemeng wat een erwäne kann?

Ech denken do kann ee virun allem eng grouss Solidaritéit an Hëllefsbereetschaft ënnert de Leit ervirhiewen. D´Leit hunn sech insgesamt och, mat e puer Ausnamen, gutt un d´Consignë vun der Regierung gehalen. Doniewent fannen ech perséinlech, dass een och mol méi Zäit hat fir d‘Famill an d‘Frënn, wat och net soll ze kuerz kommen. An natierlech de Sport net ze vergiessen, dee vill Leit fir sech entdeckt hunn.

Konnten trotz der Pandemie Projeten an Ärer Gemeng fäerdeggestallt ginn?

Mir hu wärend der Pandemie wichteg Kanalisatiounsaarbechten zu Berbuerg konnte fäerdegstellen an ee Stroossebauprojet ass, trotz de Retarden, gutt virugaangen. Fir de Rescht konnte mir de Projet „de séchere Schoulwee“ presentéieren, duerch deen d´Sécherheet fir d´Foussgänger op de Stroosse soll erhéicht ginn. Dëst ass awer e Projet, un deem mir och an de nächste Joren nach vill wäerte schaffen.

Duerch d’Pandemie war de Summer dëst Joer anescht. Vill Leit hu Vokanz Doheem gemaach. Wéi war den Zoulaf un Touristen dëst Joer bäi Iech an der Gemeng?

Bei eis zu Manternach war den Zoulaf un Touristen enorm, besonnesch op der „Traumschleife Manternacher Fiels“, wou mir iwwer 10.000 Wanderer ziele konnten. E grousse Merci an deem Kontext eisen zwee „Syndicats d´Initiatives“ vu Manternach a Berbuerg, déi sech mat groussem Elan ëm eis Wanderweeër këmmeren.

Vill Leit hunn am Lockdown och de Vëlo fir sech entdeckt. Wéi ass Är Gemeng opgestallt fir Vëlostouren oder Wandertouren ze maachen?

Fir Wandertoure si mir mat eise flotte Bëscher ganz gutt opgestallt. Mir hunn och schonn eng national Vëlospist, déi iwwer Mënjecker a Manternach féiert. Mir versichen awer hei nach eng weider Vëlospist auszeweisen. Dëse Projet brauch awer nach seng Zäit.

D’Joer geet sou lues op en Enn, mir hunn alleguer Momenter erlieft, déi mir sou nach net kannt hunn a mir sinn nach net doduerch. Wiem wëllt Dir haut Merci soen?

Ech well all de Leit aus der Gemeng Merci soe fir hir Disziplin. E grousse Merci awer och un all d’Personal aus dem Altersheem zu Berbuerg, aus de Schoulen an de Betreiungsstrukturen, aus de Klinicken an der Fleeg an och eisem Gemengepersonal. Si all haten e ganz schwéiert Joer a si hu Groussaarteges geleescht.

Wat wënscht de Buergermeeschter sengen Awunner a Betriber aus senger Gemeng fir d‘Chrëschtzäit?

Ech wënschen allen Awunner eng gutt Gesondheet an trotz allem eng besënnlech Zäit mat hire Léifsten, sou wäit et méiglech ass. Weiderhi wënschen ech alle Leit an alle Betriber e bessert Joer 2021 an hoffen, dass dës Kris sou séier wéi méiglech eriwwer ass. Insgesamt wënschen ech also jidderengem ee glécklecht a gesond Joer 2021.

This article is from: